Claus Cito
Ausgesinn
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Claus Cito | |
---|---|
Gebuer |
26. Mee 1882 Nidderkäerjeng |
Gestuerwen |
10. Oktober 1965 Péiteng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur |
Den Nicolas Joseph (Claus) Cito, gebuer de 26. Mee 1882 zu Nidderkäerjeng, a gestuerwen de 5. Oktober 1965, zu Péiteng, war e lëtzebuergesche Sculpteur. Hien hat op der Kunstgewerbeschule Düsseldorf an op der Académie royale des beaux-arts zu Bréissel studéiert. Säi Monni war den Nicolas Cito.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Monument du souvenir (Gëlle Fra) an der Stad Lëtzebuerg, 1923
- Monument Emile Mark zu Déifferdeng, 1936
- Monument vum Bunker Hondsbësch, Nidderkuer, 1945
- An der Krypta vun der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg: 9 Altär mat Relieffer vun den Hellegen Henri a Kunigunde, hellegen Haupert a Willibrord, 1937
- Relief iwwer der Entrée vum Péitenger Stadhaus
- Dat eent oder anert Relief um Stadhaus zu Esch-Uelzecht, 1937
- En Deel vun de Relieffer virum Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht
- Büst vum Mathias Adam um Sëtz vun der FGIL um Kierchbierg
- Büst vum Nik Welter[Wou ?]
- Büst vum André-Koch-Monument, Stadpark vun Esch-Uelzecht, 1932
- Statu vun der Hellegeer Muedeléin, iwwer der Entrée vun der Kierch vu Lamadeleine
- Statu vun der Grande-Duchesse Charlotte zu Déifferdeng
- US-Monument zu Péiteng
- Streikmonument Déifferdeng, 1958
- Monument vu sengem Monni Nicolas Cito bei der Cito-Schoul zu Nidderkäerjeng, 1938
- Monument aux morts virun der Kierch zu Uewerkäerjeng, 1930
- Monument aux morts zu Nidderkäerjeng, rue de la Résistance, 1952
- Monument aux morts zu Rodange, 1949
- Statu Mère éplorée um Kierfecht vu Leideleng - Ofgoss aus Bronze vum Rodanger Monument aux morts (en Don vum Grupp Foyer, Oktober 2005)[1]
- Graf vun der Famill J.P. Goedgen um Kierfecht zu Nidderkäerjeng, ëm 1908
- Griewer um Nikloskierfecht an der Stad vun de Famillen A. Huss, Félix Welter a Mathékowitch-Martin
- Graf vun der Famill Schambourg-Grechen um Déifferdenger Kierfecht
- Statu vum Hellege Christophorus an der avenue François Clément, zu Munneref
- Kruzifix baussen iwwer dem Portal vun der Reckener Kierch
Präisser
[änneren | Quelltext änneren]- Prix Grand-Duc Adolphe 1909 (zesumme mam Jean-Baptiste Wercollier)
- 1er prix à l'Exposition universelle de Bruxelles
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Jean Reitz, Sabine Dorscheid: Claus Cito (1882-1965): Eine luxemburgische Bildhauerkarriere. Werkverzeichnis Agence luxembourgeoise d'action culturelle, Gemeng Käerjeng, 2014, 464 S., ISBN 978-99959-911-0-4
- Beyerle, K., 2010. August Macke und Claus Cito. Eine Künstlerfreundschaft. Luxemburger Wort, Die Warte 2. Dezember 2010, S. 5.
- Lotty Braun-Breck, 2010. Claus Cito und seine Zeit. 1882-1965. Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg. (Aktualiséiert Neioplag) ISBN 978-2-87953-101-4
- Lotty Braun-Breck, 1995. Claus Cito und seine Zeit. 1882-1965. Luxemburg, Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg.
- Lotty Braun-Breck, 1999. Claus Cito, der Bildhauer aus Bascharage (1882-1965). ons stad 60: 22-27. PDF
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Claus Cito – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Fotoen
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ La sculpture Mère Eplorée au cimetière de Leudelange Archivéiert de(n) 27.06.2010. Gekuckt de(n) 15.03.2010.