Vëlkermuerd an der Vendée

Vu Wikipedia

  Haaptartikel zu dësem Theema: Krich an der Vendée 

Reynald Secher, La Vendée vengée.

Den historeschen Debat zu engem Vëlkermord an der Vendée (fr.: génocide vendéen) wärend dem Krich an der Vendée ass zimmlech rezent. Den 21. Februar 2007 huet de franséischen Deputéierte Lionnel Luca (UMP, Alpes-Maritimes) e Gesetzesprojet bei der Assemblée nationale agereecht, fir datt d'Repressioun, déi nom Krich op d'Opstänneg gewaart huet, als Vëlkermord vun der Republik unerkannt gëtt.

Definitioun vu « Vëlkermord »[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff « Genozid » ass eng rezent Kreatioun vum amerikaneschen Droitsprofesser mat polnesch-jiddescher Hierkonft Raphael Lemkin (1900-1959) aus dem Joer 1944. Hien huet dëse Begrëff benotzt, fir d'Verbrieche géint d'Mënschlechkeet, déi vun den Nazien un de Judden an Zigeiner am Zweete Weltkrich verübt goufen, ze definéieren. Hie schreift: « De nouveaux concepts nécessitent de nouveaux mots. Par génocide, nous entendons la destruction d'une nation ou d'un groupe ethnique. » D'Wuert besteet aus der griichescher Wuerzel « genos » (Rass, Stamm) an dem laténgesche Suffix « cide » (vu « caedere », ëmbréngen).

De Begrëff ass fir d'éischt Kéier am Oktober 1945 an engem offiziellen Dokument opgedaucht, nämlech bei de Beschëllegungsakte vum internationale Militärgeriicht vun Nürnberg. D'Charta vun der UNO an den Artikel 8 vun der Genfer Konventioun hunn d'international Communautéit obligéiert anzegräifen, fir « prévenir ou arrêter des actes de génocide ». Méi rezent huet den Artikel 6 vum Statut vum Internationale Geriichtshaff d'Vebrieche vum Genozid definéiert, deen tëscht der Intentioun vun der totaler Ausrottung vun enger Bevëlkerung an der systematescher Mise en œuvre vun dësem Wëllen ënnerscheet. Meeschtens féiert eng Kontestatioun vun engem vun dësen Elementer zu engem Débat, fir e Vebriechen offiziell als Vëlkermord unz'erkennen.

Den Débat zum « Vëlkermord an der Vendée »[änneren | Quelltext änneren]

Den Débat ronderëm d'Hypothees vun engem Vëlkermord an der Vendée koum eng éischt Kéier an Universitéitskreesser an den 1980er Joren op. De bluddege Charakter vum Biergerkrich an der Repressioun vum Opstand gëtt vu kengem ofgestridden, och wann d'Zuelen dacks net prezis sinn, a weider diskutéiert ginn[1], an d'traditionell Beschreiwunge vu Massakere wéi deem vun de Lucs vun der historescher Recherche a Fro gestallt ginn[2]. Am Géigesaz dozou ginn de Wëllen zu engem Vëlkermord vun de Republikaner an de Charakter vun de Massakeren, déi duerch d'Republikaner veübt goufen, grouss diskutéiert a kontestéiert. Eng vun de Quelle vun den Unhänger vun der Thees vun engem Vëlkermord an der Vendée ass en Text vum Gracchus Babeuf.

De Babeuf an de populicide[änneren | Quelltext änneren]

De Gracchus Babeuf

Am Joer 1794, ënner der Convention thermidorienne, huet de Babeuf e Pamphlet erausbruecht, Du système de dépopulation ou La vie et les crimes de Carrier, andeems hien d'Exaktioune vum Jean-Baptiste Carrier wärend senger Missioun zu Nantes ugeklot huet, a behaapt datt dës Mesuren zu engem System vun Entvëlkerung gehéieren, déi hien « populicide » nennt[3], en Neologismus fir eng nei Iddi ze benennen. Dëse Begrëff gouf wärend der Revolutioun als Substantiv souwéi als Adjektiv benotzt, fir dat ze beschreiwen, wat schëlleg um Doud an de Ruin vom Vollek ass[4]. D'Wuert besteet aus der laténgescher Wuerzel populus (d'Vollek) an dem Suffix cide[5]. Wéi d'Wuert "Genozid", wat vum Lemkin 1944 kreéiert gouf, ass et remarkabel, datt e Wuert fir eng Zort vu Verbrieche benotzt ginn ass, dat am Versteestemech ganz nei war.[6]

A sengem Text huet « System vun der Entëlkerung » déi ganz franséisch Bevëlkerung betraff. A sengem Pamphlet huet de Babeuf d'Kriticke vun den Enragés opgegraff, déi fir eng direkt Applikatioun vun der Constitutioun vum Joer I waren, huet d'Terreur ugeklot, déi hie fir responsabel fir d'Massakere vun 1793-1794 gehalen huet an (mat de Moderéierten, de Muscadins an den Neo-Hébertisten) d'Montagnards an d'Jakobiner ugegraff. Dës Uschëllegunge koumen duerch d'Mise à jour vun den Exekutiounen, de Massakeren an den Zerstéierunge vum Biergerkrich an der Terrur no Thermidor. Zesumme mat anere Pamphletären huet de Babeuf d'Uschëllegunge vun der Zeitung La Feuille nantaise opgegraff, déi an hirer Nummer vum 5. Brumaire Joer III. den Incorruptible beschëllegt hunn, hien hätt wëllen d'Land « entvëlkeren »[7]. Sou solle Membere vum Comité de salut public ronderëm de Robespierre Pläng gehat hunn, fir déi gréisstméiglech Gläichheet a Frankräich z'erreechen, an hätten dofir den Doud vu ville Fransouse geplangt[8]. Hir Analys huet, dem Babeuf no, op de Reflexioune vun de politesche Philosophe vum 18. Joerhonnert (wéi de Jean-Jacques Rousseau) opgebaut, déi iwwerluecht haten, datt eng Gläichheet nëmme méiglech wier, wa Frankräich eng méi kleng Bevëlkerung hätt[9]. Dëser Theorie no war de Biergerkrich am Westen an d'Repressioun vun de federalisteschen a royalisteschen Opstänn e Mëttel fir dës Entvëlkerung vu Frankräich gewiescht, an de Carrier, zu Nantes, e lokalen Agent[10]. D'Néierlage vun de republikaneschen Truppe ware vum Comité de salut public geplangt, fir de Krich an d'Längt ze zéien, d'Zuel vun den Doudegen an d'Luucht ze dreiwen an zu enger Radikalisatioun vu béide Säiten ze féieren[11].

De Philippe Buonarroti.

Den 18. Dezember 1794 huet de Babeuf an der Zeitung Le Tribun du peuple geschriwwen:

Quand j'ai, un des premiers, tonné avec véhémence pour faire crouler l'échafaudage monstrueux du système de Robespierre, j'étais loin de prévoir que je concourais à fonder un édifice qui, dans une construction tout opposée, ne serait pas moins funeste au peuple...[12]

Spéider, vläicht duerch den Afloss vu Philippe Buonarroti oder Simon Duplay, déi hien am Prisong 1795 kennegeléiert hat, huet dem Babeuf säi Bild vum Robespierre sech a senge Schrëfte weider geännert, an ass vun enger Kritik zu enger Luefried iwwergaangen[13]. Am N° 24 vum Tribun du peuple, huet hien d'Thermidorianer ugeklot, déi vun engem revolutionäre Gouvernement schwätzen, « comme du saint des saints avec vénération et respect et avec indignation du gouvernement de Robespierre, de la Terreur et du système de sang, comme si tout cela n'était pas une seule et même chose! » Am N° 34 vum 6. November 1795, erkläert de Babeuf:

Osons dire que la Révolution, malgré tous les obstacles et toutes les oppositions, a avancé jusqu'au 9 thermidor et qu'elle a reculé depuis.

Am N° 40 vum 24. Februar 1796, als Äntwert op e Bréif vun engem Kapitän vun der Armée de l'Ouest[14], ass hie souguer sou wäit gaangen, datt hien « sa propre doctrine sous l'égide de Robespierre et de Saint-Just » gesat huet. Fënnef Deeg méi spéit huet hien an engem Bréif u säi Frënd Bodson erkläert: « Je confesse aujourd'hui de bonne foi que je m'en veux d'avoir autrefois vu en noir et le Gouvernement révolutionnaire, et Robespierre, et Saint-Just », an huet souguer den Doud vun Hébert a Chaumette justifiéiert. (« Le salut de vingt-cinq millions d'hommes ne doit point être balancé contre le ménagement de quelques individus équivoques »)[15].

D'Unhänger vun der Thees vum Vëlkermord[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1986 huet de Reynald Secher säi Buch La Vendée-Vengé, Le génocide franco-français[16] erausbruecht, e Wierk andeems hien d'Rapporten tëscht der Revolutioun an de Vendéens zanter 1789 ënnersicht huet, a versicht huet de Bilan vum Opstand an der Repressioun ze maachen. Heifir huet hien ënner anerem de Rapport vun de Gebuerten aus de 1780er Joren an den 1800er Jore verglach, fir Destruktiounen a Rekonstruktiounen ze fannen. Mat dësen Donnéeën huet hien a senger Conclusioun erkläert, datt hien iwwerzeegt wier, datt d'Massakere vum Krich an der Vendée a sengen Aen e Genozid waren, andeems hien dofir och d'Texter vun den Acteuren an den Zeien ënnersicht huet, an aus hinnen e Wëllen zum Genozid vun der Republik erausgelies huet. Fir seng Hypothees ze stäerken, huet hien den Ausdrock « populicide » vum Babeuf opgegraff, deem säin Text hien editéiert an nei erausbruecht huet[17].

D'Thees vum Reynald Secher gouf besonnesch vum Pierre Chaunu, Professer vun der Universitéit Paris IV-Sorbonne, an engem Artikel an der Zeitung La Croix vum 29. Juni 1986 ënnerstëtzt, deen och Member vum Jury war, wéi de jonken Doktorand seng Thees verdeedegt huet[18].

Aner Historiker hunn de Begrëff « Genozid » benotzt, fir d'Massakeren, déi vun der republikanescher Säit am Krich ausgaange sinn, ze beschreiwen, dorënner de Jean Tulard[19], den Emmanuel Le Roy Ladurie[20] oder de Stéphane Courtois, Direkter vun de Recherchen um CNRS, Spezialist fir d'Geschicht vum Kommunismus[21]. De Courtois erkläert, datt de Lenin « compare les Cosaques à la Vendée pendant la Révolution française et les a exposés avec joie à un programme que Gracchus Babeuf, l'"inventeur" du Communisme moderne, a qualifié en 1795 (sic) de "populicide". »[22]

Echoe baussent der Universitéitswelt[änneren | Quelltext änneren]

D'Behaaptunge vum Reynald Secher hu sech och baussent der Universitéitswelt verbreet, a goufe vun de Medien opgegraff. Den 28. Januar 2000, als Conclusioun vum Stockholm International Forum of the Holocaust, huet de Michael Naumann, däitsche Kulturminister (1998-2000) a fréiere Chefredakter vun Die Zeit, gesot: « The French term "populicide" was occasionally used before the term of "genocide" was invented. It was coined by Gracchus Babeuf in 1795 and described the extermination of 117,000 farmers in the Vendée. This fertile area in western France did indeed remain practically uninhabited for 25 years.[23] »

De Jean-Lambert Tallien.

De Schrëftsteller Michel Ragon huet a sengem Buch 1793: L'insurrection vendéenne et les malentendus de la liberté. (1992), d'Argumentatioun an d'Elementer vum Secher benotzt, a versicht d'Realitéit vun der Programmatioun vun de Massakeren an d'offiziell Intentioune fir d'Exterminatioun vum Vollek nozeweisen. A sengem Buch huet hien iwwer d'Totalitéit vun der Repressioun vum Opstand geschriwwen. Deng Haaptacteure sinn op republikanescher Säit de Generol Turreau, de Carrier zu Nantes, den Hentz an de Francastel zu Angers, Stied wou anerersäits och Dausende vu Prisonéier aus der Vendée gefaange gehale goufen. An anere franséische Regioune koum et 1793 och zu Opstänn (royalistesch oder federalistesch) géint d'Convention. A verschiddene Fäll hunn d'Envoyés en mission versicht, sou séier wéi méiglech nees Uerdnung ze schafe mat enger kuerzer Repressioun (Normandie), an anere Regioune war d'Repressioun méi grausam. Verschiddener hu sech ganz goe gelooss, wéi de Barras an de Fréron zu Toulon, de Collot d'Herbois an de Fouché zu Lyon oder den Tallien zu Bordeaux. Am Fall vum Krich an der Vendée versicht de Michel Ragon ze beweisen, datt déi Extremfäll sou vum Comité de salut public, a souguer vun der Convention gewollt waren.

Fir datt z'erreechen, huet hien an den Dokumenter vun där Zäit nogesicht, Bréiwer oder Rapporte vu verschiddene Perséinlechkeeten, déi hien als Geständnis fir de Wëllen zu engem Vëlkermuerd ugesinn huet. Sou eng Proklamatioun déi de 24. Dezember 1793 vum Francastel zu Angers opgehaange gouf: La Vendée sera dépeuplée, mais la République sera vengée et tranquille […] Mes frères, que la Terreur ne cesse d'être à l'ordre du jour et tout ira bien. Salut et fraternité.[24] Geneesou e Bréif vum Carrier vum 12. Dezember 1793, adresséiert un de Generol Haxo, deen no Iesswuere fir d'republikanesch Vendée gefrot hat[25], wou hien d'Formulen ervirgehuewen huet, déi seng Thees ënnerstrach hunn: Il est bien étonnant que la Vendée ose réclamer des subsides, après avoir déchiré la patrie par la guerre la plus sanglante et la plus cruelle. Il entre dans mes projets, et ce sont les ordres de la Convention nationale[26], d'enlever toutes les subsistances, les denrées, les fourrages, tout en un mot dans ce maudit pays, de livrer aux flammes tous les bâtiments, d'en exterminer tous les habitants […] Oppose-toi de toutes tes forces à ce que la Vendée prenne ou garde un seul grain… En un mot, ne laisse rien à ce pays de proscription[27].

Den 21. Februar 2007 hunn néng franséisch Deputéiert, déi sech op d'Aarbechte vum Reynald Secher a Michel Ragon stäipen, e Gesetzesprojet bei der Assemblée nationale agereecht fir eng « reconnaissance du génocide vendéen. »[28]

Géigner vun der Thees vum Vëlkermord[änneren | Quelltext änneren]

D'Majoritéit vun der Universitéitswelt huet d'Thees vun engem Vëlkermord an der Vendée net unerkannt, an déi Thees gouf als Manifestatioun vun enger Vergaangenheet ugesinn, déi et sou ni gouf.

Ee vun deene Kritiker war den Australier Peter McPhee, Professer op der Universitéit vu Melbourne a Spezialist fir d'franséisch Zäitgeschicht, deen op den Afloss vum Chaunu an der Behaaptung vun engem Lien tëscht der Revolutioun an dem totalitäre Kommunismus an d'Schwächte vun der Analys vum Secher zu der Zuel vun den Affer oder dem Bléck vun de Revolutionären op den Opstand an der Vendée zeréckkomm ass. Hien huet och d'Beschreiwung vun de reliéisen, wirtschaftlechen a soziale Strukture vun der Vendée virun der Revolutioun a Fro gestallt, sou wéi d'Grënn fir den Opstand, déi de Secher uginn huet. Hien huet kritiséiert, datt de Secher net op d'Massakeren un de Republikaner duerch d'Opstänneg agaangen ass, an datt hien a senge spéidere Wierker net op nei Universitéitsaarbechten agaangen ass, déi géint seng Theese geschwat hunn[29]. Als Conclusioun zu La Vendée-Vengé, le génocide franco-français seet de McPhee:

The insurrection remains the central element in the collective identity of the people of the west of France, but it is doubtful that they - or the historical profession - have been well served by Secher's crude methodology and unconvincing polemic.

Aner Historiker, déi d'Thees vun engem Vëlkermord an der Vendée net unerkenne sinn den Julian Jackson, Professer op der Universitéit vu London[30], den Amerikaner Timothy Tackett, Professer op der University of California[31], de Hugh Gough, Professer op der Universitéit vun Dublin[32], de François Lebrun, Professer op der Universitéit Haute-Bretagne-Rennes II[33], de Claude Langlois, Direkter vun der École pratique des hautes études[34], de Paul Tallonneau[35], de Claude Petitfrère, Professer op der Universitéit vun Tours[36], de Guy-Marie Lenne[37] oder de Jean-Clément Martin, Professer op der Universitéit Paris I-Panthéon-Sorbonne[38].

De Jean-Clément Martin geet ënner anerem op d'Fro vum Dekreet vum 1. August 1793 an, deen d'Zerstéierung vun der Vendée geplangt huet, an de Rapport vum Barère, dee besot huet: Détruisez la Vendée et Valenciennes ne sera plus au pouvoir des Autrichiens. Détruisez la Vendée et le Rhin sera délivré des Prussiens [...]. La Vendée et encore la Vendée, voilà le chancre qui dévore le cœur de la République. C'est là qu'il faut frapper[39]. Hien erënnert drun, datt béid Schrëftstécker d'Fraen, d'Kanner an déi al Leit ausschléissen, mam Dekreet vum 1. Oktober 1793 och déi onbewaffnet Männer. Ausserdeem notéiert hien datt les révolutionnaires n'ont pas cherché à identifier un peuple pour le détruire, regardant simplement la Vendée comme le symbole de toutes les oppositions à la Révolution, a schreift a senger Conclusioun datt les atrocités commises par les troupes révolutionnaires en Vendée relèvent de ce qu'on appellerait aujourd'hui des crimes de guerre.[40].

Den Discours vum Barère an den Dekreet participent de la vision qui fait de la Contre-Révolution un bloc unique, une hydre menaçante, légitimant la pensée d'une "juste violence" et installant la guerre de Vendée dans des conditions particulièrement absurdes. Les administrateurs locaux ne cessent pas de se plaindre de l'absence de délimitation de la région-Vendée, de l'imprécision du terme "brigands" pour désigner les êtres voués à la destruction (puisque sont exclus les femmes, les enfants, les vieillards, les "hommes sans armes"). Menuau du Maine-et-Loire n'arrive pas à faire préciser ce qui doit être détruit en "Vendée".[41] An der Regioun selwer la mobilisation de révolutionnaires locaux réussit à arrêter les violences injustifiées d'Angers ou du sud de la Vendée. Dans l'armée, des officiers refusent de suivre la politique de dévastation de leurs collègues, réussissant parfois à en traduire certains devant des tribunaux et à les faire exécuter.[42].

D'Atrocitéiten, déi wärend dem Krich an der Vendée begaange goufen, loosse sech och duerch d'Mëttelméissegkeet vum Encadrement vun de republikaneschen Zaldoten erklären, « qui sont laissés à leur propre peur ». Op der anerer Säit, les insurgés ont repris les habitudes anciennes des révoltes rurales, chassant et mettant à mort les représentants de l'État, pillant les bourgs, avant que leurs chefs ne réussissent à les détourner, pendant un temps, de ces pratiques qui ont un aspect de revanche et une dimension messianique.[43]

A sengen Aan war et net d'Gewalt vun engem staarke Staat, déi d'Bevëlkerung ze spiere krut ; de Staat war ze schwaach, fir den Däiwelskrees vun der Gewalt an de Grëff ze kréien, an dat bis am Fréijoer 1794[44].

Professer op der Universitéit Paris I-Panthéon-Sorbonne a fréieren Direkter vum Institut d'histoire de la Révolution française, huet och de Michel Vovelle Positioun zu der Vëlkermordsfro bezunn. Am Text « L'historiographie de la Révolution Française à la veille du bicentenaire » (1987) schreift hien:

« François Furet ne se reconnaît pas, et l'a dit, dans le réveil récent, provoqué pour partie depuis deux ou trois ans par l'approche du bicentenaire, d'une historiographie ouvertement contre-révolutionnaire. À vrai dire, avait-elle jamais disparu ? Elle avait gardé ses positions fortes, de tradition depuis le XIXe siècle, à l'Académie française (dans le sillage de Pierre Gaxotte) ou dans les bibliothèques des gares. Vieille chanson un peu fatiguée, elle a connu tout récemment un regain de vitalité remarquable. Petite monnaie caricaturale des réflexions de François Furet, l'image d'une révolution totalitaire, antichambre du Goulag fait florès. La Révolution assimilée à la Terreur et au bain de sang devient le mal absolu. Toute une littérature se développe sur le thème du "génocide franco-français" à partir d'appréciations souvent audacieuses du nombre des morts de la guerre de Vendée 128 000, 400 000... et pourquoi pas 600 000 ? Certains historiens, sans être spécialistes de la question, ont mis, tel Pierre Chaunu, tout le poids de leur autorité morale, qui est grande, à développer ce discours de l'anathème, disqualifiant d'entrée toute tentative pour raison garder. Telle histoire tient beaucoup de place, en fonction des soutiens dont elle dispose, dans les médias comme dans une partie de la presse. Doit-elle nous cacher les aspects plus authentiques d'un chantier des études révolutionnaires aujourd'hui en plein réveil? »[45].

Och de Max Gallo huet sech am Artikel « Guerre civile oui, génocide non ! » an der Zäitschrëft Historia géint d'Thees vum Vëlkermord ausgeschwat[46].

Observatiounen a spéider Analysen[änneren | Quelltext änneren]

Den Historiker Samuel Tomei huet déi rezent Attacke géint « les mystifications de la mémoire républicaine », am Numm vun engem « devoir de mémoire envers les peuples opprimés par une République colonisatrice amnésique » an « envers les peuples corsetés par une République jacobine. » analyséiert. Hien huet notéiert datt sech besonnesch zanter de Feiere vum Bicentenaire vun der Franséischer Revolutioun «  se développe une propension à fustiger un certain jacobinisme républicain au nom de la mémoire des minorités régionales opprimées - certains historiens allant jusqu'à parler, comme Pierre Chaunu, un peu provocateur sans doute, du "génocide" des Vendéens par la République: "Nous n'avons jamais eu l'ordre écrit de Hitler concernant le génocide juif, nous possédons ceux de Barère et de Carnot relatifs à la Vendée". Et le grand historien du temps des Réformes d'honorer à sa façon la mémoire des victimes vendéennes: "D'ailleurs, à chaque fois que je passe devant le lycée Carnot, je crache par terre."  »[47]

Andeems hie sech un d'Fro, déi um Programm vum CAPES an der Agrégation an der Geschicht 2005-2006 stoung, gehalen huet, sou wéi si am Buch vun der Patrice Gueniffey am Artikel « À propos des révoltes et révolutions de la fin du XVIIIe siècle. Essai d'un bilan historiographique », behandelt gouf, huet de Guy Lemarchand, Professer op der Universitéit vu Rouen, verschidden historesch Schoulen ënnerscheet, déi sech mat der Revolutioun befaasst hunn:

Très minoritaire apparaît maintenant le courant d'origine légitimiste, ultra conservateur, autrefois de teinture royaliste, qui s'est fixé sur son terrain de prédilection dans les années 1980: le « génocide » de la Vendée. On en retrouve des éléments dans le chapitre rédigé par A. Gérard (Poussou 2). L'auteur n'en est évidemment plus à la vision idyllique du régime seigneurial de la province selon les Mémoires de la marquise de La Rochejacquelein, et il note lui aussi que les paysans de la province ont d'abord été favorables à la Révolution. Toutefois, selon lui et sans donner les preuves de l'affirmation, la Vendée aurait été non seulement une révolte de grande étendue, mais également un instrument entre les mains des Montagnards dans leur lutte contre les Girondins avant le 2 juin 1793. Ils se seraient abstenus de pousser la Convention à ordonner une répression rapide, de façon à compromettre les Girondins alors dominants, ce qui a facilité l'expansion du soulèvement. Puis, maîtres du gouvernement, ils se seraient livrés à la fureur purificatrice qui les caractérisait. Seconde idée originale, les Vendéens ne sont pas tombés dans la barbarie de leurs adversaires: ils libéraient leurs prisonniers quand les Bleus les fusillaient. Quant aux généraux et dirigeants politiques qui ont commandé les ravages des « colonnes infernales » et les noyades de Nantes, A. Gérard dégage Turreau d'une partie de ses responsabilités afin de charger le Comité de salut public et Carrier, émanation des Jacobins qui serait « l'archétype des révolutionnaires professionnels ». Il reprend ainsi sans distance critique le discours des thermidoriens à la recherche de boucs-émissaires afin de faire oublier leur propre orientation avant la chute de Robespierre, et de se débarrasser d'une partie des Montagnards devenus encombrants.[48]

Fir den Didier Guivarc'h, Professer op der Universitéit vun Toulouse Le Mirail a Member vum Groupe de Recherche en Histoire Immédiate, setzt d'Etude vun der Vendée vum Jean-Clément Martin « en évidence les politiques de la mémoire et leurs enjeux. Si pour l'historien ce sont les Bleus qui, dès 1793, construisent l'image d'une Vendée symbole de la contre-révolution, ce sont les Blancs et leurs successeurs qui utilisent et retournent cette image aux 19e et 20e siècles pour asseoir une identité régionale. Cette identité est un outil de mobilisation sociale mais aussi un instrument politique contemporain. Le succès du spectacle du Puy-du-Fou, lancé en 1977 par Philippe de Villiers, résulte de la rencontre entre un milieu rendu réceptif par une pédagogie du souvenir de 150 ans et le souci d'un homme politique de se construire une image. L'exemple vendéen des années 1980 et du début des années 1990 illustre les défis nouveaux qui se posent à l'historien de la mémoire. Confronté à une mémoire vive et impérieuse, il est conduit à déconstruire mythe ou légende et à remettre ainsi en cause l'exploitation du passé par le présent. Dans le contexte du bicentenaire de 1789, puis de 1793, l'emploi du terme génocide est ainsi au centre d'un débat intense car il est un enjeu pour ceux qui veulent démontrer que "la révolution […] à toutes les époques et sous toutes les latitudes serait dévoreuse de libertés". »[49]

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Reynald Secher, La Vendée-Vengé: le génocide franco-français, Perrin, Paräis, 2006. (ISBN 2-262-02564-9)
  • Jean-Daniel Nahon, Des Guerres de Vendée au "génocide franco-français". Le mot, béquille de mémoire, Thees zu Paris I, Paräis, 1996.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Vgl. Bilan vum Krich an der Vendée.
  2. Jean-Clément Martin, Le Massacre des Lucs, Vendée 1794, Geste Éditions, La Crèche, 1992, a Paul Tallonneau, Les Lucs et le génocide vendéen: comment on a manipulé les textes, Éditions Hécate, 1993.
  3. Am selwechte Joer huet hien On veut sauver Carrier, on veut faire le procès au tribunal révolutionnaire: peuple, prend (sic) garde à toi erausbruecht.
  4. Als Adjektiv gouf « populicide » vum Babeuf a follgendem Saz benotzt: « L'infâme Boissy-d'Anglas parut à la tribune, et fit adopter son code populicide. »
  5. De Babeuf huet och d'Adjektiv « liberticide » den 20. August 1791 kreéiert. Déi selwecht Zäit huet och Wierder wéi « légicide » oder « maricide » kannt.
  6. Wat de « Genozid » vum « Populizid » ënnerscheet, ass datt deen ee Begrëff en Exterminatiounsplang viraussetzt, wärend den aneren (an der Definitioun vum Babeuf) e System vun Entvëlkerung beschreift. Ausserdeem stoung « Genozid » ursprénglech fir de rassistesche Charakter vun der Exterminatioun, déi vun den Nazie geplangt gi war ; et gëtt kee laténgescht Wuert fir de Moderne Sënn vu « Rass », deen am 19. Joerhonnert opkomm ass ; am Géigesaz dozou gëtt et am griicheschen zwee Wierder, ethnos a genos, aus deenen d'Wierder Ethnizid a Genozid entstane sinn.
  7. Jean-Clément Martin, Contre-Révolution, Révolution et Nation en France, 1789-1799, Le Seuil, 1998, S. 248. Den Artikel behaapt datt « dans les papiers de Robespierre on a trouvé des notes qui vouaient à la mort douze mille têtes dans le seul département du Vaucluse ».
  8. Gracchus Babeuf, Du système de dépopulation ou La vie et les crimes de Carrier, 1794, Paragraph IV., S. 24-25. Dës Affirmatioun baséiert laut dem Babeuf op der Broschür Causes secrettes de la révolution du 9 au 10 thermidor, déi vum « Simpronius-Gracchus Vilate, jeune homme de 26 ans, ex-juré du tribunal de sang de Robespierre » ënnerschriwwe ginn ass an déi « mérite quelque crédibilité (...) en ce qu'il donne des indices assez sûrs, qu'il a été admis dans leurs conciliabules secrets, et initié dans les plus profonds mystères ». De Joachim Vilate huet dëse Plädoyer geschriwwen, wärend hien am Prisong souz, an op säi Prozess gewaart huet. Et ass e Plädoyer pro domo an deem hie behaapt huet, eng grouss Roll bei der Chute vum Robespierre gespillt ze hunn, fir sou der Guillotine z'entgoen. De Vilate war e Spioun vum Comité de salut public, a méi speziell vum Barère.
  9. Fir dës Philosophen huet ee fir eng demokratesch Regierung mat enger Gläichheet vun de Räichtümer nom Beispill vun de Stadtstaate vun der Antiquitéit, vu Genf oder Venedeg net nëmmen eng reduzéiert Bevëlkerung virausgesat, mä och e klengen Territoire.
  10. Gracchus Babeuf, op. cit., Paragraph IV.
  11. Jean-Clément Martin, Violence et révolution, essai sur la naissance d'un mythe national, Éd. du Seuil, 2006, S. 158-162.
  12. Denis Woronoff, "La République bourgeoise de Thermidor à Brumaire. 1794-1799", Band 3 vun Nouvelle histoire de la France contemporaine, S. 13-16. Iwwer de Robespierre huet de Babeuf am N° 1 vum Tribun du peuple geschriwwen: « Nous estimerons, nous admirerons l'ouvrage (la Déclaration des droits de 1793), et nous oublierons quel fut l'ouvrier, sincèrement patriote et ami des principes jusqu'au commencement de 1793 et le plus profond des scélérats depuis cette époque. » (Albert Mathiez, « Babeuf et Robespierre », in Études sur Robespierre, Éditions Sociales, Recueil de la Société des études robespierristes, 1973).
  13. Albert Mathiez, op. cit. De Mathiez notéiert datt de « Babeuf admirait Robespierre de longue date. Il s'en est expliqué en toute clarté dans une lettre intime qu'il écrivait à son ami le député Coupé de l'Oise, le 10 septembre 1791: "Analysez Robespierre, dit-il à Coupé, vous le trouverez aussi agrarien en dernier résultat et ces illustres sont bien obligés de louvoyer parce qu'ils sentent que le temps n'est pas encore venu." » Weider erkläert hien datt de Babeuf, « de retour à Paris » nom 9. Thermidor, « Babeuf ne songe qu'à le faire tourner au profit de la cause démocratique. Il se fait inscrire à la société populaire qui tient ses séances à la salle des Électeurs à l'Évêché et où se rencontrent les éléments les plus avancés de l'ancien parti jacobin. Dès le 20 thermidor, il revendique la liberté de la presse et la restitution au peuple du droit d'élire les autorités. Autrement dit, il demande la fin du gouvernement révolutionnaire, le retour à un régime normal, à un régime constitutionnel. » Weiderhi schreift hien, wat d'Attacke géint de Robespierre ugeet, « parce qu'il est journaliste et qu'il doit compter avec l'opinion, Babeuf est obligé, dans la feuille qu'il fonde le 17 fructidor an II, de désavouer Robespierre, de se désolidariser d'un nom compromettant ». Zu der Vendée notéiert de Mathiez datt « sans doute » Babeuf « attaque avec violence Carrier, dans les numéros suivants, mais qui avait fait rappeler le sanguinaire proconsul, sinon robespierre? » an zitéiert de laangen Abschnitt vun der Broschür géint de Carrier, wou de Journalist mam soziale Wierk vum Robespierre solidariséiert.
  14. Tribun du peuple, N° 40 (24. Februar 1796), Bréif ënnerschriwwe mat « B..., capitaine de sapeurs ». Den Auteur erkläert datt d'Zaldoten « sont près à s'écrier simultanément: "Rendez-nous le gouvernement de Robespierre". »
  15. Albert Mathiez, op. cit. De Babeuf schléisst seng Analys mat follgende Wierder of: « Le robespierrisme c'est la démocratie, et ces deux mots sont parfaitement identiques. Donc, en relevant le robespierrisme, vous êtes sûr de relever la démocratie. »
  16. Reynald Secher, La Vendée-Vengé, Le génocide franco-français, PUF, Paräis, 1986.
  17. Gracchus Babeuf, La Guerre de Vendée et le système de dépopulation, Tallandier, 1988, erausgi vu Reynald Secher a Jean-Joël Brégeon. De Reynald Secher huet net den exakten Titel vum Babeuf iwwerholl, fir net nëmmen op de Carrier anzegoen, mä op de ganze Krich an der Vendée.
  18. La Vendée après la Terreur, la reconstruction, Perrin, Paräis, 1997, S. 628: « Je reprends donc l'expression de génocide franco-français pour la Vendée. Hélène Piralian m'a convaincu: on ne peut admettre que la qualification tellement avisée d'un crime soit remise en cause en fonction de la seule appartenance des victimes et des criminels. Pour les 180 000 victimes, mais aussi pour les criminels "républicains". "Républicains": est-ce suffisant pour être exemptés de tout soupçon? »
  19. J. Tulard, J.-F. Fayard, A. Fierro, Histoire et dictionnaire de la Révolution française, 1789-1799, Robert Laffont, 1987, S. 1113. Och hie war Member vum Jury bei der Soutenance vun der Thees vum Reynald Secher.
  20. Le Figaro littéraire, Juni 1999.
  21. Stéphane Courtois, « The crimes of Communism ».
  22. Stéphane Courtois, op.cit.
  23. (en) Offiziell Ried vum Michael Naumann.
  24. Michel Ragon, 1793: L'insurrection vendéenne et les malentendus de la liberté, 1992, S. 187.
  25. Zu Nantes huet de Carrier éischter fir de Ravitaillement vun der Arméi, wéi fir dee vun der Zivilbevëlkerung gesuergt, net nëmme vun de Vendéens mä och vun de Patriote vun Nantes, fir déi hie responsabel war. Dëst huet de Jullien de Paris beklot, wéi hien am Februar 1794 gefrot huet, de Carrier zeréckzepäifen, wat an de Bréiwer un de Robespierre an u säi Papp däitlech gëtt. Vgl. och Roger Dupuy, "La République jacobine, Terreur, guerre et gouvernement révolutionnaire, 1792-1794", Band 2 vun Nouvelle histoire de la France contemporaine, S. 168-171.
  26. Dës Ordres de la Convention nationale entspriechen dem Dekreet vum 1. August 1793 dee besot huet: Article 7: Les forêts seront abattues, les repaires des Rebelles seront détruits, les récoltes seront coupées par les compagnies d'ouvriers, pour être portées sur les derrières de l'armée, et les bestiaux seront saisis.
  27. Am selwechten Dekreet stoung och: Article 8: Les femmes et les enfants et les vieillards seront conduits dans l'intérieur ; il sera pourvu à leur subsistance et leur sûreté avec tous les égards dus à l'humanité.
  28. Article 14: Les biens des Rebelles de la Vendée sont déclarés appartenir à la République ; il en sera distrait une portion pour indemniser les citoyens qui seront demeurés fidèles à la patrie des pertes qu'ils auraient souffertes.
  29. An engem aneren Dekreet vum 1. Oktober 1793 koume bei de Fraleit, Kanner an ale Leit vum Artikel 8 vum Dekreet vum 1. August d'« hommes sans armes » dobäi. Vgl. Jean-Clément Martin, "Guerre de Vendée", in Encyclopédie Bordas, Histoire de la France et des Français, 1999, S. 2084, an Contre-Révolution, Révolution et Nation en France, 1789-1799, S. 218.
  30. Michel Ragon, op.cit., S. 197, Notiz 91.
  31. Prozedur vun der Gesetzespropositioun N° 3754.
  32. (en) Peter McPhee, Kommentär vun der Thees vum Secher.
  33. Stefan Berger, Mark Donovan Kevin Passmore (Ersg.), Writing National Histories - Western Europe Since 1800, Routledge, Londres, 1999. Biographie.
  34. Vgl. Interventioun vum Timothy Tackett an French Historical Studies, Hierscht 2001, S. 549-600.
  35. Hugh Gough, « Genocide & the Bicentenary: the French Revolution and the revenge of the Vendée », Historical Journal, Vol. 30, 4, 1987, S. 977-88.
  36. François Lebrun, « La guerre de Vendée: massacre ou génocide ? », L'Histoire, N°78, Mee 1985, S.93 - 99 an N°81, September 1985, S. 99 - 101.
  37. Claude Langlois, « Les héros quasi mythiques de la Vendée ou les dérives de l'imaginaire », in F. Lebrun, 1987, S. 426-434, an « Les dérives vendéennes de l'imaginaire révolutionnaire », AESC, N°3, 1988, S. 771-797.
  38. Paul Tallonneau, Les Lucs et le génocide vendéen: comment on a manipulé les textes, Éd. Hécate, 1993.
  39. Claude Petitfrère, La Vendée et les Vendéens, Gallimard/Julliard, 1982.
  40. Guy-Marie Lenne, Les Réfugiés des guerres de Vendée de 1793 à 1796, Éditions Geste, 2003.
  41. Jean-Clément Martin, La Vendée et la France, Le Seuil, 1987.
  42. Jean-Clément Martin, « Un génocide? », L'Histoire, N°311.
  43. Jean-Clément Martin, Contre-Révolution, Révolution et Nation en France, 1789-1799, Seuil, 1998, S. 218.
  44. Jean-Clément Martin, op.cit., S. 218.
  45. Jean-Clément Martin, Violence et Révolution. Essai sur la naissance d'un mythe national, Le Seuil, 2006, S. 205-206.
  46. Jean-Clément Martin, op.cit., S. 161.
  47. Jean-Clément Martin, op.cit.
  48. Michel Vovelle, « L'historiographie de la Révolution Française à la veille du bicentenaire », Estudos avançados, Oktober-Dezember 1987, Vol 1, N° 1, S. 61-72. [1] oder [2].
  49. Max Gallo, « Guerre civile oui, génocide non ! », in Historia, N° 624, Dezember 1998.