Déi zwéi vum Bierg
Déi zwéi vum Bierg ass e Lëtzebuerger Film vum Menn Bodson, Marc Olinger a Gast Rollinger aus dem Joer 1985. De Film spillt an der Zäit vum Zweete Weltkrich a stellt dat dagdeeglecht Liewe wärend der däitscher Occupatioun duer. De Mikrokosmos vum Duerf (dat ouni Numm bleift) steet dobäi exemplaresch fir déi verschidde Schicksaler, déi d'Land huet missen erleiden.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]Zwéi gutt Kolleegen, de Mill an de Välten, hu sech versprach ëmmer fireneen do ze sinn. Wéi dat wärend der däitscher Occupatioun war, hunn e puer Leit, déi op der Nazisäit stoungen, probéiert de Leit am Duerf d'Liewe schwéier ze maachen an hu vun all Geleeënheet profitéiert fir bei der Gestapo Meldung ze maachen. Dem Välten seng Famill gouf op sou eng Manéier verschleeft...
Filmproduktioun an -verdreif
[änneren | Quelltext änneren]Déi zwéi vum Bierg gouf am Optrag vum Fernseesender RTL produzéiert, wou en a sechs 30 bis 40 Minutte laangen Episoden am Programm vun der Televisiounsemissioun Hei elei, kuck elei gelaf. Spéider gouf en och an enger gekierzter Versioun am Kino gewise ginn. Et ass ee vun den éischte lëtzebuergesche Spillfilmer.
De Centre national de l'audiovisuel huet de Film 2001 op Videokassett erausginn, déi eleng an der Chrëschtdagszäit vun deem Joer iwwer 700 Mol verkaaft gouf.[1] 2002 goufen nach eng Kéier 491 Kopien an 2003 nach weider 100 Kopië verkaaft.[2],[3]
2011 ass do dunn och eng DVD Versioun erauskomm.
Kuriéises
[änneren | Quelltext änneren]Am Dréibuch heescht de Film Di zwéi vum Bierg an op dem Filmplakat Déi zwee vum Bierg.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]Zwéin Häff zu Iewerleng, déi am Film als Set gedéngt hunn
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- ... sou laang een drun denkt... an den Zenario vum Film: Déi zwéi vum Bierg vum Henri Losch. (Edition RTL) 1985
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2001, Säit 197
- ↑ Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2002, Säit 208
- ↑ Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2003, Säit 241-242