William Bradfield

Vu Wikipedia
William Bradfield
Gebuer 20. Juni 1927
Gestuerwen 9. Juni 2014
Nationalitéit Neiséiland
Aktivitéit Ingenieur, Astronom

De William Ashley Bradfield, gebuer den 20. Juni 1927 zu Levin an Neiséiland a gestuerwen den 9. Juni 2014 war ee vun de bekanntsten (an erfollegräichsten) Koméiten-Entdecker vun der Welt. Hien ass op enger Mëllechfarm op Neiséiland opgewuess a goung no sengem Ofschloss als Ingenieur fir Maschinnebau op der University of New Zealand am Joer 1951 an Australien, wou hie fir den Department of Defence un der Entwécklung vu Feststoffrakéitendreifwierker fir d'Erfuerschung vun der ieweschter Atmosphär geschafft huet. No 10 Joer als Leeder vum Fuerschungsdeel fir Rakéitenundriffstechnik goung hien 1986 an d'Pensioun.[1]

Wéinst senger aussergewéinlecher Fäegkeet fir d'Koméitesich krut hien de Spëtznumm "The Wizard of Dernancourt". Hie war bestuet an hat dräi Duechteren.

Amateurastronom[änneren | Quelltext änneren]

De Bradfield ass kee Beruffs-, mä en Amateurastronom. Obschonn hie scho mat 13 Joer ugefaangen hat, sech op der Farm vu sengem Papp op Neiséiland fir d'Astronomie z'interesséieren, hat sech säin Interessi fir Koméiten eréischt 1970 entwéckelt, wéi hien 43 Joer al war. Ufank 1970 hat hien den helle Koméit C/1969 Y1 (Bennett) observéiert, wat e groussen Androck bei him hannerlooss hat. Dëse Koméit war vun engem Amateurastronom a Südafrika entdeckt ginn. – De Bradfield gouf Member bei der Astronomical Society of South Australia an am August vum selwechte Joer hat hie bei engem anere Member e selwer gebaut Teleskop ofkaf. Et war en 150 mm-f/5,5-Refrakter fir 60 Australesch Dollar, a war entschloss, selwer e Koméit z'entdecken. Hien huet domat ugefaangen den 1. Januar 1971 an hat 260 Stonnen Observatioun gebraucht, bis säin Numm fir d'éischt mat der Entdeckung vum relativ helle Koméit mat der Bezeechnung C/1972 E1 (Bradfield) an d'Fachwelt erakoum. Dat hat him weideren Opschwong ginn, weider ze sichen, fir sech an aneren ze beweisen, datt seng éischt Entdeckung méi war, wéi nëmmen e Gléckstreffer.[2] Den 23. Mäerz 2004 entdeckt hien am Alter vu 76 Joer säin 18. Koméit, den C/2004 F4 (Bradfield).

De Bradfield ass deen erfollegräichste vun den nëmme visuell schaffende Koméitenentdecker vun eiser Zäit. All vun him entdeckt Koméiten droen eleng säin Numm.

Wéi huet hie geschafft?[änneren | Quelltext änneren]

De William Bradfield hat sech no de Wieder vum Koméitenentdecker L. C. Peltier geriicht, dee gesot hat: „Fir e Koméit ze fannen, muss een ëmmer sichen.“ Fir seng Sich an enger donkler Ëmgéigend maachen ze kënnen, huet de Bradfield säin Haus verlooss, fir säin transportabelt Teleskop op engem verloossene Stroosserand opzebauen. Hien ass dofir eng Stonn, bis zu 70 Kilometer, vun Adelaide ewech gefuer. Well en net viraussoe kann, wéini een en neie Koméit fanne wäert, huet hie bei jiddwer gënschteger Geleeënheet, och am kale Wanter seng Observatiounen duerchgefouert. Am Duerchschnëtt huet hie wärend jiddwer Moundzyklus 8 Stonnen observéiert, d. h. ongeféier 100 Stonnen am Joer. Den Himmel gouf dobäi systematesch bis zu 90° Elongatioun vun der Sonn ofgesicht. A senge fréiere Joren als Koméitesicher hat hie souguer 200 Stonnen am Joer observéiert.

Entdeckungen[änneren | Quelltext änneren]

Koméitenentdeckungen aus den 1970er[änneren | Quelltext änneren]

Koméit C/2004 F4 (Bradfield) vum Cactus Flats an NE Colorado, USA.
  1. C/1972 E1, entdeckt 12. Mäerz 1972
  2. C/1974 C1, entdeckt 12. Februar 1974
  3. C/1975 E1, entdeckt 12. Mäerz 1975
  4. C/1975 V2, entdeckt 11. November 1975
  5. C/1976 D1, entdeckt 19. Februar 1976
  6. C/1976 E1, entdeckt 3. Mäerz 1976
  7. C/1978 C1, entdeckt 4. Februar 1978
  8. C/1978 T3, entdeckt 10. Oktober 1978
  9. C/1979 M1, entdeckt 24. Juni 1979
  10. C/1979 Y1, entdeckt 24. Dezember 1979

Koméitenentdeckungen aus den 1980er[änneren | Quelltext änneren]

  1. C/1980 Y1, entdeckt 17. Dezember 1980
  2. C/1984 A1, entdeckt 7. Januar 1984
  3. C/1987 P1, entdeckt 11. August 1987
  4. C/1989 A3, entdeckt 6. Januar 1989

Koméitenentdeckungen ab 1990[änneren | Quelltext änneren]

  1. C/1992 B1, entdeckt 31. Januar 1992
  2. C/1992 J2, entdeckt 3. Mee 1992
  3. C/1995 Q1, entdeckt 17. August 1995
  4. C/2004 F4, entdeckt 23. Mäerz 2004

Kleng Statistik zu den 18 Koméite vum Bradfield[änneren | Quelltext änneren]

Bal all vum Bradfield sengen Entdeckungen waren ufanks nëmme schwaach Pinktelcher, meeschtens nëmme vun 9.-10. Gréissteklass. Stären a Koméite vun dëser Hellegkeet gesäit ee knapps nach an engem grousse Refrakter. Déi gëeegentst Teleskopen dofir si liichtstaark "Koméitesicher" mat kuerzer Brennwäit an niddreger Vergréisserung. De Bradfield huet a bal alle Fäll eng 150 mm-f/5,5-Refrakter benotzt, ettlech Kéier och eng 250 mm-f/5,6-Spigelteleskop oder eng 7×35mm Spektiv.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1981Berenice Page Medal vun der Astronomical Society of Australia. Fir d'Entdeckung vun 11 Koméite bis zu deem Zäitpunkt
  • 1989 – Éierenmember op Liewenszäit vun der Astronomical Society of South Australia.
  • 1989Member of the Order of Australia. Fir seng Verdéngschter bei der Astronomie
  • 2000 – D'Astronomical Society of South Australia stëft den Bill Bradfield Astronomy Award. De Präis gëtt all Joer un Amateurastronomen aus Südaustralien als Unerkennung zu engem besonnesche Beitrag zu der Astronomie, verginn. Dat kënnen astronomesch Entdeckungen, Fuerschungen oder Observatiounen iwwer eng méi laang Zäit sinn.
  • 2003 – En 1980 entdeckten Asteroid an der Haaptasteroidenceinture kritt déi offiziell Bezeechnung (3430) Bradfield.
  • 2004Edgar Wilson Award vum Smithsonian Astrophysical Observatory (zesumme mam V. Tabur). De Präis gëtt verginn un Amateurastronomen, déi an de leschten 12 Méint een oder méi nei Koméite mat Amateurinstrumenter entdeckt hunn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. W. Liller: The Cambridge Guide to Astronomical Discovery, Cambridge University Press, ISBN 978-0521126052, 2010, S. 118-119.
  2. W. A. Bradfield: Untitled Remarks. In: W. Liller: The Cambridge Guide to Astronomical Discovery, Cambridge University Press, ISBN 978-0521126052, 2010, S. 58-61.