Veianer Bildchen

Vu Wikipedia
Veianer Bildchen
D'Veianer Bildchen (2014)

D'Veianer Bildchen (2014)
D'Veianer Bildchen (2014)
Uertschaft / Plaz Veianen
Par Parc Our
Saint-Nicolas
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Muttergottes
Architekt(en) Ch. Arendt
Koordinaten 49° 56’ 42.7’’ N
      06° 11’ 49.8’’ O
D'Veianer Bildche vu bannen

D'Veianer Bildche vu bannen
D'Veianer Bildche vu bannen
Kierchen - Kapellen


D'Muttergotteskapell zu Veianen oder d'Veianer Bildchen, ass eng Kapell an eng Madonna-Pilgerplaz bei Veianen a mat Bildchen ass eigentlech eng Muttergottesstatu an där Kapell gemengt. D'Maria gëtt do ënner dem Titel "Heil der Kranken" veréiert. Et ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Veianen gehéiert.

Se steet op enger Héicht vun 302 m (NG-L) ongeféier 800 m nordwestlech vu Veianen.

Zur fréierer Par Veianen hunn ausser der Muttergotteskapell och nach d'Parkierch vu Veianen, d'Rochuskapell an d'Nikloskapell vu Veianen an d'Filialkierch vu Biwels gehéiert.

D'Bildchen-Kapell gouf de 6. September 2019 als nationaalt Monument klasséiert[1].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Muttergotteskapell (fr: Chapelle Notre-Dame), wéi d'Bildchenskapell richteg heescht, gouf vun 1848 un no de Pläng[2] vum Staatsarchitekt Charles Arendt am neigotesche Stil gebaut. D'Kapell ass 7 m laang a 5 m breet.

Aus der Veianer Buergkapell staamt de goteschen Altor aus roudem Sandsteen, op deen en neigotesche Retabel gesat ass, wou d'Bildchen drop steet.

Vu Mee bis Oktober ass all Mëttwoch an der Kapell eng Mass a Gebiet fir déi Krank. Vu sonndes virun bis sonndes no Léiffrawëschdag ass d'Bildchen an der Trinitarierkierch. All Joer, de Sonnden nom 16. August, ass eng grouss Pressioun bei d'Bildchen.

Urspronk vun der Pilgerplaz[änneren | Quelltext änneren]

D'Bildche geet héchstwarscheinlech op d'Beliewe vum Mariekult an de spuenesche Nidderlanden um Ufank vum 17. Joerhonnert zeréck.

No dem Drëssegjärege Krich (1618-1648) an no de Peschtepidemië vu 1612, 1626 a 1632 koum d'Veréierung vun der Muttergottes sou richteg an de Gank an et sinn eng sëllegen nei Pilgerplazen entstanen.

D'Legend vum "Bildchen" dat an engem Bësch fonnt gouf, an ëmmer nees op d'Plaz wou et fonnt gouf, zeréckgoung, erënnert staark un d'Statu, déi 1624 vu Studenten um Glacis fonnt, an an de Jesuittekolléisch bruecht gouf, awer ëmmer nees de Wee zeréck op de Glacis fonnt huet.

Villes deit doropshin, datt no de Peschtjoren d'Bildche vun der Muttergottes an enger mat Eisegittere geschützter Fielsspléck héich iwwer dem Ourdall um Bonzelsbierg opgestallt gouf. E schmuele Pad huet duerch déi géi Leeën dohigeféiert.

Weeër bei d'Bildchen[änneren | Quelltext änneren]

Bei d'Bildche kënnt een iwwert verschidde Wanderweeër:

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Bassing, Pierre, 1983. Das Bildchen und die Bildchenkapelle. In: Vianden in seinen Kirchen, Kapellen und sakralen Kunstschätzen - mit einem Anhang über die ehemaligen Viandener Goldschmiede und ihre Werke. Veiner Geschichtsfrënn Bd. 4:191-200. Sankt-Paulus-Druckerei, Luxemburg.
  • Bassing, Théodore, 1911. - Das Gnadenbild unserer Lieben Frau vom "Bildchen" in der Wallfahrtskapelle im Walde Porbrêtchen bei Vianden. 18p., St. Paulus-Gesellschaft, Luxemburg.
  • Bassing, Théodore, 1936. - Das Gnadenbild unserer Lieben Frau vom "Bildchen" in der Wallfahrtskapelle im Walde Porbrêtchen bei Vianden. 31p., Imprimerie Lorang, Vianden.
  • Engling, Johann (Jean), 1861. Unsere Marienbäume - einst Sitz der Abgötterei und des Aberglaubens. Ein Beitrag zur Geschichte des Christentums im Luxemburger Lande. Publications de la section historique XVI, S. 96-118.
  • Gredt, Nicolas, 1883. - Sagenschatz des Luxemburger Landes. Publications de la section historique de l'Institut grand-ducal, vol. XXXVI, 645 + XVII p. V. Bück, Luxemburg.
  • Milmeister, Jean, 1968. Das Bildchen von Vianden. Revue Jg. 24(1968), Nr. 2: 72-74.
  • Milmeister, Jean & René Feltes, 2002. Das Bildchen von Vianden. 4. Oplo., 27 S. Fabrique d'église, L-9410 Vianden.

Biller vun de 7 Statioune beim Veianer Bildchen[änneren | Quelltext änneren]

De Kräizwee gouf 1897 vun de Bridder Mullendorf gestëft.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Veianer Bildchen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Kuriositéit: D'Pieta-Kapell (Pieta Chapel) zu St. Donatus am Iowa (USA) ass 1885 vu lëtzebuergesche Siidler nom Virbild vum Veianer Bildche gebaut ginn.


Kathoulesch Muttergottes-Pilgerplazen an Europa
Lëtzebuerg: Lëtzebuerg - Stadgronn - Wolz - Léiffrächen - Giischterklaus - Veianer Bildchen - Heeschbreger Bildchen
Belsch: Banneux - Beauraing - Foy-Notre-Dame - Moresnet-Chapelle - Werpin
Frankräich: Lourdes - Avioth - Bonne-Fontaine - Monléon-Magnoac - Notre Dame du Puy Rachat - Notre-Dame de La Salette - Schwaarz Muttergottes vu Rocamadour
International: Fátima - Einsiedeln - Montserrat - Altötting - Kevelaer - Loreto - Mariazell - Tschenstochau - Covadonga
Pilgerplaze fir Sportler: Notre-Dame des Cyclistes (F) - Notre-Dame de la Course Landaise (F) - Notre-Dame-du-Rugby (F) - Chèvremont (B) - Nuestra Señora de Dorleta (Es) - Madonna del Ghisallo (It)