Gamma Virginis

Vu Wikipedia
Duebelstär Gamma Virginis
Numm Porrima
Stärebild: Virgo (Vir)
Daten
Rektaszensioun 12h 41m 39,6s
Deklinatioun - 01° 26' 58"
Spektralklass: F0 V / F0 V
Gréissteklass 3,48 mag/3,50 mag
Parallax (84,53 ± 1,18)
Distanz (38,6 ± 0,5) Lj
Grouss Hallefachs 3",662 ± 0",013
Exzentrizitéit 0,8825 ± 0,0010
Mass: ?
Bunnschréi: 148°,82 ± 0°,43
Radialvitess: ? / ?
Aner Bezeechnungen
ADS 8630
Bayer-Bezeechnung γ Virginis
Bonner Duerchmusterung −0° 2601
Bright Star Catalogue HR1nbsp;4825
HR2nbsp;4826
Gliese 482
Flamsteed-Bezeechnung 29 Virginis
WDS 12417-0127
Henry-Draper-Katalog HD1nbsp;110379
HD2nbsp;110380
Hipparcos-Katalog 61941
SAO-Katalog 138917
Tycho-Katalog TYC1nbsp;4949/1120/1
TYC2nbsp;4949/1120/2
D'Stärebild Virgo. Déi gestrichelt rout Linn ass d'Ekliptik.

De γ Virginis (Gamma Virginis, γ Vir) ass en Duebelstär am Stärebild Virgo. Hie besteet aus zwéi bal d'selwecht hellen Haaptreiestäre mat Hellegkeete vun 3,48 mag an 3,50 mag. Alle béid gehéieren zum Spektraltyp F0. Déi visuell Totalhellegkeet ass 2,7 mag. D'System läit zirka 38,6 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech.

D'System huet eng Ëmlafperiod vu ronn 170 Joer. Déi noost Distanz haten déi béid Komponente fir d'lescht am Joer 2005; zanterhir zéie si sech nees vuneneen ewech.

De Stär huet den historeschen Eegennumm Porrima (Numm vun enger italescher Gebuertsgëttin). Als ekliptiknoe Stär kann hie vum Äerdmound a, méi rar och, vu Planéite bedeckt ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]