Wëllem IV. vu Lëtzebuerg
Wëllem IV. vu Lëtzebuerg | |
---|---|
Titelen | |
Lieutenant-Représentant vu Lëtzebuerg | |
Zäit | 1902 bis 1905 |
Groussherzog vu Lëtzebuerg | |
Zäit | 1905 bis 1912 |
Virgänger | Adolphe |
Nofollger | Marie-Adélaïde |
Biographie | |
Gebuer |
22. Abrëll 1852 Schlass Biebrich |
Gestuerwen |
25. Februar 1912 Schlass Bierg |
Bestuet mat | Maria Ana vu Bragança |
Papp | Adolphe vu Lëtzebuerg |
Mamm | Adélaïde-Marie vun Anhalt-Dessau |
Kanner | Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg, Charlotte vu Lëtzebuerg, Antonia vu Lëtzebuerg, Élisabeth vu Lëtzebuerg, Sophie vu Lëtzebuerg, Hilda vu Lëtzebuerg |
De Wëllem IV. vu Lëtzebuerg, gebuer den 22. Abrëll 1852 um Schlass Biebrich als Wilhelm Alexander vun Nassau, a gestuerwen de 25. Februar 1912 um Schlass vu Colmer-Bierg, war den eelste Jong vum Herzog Adolphe vun Nassau, dem spéidere Groussherzog Adolphe vu Lëtzebuerg.
Liewen
Hien huet seng Kandheet a Jugend am Herzogtum Nassau verbruecht. Wéi säi Land vu Preisen annektéiert gouf, huet hien eng Karriär an der éisträichescher Arméi gemaach. 1888 ass hien do nees ausgetrueden, wéi et sech konkreetiséiert huet, datt säi Papp géif Groussherzog vu Lëtzebuerg ginn.
Hie war vum 25. Dezember 1897 bis de 4. Abrëll 1902 Member vum Lëtzebuerger Staatsrot.[1]
De 4. Abrëll 1902 huet säi Papp, deen 1890 Groussherzog gi war, hien zum Lieutenant-Représentant erkläert. Nom Doud vu sengem Papp, de 17. November 1905, ass hie Groussherzog vu Lëtzebuerg ginn.
Den 21. Juni 1893, huet hien d'Maria Ana vu Bragança, Infantin vu Portugal, um Schlass Fischhorn bei Zell am See, bestuet.
D'Koppel krut 6 Duechteren, wat e Problem mat der Trounfolleg mat sech bruecht huet, well den Ierfpakt virgesinn huet, datt just deen eelste männlechen Nokommen Trounfollger ka ginn. De 16. Abrëll 1907 huet d'Chamber dowéinst eng Ännerung vum Ierfpakt approuvéiert, soudatt mat Akraafttriede vun där Dispositioun dem Wëllem IV. seng eelst Duechter, d'Marie-Adélaïde (1894-1924), den 10. Juli 1907 zur Trounfollgerin erkläert gouf. Si ass dann och 1913, wéi se groussjäreg gouf, déi éischt Lëtzebuerger Groussherzogin ginn. Déi zweet Duechter, d'Charlotte, (1896-1985), huet no der Ofdankung vun hirer Schwëster den Troun 1919 iwwerholl.
Déi aner Duechtere waren:
- d'Prinzessin Hilda (1897 - 1979), déi den Adolf, Fürst zu Schwarzenberg bestuet huet;
- d'Prinzessin Antonia (1899 - 1954), déi de Krounprënz Rupprecht vu Bayern bestuet huet;
- d'Prinzessin Elisabeth (1901 - 1950), déi de Ludwig Philipp, Prënz vun Thurn und Taxis bestuet huet;
- d'Prinzessin Sophie (1902 - 1941), déi den Ernst vu Sachsen bestuet huet.
Éierung
Fir un de Wëllem IV. z'erënneren, goufen eng Partie Strukturen zu Lëtzebuerg no him genannt:
- Avenue Guillaume um Belair,
- Place Guillaume zu Dikrech,
- Rue Guillaume zu Dikrech, Ettelbréck, Péiteng, Rodange.
- Rue Prince Guillaume zu Angelduerf an Heeschdref.
Literatur
- Pierre Even, Vor 100 Jahren verstarb Wilhelm IV., Der leidende Großherzog, Seine wegweisenden Handlungen förderten die Integration der Luxemburger Dynastie, in: Die Warte - Perspectives (kulturell Wochebäilag vum Luxemburger Wort), Nr. 7|2357, Ss. 4-6; vgl. Luxemburger Wort vum 16.02.2012
- Jean-Louis Scheffen, Grundstein einer neuen Dynastie - Vor 125 Jahren „feierlicher Einzug“ von Wilhelm IV. und Maria-Anna von Braganza am Luxemburger Wort vum 21. Juli 2018, S. 18-19
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Wëllem IV. vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Virgänger: Adolphe |
Groussherzog vu Lëtzebuerg 1905 - 1912 |
Nofollger: Marie-Adélaïde |