Rigel (Stär)
| Bezeechnungen | β Ori 19 Ori |
| Stärekatalog | |
| Positioun (Equinoxe J2000.0) | RA 5h14m32.30s Dekl. -08°12'06,0" |
| Visuell Magnitude | 0m,12 |
| Spektralklass | B8 Ia |
| Ofstand vum Sonnesystem | 775 Liichtjoer |
De Rigel ass den hellste Stär am Stärebild Orion an dee siwenthellste Stär um Himmel. Säin Numm kënnt vum arabeschen Rijl Jauza al-Yusra a bedeit „lénkse Fouss vum Mëttelsten“ (?). An der Astronomie gëtt hien als β Orionis bezeechent. Hien ass en Deel vum Wantersechseck.
Seng Distanz läit tëschent 700 an 900 Liichtjoer; d'Hipparcos-Raumsond huet 773 Liichtjoer gemooss. Bei sou Distanzen ass de Feelerberäich allerdéngs grouss.
De Rigel ass en Iwwerris mat der Spektralklass B8 an enger Liichtkraaftklass Ia a straalt mat ongeféier der 62.000-facher Liichtkraaft vun eiser Sonn, seng absolut Magnitude ass -7m,1. Domat ass hie mat Ofstand den hellste Stär an eiser Regioun vun der Mëllechstrooss. Wéinst senger Distanz huet hien eng visuell Magnitude vun 0m,12. Hie weist dobäi eng gewësse Verännerlechkeet a senger Hellegkeet op. D'Amplitude entsprécht wéinst der logarithmescher Definitioun vun der visueller Magnitude, ongeféier 30 Prozent vum ganze Liicht an engem mëttleren Zäitraum vu 25 Deeg.
Et gëtt ugeholl, datt de Rigel e Dräifachsystem ass, an deem den Haaptstär Rigel A vu zwee klengere Begleeder, Rigel B an C, op enger Distanz vun 2000 AE ëmkreest gëtt. De B an C ëmkreesen sech op enger Distanz vun 28 AE.
De Rigel ass an engem Beräich, an deem vill interstellar Matière ass, a bréngt wéinst senger Liichtkraaft méi Stëbswolleken un d'Liichten. Eng dovun ass de Päerdskappniwwel mat der Bezeechnung IC 2118.
Um Spaweck [änneren]
- (en) Astronomische Daten zu Rigel (SIMBAD)
- (de) http://www.extrasolar-planets.com/astronomie/rigel.php extrasolar-planets.com - Rigel
- (en) [http://www.rense.com/general72/size.htm Größenvergleich mit anderen Himmelskörpern
Weider Bedeitung [änneren]
- Argentinesch Fuerschungsrakéit, Rigel (Rakéit)
Kuckt och [änneren]
- ABC vun de Stären
- Gréisst Stären
- Noost Stären
- Hellst Stären
- Verännerlech Stären
- Hallefregelméisseg verännerlech Stären
- Konstellatioun
- Hyperris
| Commons: Rigel – Biller, Videoen oder Audiodateien |