Gemeng Sandweiler

Vu Wikipedia
Sandweiler
D'Gemengenhaus
An anere Sproochen fr: Sandweiler
de: Sandweiler
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Lëtzebuerg
Chef-lieu Sandweiler
Buergermeeschter Jacqueline Breuer (LSAP)
Awunner 3.751
  1. Januar 2023
Fläch 773 ha
Héicht 335 m
Koordinaten 49°37'0"N, 6°13'0"O
Postcode L-5201
LAU-Code LU0306
Websäit https://www.sandweiler.lu/
D'Gemeng Sandweiler (orange)
am Kanton Lëtzebuerg (rout)


D'Gemeng Sandweiler ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Si läit am Kanton Lëtzebuerg, an ass no der Uertschaft Sandweiler benannt.

Uertschaften an der Gemeng

Folgend Häff a Lieu-diten gehéieren zur Gemeng:

Geographie

D'Gemeng Sandweiler stéisst am Westen un d'Stad Lëtzebuerg, am Südwesten un d'Gemeng Hesper, am Süden d'Gemeng Konter, am Osten un d'Gemeng Schëtter, an am Norden un d'Gemeng Nidderaanwen.

Geschicht

Den 1. Januar 1874 (Gesetz vum 20. Dezember 1873) ass aus der Sektioun Hamm (mat den Uertschaften Hamm, Schläifmillen, Fetschebur (op Franséisch: Fetschenbour), Hämmerställchen, Scheedgronn, Zens an Tavion) an aus der Sektioun Polvermillen, déi bis zu deem Zäitpunkt zwou Sektioune vun der Gemeng Sandweiler waren, d'Gemeng Hamm entstanen.

Duerch Gesetz vum 5. Juli 1939 goufen d'Uertschaft Kalchesbréck an de Lieu-dit Steppchen, bei d'Gemeng Lëtzebuerg geprafft.

Entwécklung vun der Awunnerzuel

Quell:STATEC

Wopen

De Wope vun der Gemeng gouf de 24. November 1982 vum Gemengerot ugeholl, an de 5. Januar 1983 duerch en Arrêté ministériel agreéiert. D'Publikatioun ass am Mémorial B vun 1983 op der Säit 207.

Beschreiwung am Originaltext: Burelé d'or et de gueules de dix pièces à la croix de sable brochant, la traverse chargée d'un quadriréacteur de front.

Politik

Gemengerot

De Gemengerot vu Sandweiler gëtt zanter 2011 nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.

Zesummesetzung

Joer CSV DP gréng LSAP
2005 4 - 1 4
2011 5 2 2 2
2017 4 2 3 2

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

De Gemengerot, deen aus de Wale vun 2005 ervirgoung, bestoung aus jee 4 CSV an LSAP-Gemengeréit, an engem Gréngen. Buergermeeschter war de Charles Unsen, LSAP (deen 2011 net méi kandidéiert huet).

Säin Nofolger gouf am Oktober 2011 de John Breuskin (CSV). No sengem Récktrëtt gouf deem seng Parteikolleegin Simone Massard-Stitz den 28. Januar 2015 vereedegt.

Buergermeeschteren

  • Michel Altmann (1830 – 1845)[1]
  • Samson Godchaux (1846 – 1862)
  • Jean Weicker (1862 – 1872)
  • Paul Godchaux (1873)
  • Nicolas Mousel (1874 – 1888)
  • Mathias Mousel (1889)
  • Emile Fischer (1891 – 1902)
  • Jacques Mousel (1903 – 1907)
  • Jean Mousel (1907 – 1917)
  • Pierre Hentzen (1918 – 1926)
  • Nicolas Birkel (1927 – 1934)
  • Emile Hentzen (1935 – 1945)
  • Joseph Reichling (1946 – 1957)
  • Pierre Birkel (1957 – 1963)
  • Josy Gardulal (1964 – 1965)
  • Henri Majerus 1966 – 1978)
  • Pierre Schmitt (1979 – 1991)
  • Alphonse Massard (1991 – 1993)
  • Charles Unsen (1994 – 1999)
  • John Breuskin (2000 – 2009)
  • Charles Unsen (2009 – 2011)
  • John Breuskin (2011 - 2015)
  • Simone Massard-Stitz (zanter 2015)

Interkommunal Syndikater

D'Gemeng Sandweiler ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:

Kuckeswäertes

Bibliographie

  • Sandweiler Notizen Nr 1 erausgi vu redaktioun sandweiler 1083 - 1983,72 Säiten, (Imprimerie Saint-Paul, 1982)
  • Sandweiler Notizen Nr 2 erausgi vu redaktioun sandweiler, 166 Säiten, (Imprimerie Saint-Paul, 1983)
  • Sandweiler Notizen Nr 3 erausgi vu Santwilre, Frënn vum Ale Sandweiler, 197 Säiten, (Imprimerie Joseph Beffort, Lëtzebuerg, 1990)
  • Sandweiler Notizen Nr 4 erausgi vu Santwilre, Frënn vum Ale Sandweiler, 212 Säiten, (Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg, 1992)
  • Sandweiler Biller, Sandweiler Notizen Nr 5 erausgi vun der Gemeng Sandweiler, 237 Säiten, (Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg, 1999)
  • 250 Joer Porkierch Sandweiler, Sandweiler Notizen N°6 erausgi vu Santwilre, Frënn vum ale Sandweiler, 288 Säiten + Fotoen an Dokumenter (Imprimerie Saint-Paul Lëtzebuerg, 2008)

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Gemeng Sandweiler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844

Schabloun:Gemengen am Kanton Lëtzebuerg