Op den Inhalt sprangen

Izeger Stee

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Izeger Stee
D'Bréck um Izeger Stee
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Hesper
Buergermeeschter Marc Lies (CSV)
Koordinaten 49° 35’ 41.6’’ N 06° 09’ 39.6’’ O
Eng vun de sëllege (falsche) Schreifweise vum Toponym op Schëlter[1].

Den Izeger Stee[2] ass e Lieu-dit an der Gemeng Hesper.

Nieft der Bréck[3] déi hei iwwer d'Uelzecht féiert, gëtt et nach e Gebai dat vum CAPEL vun der Stad Lëtzebuerg fir Fräizäitaktivitéite benotzt gëtt.

Den Izeger Stee läit op enger Héicht vun 260 m. laanscht d'Uelzecht, op dem CR226 tëscht dem Izeger Plateau a Bouneweg.

Laanscht d'Uwänner vun der Uelzecht leeft de Vëloswee PC1 vum Izeger Stee aus no Süden op Hesper oder no Norden op d'Gantebeensmillen.

Vu jee hir war de Wee iwwert den Izeger Stee eng wichteg Verbindung tëscht Hesper an der Stad Lëtzebuerg. Och wann den Haaptverkéier hautdesdaags iwwer d'N3 leeft, so ass d'Verbindung iwwer den Izeger Stee awer nach eng vill benotzen Ofkierzung fir eng Rei Leit. Ier hei eng Bréck oder e Stee bestoung, huet wuel eng Fuert duerch d'Uelzecht gefouert.

Den 9. / 10. September 1944 gouf d'stenge Bréck vun der däitscher Arméi zerstéiert, wéi déi sech zeréck gezunn huet. Provisoresch gouf doropshin en Deel vun der zerstéierter Bréck mat Holz gefléckt.

D'Bëtongsbréck aus dem Joer 1961[4] ass an der Joren 2020 / 2021 komplett renovéiert ginn.

Nodeems 1918 d'Schwämm vum Biisserwee am Gronn zougemaach gouf, huet de Joseph Graf um Enn vun den 1920er Joren um Izeger Stee eng „natierlech Schwämm“ opgemaach[5], wou d'Leit an der Uelzecht schwamme konnten. 1929 huet de Joseph Glaesener eng Wiertschaft (Waldschenke) op där Plaz opgemaach[6]. E puer Joer méi spéit (1936) goufen eng Rei Ëmbauaarbechte gemaach an ë. a. eng Bëtongsmauer ronderëm d'Schwämm gebaut[7].

Den Izeger Stee war eng beléift Plaz fir Ausflich a gouf deels „dat zweet Ostende“ genannt[6]. Wéinst dem groussen Interessi sinn zäitweis speziell Busse vun der Stad aus op d'Izeger Kopp gefuer[8].

D'Schwämm gouf …[Wéini ?] zerguttst zougemaach.

An der Zäit[Wéini ?] gouf et um Izeger Stee e Camping. Den Terrain ass 1988 versteet ginn.

Commons: Izeger Stee – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Peter Gilles: Izeger Stee – Itzegersté – Izigerstee …? infolux.uni.lu, 23. August 2011.
  2. LOD - Lëtzebuerger Online Dictionnaire. www.lod.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-02.
  3. bei der Bauverwaltung als OA717 gefouert
  4. Wie ein Stoppelfeld. d'Lëtzebuerger Land, 8. Jg., nº 39 S. 2 (29.09.1961). Gekuckt de(n) 02.07.2021.
  5. Itziger Ste. Escher Tageblatt, 1934. Jg., nº 129, S. 7 (02.06.1934). Gekuckt de(n) 03.07.2021.
  6. 6,0 6,1 Lokal=Chronik. Luxemburger Wort, Jg., nº 154, S. 4. (03.06.1929). Gekuckt de(n) 02.07.2021.
  7. Réouverture de la ,,Schwemm Itziger Sté“. Luxembourg: journal du matin, S. 3 (01.06.1936). Gekuckt de(n) 02.07.2021.
  8. Autobus Municipaux. Luxembourg: quotidien du matin, 5. Jg., nº 161/162 (10.06.1939). Gekuckt de(n) 02.07.2021.