Openthalt vum Johann Wolfgang von Goethe 1792 an der Stad Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

Am Joer 1792 huet de Johann Wolfgang von Goethe den Herzog Carl August vu Sachsen-Weimar-Eisenach wärend de Revolutiounskricher géint déi revolutionär franséisch Truppe begleet. Dobäi huet hie vum 26. op de 27. August 1792 op der Duerchrees a Richtung Frankräich an der Festungsstad Lëtzebuerg iwwernuecht an duerno op der Réckrees vum 14. bis den 21. Oktober 1792 do logéiert.

Seng Erliefnesser wärend dëser Rees huet de Goethe am Joer 1822 ënner dem Titel Campagne in Frankreich 1792 publizéiert.

Den Openthalt vum 26.–27. August 1792[änneren | Quelltext änneren]

Den 8. August 1792 verléisst de Goethe Weimar zesumme mat sengem Dénger, dem Paul Götze. Si fueren iwwer Frankfurt am Main a Mainz op Tréier. De 26. August 1792 si si vun Tréier iwwer Igel, wou de Goethe dat réimescht Grafmonument bewonnert a gezeechent huet, a weider iwwer Gréiwemaacher bis an d'Festung Lëtzebuerg gereest.

Zu Gréiwemaacher huet hien e puer Stonnen op frësch Päerd waarde mussen. Hei sinn him déi vill franséisch Emigranten opgefall, déi prett ware fir op der Säit vun den Alliéierten un der Campagne géint Frankäich deelzehuelen. De Goethe huet sech mam Postmeeschter, Affekot a Schäffen, dem Philipp Johann Karl Jolliot (1742-1794) ënnerhalen[1], deen dem Goethe seng Bedenke wat den Ausgank vun der Campagne ugoung erkläert huet.

Iwwer säin Openthalt vum 26. op de 27. August 1792 an der Festung Lëtzebuerg huet de Goethe näischt geschriwwen an et ass doriwwer och soss näischt bekannt.

Den Openthalt vum 14.–21. Oktober 1792[änneren | Quelltext änneren]

Dat sougenannt Goethehaus (riets) am Pafendall, mat der Plack uewen um Giewel.
Plack um Giewel vum Goethehaus.

Nom militäreschen Desaster zu Valmy hunn déi alliéiert preisesch an éisträichesch Truppe Frankräich verlooss. Och de Goethe an de Paul Götze sinn zesumme vu Verdun aus op Arel gefuer, vu wou aus si den 13. Oktober zesumme mam Herzog Carl-August vu Weimar op Lëtzebuerg gefuer sinn. Si ware vum Nikolaus Liser begleet, deen hinnen ënnerwee Iwwernuechtungsplazen, sou och an der Festung Lëtzebuerg, organiséiert huet.

Wärend sengem Openthalt am Oktober 1792 huet de Goethe an der Uewerstad logéiert, d'Festung besichtegt, a sech an engem Gaart am Pafendall ausgerout.

Iwwer säi Logis am Oktober 1792 an der Festung schreift hien:

Unsere Gesellschaft, die sich bisher zusammengehalten hatte, mußte sich trennen; mir verschaffte der gewandte Quartiermeister[2] ein hübsches Zimmer, das aus dem engsten Höfchen, wie aus einer Feueresse, doch bei sehr hohen Fenstern genugsames Licht erhielt. Hier wußte er mich mit meinem Gepäck und sonst gar wohl einzurichten und für alle Bedürfnisse zu sorgen.

De Goethe war faszinéiert vun der Festungsststad:

Wer Luxemburg nicht gesehen hat, wird sich keine Vorstellung von diesem an- und übereinander gefügten Kriegsgebäude machen. Die Einbildungskraft verwirrt sich, wenn man die seltsame Mannigfaltigkeit hervorrufen will, mit der sich das Auge des hin und her gehenden Wanderers kaum befreunden konnte.Hier findet sich soviel Größe mit Anmut, soviel Ernst mit Lieblichkeit verbunden, daß wohl zu wünschen wäre, Poussin hätte sein herrliches Talent in solchen Räumen betätigt.[3]

Zeechnunge vum Goethe (Festung Lëtzebuerg)[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg huet de Goethe eng Rëtsch vu faarwegen Zeechnungen, wouvunner der fënnef bis haut erhale sinn, an och schwaarzwäiss Zeechnungen a Skizze vun der Festung realiséiert.[4] Well et net erlaabt war Zeechnunge vun der Festung op der Plaz selwer ze maachen, huet hie se duerno aus dem Verhalt eraus gemoolt. Dat erkläert firwat seng Biller net ëmmer genee der Wierklechkeet entspriechen.

Wat haut nach an der Stad Lëtzebuerg ze gesinn ass[änneren | Quelltext änneren]

Dat sougenannt Goethehaus am Pafendall[änneren | Quelltext änneren]

Wou genee de Goethe am Oktober 1792 an der Uewerstad logéiert huet, konnt net méi erausfonnt ginn, warscheinlech awer an engem Haus um oder no beim Fëschmaart.

De Jean Engling (1801-1888)[5] huet iertemlecherweis ugeholl, datt de Goethe an engem Haus vun der Famill vum Nicolas Liser logéiert hätt. Den Engling huet dat Haus a säi Gaart am Pafendall identifizéiert an als Goethehaus bezeechent, wouropshin dann och eng Plack um Giewel vun deem Haus fixéiert gouf. Op der Plack, déi bis haut (Stand 2021) ze gesinn ass, steet:

Hier wohnte Goethe vom 14. bis den 22. Oktober 1792. [Richteg ass: bis den 21. Oktober].

Aus dem Goethe sengem Reesbericht geet awer kloer ervir, datt hien an der Uewerstad gewunnt huet, an datt hie sech an engem Gaart vun der Famill Liser am Pafendall ausgerout huet.

Den Nikolaus Hein[6], deen detailléiert Recherchen iwwer dem Goethe säin Openthalt zu Lëtzebuerg gemaach huet, konnt noweisen datt

  • et dat sougenannt Goethehaus am Pafendall zu där Zäit nach net gouf, et waren do just e puer Gäert mat Gaardenhaisercher;
  • d'Famill Liser, déi an der Uewerstad gewunnt huet, am Pafendall e Gaart gelount hat, an deem sech de Goethe opgehalen huet;
  • et net sécher ass op de Gaart vum haitege sougenannte Goethehaus a Wierklechkeet dee war, wou de Goethe sech opgehalen huet. Dës Donnéeë konnte spéider vum Joseph Groben[1] konfirméiert ginn.

2020 huet d'Stad Lëtzebuerg Pläng publizéiert, no deenen d'Goethehaus renovéiert an ëmgebaut gëtt, fir als Extensioun vun der Stater Jugendherberg benotzt ze ginn.[7]

D'Goethe-Gedenkplack um Bock.

De Goethesteen an der Uewerstad[änneren | Quelltext änneren]

Dësen Erënnerungssteen steet um Eck vun der Rue Sigefroi an dem Boulevard Victor-Thorn. Op der Säit zum Pafendall hin ass e Medaillon mam Goethekapp ze gesinn. Op der Säit zur Corniche hin, ass eng bronze Plack wourop steet: Hier findet sich soviel Größe mit Anmut, soviel Ernst mit Lieblichkeit verbunden, daß wohl zu wünschen wäre, Poussin hätte sein herrliches Talent in solchen Räumen betätigt. Goethe über Luxemburg. Campagne in Frankreich. 15. Oktober 1792.

De Medaillon an och d'Plack si vum Sculpteur Albert Kratzenberg.[8] Op der Säit zu Clausen hin ass eng kleng Plack wourop steet: Errichtet 1936 von der Luxemburger Studentenvereinigung «ASSOSS».

D'Informatiounsplack am Gaart vun der Jugendherberg am Pafendall[änneren | Quelltext änneren]

2011 gouf eng Glasplack am Gaart vun der Jugendherberg ageweit, op där un den Openthalt vum Goethe am Oktober 1792 an der Festungsstad, a besonnesch am Pafendall, erënnert gëtt. D'Plack ass an Zesummenaarbecht vum Interesseveräin Pafendall-Siechenhaff (Syndicat d'intérêts locaux Pfaffenthal-Siechenhof, Silps) mat der Stad Lëtzebuerg entstanen. Zitéiert gëtt och hei den Text deen um Gedenksteen an der Uewerstad steet. Den Text mat der Erklärung derzou ass op Franséisch, Däitsch an Englesch. Bei der Aweiung waren de Paul Helminger, Buergermeeschter vun der Stad, an aner Vertrieder vum Gemengerot op der Plaz. De Jean-André Stammet, President vum Interesseveräin, huet d'Erklärunge ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Johann Wolfgang Goethe, 1822. Campagne in Frankreich 1792. Berliner Ausgabe 2016, 4. Auflage. Durchgesehener Neusatz mit einer Biographie des Autors bearbeitet und eingerichtet von Michael Holzinger. ISBN 978-1482500516
  • Johann Engling, 1874. Goethe's achttägiger Aufenthalt zu Luxemburg im Oktober 1792. Luxemburg.
  • Nikolaus Hein, 1925. 1792 Goethe in Luxemburg. Mit den Zeichnungen Goethes von Luxemburg and anderen Abbildungen. Hofdruckerei Victor Bück, 108 + 3 S.
  • Nikolaus Hein, 1961. 1792 Goethe in Luxemburg. Dritte Auflage. Imprimerie Bourg-Bourger, Lëtzebuerg, 217 S.
  • Joseph Kohnen, 1980. Goethes Luxemburger Zeichnungen. Editions Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg, 143 S.
  • Ulrich Lehnart (Koord.), 1992. Goethe in Trier und Luxemburg. 200 Jahre Campagne in Frankreich. Ausstellungskatalog. Herausgeber: Stadtbibliothek Trier und Nationalbibliothek Luxemburg, 467 S. ISBN 2-87980-005-6.
  • (ck), 2011. Erinnerung an Goethes Besuch. Plakette im Garten der Pfaffenthaler Jugendherberge eingeweiht. Luxemburger Wort vum 7. Mee 2011, S. 34.
  • Joseph Groben, 2020.
    • I. Ein Husarenritt in die Weltliteratur. Die Forschung in Luxemburg über Nikolaus Liser, Goethes "Lieblingsgestalt", kann eine Reihe von neuen belegbaren Erkenntnissen aufweisen. Die Warte vum 9. Juli 2020, S. 6-7.
    • II. "Ein liebenswürdiger Schelm". Kürzlich aufgefundene Dokumente bringen die Forschung über Nikolaus Liser voran. Die Warte vum 16. Juli 2020, S. 10-11.
  • Joseph Groben, 2023. Nikolaus Hein. 1792 Goethe in Luxemburg. Imprimerie Centrale. 336 S. ISBN 978-2-87978-254-6 [Rééditioun vum Nikolaus Hein sengem Buch vun 1961 mat rezente Forschungsresultater, z. B. dem Haus an der Uewerstad wou de Goether gewunnt huet an de Liewenslaf vum Nikolaus Liser].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Joseph Groben, 2020
  2. den Nikolaus Liser, e preiseschen Husar, deen zu Lëtzebuerg gebuer war
  3. Mat Poussin ka souwuel de Nicolas Poussin (1594–1665) wéi och de Gaspard Dughet (1615-1675), genannt Poussin, gemengt sinn. Béid huet de Goethe a senge Schrëften dacks ernimmt, ouni datt et ëmmer kloer ass, wie vu béide Moler hie gemengt huet.Cf. Steffen Egle: Poussin, Nicolas (1594–1665) Dughet, Gaspard (1615–1675) in: Goethe Handbuch, A. Beyer und E. Osterkamp (Hrsg.), Springer-Verlag, 2011, S. 542-544.
  4. De Joseph Kohnen huet déi Wierker all a sengem Buch vun 1980 an héijer Qualitéit reproduzéiert.
  5. Jean Engling 1874
  6. Hein, N., 1925; 1961
  7. http://www.pfaffenthal.info/2020/05/une-nouvelle-infrastructure-au-parc.html
  8. https://www.luxembourg-city.com/de/ansicht/monument/goethe-gedenkstein