Kanton Esch-Uelzecht
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Chef-lieu | Esch-Uelzecht |
Gemengen | Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Esch-Uelzecht, Fréiseng, Keel, Leideleng, Monnerech, Péiteng, Reckeng op der Mess, Réiser, Rëmeleng, Suessem, Schëffleng |
Fläch | 242,77 km² |
Awunner | 192.739 |
Héicht (Moyenne) | 341 m |
De Kanton Esch-Uelzecht ass ee vun den zwielef Lëtzebuerger Kantonen. E läit am Südweste vu Lëtzebuerg.
E grenzt am Norden un d'Kantone Capellen a Lëtzebuerg, am Osten un de Kanton Réimech, am Süden un déi franséisch Regioun Loutrengen an am Westen un déi belsch Provënz Lëtzebuerg.
Déi 14 Gemengen aus dem Kanton sinn:
LAU-Code | Gemeng | Fläch (km²)[1][2] |
---|---|---|
LU0201 | Beetebuerg | 21,49 |
LU0202 | Déifferdeng | 22,18 |
LU0203 | Diddeleng | 21,38 |
LU0204 | Esch-Uelzecht | 14,35 |
LU0205 | Fréiseng | 18,43 |
LU0206 | Keel | 14,86 |
LU0207 | Leideleng | 13,57 |
LU0208 | Monnerech | 21,40 |
LU0209 | Péiteng | 11,93 |
LU0210 | Reckeng op der Mess | 20,42 |
LU0211 | Réiser | 23,80 |
LU0212 | Rëmeleng | 6,83 |
LU0213 | Suessem | 24,42 |
LU0214 | Schëffleng | 7,71 |
Fläch vum Kanton | 242,77 |
Historique
[änneren | Quelltext änneren]De Kanton Esch-Uelzecht war net bei deenen éischte mat dobäi wéi e Beschloss vum 14. Fruktidor Joer III (31. August 1795) d'Kantonen zu Lëtzebuerg agefouert huet. Als Kantonalhaaptuert wier Esch-Uelzecht deemools wuel nach ze kleng gewiescht par Rapport zu aneren Uertschaften, wat sech awer mat der Zäit ännere sollt.
Sou sollt dann de 14. Juli 1830 e véiert Justizarrondissement Esch-Uelzecht entstoen, mä d'Belsch Revolutioun huet eng Ëmsetzung vun deem Projet illusoresch gi gelooss.
Doduerch huet sech nach weider gedëllegt misse ginn, bis datt eng Veruerdnung vum 12. Oktober 1841[3] tatsächlech e Kanton Esch-Uelzecht an d'Liewe geruff huet, dee sech aus dem fréiere Kanton Beetebuerg an Deeler vum fréiere Kanton Messancy zesummegesat huet. Doduerch gouf Esch-Uelzecht Kantonalhaaptuert an d'Friddensgeriicht koum och vu Beetebuerg eriwwer.
Et bleift nach z'ernimmen datt 1817 mat der Schafung vun de Milizkantonen och Esch-Uelzecht sou e Milizkanton ginn ass[4], deen awer a senge Funktiounen a Grenze ganz eegestänneg war an eréischt zanter 1846[5] mam Justizkanton iwwerenee gestëmmt huet (virdru war d'Gemeng Dippech mat beim Milizkanton Esch, d'Gemenge Fréiseng, Réiser a Péiteng dogéint net).
Demographie
[änneren | Quelltext änneren]Déi follgend Awunnerzuele[6] bezéie sech op den Datum vun der Vollekszielung wat d'Jore bis 1970 an 1981, 1991, 2001 an 2011 ugeet, déi aner sinn déi vum éischte Januar.
|
|
|
|
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Subdivisions territoriales (Situation au 1er janvier 2018). lustat.statec.lu (01.01.2018). Gekuckt de(n) 20.11.2022.
- ↑ Population par canton et commune; Densité de la population par canton et commune. lustat.statec.lu (01.01.2023). Gekuckt de(n) 11.05.2023.
- ↑ Kinneklech-Groussherzoglech Veruerdnung vum 12. Oktober 1841, N° 19, iwwer d'Fixatioun vun der Circonscriptioun vun de Friddensgeriichter an dem Ressort vun de Bezierksgeriichter, publizéiert am Memorial Nr 53 vun 1841, S. 461
- ↑ Kinneklech-Groussherzogleche Beschloss vum 25. Februar 1817, Nr. 57, iwwer d'Andeelung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg a Milizkantonen, publizéiert am Memorial N° 12 vum 14. Mäerz 1817, S. 145
- ↑ Kinneklech-Groussherzogleche Beschloss vum 25. Juli 1846, Nr. 1527, iwwer eng nei Andeelung vun de Milizkantonen, publizéiert am Memorial N° 48 vun 1846, S. 451
- ↑ STATEC zanter 1851 a [CTIE https://lustat.statec.lu/vis?fs[0]=Th%C3%A8mes%2C1%7CPopulation%20et%20emploi%23B%23%7CEtat%20de%20la%20population%23B1%23&pg=0&fc=Th%C3%A8mes&df[ds]=release&df[id]=DF_X021&df[ag]=LU1&df[vs]=1.0&pd=2017%2C2023&dq=A] zanter 2017