Pol Greisch
Ausgesinn
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Pol Greisch | |
---|---|
Gebuer |
8. Abrëll 1930 Walfer |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Schrëftsteller, Dramatiker, Filmschauspiller, Dichter, Dréibuchauteur |
Member vun | A:LL Schrëftsteller*innen, Lëtzebuerger Schrëftstellerverband |
Famill | |
Bestuet mat | Juliette François |
Kanner | Cary Greisch |
De Pol Greisch, gebuer den 8. Abrëll 1930 zu Walfer, ass e lëtzebuergesche Schauspiller an Auteur.
Zanter 1953 huet de Pol Greisch, dacks zesumme mat senger Fra, der Juliette François, déi 2007 gestuerwen ass, a franséisch-, däitsch- oder lëtzebuergeschsproochegen Theaterstécker gespillt. Nieft de Stécker schreift hie Prosa a Gedichter. Hie gouf fir seng Wierker ë. a. zweemol hannereneen mam Präis vum Nationale Literaturconcours (1979, 1980), zweemol mam Servais-Präis (1993, 2013) a mam Batty-Weber-Präis (2002) ausgezeechent.
De Pol Greisch ass Member vum Institut grand-ducal a war Vizepresident vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband.
De Pol Greisch ass de Papp vum Gittarist Cary Greisch.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]Theaterstécker
[änneren | Quelltext änneren]- Äddi Charel (1966)
- Besuch (1969)
- Ënnerwee (1978)
- Grouss Vakanz (1980)
- Viru mam Jabel (1981), opgeféiert 1978 am Neien Theater
- Margréitchen (1986)
- E Bucki (1983), Eenakter
- De laangen Tour (1988)
- E Stéck Streisel (1992)
- Kellerzerwiss (1992)
- E Platten (1995)
- Léiwe Kleeschen (1997)
- Aarme Louder (1998)
- Eng Heemelmaus (1999)
- Wanter (2000)
- Kiischtebléien (2002. Uropféierung: 27. 2. 2003)
- Fënsterdall, Première am TNL de 14. November 2008
Autobiographesches
[änneren | Quelltext änneren]- Fir meng Mamm. Aus engem laange Bréif, 2000
Prosa
[änneren | Quelltext änneren]- Mäi Frënd Benn, Roman, 2004
- D'Sonnesäit
- De Monni aus Amerika. Geschichten. Ultimomondo, 2012, ISBN 978-2-919933-82-2
Aneres
[änneren | Quelltext änneren]- … an och de Batty-Weber Präis: Kleng Usprooch, 2002, Am: Galerie. - n 3 (2002), S. 351-356
- Lies de bal, zesumme mat Cathy Clement, Lucien Blau, Josy Braun, Tullio Forgiarini, Henri Losch, Jhemp Hoscheit, Nico Graf, Roger Manderscheid, Editions Saint-Paul , Editions Guy Binsfeld, 2014
De Schauspiller
[änneren | Quelltext änneren]Filmer
[änneren | Quelltext änneren]- Déi zwéi vum Bierg (1985) vum Menn Bodson, Gast Rollinger a Marc Olinger
- Mumm Sweet Mumm (1989) vun AFO-Film
- Schacko Klak (1990) vum Paul Kieffer a Frank Hoffmann
- E Liewe laang (1992)
- Emil (2010) vum Marc Thoma
- Rusty Boys (2017) vum Andy Bausch
- Lupus (2020, Kuerzfim) vum Laurent Prim
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]- Servais-Präis 1993 fir Äddi Charel - Besuch - E Stéck Streisel
- Batty-Weber-Präis 2002 fir säi Liewenswierk.
- Servais-Präis 2013 fir De Monni aus Amerika
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Fiche am autorenlexikon.lu