Op den Inhalt sprangen

Helsinki

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Helsingfors)
Helsinki
Land Finnland
Vewaltungseenheet Uusimaa
Awunner 675.747
  29. Februar 2024
Fläch 214,42 km²
Héicht 17 m
Koordinaten 60°10'15"N, 24°56'15"O
Telefonszon 09
Postcode 00100–00990
Websäit https://www.hel.fi/
D'Festung Suomenlinna vum Mier aus gesinn
Kaart vun Helsinki (Ufanks vum 20. Joerhonnert)

Helsinki (op Schweedesch: Toundokument Helsingfors ? / i) ass d'Haaptstad vu Finnland. D'Stad läit am Süde vum Land, direkt un der Küst vum Ostmier. Zesumme mat den Nopeschstied Espoo, Vantaa a Kauniainen huet d'Haaptstadregioun Helsinki (finn. Pääkaupunkiseutu, schwed. Huvudstadsregionen) ronn 1,2 Milliounen Awunner.

Nodeem zirka 6 % vun der Bevëlkerung schweedesch als Mammesprooch hunn, ass d'Stad, no finneschem Gesetz, offiziell zweesproocheg.

Helsinki gouf 1550 op Uerder vum schweedesche Kinnek Gustav Vasa I. gegrënnt fir der - deemools russescher - Hafestad Reval (haut Tallinn) Konkurrenz op den hollännesch-russeschen Handelsrouten an der Ostmierregioun ze maachen. Nodeem d'Schweden awer schonn e puer Joer drop (1561) Estland, an domat och Reval, ënner hir Kontroll kruten, hat de Projet Helsinki zanterhier keng Prioritéit méi fir d'schweedescht Kinnekshaus.

Ongënschteg fir d'Entwécklung vun de Siidlunge war och hir geographesch Lag. 1640 gouf Helsinki op Decisioun vum schweedesche Verwalter dofir kuerzerhand méi no un d'Mier, bei d'Mëndung vum Floss Vantaa, geréckelt. Nodeem d'Russen am Laf vum 18. Joerhonnert zweemol d'Stad ageholl haten, gouf 1748 d'Festung Suomenlinna opgeriicht. All déi Zäit war Helsinki awer ni méi wéi eng kleng Provenzstiedchen an nach ufanks vum 19. Joerhonnert hat d'Stad nëmmen ëm déi 4.000 Awunner.

1808 gouf Finnland vum russeschen Zar Alexander I. eruewert. Fir de schweedeschen Afloss an der Regioun nach weider ze reduzéieren, huet den Zar d'Haaptstad 1812 - vum elo russesche Groussherzogtem Finnland - vun der traditionell schweedesch dominéierter Stad Turku op Helsinki verleeë gelooss. Helsinki hat och de Virdeel, datt et méi no bei Sankt Petersburg louch. Nodeem d'Stad 1809 zu zwee Drëttel duerch e grousst Feier zerstéiert gi war, hunn d'Russen den Zentrum vun Helsinki komplett nei, am monumental-klassizisteschem Stil, opbaue gelooss. Eng ganz Rei Gebaier, wéi z. B. den Doum, goufen deemools no Pläng vum däitschen Architekt Carl Ludvig Engel realiséiert.

1819 gouf de Sëtz vum finnesche Senat op Helsinki geplënnert an zanter 1918 ass et d'Haaptstad vun der onofhängeger Republik Finnland.

Helsinki war 1952 Organisateur vun den Olympesche Summerspiller.

Bevëlkerungsentwécklung

[änneren | Quelltext änneren]

Nom Zweete Weltkrich ass Helsinki séier gewuess. D'Groussstad ass haut den Zentrum vun enger Agglomeratioun an där ëm déi 1,2 Millioune Leit wunnen.

1700 bis 1925 1940 bis 1987 1990 bis 2004
  • 1700 –    1.700
  • 1810 –    4.065
  • 1830 –   11.100
  • 1850 –   20.745
  • 1860 –   22.228
  • 1884 –   49.146
  • 1890 –   61.530
  • 1900 –   91.216
  • 1925 – 209.800

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
Den Doum vun Helsinki

Monumenter a Gebaier

[änneren | Quelltext änneren]
  • Kiasma - Musée fir modern Konscht
Commons: Helsinki – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]