Superäerd

Vu Wikipedia
Illustratioun vun den ofgeleete Gréisste vun der Superäerd COROT-7b (Mëtt) am Verglach zu der Äerd an dem Neptun

Superäerd ass eng ëmgangssproochlech Bezeechnung fir e groussen extrasolaren terrestresche Planéit. D'Bezeechnung riicht sech nëmmen no der Mass, mécht awer keng Aussoe iwwer d'Uewerflächebeschafenheet oder Bewunnbarkeet vum Planéit. Wéinst dem geleefegste Moossstaf muss sou e Planéit op d'mannst sou schwéier wéi d'Äerd sinn, awer méi liicht wéi de Planéit Uranus, dementspriechend déi 1- bis 14-fach Äerdmass hunn. Aner gängeg Definitioune setzen déi 1- bis 10- respektiv 5- bis 10-fach Äerdmass viraus.[1],[2] Bei nach méi enger grousser Mass gëtt vun enger Mega-Äerd geschwat. Weider gëtt de Planéit allgemeng duerch dee vun him ëmkreeste Stär ausreechend bestralt, well hien als kale Planéit vun dëser Gréisst an dëser Systemanuerdnung nëmme wéineg Gas verléieren an zu engem Gasplanéit géif ginn.[3]

Et gouf vereenzelt Entdeckunge vu Superäerden zanter der Entdeckung vum Gliese 876 d vun engem vum Eugenio Rivera geleetem Team. Am Sonnesystem sinn ausser der Äerd keng vergläichbar Planéiten.

Verschidden aner Planéiten, zum Beispill My Arae d, goufen duerch Computersimulatiounen als Superäerd virgeschloen, woubäi sech déi Meenungen awer als falsch erausgestallt hunn.

Nowäis[änneren | Quelltext änneren]

Duerch feelend Genauegkeet vun de Moossmethode konnt bis elo bei de meeschten extrasolare Planéiten, déi an d'Grupp vun de Superäerden agestuft goufen, eng äerdänlech Natur net zweifelsfräi nogewise ginn. Bei Planéite mat Masse vu manner wéi z. B. 14 Äerdmassen ass et schwéier z'entscheeden, wéini eng eventuell aktuell dicht Gashüll net méi wéi dicht Atmosphär, mä als Gasmantel ëm e feste Kär gewäert gëtt (Gasplanéit). Fir z'entscheeden, ob et sech ëm e Gestengsplanéit oder ëm e sougenannte gliddegen Neptun handelt, muss d'Dicht an der Moyenne méiglechst genee bestëmmt kënne ginn. Dat ass ganz schwéier, well et sech bei der bekannter Planéitemass wéinst der vernoléissegter an dacks onbekannter Bunneschréi meeschtens nëmmen ëm d'Ënnergrenz vun der méiglecher Mass handelt.

Den éischten zwäifelsfräi nogewisenen extrasolare Gestengsplanéit ass deen ufanks 2009 entdeckte Planéit CoRoT-7 b (virdru CoRoT-Exo-7 b). Mëttlerweil ass mam Kepler-10b e weideren nogewisene Gestengsplanéit bekannt. Et gëtt awer ugeholl, datt vill weider Superäerden eng terrestresch Struktur hunn. Enn 2011 koum mam Kepler-22b en neie Kandidat derbäi. Trotz sengem klengen Duerchmiesser ass allerdéngs nach net bekannt, ob et sech ëm e Gestengsplanéit handelt (Stand: Dezember 2011).

Entdeckungen[änneren | Quelltext änneren]

Éischt Superäerd[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Superäerde goufen vun Wolszczan a Frail ëm de Pulsar PSR B1257+12 am Joer 1992 fonnt. D'Pulse vum Stär koumen mat reegelméissegen Verlängerungen un, wat d'Wëssenschaftler dorop higewisen hunn, datt hie vun zwee Trabanten begleet gëtt. Bei dëser Aart vu Miessung handelt et sech ëm d'Timing-Method. Déi zwee baussenzeg Planéiten vun am Ganzen véier entdeckten Trabanten vum System hunn ongeféier 4 Äerdmassen, sinn also ze kleng fir Gasplanéiten.

Weider bedeitend Superäerden[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Superäerd ëm en Haaptreiestär gouf 2005 vun engem vum Eugenio Rivera geleeten Team entdeckt. De Planéit kreest ëm de Gliese 876 a gouf als Gliese 876 d bezeechent (zwéi jupitergrouss Planéite ware virdrun am selwechte System entdeckt ginn). No Schätzungen huet hie knapps déi 6-fach Äerdmass an eng ganz kuerz Ëmlafzäit vun nëmmen zwéin Deeg. Wéinst der noer Noperschaft vum Gliese 876 d zu sengem Stär huet seng Uewerfläch eng Temperatur vu 650 Kelvin.[4]

Zwou weider Superäerde goufen am Joer 2006 entdeckt: OGLE-2005-BLG-390Lb mat op d'mannst dem 5,4-fache vun der Äerdmass, dee mat der Microlensingmethod entdeckt gouf, an HD 69830 b mat op d'mannst 10 Äerdmassen.[1] Béid Exoplanéiten ëmkreese jee en Haaptreiestär, e sougenannte Rouden Zwerg.

Am Juni 2008 huet den David P. Bennett d'Entdeckung vum vläicht klengsten Exoplanéit, MOA-2007-BLG-192-Lb, bei enger Versammlung vun der amerikanescher astronomescher Gesellschaft bekannt ginn.[5],[6] Dës Superäerd hätt nëmmen 3,2-mol souvill Mass wéi eis Äerd a kreest ëm e Brongen Zwerg am Stärebild Sagittarius. De Planéit deen ongeféier 300 Liichtjoer vun der Äerd ewech läit, besteet méiglecherweis zum gréissten Deel aus Äis a Gestengs a gouf mam Microlensing-Effet fonnt.

Am selwechte Mount gouf d'Entdeckung vun dräi Superäerden ëm de sonnenänleche Stär HD 40307 am Stärebild Pictor vum ESO bekannt gemaach.[7]

Ufanks Februar 2009 huet den Thüringer Landesobseratoire d'Entdeckung vun engem extrasolare Gestengsplanéit mam Numm CoRoT-7 b bekannt gemaach. Deen nëmmen 1,75 Äerdradie grousse Planéit gouf am Januar mam Weltraumteleskop CoRoT mat der Transitmethod entdeckt. Dat ass den éischten nogewisenen terrestreschen Exoplanéit an domat déi éischt zweifelsfräi Superäerd. Mat enger Ëmlafzäit vun nëmme ronn 20 Stonnen hält de Planéit e weidere Rekord. Wéinst senger geschater Mass a senger noer Distanz zu sengem Mammestär wier et bal onméiglech, datt et sech ëm e Gas- oder Äisris handelt. Soumat gëtt ugeholl, datt et sech ëm en äerdänleche Planéit handele muss.[8],[9] No laangen Observatiounen a Miessungen mam HARPS-Instrument um 3,6-Meter-Teleskop vun der ESO goufen am September vum selwechte Joer d'Meenung geséchert. CoRoT-7 b huet deemno déi ongeféier 5-fach Äerdmass an eng vergläichbar Dichtmoyenne wéi eis Äerd.[10]

Am Abrëll 2009 gouf de Michel Mayor vum Genfer Observatoire d'Entdeckung vum Planéit Gliese 581 e bekannt. Mat enger Mindestmass vun 1,9 Äerdmassen ass et ee vun de bis elo massenäermsten Exoplanéiten.[11]

Déi béid éischt Superäerden ëm sonnenänlech Stären, 61 Vir b an HD 1461 b, goufen Enn 2009 entdeckt.

Ufanks 2011 séchert d'NASA déi éischt Entdeckung vun engem Gestengsplanéit mam Weltraumteleskop Kepler. De Kepler-10b genannten Exoplanéit huet déi 1,4-fach Gréisst an ongeféier déi 4,6-fach Mass vun eiser Äerd. Et ass dee bis elo klengsten Exoplanéit, deen entdeckt gouf an huet eng Dicht vun 8,8 g/cm³, woufir et sech ëm en terrestresche Planéit handele muss.[12]

Éischt Superäerden an der habitabeler Zon[änneren | Quelltext änneren]

Am Abrëll 2007 huet ee vum Team Stéphane Udry (usässeg an der Schwäiz) d'Entdeckung vun zwou neien Superäerden ëm de Gliese 581 bekannt gemaach. Alle béid leien an der bewunnbarer Zon, an där flësseg Waasser existéiere kënnt. Gliese 581 c, dee 5 Äerdmassen huet an 0,073 AE oder 11 Millioune Kilometer vu Gliese 581 ewech ass, läit um "waarme" Rand vun der bewunnbarer Zon ëm de Gliese 581, mat enger geschatener Duerchschnëttstemperatur (ouni atmosphäresch Effete) vu −3 °C bei enger Venus-änlecher Albedo a 40 °C bei enger äerdänlecher. Et ass deen éischten äerdänlechen Exoplanéit mat liewensfrëndlechen Temperaturen. No neieste Computermodeller vun ettleche Wëssenschaftler ass Gliese 581 c awer méiglecherweis ze waarm, fir flëssegt Waasser ze hunn. Dono géif den Exoplanéit éischter der Venus gläichen a Waasser wier a flësseger Form wuel net z'erwaarden.

Dogéint huet sech Gliese 581 d als inexistent erausgestallt.

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Duerch hir héich Mass hunn Superäerden vun der Äerd ofweechend physikalesch Eegenschaften. An enger Studie iwwer Gliese 876 d duerch ee vum Diana Valencia geleeten Team[1] hat sech erausgestallt, datt et méiglech ass, aus deem duerch die Transitmethod gemoossene Radius ze schléissen, ob et sech beim entdeckte Planéit ëm eng Superäerd handelt. Fir de Gliese 876 reechen d'Kalkulatioune vun 9.200 km (1,4 Äerdradien) fir e fielsege Planéit mat groussem Eisekär bis 12.500 km (2,0 Äerdradien) fir e wässeregen an äisige Planéit. Mat där Spannwäit u Radien kënnt d'Superäerd Gliese 876 d eng Uewerflächegravitatioun tëscht 1,9 g an 3,3 g hunn. Héich Uewerflächengravitatioun (allgemeng méi héich wéi Neptun- a Saturn-grouss Planéiten an a bestëmmte Fäll méi grouss wéi Jupiter-grouss Planéiten) ass eng groussaarteg Eegenschaft vu Superäerden.

Weider theoreetesch Aarbechte vum Valencia an anere koumen zum Resultat, datt Superäerden geologesch méi aktiv sinn, wéi eis Äerd, mat méi staarker Plackentektonik ënner gréissere Belaschtungen. Faktesch erginn hir Modeller, datt d'Äerd selwer e "grenzwäertege" Fall ass a grad grouss genuch ass, fir Plackentektonik auszebilden.[13]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Superäerden – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Valencia et al.: Radius and structure models of the first super-earth planet. In: The Astrophysical Journal. Februar 2007
  2. Peter N. Spotts: (en) Canada’s orbiting telescope tracks mystery ‘super Earth’. In: Hamilton Spectator, 28. Abrëll 2007
  3. Fortney et al.: Planetary Radii across Five Orders of Magnitude in Mass and Stellar Insolation: Application to Transits. April 2007
  4. Rivera et al.: 7.5 M Planet orbiting the nearby star GJ 876. 2005
  5. Program Planne. Oasis, Online Abstract Submission and Invitation System
  6. A Low-Mass Planet with a Possible Sub-Stellar-Mass Host in Microlensing Event MOA-2007-BLG-192.
  7. A Trio of Super-Earths. ESO Science, Release No. 19/08: June 16, 2008
  8. „Venustransit“ bei Corot-Exo-7. TLS-Tautenburg, 3. Februar 2009
  9. CoRoT entdeckt extrasolaren Gesteinsplaneten Deutsches Zentrum für Luft- und Raumfahrt, 3. Februar 2009
  10. COROT-7 b – Eindeutiger Beweis für Gesteinsplanet. Astronews.com, 16. September 2009
  11. Gestengsplanéit entdeckt, Waasserwelt ugeholl, astronews.com, 21. Abrëll 2009
  12. Kepler – Erster Gesteinsplanet entdeckt, Astronews.com, 11. Januar 2011
  13. Earth: A Borderline Planet for Life? CfA Press Release No.: 2008-02 January 09, 2008