Pol Albrecht
Pol Albrecht | |
---|---|
De Pol Albrecht, (c) Nationalbibliothéik | |
Gebuer |
23. Mee 1874 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
8. Mee 1975 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Athénée de Luxembourg |
Aktivitéit | Dirigent, Komponist |
De Pol (Paul) Albrecht, gebuer den 23. Mee 1874 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 8. Mee 1975[1], war e lëtzebuergesche Museker a Komponist. Vun 1937 bis 1939 war hien zu Lëtzebuerg Dirigent vun der Militärmusek. Nëmme 15 Deeg hunn him gefeelt, soss wier hien 101 Joer al ginn.
De Musekskritiker Léon Blasen bezeechent hien als de grousse Lëtzebuerger Marschkinnek. A senge jonke Jore war de Pol Albrecht och Dirigent vun enger ganzer Rei Lëtzebuerger Museks- a Gesangsgesellschaften. Hie war laang Member vun de Jurye bei Museksconcoursen.
Formatioun
[änneren | Quelltext änneren]Säi Papp, de Wilhlem Albrecht, war och scho Militärmuseker. Dofir ass de musikalesch begaabte Pol Albrecht an der Kasär vum Hellege Geescht op d'Welt komm, als lescht vun 10 Kanner. Seng Mamm, d'Schwëster vum Lëtzebuerger Heemechtsdichter C.M. Spoo huet him zousätzlech d'Léift zur Lëtzebuerger Sprooch vermëttelt. Am Kolléisch huet de Pol Albrecht et nëmmen zwee Joer ausgehalen, well et war säi Wonsch, Museker ze ginn. 1889, am Alter vu 15 Joer, koum en an d'Militärmusek. Hien huet Klarinett a Gei gespillt. Déi fréier Dirigente vun der Militärmusek, de Gustave Kahnt, den Edmond Patzké an de Fernand Mertens hunn him hei vill bäibruecht. Orchestratioun an Harmonie huet e beim Gust Kahnt a beim Dominique Heckmes, dem Dirigent vum Cäcilieveräi vun der Kathedral, geléiert. Mä hien ass awer och nach, wéi de Léon Blasen eis erzielt, an de Conservatoire gaange fir sech a Klarinett a Gei ze perfektionéieren.
Säi Liewen a seng Karriär
[änneren | Quelltext änneren]- 1898: Bestietnes mat der Victorine Soisson. D'Koppel hat fënnef Kanner, zwéi Jongen an dräi Meedercher, déi alleguer an der Kasär op d'Welt koumen.
- 1907: De Pol Albrecht gëtt Adjutant
- 1927: Sous-Chef vun der Militärmusek
- 1938: Hien avancéiert zum Chef de musique ff vun der Militärmusek
- 1939: De Pol Albrecht ass bis zur Altersgrenz am Déngscht bliwwen. Mat 49 Déngschtjoer ass hien den 31. Mee 1939 pensionéiert ginn.
- 1947: Den 19. November 1947 krut hien den Éierentitel vum Leitnant an der Arméi
- 1974: Den 21. Mee gouf him am Kader vun engem Gala-Concert am Neien Theater zu sengem 100. Gebuertsdag gratuléiert. A Presenz vum Groussherzog Jean an der Groussherzogin Joséphine-Charlotte huet d'Militärmusek nëmme Wierker vun him gespillt.
Säi Wierk
[änneren | Quelltext änneren]De Pol Albrecht ass den Auteur vu ville Kompositiounen. Hien huet e ganz variéiert Wierk hannerlooss:
Operetten
[änneren | Quelltext änneren]- De Klautjen vun Itzeg; Musek: Pol Albrecht, Text: Leo Berchem
- Siwebueren; Musek: Pol Albrecht, Text: Leo Berchem
- Blanne Manöwer; Musek: Pol Albrecht, Text: Josy Imdahl
- D'Léiwt op Ëmweeën; Musek: Pol Albrecht, Text: Camille Pauly
- Tëschent zwee Feier; Musek: Pol Albrecht, Text: Willy,
Märsch
[änneren | Quelltext änneren]- G.-D, Marie-Adeläide-Marsch
- De Lëtzebuerger Léif
- D'Zaldote kommen
- Lëtzebuerger Zaldotelidder
- Groussherzogins Gebuertsdag
- Lëtzebuerg de Lëtzebuerger
- Marche de la Cavallerie Luxembourgeoise
- Marche de la Gendarmerie Luxembourgeoise
- Marche de l'Armée Luxembourgeoise
- Marche de Parade
- Marche des Ex-Militaires Luxbg.
- Ons Jongen
- Prince Félix
Ouverturen
[änneren | Quelltext änneren]- L'Espérance
- Ouverture de la Libération
Potpourrien
[änneren | Quelltext änneren]- Lëtzebuerger Lidder
- Potpourri de Noël
- Lëtzebuerger Mammelidder (Pol Albrecht/Reinert)
Lidderbuch
[änneren | Quelltext änneren]- 1921 huet de Pol Albrecht am Verlag Guillaume Stomps, Successeur Michel Hülsemann, zu Lëtzebuerg dat éischt „Lëtzebuerger Zaldôte-Lidderbuch“ erausginn
Verschiddenes
[änneren | Quelltext änneren]- 2 Massen, Kierchelidder a Chouermusek
- Musek fir iwwer 20 lëtzebuergesch Theaterstécker
Gielercher an Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]- Commandeur de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg[2]
- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne ( ) (Promotioun 1954)[2][3]
- Officier de l'Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau[2]
Fir un hien z'erënneren, gouf um Zens eng Strooss Rue Paul Albrecht gedeeft. Si verbënnt d'Allée du Carmel mat der Rue Paul Wilwertz.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Blasen, Léon: Lëtzebuerger Komponisten, 1988, Erausgi vun der Lëtzebuerger Stadmusek
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Offiziell Säit vun der Lëtzebuerger Militärmusek
- Krëschtlidd vum Pol Albrecht
- De Paul Albrecht am Musikerlexikon
Dirigente vun der Lëtzebuerger Militärmusek | ||
Franz Hoebich - Philippe Decker - Gustave Kahnt - Edmond Patzké - Fernand Mertens - Pol Albrecht - Albert Thorn - Norbert Hoffmann - Pierre Nimax - André Reichling - Jean-Claude Braun |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Gebuertsakt Nr. 191 vum 23. Mee 1874 vun der Stad Lëtzebuerg
- ↑ 2,0 2,1 2,2 Doudesannonce vum Paul Albrecht am Luxemburger Wort vum 10. Mee 1975 op der Säit 14 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 18. Dezember 2022
- ↑ (fr)Les distinctions honorifiques dans l'ordre de la Couronne de Chêne. Luxemburger Wort. viewer.eluxemburgensia.lu (17. Mäerz 1954). Gekuckt de(n) 2023-08-11.
- Lëtzebuergesch Komponisten
- Dirigente vun der Lëtzebuerger Militärmusek
- Gebuer 1874
- Gestuerwen 1975
- Lëtzebuergesch Honnertjäreg
- Commandeur de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg
- Chevalier de l'ordre de la couronne de chêne
- Officier de l'ordre de mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Persounen, no deenen eng Struktur zu Lëtzebuerg genannt ass