Op den Inhalt sprangen

Diane Adehm

Vu Wikipedia
Diane Adehm
Gebuer 13. September 1970
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vun Namouer
Aktivitéit Politiker, Ekonomist
Partei CSV

D'Diane Adehm, gebuer den 13. September 1970 zu Ettelbréck, ass eng lëtzebuergesch Ekonomistin an CSV-Politikerin.

Formatioun

Nom Lycée classique de Diekirch, huet si vun 1989 bis 1994 hire Studium zu Namur op de Facultés universitaires Notre-Dame de la Paix gemaach, déi si mat enger Maîtrise an de Sciences économiques et sociales ofgeschloss huet.

2006 huet si e Master of Business Administration vun der Sacred Heart University gemaach.

Berufflech Carrière

1994 koum si bei PricewaterhouseCoopers wou si ufanks beim Departement Révision d'entreprise geschafft huet an duerno Steierberoder war.

1998 ass si bei d'Entreprise des postes et télécommunications gewiesselt, wou si als als internen Auditeur beschäftegt war.

Zanter 2006 schafft si als Auditeur bei der Cour des comptes.

Politesch Carrière

No de Gemengewale vun 2005 koum si an der Gemeng Hesper als Conseiller an de Gemengerot.

2009 huet si bei de Chamberwale op der CSV-Lëscht am Zentrum kandidéiert. Den 8. Mäerz 2011 ass si fir de Jean-Louis Schiltz als Deputéiert an der Chamber "nogeréckelt",[1] nodeem dëse sech aus der Politik zréckgezunn hat, fir sech op seng Beruffscarrière ze konzentréieren. Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 an deene vum 14. Oktober 2018 gouf si erëmgewielt.[2]

Referenzen

  1. "Diane Adehm für Jean-Louis Schiltz" wort.lu, 08.03.2011 15:53 Uhr, aktualiséiert 08.03.2011 17:19.
  2. elections.lu.