Eli Wallach
Eli Wallach | |
---|---|
Gebuer |
7. Dezember 1915 Brooklyn |
Gestuerwen |
24. Juni 2014 Manhattan |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
University of Texas, City College of New York, Neighborhood Playhouse, University of Texas, City College of New York |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Autobiograph, Charakterschauspiller, Filmproduzent, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller, Offizéier |
Famill | |
Bestuet mat | Anne Jackson |
Kanner | Roberta Wallach |
Den Eli Wallach (mam ganzen Numm: Eli Herschel Wallach, gebuer de 7. Dezember 1915 zu Brooklyn, New York City a gestuerwen de 24. Juni 2014, war en US-amerikanesche Schauspiller, dee virun allem fir seng Western-Rollen an The Magnificent Seven an Il buono, il brutto, il cattivo bekannt gouf.
De Wallach huet op der Universitéit vun Austin am Texas Geschicht studéiert an niewelaanscht Reide geléiert, wat spéiderhi fir seng Westernrollen nëtzlech war. Nom Zweete Weltkrich, wou en an der Arméi war, huet hien 1945 um Broadway seng Theatercarrière ugefaangen. 1956 hat hie seng éischt Filmroll am Film Baby Doll. Aner Filmer wéi The Lineup, Lullaby a Seven Thieves koumen no, ier en 1960 am John Sturges sengem Klassiker The Magnificient Seven e mexikanesche Banditechef gespillt huet. Am Joer drop war hien nieft dem Clark Gable, Marilyn Monroe a Montgomery Clift an The Misfits ze gesinn. Seng berüümtst Roll hat hien 1966 nieft dem Clint Eastwood als mexikanesche Bandit Tuco ("deen Ellenen") am Italowestern Il buono, il brutto, il cattivo vum Sergio Leone.
2010 krut den Eli Wallach en Éieren-Oscar fir säi Liewenswierk.
Hie war vun 1948 bis zu sengem Doud mat der Schauspillerin Anne Jackson bestuet, mat där en dacks zesummen a Filmer gespillt huet. Si haten dräi Kanner.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]vun 1956 bis 1959
[änneren | Quelltext änneren]- 1956: Baby Doll, vum Elia Kazan mam Karl Malden a Carroll Baker
- 1958: The Lineup, vum Don Siegel mam Robert Keith a Richard Jaeckel
vun 1960 bis 1969
[änneren | Quelltext änneren]- 1960: Seven Thieves, vum Henry Hathaway mam Edward G. Robinson a Rod Steiger
- 1960: The Magnificent Seven, vum John Sturges mam Yul Brynner, Steve McQueen an Charles Bronson
- 1960: The Misfits, vum John Huston mam Clark Gable, Marilyn Monroe a Montgomery Clift
- 1962: Hemingway's Adventures of a Young Man, vum Martin Ritt mam Richard Beymer an Diane Baker
- 1962: How the West Was Won, vum John Ford, Henry Hathaway, George Marshall a Richard Thorpe mam Henry Fonda, Gregory Peck, James Stewart an John Wayne
- 1963: The Victors, vum Carl Foreman mam Albert Finney, George Hamilton, Melina Mercouri, George Peppard a Romy Schneider
- 1963: Act One, vum Dore Schary mam George Hamilton an Jason Robards
- 1964: The Moon-Spinners, vum James Neilson mam Hayley Mills a Peter McEnery
- 1964: Kisses for My President, vum Curtis Bernhardt mam Fred MacMurray a Polly Bergen
- 1965: Lord Jim, vum Richard Brooks mam Peter O'Toole. James Mason a Curd Jürgens
- 1965: Gengis Khan, vum Henry Levin mam Stephen Boyd an Omar Sharif
- 1965: How to Steal a Million, vum William Wyler mam Audrey Hepburn a Peter O'Toole
- 1966: Il buono, il brutto, il cattivo, vum Sergio Leone mam Clint Eastwood a Lee Van Cleef
- 1966: The Poppy Is Also a Flower, vum Terence Young mam Senta Berger a Stephen Boyd
- 1967: The Tiger Makes Out, vum Arthur Hiller
- 1968: How to Save a Marriage and Ruin Your Life, vum Fielder Cook mam Dean Martin a Stella Stevens
- 1968: A Lovely Way to Die, vum David Lowell Rich mam Kirk Douglas a Sylva Koscina
- 1968: I quattro dell'Ave Maria, vum Giuseppe Colizzi mam Terence Hill a Bud Spencer
- 1969: Mackenna's Gold, vum J. Lee Thompson mam Gregory Peck an Omar Sharif
- 1969: Le cerveau, vum Gérard Oury mam Jean-Paul Belmondo a Bourvil
vun 1970 bis 1979
[änneren | Quelltext änneren]- 1970: The Reason Why, vum Paul Leaf (Kuerzfilm)
- 1970: Zig Zag, vum Richard A. Colla mam George Kennedy
- 1970: The Adventures of Gerard, vum Jerzy Skolimowski mam Peter McEnery a Claudia Cardinale
- 1970: The Angel Levine, vum Ján Kadár mam Zero Mostel an Harry Belafonte
- 1970: The People Next Door, vum David Greene mam Julie Harris an Hal Holbrook
- 1970: Romansa konjokradice (Le roman d'un voleur de chevaux), vum Abraham Polonsky mam Yul Brynner an Jane Birkin
- 1971: Viva la muerte… tua!, vum Duccio Tessari mam Franco Nero an Horst Janson
- 1973: Cinderella Liberty, vum Mark Rydell mam James Caan
- 1973: L'ultima chance, vum Maurizio Lucidi mam Ursula Andress a Fabio Testi
- 1974: Crazy Joe, vum Carlo Lizzani mam Peter Boyle a Paula Prentiss
- 1975: Il bianco, il giallo, il nero, vum Sergio Corbucci mam Giuliano Gemma an Tomás Milián
- 1975: Attenti al buffone, vum Alberto Bevilacqua mam Nino Manfredi a Mariangela Melato
- 1976: ...e tanta paura, vum Paolo Cavara mam Corinne Cléry a Michele Placido
- 1977: Nasty Habits, vum Michael Lindsay-Hogg mam Glenda Jackson a Melina Mercouri
- 1977: The Sentinel, vum Michael Winner mam Chris Sarandon a Martin Balsam
- 1977: The Domino Principle, vum Stanley Kramer mam Gene Hackman a Candice Bergen
- 1977: The Deep, vum Peter Yates mam Nick Nolte an Jacqueline Bisset
- 1978: Circle of Iron, vum Richard Moore mam David Carradine a Christopher Lee
- 1978: Girlfriends, vum Claudia Weill mam Jane Anderson a Bob Balaban
- 1978: Squadra antimafia, vum Bruno Corbucci mam Tomás Milián
- 1978: Movie Movie, vum Stanley Donen mam George C. Scott an Trish Van Devere
- 1979: Firepower, vum Michael Winner mam Sophia Loren an James Coburn
- 1979: Winter Kills, vum William Richert mam Jeff Bridges an John Huston
- 1979: Guri , vum Eduardo Darino
vun 1980 bis 1989
[änneren | Quelltext änneren]- 1980: The Hunter, vum Buzz Kulik mam Steve McQueen
- 1981: The Salamander , vum Peter Zinner mam Franco Nero an Anthony Quinn
- 1984: Sam's Son, vum Michael Landon
- 1986: Tough Guys, vum Jeff Kanew mam Burt Lancaster a Kirk Douglas
- 1987: Nuts, vum Martin Ritt mam Barbra Streisand a Richard Dreyfuss
vun 1990 bis 1999
[änneren | Quelltext änneren]- 1990: The Godfather: Part III, vum Francis Ford Coppola mam Al Pacino an Diane Keaton
- 1990: The Two Jakes, vum Jack Nicholson mam Jack Nicholson an Harvey Keitel
- 1992: Article 99, vum Howard Deutch mam Ray Liotta a Kiefer Sutherland
- 1992: Mistress, vum Barry Primus mam Martin Landau
- 1992: Night And The City, vum Irwin Winkler mam Robert De Niro an Jessica Lange
- 1994: Honey Sweet Love, vum Enrico Coletti mam Ben Cross
- 1996: Two Much, vum Fernando Trueba mam Antonio Banderas a Melanie Griffith
- 1996: The Associate, vum Donald Petrie mam Whoopi Goldberg am Dianne Wiest
- 1998: The Devil's Twilight , vum Bernardo Ruiz (Kuerzfilm)
- 1999: Uninvited , vum Carlo Gabriel Nero
vun 2000 bis 2010
[änneren | Quelltext änneren]- 2000: Keeping the Faith, vum Edward Norton mam Ben Stiller an Anne Bancroft
- 2003: Mystic River, vum Clint Eastwood mam Sean Penn an Tim Robbins
- 2004: King of the Corner, vum Peter Riegert mam Peter Riegert
- 2005: A Taste of Jupiter, vum Derek Diorio
- 2006: The Hoax, vum Lasse Hallström mam Richard Gere an Julie Delpy
- 2006: The Holiday, vum Nancy Meyers mam Cameron Diaz a Kate Winslet
- 2007: Mama's Boy, vum Tim Hamilton mam Diane Keaton an Jeff Daniels
- 2008: Vote and Die: Liszt for President, vum Mark Mitchell
- 2008: The Toe Tactic, vum Emily Hubley
- 2009: New York, I Love You (Sketch: Joshua Marston), vum oshua Marston mam Cloris Leachman
- 2009: Tickling Leo, vum Jeremy Davidson mam Lawrence Pressman
- 2010: The Ghost Writer, vum Roman Polanski mam Ewan McGregor
- 2010: Wall Street: Money Never Sleeps, vum Oliver Stone mam Richard Stratton a Michael Douglas
TV
[änneren | Quelltext änneren]vun 1949 bis 1959
[änneren | Quelltext änneren]- 1949-1955: The Philco Television Playhouse, (TV-Serie) (4 Episoden)
- 1951: Lights Out, (TV-Serie) (Episod: Rappaccini's Daughter) vum Laurence Schwab Jr.
- 1952: Armstrong Circle Theatre, (TV-Serie) (Episod: The Portrait) vum Ted Post
- 1952: Danger, (TV-Serie) (Episod: The System) vum Sidney Lumet
- 1952-1957: Studio One , (TV-Serie) (2 Episoden)
- 1952: The Web, (TV-Serie) (Episod: Deadlock) mam E.G. Marshall a Paul Newman
- 1954: Goodyear Television Playhouse, (TV-Serie) (Episod: The Brownstone) mam Janice Rule
- 1956: Kraft Television Theatre, (TV-Serie) (Episod: Delicate Story)
- 1956: The Kaiser Aluminum Hour , (TV-Serie) (Episod: A Fragile Affair )
- 1957: The Lark, vum George Schaefer mam Julie Harris a Boris Karloff
- 1956: The Seven Lively Arts, (TV-Serie) (Episod: The World of Nick Adams)
- 1956: BBC Sunday-Night Theatre, (TV-Serie) (Episod: Counsellor at Law )
- 1956: Climax!, (TV-Serie) (Episod: Albert Anastasia - His Life and Death)
- 1958: Where Is Thy Brother?, mam Lee Grant
- 1958: Suspicion, (TV-Serie) (Episod: The Death of Paul Dane) vum Elliot Silverstein mam Janice Rule
- 1958: Westinghouse Desilu Playhouse , (TV-Serie) (Episod: My Father, the Fool ) vum Jerry Thorpe mam Desi Arnaz
- 1956: Shirley Temple's Storybook, (TV-Serie) (Episod: The Emperor's New Clothes) vum James Neilson mam Sebastian Cabot
- 1958: The Gift of the Magi, vum George Schaefer mam Gordon MacRae a Sally Ann Howes
- 1958-1959: Playhouse 90, (TV-Serie) (4 Episoden)
- 1959: The DuPont Show of the Month, (TV-Serie) (Episod: I, Don Quixote) vum Karl Genus mam Lee J. Cobb
- 1960: Sunday Showcase, (TV-Serie) (Episod: The Margaret Bourke White Story) mam Teresa Wright
vun 1960 bis 1969
[änneren | Quelltext änneren]- 1960: Lullaby , vum Don Richardson
- 1960: Goodyear Theatre, (TV-Serie) (Episod: Birthright) mam Martin Balsam
- 1960: The Robert Herridge Theater, (TV-Serie) (Episod: Hope Is the Thing with Feathers)
- 1960-1962: Naked City, (TV-Serie) (2 Episoden)
- 1962: Outlaws, (TV-Serie) (Episod: A Bit of Glory ) vum Jesse Hibbs
- 1962: The Dick Powell Show, (TV-Serie) (Episod: Tomorrow, the Man) vum Don Medford mam Kim Hunter a Susan Kohner
- 1967 Batman, (TV-Serie) (2 Episoden) mam Adam West
- 1967: CBS Playhouse, (TV-Serie) (Episod: Dear Friends) vum Paul Bogart
vun 1970 bis 1979
[änneren | Quelltext änneren]- 1971: The Young Lawyers, (TV-Serie) (Episod: Legal Maneuver) mam Lee J. Cobb
- 1971: Great Performances, (TV-Serie) (Episod: Paradise Lost) vum Glenn Jordan
- 1971: The Typists, vum Glenn Jordan
- 1973: A Cold Night's Death, vum Jerrold Freedman mam Robert Culp
- 1974: Indict and Convict, vum Boris Sagal mam William Shatner a Myrna Loy
- 1974: Great Mysteries, (TV-Serie) (Episod: Compliments of the Season) vum Philip Saville mam Orson Welles an Hildegard Neil
- 1974: Houston, We've Got a Problem, vum Lawrence Doheny mam Robert Culp a Clu Gulager
- 1975: Kojak, (TV-Serie) (Episod: A Question of Answers) vum Jerry London mam Telly Savalas
- 1976: 20 Shades of Pink, vum Paul Stanley mam Edward Binns a Keenan Wynn
- 1977: Seventh Avenue, (Mini-TV-Serie) mam Jane Seymour an Anne Archer
- 1978: The Pirate, vum Ken Annakin mam Franco Nero an Anne Archer
vun 1980 bis 1989
[änneren | Quelltext änneren]- 1980: Fugitive Family , vum Paul Krasny mam Richard Crenna an Diane Baker
- 1981: The Pride of Jesse Hallam, vum Gary Nelson mam Johnny Cash a Brenda Vaccaro
- 1981: Tales of the Unexpected, (TV-Serie) (Episod: Shatterproof ) vum John Jacobs
- 1981: Skokie, vum Herbert Wise mam Danny Kaye a Carl Reiner
- 1982: The Wall, vum Robert Markowitz mam Tom Conti a Lisa Eichhorn
- 1982: The Executioner's Song, vum Lawrence Schiller mam Tommy Lee Jones a Christine Lahti
- 1984: Anatomy of an Illness, vum Richard T. Heffron mam Millie Perkins
- 1985: Christopher Columbus, (TV-Mini-Serie) vum Alberto Lattuada mam Gabriel Byrne, Virna Lisi, Oliver Reed a Max von Sydow
- 1985: Embassy, vum Robert Michael Lewis mam Nick Mancuso a Mimi Rogers
- 1985: Murder: By Reason of Insanity, vum Anthony Page mam Candice Bergen an Jürgen Prochnow
- 1986: Our Family Honor, (TV-Serie) (13 Episoden)
- 1986: American Playhouse, (TV-Serie) (Episod: Rocket to the Moon) vum John Jacobs mam John Malkovich an Ian McShane
- 1986: Something in Common, vum Glenn Jordan mam Ellen Burstyn an Tuesday Weld
- 1986: Highway to Heaven, (TV-Serie) (2 Episoden) mam Michael Landon
- 1987: Worlds Beyond, (TV-Serie) (Episod: The Black Tomb) vum John Jacobs
- 1987: The Impossible Spy, vum Jim Goddard mam John Shea
- 1988: Murder, She Wrote, (TV-Serie) (Episod: A Very Good Year for Murde) vum Walter Grauman mam Angela Lansbury an Ina Balin
- 1988: Alfred Hitchcock Presents, (TV-Serie) (Episod: Kandinsky's Vault ) vum René Bonnière mam Robin Ward
- 1989: CBS Schoolbreak Special, (TV-Serie) (Episod: A Matter of Conscience) vum John Rubinstein mam Viveca Lindfors
vun 1990 bis 1999
[änneren | Quelltext änneren]- 1991: L.A. Law, (TV-Serie) (Episod: There Goes the Judge) vum Elodie Keene mam Harry Hamlin
- 1991: Vendetta: Secrets of a Mafia Bride, vum Stuart Margolin mam Carol Alt a Burt Young
- 1991: Legacy of Lies, vum Bradford May mam Michael Ontkean a Martin Landau
- 1992: Law & Order, (TV-Serie) (Episod: The Working Stiff) vum Daniel Sackheim mam Paul Sorvino
- 1992: Teamster Boss: The Jackie Presser Story, vum Alastair Reid mam Brian Dennehy a Jeff Daniels
- 1992: Lincoln, vum Peter W. Kunhardt mam Jason Robards, Glenn Close an James Earl Jones
- 1993: Tribeca, (TV-Serie) (Episod: Stepping Back) vum Melanie Mayron
- 1993: Vendetta II: The New Mafia, vum Ralph L. Thomas mam Carol Alt a Michael Ontkean
- 1998: Naked City: Justice with a Bullet, vum Jeff Freilich mam Scott Glenn
vun 2000 bis 2009
[änneren | Quelltext änneren]- 2000: The Bookfair Murders, vum Wolfgang Panzer mam Samantha Bond
- 2001: 100 Centre Street, (TV-Serie) (Episod: Kids: Part 1) vum Sidney Lumet mam Alan Arkin
- 2002: Monday Night Mayhem, vum Ernest R. Dickerson mam John Turturro
- 2002: The Job, (TV-Serie) (Episod: Betrayal) vum Fred A. Wyler
- 2002: The American Experience , (TV-Serie) (2 Episoden)
- 2002: The Education of Max Bickford , (TV-Serie) (3 Episoden)
- 2003: Veritas: The Quest, (TV-Serie) (Episod: The Name of God) vum Michael Nankin
- 2003: ER, (TV-Serie) (Episod: A Boy Falling Out of the Sky) vum Charles Haid
- 2004: Whoopi , (TV-Serie) (Episod: American Woman )
- 2006: Studio 60 on the Sunset Strip , (TV-Serie) (Episod: The Wrap Party ) vum David Semel mam Matthew Perry
- 2009: Nurse Jackie, (TV-Serie) (Episod: Chicken Soup) vum Craig Zisk mam Edie Falco
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Eli Wallach – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Robert Berkvist: Eli Wallach, Multifaceted Actor, Dies at 98. Noruff an The New York Times vum 25. Juni 2014 (englesch)