Ministère d'État
Dësen Artikel beschäftegt sech mat lëtzebuergesche Ministère d'État. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Ministère d'État (Homonymie). |
Ministère d'État | |
---|---|
Staatsministère | |
Land | Lëtzebuerg |
Minister | Luc Frieden |
Verwaltungssëtz | Lëtzebuerg |
Adress | 2, place de Clairefontaine L-1341 Lëtzebuerg |
Ënnersteet der/dem | Lëtzebuerger Regierung |
Gegrënnt | 1857 |
Um Spaweck | https://me.gouvernement.lu/ |
De Staatsministère (fr: Ministère d'État, gekierzt ME) zu Lëtzebuerg, ass e Ministère dee vum Premierminister (och nach Staatsminister) geleet. E koordinéiert déi alldeeglech Geschäfter vun der Lëtzebuerger Regierung a garantéiert d'Eenegkeet vun de Prinzippien déi an de verschiddenen Deeler vum Staat applizéiert ginn[1].
Allgemenges
[änneren | Quelltext änneren]De Premierminister huet d'Presidence iwwer de Regierungsrot. Bei enger Stëmmegläichheet am Regierungsrot ass seng Stëmm ausschlaggeebend. An extrem dréngende Fäll kann hien eng Decisioun huelen, déi eigentlech an der Kompetenz vum Regierungsrot läit. Hie muss de Regierungsrot an deem Fall an der nächster Sëtzung doriwwer an d'Bild setzen.
Kompetenz vum Staatsministère
[änneren | Quelltext änneren]D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Staatsministère falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[2]. Dozou gehéieren ë. a.:
Allgemenges
[änneren | Quelltext änneren]- Presidence a Generalsekretariat vun der Regierung
- d'institutionell Relatioune mam Grand-Duc, der Chamber an dem Staatsrot
- de Wirtschafts- a Sozialrot
- d'Mënscherechtskommissioun
- de Comité pour la mémoire de la Deuxième guerre mondiale
- d'Relatiounen tëscht dem Staat an de reliéise Communautéiten
- d'Bezéiunge mat der Zentralbank, an Zesummenaarbecht mam Finanzminister
- d'Œuvre nationale Grand-Duchesse Charlotte
- Héije Kommissariat fir national Sécherheet
- Staatlechen Informatiouns- a Pressedéngscht, deen d'Medien an d'Ëffentlechkeet iwwer d'Aktivitéite vun der Regierung informéiert
- national Gielercher
- ëffentlech Zeremonien
- Chamberwalen, Wale fir d'Europäescht Parlament; Referendumen
- Kommissioun fir den Zougang op Dokumenter
- Kommissioun fir Wirtschaft a Rationaliséierung
- Konferenzzentrum vun der Regierung am Sennenger Schlass
- alles wat d'Staatssécherheet ugeet, wéi zum Beispill den , de Noriichtendéngscht, de Cybersecurity Board an de Computer Emergency Response Team.
Medien a Kommunikatioun
[änneren | Quelltext änneren]De Service fir Kommunikatioun a Medien huet d'Responsabilitéit vum Minister fir Kommunikatioun a Medien, a këmmert sech em d'Medien, de Weltraum, elektronesch Kommunikatiounen a Postservicer grad wéi ëm den Dateschutz.
- Departement fir Medien, Connectivitéit an digitalen Agenda
- Medien: Entwécklung vun audiovisuellen Aktivitéiten; geschriwwe Press; audiovisuell Medien; Radio, Internet, Presserot; audiovisuell Produktioun; Kommissariat bei der CLT-UFA; Média de service public 100,7; Informatiounsgesellschaft
- Weltraum: Lëtzebuergesch Satellittesystemer; SES; Kommissariat bei der SES
- Connectivitéit: Politik vun den elektronesche Kommunikatiounsnetzwierker a -servicer; EU-Telekommunikatiounsrot; LuxConnect (zesumme mam Minister fir Digitaliséierung), MyConnectivity GIE; Radiokommunikatioun, Postsdéngschter
- Nationaalt integréiert Funknetz (RENITA); reglementéierten ëffentlechen Déngscht vum globale Satellittennavigatiounssystem aus dem Galileo-Programm
- Digitalpolitik: reglementaresche Kader fir nei Technologien (z. B. kënschtlech Intelligenz); - Dateschutz; Datenpolitik; digital Rechter; Koordinatioun vun der Politik am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz (an Zesummenaarbecht mam Minister fir Digitaliséierung, dem Héichschoulministère an dem Wirtschaftsministère)
- Relatioune mat der Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel (ALIA), der Commission nationale pour la protection des données (CNPD) an dem Institut luxembourgeois de régulation (ILR)
Relatioune mat der Chamber
[änneren | Quelltext änneren]- Relatioune mat der Chamber; Koordinatioun tëscht der parlamentarescher an der Regierungsaarbecht
- Zentrale Legislatiounsservice, deen den institutionelle Lien tëscht der Regierung, der Chamber an dem Staatsrot assuréiert an och fir d'Publikatioun vum Journal Officiel (Mémorial) responsabel ass
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Ministère d'État – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ « Règlement interne du Gouvernement » adopté par le Gouvernement en conseil en date du 27 novembre 2023. Art. 8 « Le Premier ministre coordonne l’action du Gouvernement et veille au maintien de l’unité de l’action gouvernementale. Il dirige le Ministère d’État. ». legilux.public.lu (09.07.1857). Gekuckt de(n) 29.11.2023.
- ↑ Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.