Hospice Saint-Jean
Den Hospice Saint-Jean war en Hospiz an der Mënstergässel (rue Münster) am Stadgronn. Et goufen nëmme Stater Bierger opgeholl.
1997 huet den Nationalmusée fir Naturgeschicht (Naturmusée) an dëse Gebaier seng Dieren opgemaach.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Nationalmusée fir Naturgeschicht.
Historesches
D'Originne ginn zréck bis 1308. Dat Joer hunn de Grof Heinrich VII. a seng Fra Margréit vu Brabant decidéiert fir am Gronn en Hospiz fir krank an aarm Bierger ze bauen. Donieft gouf och eng Kierch ënner dem selwechten Numm gebaut, d'Kierch Saint-Jean. Duerch de Balduin vu Lëtzebuerg, Brudder vum Heinrich VII., Kurfürst a Bëschof vun Tréier, krut d'Kierch de Rang vun enger Parkierch mat alle Privilegien zougesprach.
Den Hospiz gouf ufanks vu Geeschtleche gefouert.
1547 iwwerhuelen d'Benediktiner aus der Abtei Almënster (gegrënnt 1083 vum Konrad I. a 1543 zerstéiert) den Hospiz. Si waren obligéiert en neit Spidol do ze bauen, wat 1550 fäerdeg war. Et huet sech erausgestallt datt den Neibau ze kleng war a sech net gëeegent huet fir den Zweck deen e soll erfëllen. Den Ëmstand datt d'Spidol 1626 als Peschtlazarett benotzt gouf, huet aner Kranker ofgeschreckt fir sech do fleegen ze loossen. 1667 war d'Spidol komplett verschëlt an der Kierch gouf den Titel "Parkierch" zugonschte vun der neier Abtei Neimënster entzunn, déi direkt donieft gebaut gi war. D'Situatioun war sou schlëmm datt de Provënzialrot an d'Stad Lëtzebuerg d'Awunner opgeruff huet fir ze spenden. Déi Aktioun hat e grousse Succès an 1669 konnten nei Gebaier an der Mënsterstrooss opgeriicht ginn. An där Zäit geet och fir d'éischt riets vun Dokteren an Uerdensschwësteren, déi am Spidol geschafft sollen hunn.
De 6. Juli 1672 gi Nonnen offiziell mat der Fleeg am Spidol chargéiert, ënner der Konditioun datt s'och ambulant Krankefleeg an der Stad géife maachen.
Bei der Eruewerung vun der Stad duerch de Louis XIV. vu Frankräich am Joer 1684 goufen d'Gebaier sou staark beschiedegt datt d'Pensionnaire vum Spidol op de Fëschmaart an d'Haus Zorn hu misse verluecht ginn. Nodeem d'Spidol 1689 erëm bewunnbar war, koumen d'éischt emol déi krank a blesséiert Zaldoten, déi virdrun am franséische Militärlazarett am Bouneweger Klouschter gefleegt goufen, do ënnerdaach, bis dat neit Militärspidol am Pafendall fäerdeg war.
1756 gouf et am Spidol 18 Better an 20 Nonnen.
Wärend der franséischer Besatzungszäit (1795 - 1814) gouf den Hospiz als Weesenhaus benotzt. E war och de Prisong fir Geeschtlecher déi den Eed op d'franséisch Revolutiounsregierung refuséiert hunn, als Ënnerdaach fir Heescheleit a Vagabunden an als Erzéiungsanstalt fir Meedercher.
Den 30. Juli 1843 goufen d'Pensionnaire vum Hospiz mat dem Fleegepersonal, de Schwëstere vum Elisabetherinnenuerden, an d'Gebaier vum Hl. Geescht-Klouschter an de Pafendall (Mohrfelsstrooss) verluecht, en Haus dat haut nach als Alters- a Fleegeheem besteet.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Hospice civil am Pafendall.
1851 gouf aus dem Hospiz e Fraeprisong mat enger Behandlungsstatioun fir Geschlechtskrankheeten. Als Wuechtpersonal goufen d'Schwëstere vum Franziskaneruerden engagéiert déi, ouni Ënnerbriechung, vum 1. Juni 1851 bis 15. Juli 1978 do hiren net ëmmer einfachen Déngscht geleescht hunn.
De Fraeprisong am Gronn bestoung bis den 12. Mee 1984, wéi den neie Prisong zu Schraasseg opgaangen ass.
Gebai
De 15. Januar 1988 gouf d'Gebai als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Portal
D'Haaptentrée vum Naturmusée op Nummer 25 vun der Mënstergaass besteet aus engem Monumentalportal tëschent zwou korinthesche Sailen. Am Giewel vum Portal sinn dräi Wopen ze gesinn. Deen ieweschten ass de Wope vum Karel II. vu Spuenien, dee 1674, wéi den Hospiz nei opgebaut gouf, zu Lëtzebuerg regéiert huet. Op der lénkser Säit ass de Wope vum Herzogtum Lëtzebuerg mat dem roude Léiw. Op der rietser Säit ass de Wope vum Philipp de Croy, deemools Gouverneur vu Lëtzebuerg.[2]
Drënner steet en Text, dee vun zwou Statue flankéiert gëtt: lénks d'Maria a riets de Gehanes (Johannes den Deefer).
ANCIEN HOSPICE SAINT-JEAN FONDE A CET ENTDROIT EN 1308 PAR HENRI VII DE LUXEMBOURG ET MARGUERITE DE BRABANT RECONSTRUIT EN 1674 PAR LES RELIGIEUSES DE SAINTE ELISABETH QUI L'ONT DESSERVI JUSQU'EN 1843 ANNEE DU TRANSFERT AU PFAFFENTHAL
Nisch mat Statu
Ënner enger Nisch mat enger Statu vum Hellege Sebastian, lénks vun der Entrée, steet e Chronogramm, deen d'Joreszuel 1674 ergëtt:
100 + 50 + 1000 + 5 + 1 + 100 + 1 + 50 + 1 + 1 + 50 + 50 + 1 + 1 + 5 + 1 + 50 + 100 + 1 + 1 + 100 + 5 = 1674.
CaroLo regnante Montereo VICes regIas beLgIo gerente phILLIppo ahrenbergIo gVbernante hospItaLe sanCto IohannI saCratVr
mat follgender franséischer Iwwersetzung:
Sous le règne de l'empereur Charles, Monterrey gouvernant la Belgique, Philippe d'Arenberg administrant [le Luxembourg], cet hôpital est consacré à Saint Jean.
Literatur
- Beck, H., 1995. L'Hospice St.-Jean au Grund. ons stad 50: 2-3.
- Kugener, H., Krankenpflege und Spitalwesen in Mittelalter und Neuzeit. ons stad 50: 4-9.
- Pauly, Michel, 2012. St. Elisabeth und St. Johann - Zwei Hospitäler in der mittelalterlichen Stadt Luxemburg. ons stad 100: 14-17. (Pdf)
- Pauly, M. & P. Bertemes (Koord.), 2009. De l'Hospice Saint-Jean à l'Hospice civil. 700 Jahre Hospitalgeschichte in der Stadt Luxemburg. Éditions mediArt, 116 S. ISBN 978-99959-635-1-4. Cote BNL LBB 901.
- Spielmann, A., 1995. La prison pour femmes - ou le tout carcéral. ons stad 50: 10-11.
- Schaus, Raymond, 2010. Au Stadgrond autrefois : Les racines de la ville de Luxembourg - Un survol historique. Die Warte 14/2292: 5 (29. Abrëll 2010).
Um Spaweck
Commons: Hospice Saint-Jean – Biller, Videoen oder Audiodateien |