Barnard Loop

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Laangbeliichte Foto vum Orion mat routliichtende Wolleken vun ioniséiertem Waasserstoff (H-alpha). De grousse Bou lénks ass de Barnard Loop.

De Barnard Loop (Katalognumm Sh 2-276, lëtzb: Barnard Schläif) ass e groussen, O-fërmegen Emissiounsniwwel am Stärebild Orion. Hie gehhéiert zu enger ausgedeenter interstellarer Wollek, an där, wéi duerch Infraroutastronomie feststellbar ass, lafend Stären op d'Welt kommen.

Den Niwwel huet d'Form vun enger grousser, awer liichtschwaacher Schläif, déi ze schwaach liicht, fir se mat bloussem A ze gesinn. Si ass nëmme bei ganz donkelem Himmel respektiv mat groussen Astrographen z'erfaassen. De Barnard Loop zitt sech an engem wäite Bou vun 10–15° Duerchmiesser nërdlech vun der Orionceinture ëm d'Ceinturestären an den Orionniwwel. Deem seng Stäre si méiglecherweis verantwortlech fir d'Ioniséierung vum Gas. Südlech reecht de Barnard Loop bal bis zum helle Stär Rigel um Fouss vum Orion.

Dat wäit ausgedeent H-II-Gebitt ass 1500–1600 Liichtjoer vun eis ewech, an huet am Duerchmiesser ronn 300 Liichtjoer a géif am Infrarout bal dat ganzt Stärebild ausfëllen. An där mat Donkelniwwelen duerchsater Gas- a Molekülwollek (engl. giant molecular cloud, GMC) entstinn an den nächste Joermilliounen duerch Stousswellen a magnéitesch Wiesselwierkunge vill hell Stären an e kuerzliewege Stärekoup.

Erklärungsmodeller[änneren | Quelltext änneren]

D'Formung vum Barnard Loop gouf méiglecherweis vun enger Supernova virun 2 Millioune Joer ausgeléist, op déi och d'Bildung vun en etleche Stären an de Konstellatiounen Auriga an Aries zréckgoe kéint. Aner Astronomen halen den Niwwel wéinst senger bleecher Rankform fir den direkte Rescht vun enger Supernova oder féieren d'Formung vu senger H-II-Regioun op de Sonnewand vun en etleche jonke Stären zréck, well d'Trapezstären ongeféier am Zentrum vum Bou sinn.

Observatiounen am ultraviolette Liicht weisen, datt de Barnard Loop net nëmme selwer liicht, mä och am gestreete Stäreliicht. Als Reflexiounsniwwel fält seng gréisst Intensitéit mat de Spektren vun de jonken O- a B-Stären am Orionniwwel zesummen. En etlech Deeler vum Reflexiounsniwwel moosse bal 30° (?) am Duerchmiesser, woumat si de scho groussen HII-Deel ëm dat 4-facht iwwertreffen.

Nopeschniwwelen[änneren | Quelltext änneren]

Knapps südlech vum lénksen Ceinturestär Alnitak - steet de bekannte Päerdskappniwwel. Säin Ëmress huet hien duerch dee kappfërmege Donkelniwwel direkt virun engem Emissiounsniwwel an hänkt mam Barnard Loop zesummen.

Och den noen Orionniwwel (M 42) ass eng Gebuertsplaz fir jonk Stären. Den Hubble-Weltraumteleskop hoet hei vill protoplanetaresch Scheiwen entdeckt, vun deenen der en etlech méiglecherweis zu enger Planéitegenesis féieren.

Am Zentrum vum Barnard Loop gëtt et nach weider kleng Gasniwwele beim rietsen Ceinturestär. Ronn 10° säitlech vum Orion steet de grad sou hellen, roudelzegen, awer méi klenge Rosettenniwwel NGC 2237.

Entdeckung a Visualitéit[änneren | Quelltext änneren]

Den Niwwel gouf 1895 vum Edward Barnard um Yerkes-Observatoire op enger Fotoplack entdeckt, déi mat enger nëmmen 20 cm grousser Porträtkamera gemaach gouf.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]