Gemeng Dippech
Dippech | |
---|---|
d'Gemengehaus zu Schuller. | |
Aussprooch | |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Capellen |
Chef-lieu | Schuller |
Buergermeeschter | Manon Bei-Roller (LSAP) |
Awunner | 4.593 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 1.742 ha |
Héicht | 368 m |
Koordinaten |
49° 35’ 16’’ N 05° 58’ 47’’ O |
LAU-Code | LU0101 |
Websäit | https://www.dippach.lu/ |
Dippech ass eng vun den 100 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg. D'Gemengenhaus steet zu Schuller.
Vun der Gemengefläch sinn 303 ha Bëscher, an 28 ha Akerland oder Wise sinn am Besëtz vun der Gemeng.
Uertschaften an der Gemeng
Zu der Gemeng gehéiert och den Uertsdeel Dippech-Gare.
Geographie
D'Gemeng Dippech läit am Kanton Kapellen tëscht de Gemenge Garnech a Mamer am Norden, Bartreng am Osten, Recken op der Mess a Suessem am Süden, an Nidderkäerjeng am Westen.
Eng Partie vun der Gemeng läit op engem grousse Plateau, deen deelweis d'Waasserscheed tëscht dem Rhäin- an dem Meusebaseng mécht, mat dem héchste Punkt an den Ierwenhecken am Nordweste vun der Gemeng op 378 Meter.
Politik
De Gemengerot vun Dippech gëtt zanter 2005 nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.
Zesummesetzung
Joer | CSV | DP | LSAP |
---|---|---|---|
2005 | 5 | 2 | 4 |
2011 | 4 | 2 | 5 |
Quell: Inneministère / RTL.lu
Buergermeeschteren
- 1844: Nicolas Schumacher[1]
- ...
- 1897-1944: Edouard Kirsch
- 1945: Jean Urbany[2]
- ..
Jumelage
Dippech ass zanter 1973 mat Landiras aus der Gironde jumeléiert.
Veräiner
Interkommunal Syndikater
D'Gemeng Dippech ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:
Kuckeswäertes
- Méchelskierch zu Betten op der Mess
- Kierch Dippech
- Kierch Schuller
- D'Sprenkenger Kierch aus dem 18. Joerhonnert mat dem Tuerm vun der fréierer Kierch.
Kuckt och
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Dippech
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
Commons: Dippech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Schabloun:Gemengen am Kanton Kapellen
Referenzen
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX