Eurobilljeeën
Den Euro, d'gemeinsam Wärung vun 20 Memberstaate vun der Europäescher Unioun, zirkuléiert a Form vu 7 verschiddene Billjeeën (donieft gëtt et 8 verschidde Mënzen). Déi éischt Serie dovu gouf den 1. Januar 2002 an Ëmlaf bruecht.
Am Oktober 2006 ware bal 11 Milliarde Schäiner, mat engem Wäert vu bal 590 Milliarden Euro, am Ëmlaf.
2013 gouf eng nei Serie an Ëmlaf bruecht, déi déi al no an no ersat huet. Ugefaange gouf mam 5-Euro-Schäin.
Ausgesinn
[änneren | Quelltext änneren]Numm | Dimensiounen | Haaptfaarf | Architektur | Epoch | Positioun vum Plackecode |
---|---|---|---|---|---|
€ 5 | 120x60,0 mm |
Gro |
|||
€ 10 | 125x62,5 mm |
Rout |
|||
€ 20 | 130x65,0 mm |
Blo |
|||
€ 50 | 140x70,0 mm |
Orange |
|||
€ 100 | 145x72,5 mm |
Gréng |
|||
€ 200 | 150x75,0 mm |
Giel-Brong |
Eisen & Glas |
Serie vun 2002
[änneren | Quelltext änneren]Et gëtt 7 verschidde Coupuren, déi all eng aner Faarf hunn. D'Motiver dorop representéieren d'Geschicht vun den europäeschen Architekturstiler. Op der viischter Säit, dem Recto, si Fënsteren a Paarten ze gesinn, op der Récksäit, dem Verso, Brécken. Des solle Verbonnenheet an Oppenheet symboliséieren. Entworf huet se den Éisträicher Robert Kalina.
Op alle Billjeeë sinn den europäesche Fändel, d'Initiale vun der Europäescher Zentralbank a 5 Varianten (BCE, ECB, EZB, EKT, EKP), d'Ënnerschrëft vum President vun der Zentralbank, den Numm Euro a laténgescher a griichescher Schrëft, an eng Kaart vun Europa op der Récksäit.
Serie vun 2013
[änneren | Quelltext änneren]D'Faarwe vun der neier Serie, déi "Europa"-Serie genannt gëtt, bleiwen déi nämmlecht wéi déi vun der éischter. Och d'Motiver (Brécken a Fënsteren) bleiwen onverännert, just den allgemengen Design gëtt liicht anescht (méi kräfteg Faarwen, d'Zuele sinn uewe méi grouss, d'Wuert "Euro" steet och op Kyrillesch do, vum 20er un ass eng "Siichtfënster" dran, asw.).
Als éischte Schäi gouf dee vu 5 Euro vum Abrëll 2013 un no an no ersat (déi am alen Design halen nach eng Zäitchen hir Gëltegkeet), am September dat Joer drop koum dee vun 10 Euro un d'Rei, an am November 2015 den Zwanzeger. De Fofzeger koum am Summer 2017 eraus, an d'Schäiner vun 100 an 200 Euro kommen am Fréijoer 2019 an Zirkulatioun. De 500er gëtt net erneiert, an d'Billjeeën an där Denominatioun ginn no an no aus dem Verkéier gezunn.
Wou gouf de Schäi gedréckt, a wien huet en erausginn?
[änneren | Quelltext änneren]Anescht wéi d'Euromënzen hunn d'Eurobilljeeë keng national Säit, déi géif weisen, vu wou de Billjee hierkënnt. Dofir kann een um Buschtaf virun der Seriennummer gesinn, wat fir eng National Zentralbank de Schäin erausginn huet.
Code | Land | Code | Land |
---|---|---|---|
Z |
Belsch | Y |
Griicheland |
X |
Däitschland | W |
Dänemark |
V |
Spuenien | U |
Frankräich |
T |
Irland | S |
Italien |
R |
Lëtzebuerg | Q |
Net verginn |
P |
Holland | O |
Net verginn |
N |
Éisträich | M |
Portugal |
L |
Finnland | K |
Schweden |
J |
Vereenegt Kinnekräich | H |
Slowenien |
G |
Zypern | F |
Malta |
E |
Slowakei | D |
Estland |
C |
Lettland | B |
Litauen |
D'Buschtawe W, K a J si reservéiert fir déi Länner, déi den Euro nach net agefouert hunn.
Op der viischter Säit verstoppt ass de Code, duerch deen d'Dréckerei z'erkennen ass: de Plackecode. An der éischter Tabell uewe steet, wou de Code ze fannen ass. De Buschtaf steet fir d'Dréckerei (kuckt hei drënner) D'Coden A, C an S si reservéiert fir Dréckereien, déi bis ewell keng Billjeeën drécken. D'Dréckerei muss net noutwennegerweis an deem Land sinn, dat de Billjee erausgëtt: Sou sinn z. B. verschidde finnesch Euroschäiner an enger englescher Dréckerei gedréckt ginn. De Buschtaf an d'Ziffer um Wupp vum Code ginn un, wou de Schäin um Drockbou war: A1 ass uewe lénks, J6 ass ënne riets.
Code | Dréckerei | Uertschaft | Staat |
---|---|---|---|
A |
Bank of England Printing Works | Loughton | Groussbritannien |
B |
net a Gebrauch | --- | --- |
C |
AB Tumba Bruk | Tumba | Schweden |
D |
Setec Oy | Vantaa | Finnland |
E |
F. C. Oberthur | Chantepie | Frankräich |
F
|
Österreichische Banknoten und Sicherheitsdruck GmbH | Wien | Éisträich |
G |
Johan Enschedé & Zn. | Haarlem | Holland |
H |
De la Rue | Gateshead | Groussbritannien |
I |
net a Gebrauch | --- | --- |
J |
Banca d'Italia | Roum | Italien |
K |
Central Bank of Ireland | Dublin | Irland |
L |
Banque de France | Chamalières | Frankräich |
M |
Fábrica Nacional de Moneda y Timbre | Madrid | Spuenien |
N |
Bank of Greece | Athen | Griicheland |
O |
net a Gebrauch | --- | --- |
P |
Giesecke & Devrient | München & Leipzig | Däitschland |
Q |
net a Gebrauch | --- | --- |
R |
Bundesdruckerei | Berlin | Däitschland |
S |
Danmarks Nationalbank | Kopenhagen | Dänemark |
T |
Banque Nationale de Belgique | Bréissel | Belsch |
U |
Valora | Carregado | Portugal |
Biller vun de Billjeeën
[änneren | Quelltext änneren]Éischt Serie
[änneren | Quelltext änneren]Viischt Säit (Recto) | Wäert | Hënnescht Säit (Verso) |
---|---|---|
€ 5 | ||
€ 10 | ||
€ 20 | ||
€ 50 | ||
€ 100 | ||
€ 200 | ||
€ 500 |
Zweet Serie
[änneren | Quelltext änneren]Vun 2014 u koum, beim Fënnefter ugefaangen, all Joers en neie Billjee eraus, deen no an no déi al ersat hat.
Viischt Säit (Recto) | Wäert | Hënnescht Säit (Verso) |
---|---|---|
€ 5 | ||
€ 10 | ||
€ 20 | ||
€ 50 | ||
€ 100 | ||
€ 200 |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Eurobilljeeën – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Europäesch Zentralbank
- (en) Eurobilltracker Fir deen, dee wëll wëssen, wou säi Billjee sech erëmdreift
- (fr) De Concours fir den Design vum Eurobilljee (och déi, déi net erausgesicht goufen
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun. |