Tessy Antony-de Nassau

Vu Wikipedia
Tessy Antony-de Nassau
D'Tessy Antony (2019)
Gebuer 28. Oktober 1985
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun SOAS University of London
Aktivitéit Geschäftspersoun, Zaldot, Humanitarier, Philanthrop, Aristokrat
Famill
Bestuet mat Louis vu Lëtzebuerg
Kanner Gabriel vun Nassau, Noah vun Nassau
D'Tessy Antony (deemools Prinzessin Tessy) an de Prënz Louis mat hirem Bouf Gabriel, 2006 bei hirer Hochzäit.

D'Tessy Antony-de Nassau, fréier d'Prinzessin Tessy vu Lëtzebuerg, gebuer den 28. Oktober 1985 zu Lëtzebuerg, war d'Fra vum Prënz Louis vu Lëtzebuerg, dem Jong vum Groussherzog Henri. De 17. Februar 2017 goufe si zu London an enger Blëtzscheedung (quickie divorce) gescheet, ouni selwer present gewiescht ze sinn[1]. Zum Ufank vum Joer 2021 huet d'Tessy Antony op Instagram matgedeelt, datt si sech mam Schwäizer Entreprener Frank Floessel verloobt huet.[2],[3] Si gouf freides, den 23. Juli 2021 mam Frank Floessel zu Zürich bestuet.[4]

Fréiert Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Tessy Antony ass d'Duechter vun der Régine Heidemann an dem Leeëndecker François Antony. No hirem Secondaire am Lycée technique Mathias-Adam zu Péiteng ass si zesumme mat hirem Brudder Ronny an d'Lëtzebuerger Arméi agetrueden. Vu Mäerz bis Juli 2004 war se mat enger Militärmissioun fir d'KFOR zu Mitrovicë am Kosovo.

Famill[änneren | Quelltext änneren]

D'Tessy huet de Prënz Louis déi éischt Kéier begéint wéi se an der Jugoslawie-Missioun war an de Prënz e Besuch bei den Truppe gemaach huet. Si hu sech den 29. September 2006 an der Parkierch vu Gilsdref bestuet. Bei senger Hochzäit huet de Prënz op seng Nofollgerrechter fir sech a seng Kanner verzicht, an d'Tessy Antony an hir Kanner kruten den Numm de Nassau.

D'Prinzessin Tessy an de Prënz Louis hunn zwee Kanner:

  • De Prënz Gabriel Michael Louis Ronny de Nassau ass den 12. Mäerz 2006 an der Clinique des Grangettes zu Genf op d'Welt komm. Hien ass dat éischt Enkelkand vum Groussherzog Henri an der Groussherzogin Maria Teresa. Dem Jong säi Pätter ass säi Monni Michel Antony an d'Giedel ass seng Tatta, d'Prinzessin Alexandra.
  • De Prënz Noah Guillaume de Nassau ass den 21. September 2007 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte zu Lëtzebuerg op d'Welt komm. Hien ass dat zweet Enkelkand vum Groussherzog Henri an der Groussherzogin Maria Teresa. Hie gouf grad wéi säi Brudder Gabriel an der Kierch vu Gilsdref gedeeft. Dem Jong säi Pätter ass säi Monni, den Ierfgroussherzog Guillaume an d'Giedel ass seng Tatta d'Patty Antony.

Um Nationalfeierdag 2009 huet de Groussherzog Henri der Tessy de Nassau den Titel Prinzessin vu Lëtzebuerg an hire Kanner den Titel Prënz vu Lëtzebuerg ginn.

D'Famill huet och zu London gelieft, wou de Prënz Louis an d'Prinzessin Tessy op d'Universitéit gaange sinn. Am Laf vum Joer 2016 huet d'Tessy ugefaangen als „Director of communications“ bei der englescher Sécherheetsfirma DS-48 ze schaffen[5].

Den 18. Januar 2017 huet den Haff ugekënnegt datt de Prënz Louis géif vun der Tessy Antony gescheet ginn[6], wat dann och e Mount drop zu London geschitt ass. Domat huet d'Tessy Antony och hir groussherzoglech Predikater an Titele verluer[7],[8]. Si behält awer den Numm "de Nassau"[9] an nennt sech vum 1. September 2019 un "Tessy Antony-de Nassau"[10].

De 27. August 2021 huet si iwwer Instagram matgedeelt, datt hiert 3. Kand, den Theodor, op ďWelt koum.[11]

Berufflech Karriär a soziaalt Engagement[änneren | Quelltext änneren]

Den 31. Januar 2017 gouf si mat dem Präis Woman of the Decade um Women's Economic Forum ausgezeechent, well se besonnesch aktiv war, souwuel a Baarmhäerzegkeetsveräiner wéi och an Netregierungsorganisatiounen. Si ass zum Beispill global Ambassadrice fir UNAIDS fir jonk Fraen a Meedercher an der Pubertéit. Si huet och hir eegen ONG Professors Without Borders an d'Liewe geruff[12].

Als Tessy Antony-de Nassau huet si Finding Butterflies gegrënnt, eng Firma déi sech op eng global Berodung spezialiséiert huet, absënns am Beräich vun der Responsabilité sociétale des entreprises[13].

Si huet e Bachelor of Arts op der Richmond University an e Master of Arts op der SOAS Universitéit zu London gemaach. Am Mee 2020 war si am Gaang hir Dokteraarbecht an integrativer Medezin ze schreiwen an huet weiderhin Entreprisen an Institutiounen am Beräich vun der Nohaltegkeet an der Diversitéit beroden.

Zanter dem 30. Abrëll 2023 ass si Presentatrice vun der Sendung "Mënschen a Geschichten " op RTL Télé Lëtzebuerg.[14]

Verëffentlechungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2023, Den Theodor & d’Grace entdecke Lëtzebuerg, Éditions Schortgen, Kannerbuch an 3 Versiounen Lëtzebuergesch, Franséisch a Englesch an a 4 Bänn: 1) Den Theodor & d’Grace entdecken d’Lëtzebuerger Kichen 2) Den Theodor & d’Grace entdecken d’Lëtzebuerger Déierewelt 3) Den Theodor & d’Grace entdecken d’Stad Lëtzebuerg 4) Den Theodor & d’Grace entdecken d’Lëtzebuerger Natur,

Gielercher an Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tessy Antony-de Nassau – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Noriicht vun der Scheedung op dailymail Als Grond vun der Scheedung gëtt "unreasonable behaviour" genannt.
  2. Instagram: Tessy_from_luxembourg
  3. (en)Former princess Tessy de Nassau announces engagement, gelies op RTL TODAY de 5. Januar 2021.
  4. Fréier Prinzession vu Lèetzebuerg, Tessy Antony ass e Freideg bestuet ginn, gelies de 24. Juli 2021 op rtl.lu
  5. Ukënnegung vun der Scheedung op wort.lu an am LW, 19.1.2017, S.63
  6. De groussherzoglechen Haff deelt mat, dat de Prënz Louis an d'Prinzessin Tessy sech wëlle scheede loossen. op RTL.lu
  7. Décret grand-ducal du 18 juin 2012 portant coordination du Statut de famille du 5 mai 1907 § 4b.3
  8. D'Tessy verléiert hir Titelen, mellt royalcentral
  9. Schreiwes vum Haffmarschallamt vum 5. Abrëll 2019: «Elle s’appellera donc Madame Tessy Antony-de Nassau», rtl.lu 6. Abrëll 2019, gekuckt den 10. Mee 2020
  10. De Prënz Louis an d'Prinzessin Tessy si gescheet, rtl.lu, 05.04.2019 07:38
  11. Das Baby ist da, Nachwuchs für Tessy Antony de Nassau, wort.lu 27. August 2021
  12. Noriicht op royalcenter Gearchiveerd op 2017-02-09. Gekuckt de(n) 2017-02-09.
  13. Quell: Curriculum vitae vun der Tessy Antony-de Nassau op hirem Linkedin-Profil, gekuckt den 10. Mee 2020
  14. Mënschen a Geschichten: Neien Challenge: Aus fréierer Prinzessin gëtt Tëlee-Presentatrice. RTL Télé (27.4.2023). Gekuckt de(n) 1.5.2023.