Wikipedia:De Staminee/Archiv2013/Januar-Mäerz

Vu Wikipedia

Hei ass d'Archiv vun den Diskussiounen um Staminee aus dem Joer 2013, vu Januar bis Mäerz.

Wikimedia sites to move to primary data center in Ashburn, Virginia. Read-only mode expected.[Quelltext änneren]

(Apologies if this message isn't in your language.) Next week, the Wikimedia Foundation will transition its main technical operations to a new data center in Ashburn, Virginia, USA. This is intended to improve the technical performance and reliability of all Wikimedia sites, including this wiki. There will be some times when the site will be in read-only mode, and there may be full outages; the current target windows for the migration are January 22nd, 23rd and 24th, 2013, from 17:00 to 01:00 UTC (see other timezones on timeanddate.com). More information is available in the full announcement.

If you would like to stay informed of future technical upgrades, consider becoming a Tech ambassador and joining the ambassadors mailing list. You will be able to help your fellow Wikimedians have a voice in technical discussions and be notified of important decisions.

Thank you for your help and your understanding.

Guillaume Paumier, via the Global message delivery system (wrong page? You can fix it.). 15:28, 19. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

Picture of the Year voting round 1 open[Quelltext änneren]

Dear Wikimedians,

Wikimedia Commons is happy to announce that the 2012 Picture of the Year competition is now open. We're interested in your opinion as to which images qualify to be the Picture of the Year for 2012. Voting is open to established Wikimedia users who meet the following criteria:

  1. Users must have an account, at any Wikimedia project, which was registered before Tue, 01 Jan 2013 00:00:00 +0000 [UTC].
  2. This user account must have more than 75 edits on any single Wikimedia project before Tue, 01 Jan 2013 00:00:00 +0000 [UTC]. Please check your account eligibility at the POTY 2012 Contest Eligibility tool.
  3. Users must vote with an account meeting the above requirements either on Commons or another SUL-related Wikimedia project (for other Wikimedia projects, the account must be attached to the user's Commons account through SUL).

Hundreds of images that have been rated Featured Pictures by the international Wikimedia Commons community in the past year are all entered in this competition. From professional animal and plant shots to breathtaking panoramas and skylines, restorations of historically relevant images, images portraying the world's best architecture, maps, emblems, diagrams created with the most modern technology, and impressive human portraits, Commons features pictures of all flavors.

For your convenience, we have sorted the images into topic categories. Two rounds of voting will be held: In the first round, you can vote for as many images as you like. The first round category winners and the top ten overall will then make it to the final. In the final round, when a limited number of images are left, you must decide on the one image that you want to become the Picture of the Year.

To see the candidate images just go to the POTY 2012 page on Wikimedia Commons.

Wikimedia Commons celebrates our featured images of 2012 with this contest. Your votes decide the Picture of the Year, so remember to vote in the first round by January 30, 2013.

Thanks,
the Wikimedia Commons Picture of the Year committee

This message was delivered based on m:Distribution list/Global message delivery. Translation fetched from: commons:Commons:Picture of the Year/2012/Translations/Village Pump/en -- Rillke (Diskussioun) 23:54, 22. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

Help turn ideas into grants in the new IdeaLab[Quelltext änneren]

I apologize if this message is not in your language. Please help translate it.

  • Do you have an idea for a project to improve this community or website?
  • Do you think you could complete your idea if only you had some funding?
  • Do you want to help other people turn their ideas into project plans or grant proposals?

Please join us in the IdeaLab, an incubator for project ideas and Individual Engagement Grant proposals.

The Wikimedia Foundation is seeking new ideas and proposals for Individual Engagement Grants. These grants fund individuals or small groups to complete projects that help improve this community. If interested, please submit a completed proposal by February 15, 2013. Please visit https://meta.wikimedia.org/wiki/Grants:IEG for more information.

Thanks! --Siko Bouterse, Head of Individual Engagement Grants, Wikimedia Foundation 20:37, 30. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

Distributed via Global message delivery. (Wrong page? Correct it here.)

Wikitreffen[Quelltext änneren]

Ech hat elo mam SITCK rieds, et wier nawell eng Iddi fir nees e Wikitreffen z'organiséieren. Et kéint een dann iwwer Schreifkonventiounen an aneres schwätzen, an natierlech och e gudde Maufel iessen. Do stelle sech da véier Froen: wéini, éischter mëttes oder owes, wou, wéi eng Themen? Et kann een herno en Doodle dofir man, mee fir den Ament ass et vläit besser, einfach fräi Iddien ze sammelen. --Otets 16:50, 17. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien, ech si flexibel awer nëmmen owes / an der Nuecht. --Jwh (Diskussioun) 20:44, 17. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Moien, bei mär wier dat an den nächste Wochen héchstens op engem Weekend méiglech (ausser deem vum 2./3. Feb.). Do wier ech dann awer flexibel. --Zinneke (Diskussioun) 21:10, 17. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Resalut a Merci un den Otets, vu menger Säit aus wäert et kaum e Probleem ginn. Ech si gäeren zu jiddfer Zäit derbäi. SITCK (Diskussioun) 21:50, 17. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Moien och, ech si gären derbäi, hu vill Méiglechkeete bis Freides de 15. Mäerz (Méindes duerno geet et op eng wäit Rees). Sinn net disponibel owes de 26. Januar (Samschdeg) an och net owes de 26. Februar (Dënschdeg). --Cayambe (Diskussioun) 22:30, 17. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Praktesch ëmmer méiglech fir mech --Les Meloures (Diskussioun) 09:19, 18. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Moien, ech wir do och gären derbäi a sinn och relativ flexibel. Nodeems wat bis elo geschriwwe ginn ass, proposéieren ech emol e Samschdeg owend am Februar, de 9. oder 16. Februar, owes sou vun 18 Auer un, ech mengen dat misst bei jidderengem passen dee bis elo geschriwwen huet. Ass een deen eng gudd Plaz wees fir esou en Treffen?--MMFE (Diskussioun) 09:49, 18. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Wa soss keng Virschléi/Wënsch méi kommen, solle mer dann emol provisoresch de Samsdeg, den 9. Februar festhalen? Als Plaz wier vläit eppes Zentrales, dat gutt mam ëffentlechen Transport z'erreeche wier, virzezéien. Ech loossen do deene de Choix, déi sech besser auskennen, wéi ech.--Zinneke (Diskussioun) 12:54, 22. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Den 9. Februar wier mega beschwéiert fir mech. Déi zweet Propositioun vum MMFE, de 16. Februar, giff mech dogéint ganz arrangéieren. Wat Restauranten ugeet, do kéime mer déi heiten an de Sënn:
  • Italiener: La Torre um Lampertsbierg oder Bella Napoli op der Goar
  • Elsässer Kascht: Goethe Stuff am Îlot Gastronomique
  • Spuenier: Bodega am Zentrum oder Solana zu Bouneweg (do war ech allerdings ni, keng Anung op vill Plaz ass)
  • Lëtzebuerger Kascht: Ems net wäit ewech vun der Goar
Op der Goar gëtt et Parkhaiser. Mee dat si wi gesot just Iddien, ech ginn och gär enzwousch anescht mat. --Otets 15:45, 22. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Perséinlech ass den Datum mir egal, wann eng kammoud Parkplaz net méi wéi 100 Meter ewech ass. Aus deem Grond hunn ech dee Bistrot zu Miersch bei der Gare intressant fonnt wou mer schonns waren. --Les Meloures (Diskussioun) 17:03, 22. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Eigentlech fannen ech d'Iddi fir eng Versammlung ronderëm d'Gare an der Stad am Beschten. Hei kënnt een mat Bus oder Zuch am flottsten hin, a fir déi mat engem Auto gëtt et masseg Parkplazen an Déifgaragen ...SITCK (Diskussioun) 18:16, 22. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Wat d'Plaz ugeet esou arrangéiert alles ronderëm d'Gare an der Stad mech och. Mam Datum kéint de ganze Februar bei mir méi schwiereg si wéint privaten a berufflechen Obligatiounen, mä ech versiche mäi Bescht fir derbäi ze sinn. --Robby (Diskussioun) 23:30, 23. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
OK, fir béid Daten.
D'Juegdschlass weir net iwwel - Parking - Lëtzebuerger Kascht - Verstänneg Präisser a Qualitéit - Deemno wéivill een ass, kinnt een de Wantergaart kréien, wou ee méi ënner sech wier. --Jwh (Diskussioun) 08:51, 24. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
D'Juegdschlass, tëscht Bäreldeng an dem Bridel, hunn ech bis ewell nach net kannt, mee schéngt eng gutt Iddi ze sinn. Juegdschlass oder Ems, mär ass et eendunn, d'Vollek soll decidéieren. --Otets 09:57, 24. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
D'Propositioun vum JwH fir d'Juegdschlass fannen ech net schlecht, besonnesch well een do eventuell e separate Raum ka kréien. Ech fannen dat wichteg wann eist Treffen net nëmme soll e kulinareschen Héichpunkt duerstelle, mä och op d'mannst eng kleng Diskussioun iwwer d'Wikipedia soll dobäi sinn, wou jidderee ka matdiskutéieren. Wann eenzel Leit sollten Transportproblemer hunn fir dohinner ze komme kënnte mer do sécher eng Léisung fannen. Ech si jiddefalls gär bereet och ee matzehuelen vun doheem oder vun enger Gare aus. Et wier natierlech dann och gutt, wa mer e klenge Programm fir eng Diskussioun hätten.--MMFE (Diskussioun) 11:45, 26. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

Tëschestand[Quelltext änneren]

Wann ech dat emol dierf resuméieren:

Datum
  • den Otets kann net den 9. awer de 16. Februar,
  • de Cayambe kann net no Mëtt Mäerz,
  • dem Robby wier et léiwer nom Februar.

Deemno hu mer 2 Méiglechkeeten:

  • mer halen de 16. bäi a froen de Robby, op "schwiereg" "onméiglech" heescht, oder hie sech trotzdeem arangéiere kann. Falls jo, wier d'Saach gebongt, falls net:
  • mer testen eng drëtt Alternativ (den 3. 2. Mäerz) an huelen déi, wann déi jidderengem géif goen; wann et do méi wéi Ee géif deem dat net géing, géife mer de 16. bäibehalen. Falls et just ee wier deem dat net Geleeë wier, louse mer aus.
Plaz

Eng ganz Rëtsch Virschléi, eng allgemeng (no bei enger Gare) an eng spezifesch Contrainte (Parkplaz dierf net méi wéi 100m ewech sinn). Kinnten déi, déi Virschléi gemaach hunn, se op dës Contrainten hin ofchecken an d'Wiel esou reduzéieren (gastronomesch oder diet-spezifesch Awänn goufe jo keng formuléiert)? --Zinneke (Diskussioun) 10:05, 24. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

Géint den 3. Mäerz hätt ech och näischt, just ass dat e Sonnden (wat mär wéi gesot och geet), hues de net éischter samschdes den 2. Mäerz gemengt? -- Sorry, ech hat effektiv Sam. den 2. gemengt. Z.--
Den Ems läit manner wéi 100m vun der Goar ewech, an et gëtt e Parkhaus an der selwechter Strooss wat och manner wéi 100m dervun ewech ass. All Dag op bis 22:30, acceptabel Präisser. Si hu gutt Mullen, an och e puer eenzel Lëtzebuerger Spezialitéiten (Friture, Sauermous, Wirschtche mat Gromperenzalot, Paschtéit, Filet américain, Schwéngsféiss, Träipen, Kallefskapp, Judd, Feierstengszalot) grad wéi italieeneschen a franséische Kascht op der Menüskoart, et kann ee sech e laangen Dësch reservéiere loossen, a mat Chance dem Alain Atten begéinen. --Otets 10:23, 24. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Ok, da waarde mer of, op dat dem Robby geet, wa jo, kanns De jo fir d'Allgemengheet confirméieren. --Zinneke (Diskussioun) 17:24, 24. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Ech kann de 16. 02. an den 2,03. dobäi sinn. Wou, dat ass mir egal.--Jamcelsus (Diskussioun) 17:52, 25. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Ech hu mäin Agenda gekuckt a kann et fir de 16. Februar ariichten. --Robby (Diskussioun) 06:33, 26. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

Léif Wikipedianer, ech hunn elo eréischt vun dësem Wikitreffe gelies (mea culpa) a wier frou, och kënne derbäi ze sinn. Den 9. a 16. Februar falen an d'Schoulvakanz an do sinn ech dann op de Ski. Déi aner Samschdeger kann ech mech fräi maachen, ausser den 2. Mäerz wann et fir Moies mat Mëttegiessen ass an den 9. Mäerz wann et fir Nomëttes mat Owesiessen ass. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 11:33, 26. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

De 9./16.Februar an 2. Mäerz wieren dann emol net méi sou ideal, mä wéi wier et da mam 23. Februar, ech mengen deen Datum ass bis elo nach net zur Diskussioun gewiescht. Oder de 9. Mäerz, dee fir mech selwer net esou ideal wier, mä ech ka mech arrangéieren.--MMFE (Diskussioun) 12:01, 26. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

Salut, ech hunn och elo réischt vum Wikitreffe gelies. Mir ginn den 9., de 16. an den 23. Februar. 2. Mäerz geet mir net. D'Plaz ass mir egal. --Christian Ries (Diskussioun) 12:56, 26. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

(Hei nach eng flott Plaz fir eng aner Kéier, well déi Woch am Februar zou): de Restaurant Allegro (vum Gault et Millau-Chef vum Joer Renato Favaro) iwwer dem Escher Theater, cf. http://restaurant-allegro.lu/ou-nous-trouver-esch. D'Präisser sinn trotzdem am normale Beräich. De Lift féiert aus der Déifgarage vum Theater direkt an de Restaurant. En ass awer Owes leider nëmmen op wann och Theater gespillt gëtt.)
Den 23. 2. ass fir mech ideal. Fir d'Plaz sinn ech fir alles op. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 17:53, 26. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Mëttlerweil kann ech den 9. Februar definitiv guer net méi, den 23. Februar ass awer a priori perfekt fir mech. Am Mäerz gesäit et éischter schlecht aus. Ech kéint och 1-3 Leit vun der Goar mat bei d'Juegdschlass mathuelen. Allegro kennen ech nach net, kléngt ebenfalls intressant; wat d'Restauranten ugeet sinn ech wéi gesot fir all bis ewell genannte Virschléi op. --Otets 04:15, 28. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
  • Moien, Leider geet et bei mir net fir den 23 Februar mat Iessen ze goen.

-- Johnny Chicago (Diskussioun) 00:44, 31. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

2. Tëschestand[Quelltext änneren]

Fir den Iwwerbléck ze behalen: heidrënner Tabellen mat den Donnéeë vun heidriwwer. Kinnt jidderee sech androe fir déi 2. Alternativ, den 23. Februar? Hoffer mer, dat klappt fir jiddereen. Wann net, musse mer weider kucken...

Terminer
Numm 16. Februar 23. Februar 2. Mäerz Bemierkungen
SITCK jo (M an O) jo (M an O) jo (M an O)
Jwh jo (M an O) jo (M an O) och gutt
Cayambe jo jo jo
Les Meloures jo (M an O) jo (M an O) jo (M an O)
Zinneke jo jo jo
Otets jo jo gaaanz schlecht
MMFE jo jo jo
Robby jo jo ?
Jamcelsus jo jo jo
Sultan Edijingo nee jo jo nomëttes an owes
Christian Ries jo jo Owes net

Themen

  • Schreifkonventiounen (ë. a. bei de Linke vum Spaweck)
  • Iwwerschrëft Linken ...
  • Biller-Lizenzen: FOP, fair-use, asw.
Treffpunkt
Restaurant / Plaz Gare ? Parking < 100m ? Ofgedeelte Raum ? Bemierkungen
http://www.beimsilo.lu/
mécht ëm 18.30 op
+ + ? Pro Les Meloures;
Pro SITCK;
Pro Christian
http://www.ems-restaurant.lu/ + + Neen
http://www.juegdschlass.lu/ - + Jo Pro Les Meloures
Pro Jamcelsus
Pro Otets;
Pro SITCK;
Pro Jwh;
Pro Cayambe;
Pro MMFE
Pro Christian
...
Moien, schloe vir ech ruffe mol einfach muer (Méindes zou) am Juegdschlass u fir de Wantergaart den 23. Februar ze blockéieren, soe mir fir 15 Leit. Ka jo nach ëmmer nees annuléiren. Fir wéivill Auer 16.00? 17.00 méi fréi? méi spéit? --Jwh (Diskussioun) 18:35, 28. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Tipptopp, do hu mer jo eppes fonnt! Ech géif soen, e bësse méi spéit, esou vun 18.00 Auer un? --Zinneke (Diskussioun) 19:45, 28. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
D'Juegdschlass mécht owes um 23 Auer zou. Dofir léiwer net ze spéit ufänken, et kann ee jo am Ufank einfach emol e bësschen diskutéieren ouni speziell Thema bis da jiddereen do ass.--MMFE (Diskussioun) 22:09, 28. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

Gudden Owend, ech ka muer awer net kommen a wënschen eng gutt Reunioun an e gudden Apetitt. --Christian Ries (Diskussioun) 16:58, 22. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]

Fazit: Samsden, 23. Februar vu 16.00 Auer un am Juegdschlass[Quelltext änneren]

Hu lo, op Lëtzebuergesch, de Wantergaart fir eng 15 Leit op den Numm Wikipedia fir den 23. Februar vun 16.00 u reservéiert. Si verbliwwen datt ech an der Woch virdrunn nach genee confirméieren. --Jwh (Diskussioun) 11:49, 29. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Hunn den Dësch lo just reconfirméiert. --Jwh (Diskussioun) 17:36, 19. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]

Villmools merci!
Da kënne mer elo a Rou nach e puer Sujetë sammelen, déi kënnen diskutéiert ginn. Haaptzweck soll awer a mengen Ae sinn, sech einfach e bësse bei engem Maufel iwwer dat ze ënnerhalen, mat deem mer eis hei esou ofginn, an och fir mol e Gesiicht op en Numm ze 'pechen' ;-)
E puer Theme goufe scho proposéiert; anere kënnen hei derbäigesat ginn.
Rubrik Themen
Inhalt
Form(atéierung)
  • Schreifkonventiounen (ë. a. bei de Linke vum Spaweck)
  • Iwwerschrëft Linken ...
  • Schreifaart: Fliger oder Avionen --SITCK ---------- (Avion ass kee Lëtzebuergesch a gouf mol eng Zäit just vun deene gebraucht déi sech wollten domat méi dichteg virkommen. -- Les Meloures)
    • Deemools sin och nëmmen déi Leit, déi sech méi dichteg virkoumen, mam Avion gereest. Dat ass jo awer schon eng Zäit eriwwer a vläit dofir kennt de LOD lo souguer de Pluriel vum Avion. --Jwh (Diskussioun) 21:05, 14. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]
  • Referenz fir Flouernimm (Nomenclature vum Kadaster oder eng aner)
  • nei lëtzebuerger Wierder: z.B.: Weltraumbegriefnes, Waasserung ... (D'Waasserung gëtt anscheinend schonn op dëser Säit diskutéiert.)
  • Këschten
  • Homonymiessäiten
Biller
  • wat ass e "fräit Bild"? Wat kann a wat net, a firwat? Wou gëtt et FOP, ...?
  • Biller-Lizenzen: Reegel an Ausnamen (fair-use, asw.)
  • Eroplueden: direkt op Commons als Standard?
PR
  • Wiki Loves Monuments 2013: Kontakter mat ëffentlechen Instanzen, Partenariat, Medien...?
  • 2014 kritt lb-Wiki 10 Joer. Kann/soll ee probéieren, do e bësse méi draus ze maachen?
    • Eng Iddi: en Opruff un d'Vollek seng Schongkëschten eidel ze maachen, sou hu mir z.B. kéng Foto vum Bëschof Lommel- dee gudde Mann war op Honnerte vu Firmungen, wou e ganz sécher och privat ofgemoolt gouf. Also eraus matt de Wierker vun den Hobbyfotografen, déi soss fréier oder spéider um STEP landen.
    • Déi zwou Iddien kéint ee matenee verbannen, andeems ee mat den zoustännege Profien aus deene Secteure schafft: dem Service des sites et monuments nationaux respektiv dem Centre national de l'audiovisuel? Mir missten eis dofir wéineg, einfach a kloer Ziler setzen. Dann e Projetsofschloss an der Ëffentlechkeet zesumme mat deem zoustännegen Zerviss. --Christian Ries (Diskussioun) 06:13, 15. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]
Gestioun
  • Wou sinn d'Pläng dru vun enger Wikimedia.be (fir d'Belsch, déi och Lëtzebuerg kinnt mat ofdecken)
Technik
  • Iwwersetzungen, Gadgets, etc


WIKIPEDIA-Meeting vum 23. Februar 2013 um Juegdschlass[Quelltext änneren]

Wat diskutéiert a wat zréckbehale gouf[Quelltext änneren]

De Restaurant Juegdschlass
Fir all déi, di nach Zweifel hunn, et gët ons wierklech
Wiki-Treffen am Juegdschlass den 23. Februar 2013

1. GROUSS THEMEN

a. Eenzel grouss Projeten un deenen e puer oder méi Usere kënnen/sollen zesummeschaffen.

Resultat: Eng Lëscht vu Sujete soll/kann um Staminee proposéiert ginn, vu wou aus et da weider geet.

b. Wichteg Sujete mat Lacunen

Uertschaften, Häff a Lieu-diten: hunn nach net alleguer eng Säit, anerer hunn eréischt ganz wéineg Infoen.
Resultat: Jiddereen ass ugesprach beim Kompleetéieren ze hëllefen.

c. Hëllefsäite méi iwwersiichtlech maachen a matenee verbannen.

Resultat:: Konkret Virschléi/Hiweiser um Staminee maachen. De Robby ass bereet sech da weider drëm ze këmmeren.

2. SCHREIFKONVENTIOUNEN

a. Soll d'Kadasterlëscht um Spaweck d'Referenz fir Nimm vun den Uertschaften, Häff a Lieu-diten op der WP sinn ?

Resultat: d'Kadasterlëscht ass d’Referenz fir d'Lëscht vun Uertschaften asw op der WP, d'Schreifweis gëtt net vun do iwwerholl.

b. Iwwerschrëfte vun de Linken, entweder
==Linken== ===Kuckt och=== ===Um Spaweck===
ODER
==Kuckt och== ==Um Spaweck==

Resultat: D'Iwwerschrëft ==Linken== ass net néideg. Déi zweet Alternativ gouf zréckbehalen. De Les Meloures an de Robby këmmeren sech drëm fir mat Hëllef vum Programm AWB d'Ännerunge systematesch ze maachen.

3. SCHREIFKONVENTIOUNEN: Allgemenges

a. Nei lëtzebuergesch Wierder: z.B. Waasserung, Weltraumbegriefnes

Resultat: Et ass am Prinzip net un der WP fir nei Wierder z’erfannen.

4. BILLER

a. Billerlizenzen: Reegel an Ausnamen

Resultat: Am Prinzip ginn op der lb-WP wéi op allen anere WikiMedia-Projeten nëmme Biller mat ennger sougenannter fräier Lizenz ackzeptéiert. Biller mat net fräie Lizenze gi geläscht.
Sougenannte fräi Lizenze sinn: PD (Public Domain), CC by SA (Creative Commons by Share Alike), GFDL (net méi erwënscht).
CC by NC (Non Commercial) an ND (Non Derivative) ginn net ackzeptéiert.
Ausnam: Fair Use op der Lb-WP fir Biller a klenger Opléisung déi just derzou déngen ee bestëmmteb Artikel z’illustréieren a fir déi et kee fräit Bild gëtt, z.B. Logoen, Affiche vu Filmer, asw.

b. Biller direkt op Commons eroplueden als Standard?

Resultat: Et gëtt recommandéiert d'Biller direkt op Commons eropzelueden. Et bleift awer weider méiglech s'op d'lb-WP eropzelueden. E Bot luet se duerno op Commons.

c. A watfier enge Länner gëtt et Panoramafräiheet (FOP, Freedom of Panorama)?

Resultat: Cf d'Lännerlëscht op Commons:FOP. Zu Lëtzebuerg gëtt et kee FOP.

5. WIKI LOVES MONUMENTS 2013

a. Kontakter mat ëffentlechen Instanzen, z.B. dem Service des sites et monuments nationaux.

Resultat: Eng Kontaktopnam mat der Direktioun vum SSMN ass geplangt.

b. Partenariat Medien.

Decisioun: d'Organisatioun vun enger Pressekonferenz ass envisagéiert.

6. 2014 : 10 JOER LB-WIKIPEDIA

a. Opruff un de Public: Billerkëschten opmaachen a Biller eroplueden.

Resultat: Dës Propos gëtt net zréckbehalen, wéinst Problemer mat de Lizenzen, ë.a.

b. Partenariat mam Centre national de l‘audiovisuel.

Resultat: Eng Kontaktopnam ass geplangt.

7. WIKIMEDIA-CHAPTER BELSCH-LËTZEBUERG: Matmaachen oder net? Resultat: Eng Participatioun ass net geplangt.

8. REFERENZEN AN DEN ARTIKELEN Resultat: :a. D'Noutwendegkeete vun de Referenze gëtt (nees eng Kéier) ënnerstrach.

b. Wou sollen d'Referenze stoen: direkt ënner dem Text oder ganz ënnen (ënner 'Kuckt och' an 'Um Spaweck'?

Resultat: D'Majoritéit schwäetzt sech fir 'ganz ënnen' op der Säit aus.

9. PROJET WIKIDATA VU WIKIMEDIA Resultat: Ofwaarde wéi de Projet sech entwéckelt. Abannen op der lb-WP esou bal et sënnvoll ass.

10. D'Diskussioun iwwer zwéin aner Punkte gouf op eng spéider Réunioun verluegt:

Relevanzcritèren; Ëmgang mat der 'Category: Luxembourg' op Commons.



Schreifweis vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Lieu-diten an Häff[Quelltext änneren]

No déier läschter Diskussioun iwwert d'Schreifweis vu Fuussbann geseit et jo ewell esou aus wéi wann d'Nomenclature vum Kadaster zum Referenzwierk erhuewe wier ginn. Ech hu mer emol ugekuckt wat dat fir eis bedeite géing. Resultat: e ganze Koup Aarbecht. Ongeféier 40% (geschat) vum Kadaster senge Nimm ginn aanescht geschriwwen ewéi mir et bis elo gehalen hunn. Ech mengen do misst ee sech emol ferm iwwerleeën op mir dat esou iwwerhuele sollen. Dat wier nach en Thema fir op d'Wiki-Treffe vum 23. Februar. --Pecalux (Diskussioun) 16:07, 14. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]

Op eisem Treffen hu mer jo festgehalen, datt mer di aktuell Schreifweis vun den Uertschaften wëlle bäibehalen well déi méi richteg si wéi déi op der Lëscht vum Kadaster.
En anere Problem ass awer, datt d'Uertschaften op der Lëscht vum Kadaster net déi selwecht si wéi an eiser Lëscht. Et sinn der dobäi an ewech komm, do freet een sech, wat ee soll unhuelen. zB: Gemeng Käerjeng:
Kadasterlëscht: Bomécht, Bomelscheier, Féngeg, Kënzeg, Lénger, Nidderkäerjéng, (am) Schack, Schockmillen, Uewerkäerjéng
Eis Lëscht: Bommert, Féngeg, Käerjeng, Kënzeg, Lénger, Neidréisch, Nidderkäerjeng, Nuechtbann, Uewerkäerjeng
Am Artikel Gemeng Käerjeng stinn déi heiten dran:

--MMFE (Diskussioun) 17:16, 24. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]


Gudden Owend,
Dozou ass just ze soen datt ons Lëscht nach net komplett ass an datt an der Lëscht vum Kadaster en etlech Lieu-diten an Häff net opgezielt sinn. Mä ganz vill feelt net méi op onser Lëscht. --Les Meloures (Diskussioun) 19:28, 25. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]

Screenshots erlaabt als Biller?[Quelltext änneren]

Hallo, ass et erlaabt Screenshoten als Biller bei lb.wikipedia.org eropzelueden, fir Artikelen iwwer bestëmmte Websäiten ze illustréieren, oder ass dat Verletzung vum Copyright? --Bdx (Diskussioun) 11:31, 19. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien, wann dat, wat "geschoss" ass, ënner Copyright steet, ass e Screenshot dat och. Deemno: Screenshotte vun Tëleesemissiounen, Filmer, Videospiller sinn net erlaabt, ausser si hätten eng fräi Lizenz. --Zinneke (Diskussioun) 13:34, 19. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]
OK, merci --Bdx (Diskussioun) 15:20, 19. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]

Wikidata phase 1 (language links) coming to this Wikipedia[Quelltext änneren]

Sorry for writing in English. I hope someone can translate this locally.

Wikidata has been in development for a few months now. It is now time for the roll-out of the first part of it on your Wikipedia. Phase 1 is the support for the management of language links. It is already being used on the Hungarian, Hebrew, Italian and English Wikipedias. The next step is to enable the extension on all other Wikipedias. We have currently planned this for March 6.

What is Wikidata?[Quelltext änneren]

Wikidata is a central place to store data that you can usually find in infoboxes. Think of it as something like Wikimedia Commons but for data (like the number of inhabitants of a country or the length of a river) instead of multimedia. The first part of this project (centralizing language links) is being rolled out now. The more fancy things will follow later.

Musse mer eis Metadateschablounen dohinner transferéieren? A wa jo, ass dat elo schonn op a wéi geet dat? --Otets 09:14, 22. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]

What is going to happen?[Quelltext änneren]

Language links in the sidebar are going to come from Wikidata in addition to the ones in the wiki text. To edit them, scroll to the bottom of the language links, and click edit. You no longer need to maintain these links by hand in the wiki text of the article.

Where can I find more information and ask questions?[Quelltext änneren]

Editors on en:wp have created a great page with all the necessary information for editors and there is also an FAQ for this deployment. Please ask questions you might have on the FAQ’s discussion page.

I want to be kept up to date about Wikidata[Quelltext änneren]

To stay up-to-date on everything happening around Wikidata please subscribe to the newsletter that is delivered weekly to subscribed user’s talk pages. You can see previous editions here.

--Lydia Pintscher 16:10, 21. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]

Distributed via Global message delivery. (Wrong page? Fix here.)

Moien,

  • Webcite, webcitation.org, wou ech awer lo leider muss léisen, datt deenen d'Loft ausgeet. Dat wier natierlech net gutt... Op der englescher Wikipedia ass och e Guide dozou.
Da benotzt d'franséisch Wikipedia bei hire Referenzen e Link "archive" wikiwix.com, deen awer meeschtens, wann net ëmmer, selwer op en Error 404 erausleeft. Wann ech dann op der zweeter Säit e Button gesinn op deem steet Je m'inscrit - ech hu sou meng Zweifelen...

Nei Propos iwwert d'Schreifweisen "f" oder "ph"[Quelltext änneren]

Méi Info op dëser Säit: [1] --Soued031 (Diskussioun) 16:19, 2. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]

Et ginn grad ganz vill Ännerungen gemach, nieft deene steet "clean up, replaced: z.B. → z. B. using AWB". Ka wgl een mir soen wat dat ass oder wou ech dat kann noliesen? --Bdx (Diskussioun) 15:15, 4. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien;
Op der lb:Wiki gëtt et nach keng Säit do derzou dofir mol hei de Link op déi franséisch Wikipédia:AutoWikiBrowser --81.246.186.41 16:07, 4. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]

Wikidata phase 1 (language links) live on this Wikipedia[Quelltext änneren]

Sorry for writing in English. I hope someone can translate this locally. If you understand German better than English you can have a look at the announcement on de:Wikipedia:Kurier.

As I annonced 2 weeks ago, Wikidata phase 1 (language links) has been deployed here today. Language links in the sidebar are coming from Wikidata in addition to the ones in the wiki text. To edit them, scroll to the bottom of the language links, and click edit. You no longer need to maintain these links by hand in the wiki text of the article.

Where can I find more information and ask questions? Editors on en:wp have created a great page with all the necessary information for editors and there is also an FAQ for this deployment. It'd be great if you could bring this to this wiki if that has not already happened. Please ask questions you might have on the FAQ’s discussion page.

I want to be kept up to date about Wikidata To stay up-to-date on everything happening around Wikidata please subscribe to the newsletter that is delivered weekly to subscribed user’s talk pages.

--Lydia Pintscher 23:02, 6. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]

Distributed via Global message delivery. (Wrong page? Fix here.)

Opgepasst! Leit déi en neien Artikel schreiwen, déi brauchen zwar net méi bei eis d'Interwikilinken op déi aner Wikie bäizesetzen, mee se mussen trotzdeem ëmmer nach e Link op eisen neien lb-Artikel setze goen! Just elo op wikidata an net méi op en-wiki oder de-wiki. Et geet een also einfach op eng aner Wiki wou et deen Artikel och gëtt (alternativ kann een och direkt op Wikidata d'Sichfunktioun benotzen), et scrollt een erof bis ee lénks ënnert deem Artikel sengen Interwikilinken "Edit links" oder "Links bearbeiten" gesäit, drop klicken, op der Wikidata-Säit ganz ganz no ënne scrollen, op "add" oder "derbäisetzen" klicken, a fir eis Wiki eisen Artikelnumm dohischreiwen an dat ganzt späicheren. --Otets 14:31, 19. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien Otets, ech hunn eng ganz konkret Fro heizou: de Jean Greisch gëtt et op eiser Wiki, leider ouni Interwikilink. Et gëtt en och op der de, fr, it. Op Wikidata hunn ech virgëschter lb derbäi gesat. Dat erschéngt awer net bei eis. Oder muss ech trotz wikidata nach z. B. [[fr:Jean Gresisch]] derbäi setzen? Respektiv, wéi kann ech Wikidata bei en Artikel setzen, wou de Link derzou nach net do ass?--Sultan Edijingo (Diskussioun) 16:32, 19. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]
Moien, ech mengen, dat ass nëmmen eng Fro vun der Zäit bis en neie Interwiki-Link an der Lëscht erschéngt. Dat dauert warscheinlech e puer Deeg. Jiddefalls brauch een näischt zousätzlech dobäi ze setzen. --MMFE (Diskussioun) 18:29, 19. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]
Ech perséinlech woarden ni bis (oder op) et de Serveren afält dat vum selwen ze updaten, a späicheren den Artikel einfach frësch (och ouni iwwerhaapt eng Ännerung gemaach ze hunn), esou erzwéngen ech direkt en Update. --Otets 16:53, 20. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]
::: MERCI fir deen Tip!! Muss ee wëssen :) --Sultan Edijingo (Diskussioun) 18:33, 20. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]

user:SITCK importiert zahlreiche Artikel[Quelltext änneren]

Hi liebe Luxenburgische Comunity,

Ich hab mal hier ein Admin angesprochen ob er mal die ganzen Artikel eines Users importieren kann. Nur leider antwortet der nicht und wollte fragen wo man denn so was bei euch regelt?--Sanandros (Diskussioun) 18:23, 11. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]

Von wo aus soll der Import stattfinden. Soweit ich weiß stützt Benutzer SITCK sich auf de:Wiki, fr:Wiki und en:Wiki sowie auch auf eigene Dokumentationen. Was soll denn da eigentlich geregelt werden? --Les Meloures (Diskussioun) 18:54, 11. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]
Hallo Sanandros, da der hier angesprochene Post auf meiner Diskussionsseite mir völlig unverständlich war (Was soll wohin importiert werden? Was ist mit importieen gemeint?) und durch meine recht umfangreiche Tätigkeit ist diese Anfrage ganz einfach in Vergessenheit geraten. --Robby (Diskussioun) 20:12, 11. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]
Ja die Stichprobe die ich gemacht habe war aus de wp, für meine Artikel müsste er nicht fragen ob er sie ein fach so nutzen kann, jedoch gibt es andere User die das nicht so gerne sehen dass ihre Artikel Wort für Wort übersetzt werden und das wäre damit eine Urheberrechtsverletzung. Es sollte vlt irgend wo eine klare Importseite oder -anleitung geben, damit User die aus anderen Projekten Artikel übersetzen dies auch Lizenzkonform machen können. In der früheren Phase der WP hatten wir Vorlagen um aus Fachwikis zu importieren. Sry dass ich manchmal unverständlich schreibe, jedoch bin ich nicht mit eine natürlichen Begabung geboren worden.--Sanandros (Diskussioun) 23:04, 11. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]
Nach einigem Suchen auf der de-Wikipdedia denke ich herausgefundenzu haben welches der Kern einer Anfrage war. Ich habe de:Wikipedia:Übersetzungen gefunden und sicher ist es richtig, dass eine solche Seite nützlich wäre. Da Die Zahl der lb-Wikipedia (im Vergleich zu de-Wikipedia) sehr gering ist wird es wohl noch einig Zeit dauern bis diese Anleitung in die lb-Wikipedia übertragen sein wird. --Robby (Diskussioun) 09:31, 12. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]
Kleine Frage: Was ist eine lizenzkonforme Übersetzung? --Les Meloures (Diskussioun) 22:36, 12. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]
Lizenzkonform meine ich damit dass sie CC-BY-SA 3.0 Einahlten die für die meisten Wikipedias gelten, siehe auch hier. Also es müssten die Autoren der ursprünglichen Artikel genannt werden.--Sanandros (Diskussioun) 13:57, 13. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]
Da wir kein Importwerkzeug haben dürfte das sehr schwer sein. Es besteht auch anscheinend nur für einige grosse Wikis, d.h. im Augenblick ist es den Grossen auch ziemlich gleich wenn von Kleinen abgeschrieben wird oder irre ich mich dort. --Les Meloures (Diskussioun) 14:16, 13. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]
Bisher kam das Problem, so weit ich das weiss, noch nicht auf. Man könnte zumindest eine Vorlage, mit Zeit, Lemma, und dem ursprungwiki basteln. Ich habe aber auch gerade erfahren dass Stewards Importieren können.--Sanandros (Diskussioun) 23:15, 13. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]

Entschuldigung, was heisst "importieren"? Hier geht es um Übersetzungen, nichts mehr, nichts weniger. Es reicht demnach, im Falle einer 1:1 Übersetzung eine Zeile wie folgt am Ende des Artikels hinzuzufügen:
"Quell: Iwwersetzung vum Artikel an der Versioun (Permalink auf jeweilige Version) vum <Datum>; Auteuren do am Versiounshistorique", und die Sache erledigt sich von selbst. Wir haben hier keine Softwaretüftler und verbleiben daher lieber bei für jeden Mitarbeiter auch nachvollziehbaren Aktionen.--Zinneke (Diskussioun) 23:27, 13. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]

Ja ok dann müsste sich jetzt noch jemand finde der das umsetzt.--Sanandros (Diskussioun) 23:40, 15. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]

Nur zu! --Zinneke (Diskussioun) 23:56, 15. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]

Wieso eine solche Quellenzeile im Artikel hinzusetzen? Es genügt doch, beim Anlegen eines übersetzten Artikels diese Zeile ins Resumé zu schreiben. Haben wir (wenn überhaupt) bisher immer so gemacht, und es verlangt weder Programmierfähigkeiten noch große Umsetzungsideen. --Otets 14:07, 19. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]
Weil das finde ich sehr grenzwertig. Auf welches Urheberrecht beruft ihr eich auf US oder LU Recht? Aber vlt kann ich eine Vorlage machen, wäre dann meine erste.--Sanandros (Diskussioun) 20:51, 20. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]
"The credit required may be implemented in any reasonable manner". Jeder normale Wikinutzer versteht es dann sich über den de-Interwikilink an alle weiteren Details ranzuklicken. Das sehe ich nicht als grenzwertig sondern als "reasonable". Die de-wiki steht unter der CC Unported Lizenz, die schweigt sich über die "applicable law" aus, ist eh ein heikles Thema, aber meines Erachtens nach unwesentlich, da die Lizenzbedingungen selbst ja klar genug sind in dem Punkt. Ein weiteres Argument fur die Resumé-Zeile ist zudem, dass alle Veränderungen nach dem Übersetzungseintrag die Originalübersetzung bis zur Unkenntlichkeit verschwinden lassen können, da ist es besser man hat die Copyrightnotiz bei der entsprechenden Momentaufnahme im Versions-"historique", denn sonst haben wir auch noch Diskussionen ab wie vielen nachträglichen Änderungen und Vervollständigungen eine starre Vorlage den späteren Autoren ihre Urheberschaft indirekt verleugnet und daher ganz weg muss, was ja auch nicht im Sinne des Erfinders gewesen sein kann (Beispiel: Benutzer1 übersetzt 4 Zeilen, Vorlage kommt rein, Benutzer2 lässt nur mehr 1 Zeile intakt und setzt 40 eigene Zeilen hinzu, Vorlage verleitet zu denken alle 41 Zeilen seine eine Übersetzung; bei unklaren Fällen endlose Diskussionen wann die Vorlage raus muss, und wenn sie weg ist dann ist auch der Hinweis auf die 1 übersetzte Zeile weg). Wie gesagt, ich bin gegen eine Vorlage. --Otets 08:55, 4. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]

Convert complex templates to Lua to make them faster and more powerful[Quelltext änneren]

(Please consider translating this message for the benefit of your fellow Wikimedians)

Greetings. As you might have seen on the Wikimedia tech blog or the tech ambassadors list, a new functionality called "Lua" is being enabled on all Wikimedia sites today. Lua is a scripting language that enables you to write faster and more powerful MediaWiki templates.

If you have questions about how to convert existing templates to Lua (or how to create new ones), we'll be holding two support sessions on IRC next week: one on Wednesday (for Oceania, Asia & America) and one on Friday (for Europe, Africa & America); see m:IRC office hours for the details. If you can't make it, you can also get help at mw:Talk:Lua scripting.

If you'd like to learn about this kind of events earlier in advance, consider becoming a Tech ambassador by subscribing to the mailing list. You will also be able to help your fellow Wikimedians have a voice in technical discussions and be notified of important decisions.

Guillaume Paumier, via the Global message delivery system. 20:06, 13. Mäe. 2013 (UTC) (wrong page? You can fix it.)[äntweren]

Dat héiert sech jo nawell interessant u mat deem Lua Script. D'Fro ass just op mir hei een hunn dee kënnt sou en Transfer vun deenen ale Schablounen an de Lua iwwerhuelen. Villäicht kann ee sech och selwer do eraschaffe mat der Zäit wann et Hëllefssäiten dozou gëtt. --MMFE (Diskussioun) 10:21, 14. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]
Et soll ee sech déi Luabeispiller mol ukucken. Ech gesinn net wat dorunner méi einfach a besser soll sinn. Wann ee wëll nei Schablounen an deem System maachen, an d'Hëllefssäite maachen dann ass dat kee Problem. Mer wäerten awer kaum all déi al ersetze goen, an et ass och net sënnvoll fir zweegleiseg ze fueren. --Les Meloures (Diskussioun) 10:29, 14. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]
Verschidde gaaanz speziell Schabloune gi vläit duerch dee Lua iwwerhaapt eréischt méiglech. Wee sech domat auskennt an ouni Lua net zum Zil kënnt, dee ka jo eng nei Schabloun domat maachen. Awer net Schablounen déi och no deer aler Method fonctionnéiere giffen, a scho guer net al Schablounen an de Lua transferéieren. Soss si beim Wegfall vum eenzege Lua-Expert all eis Schablounen inaccessibel, well kee soss sech mam Lua auskennt. --Otets 14:11, 19. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]