Hellege Quirinus
Hellege Quirinus | |
---|---|
De Quirinus am Bode-Musée zu Berlin | |
Titel | |
Titel | Tribun |
Biographie | |
Gebuer |
1. Joerhonnert jul. Roum |
Gestuerwen |
30. Mäerz 116 jul. Roum |
Doudesursaach | Käppen |
Nationalitéit | Réimescht Räich |
Kanner | Balbina vu Roum |
Aner Informatiounen | |
Statut | Helleg |
Gedenkdag | 30. Abrëll |
De Quirinus (och nach Quirinus vu Roum oder Quirinus vun Neuss), an der kathoulescher Kierch als Hellege Quirinus bekannt, gestuerwen ëm d'Joer 115 zu Roum, war e réimeschen Tribun a Märtyrer, dee méi spéit zum Chrëschtentum bekéiert ass.
Den Numm Quirinus kënnt vum laténgesche Wuert quiris (Pl.: quirites) = Bierger.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Der Iwwerliwwerung no war de réimeschen Tribun Quirinus de Prisongsmeeschter vum réimesche Bëschof Alexander I., wéi deen agespaart gouf. Hie gouf zesumme mat senger Duechter Balbina wéinst de wonnerbaren Dote vum Bëschof bekéiert a gedeeft, duerno als Chrëscht verfollegt, no grujelege Foltere gekäppt an an de Katakombe vum Praetextatus op der Via Appia begruewen.
Duerstellung
[änneren | Quelltext änneren]Den Hellege Quirinus huet als Attribut gemenkerhand e Schëld am néng Kugelen an/oder en Héngerdéif. Déi néng Kugele baséieren op der Interpretatioun vum laténgeschen Numm vun der Stad Neuss - Novesia - also vun novem, „néng“.
Veréierung
[änneren | Quelltext änneren]Dem Hellege Quirinus säin Dag ass den 30. Abrëll.
Zënter dem 11. Joerhonnert war de Quirinus de Patréiner vun der Festung an zënter 1455 och vun der Stad Lëtzebuerg. 1666 gouf hie vun de Jesuitte mat der Tréischterin am Leed ersat[1].
Hien ass de Patréiner vun der Stied Neuss a Correggio (Emilia Romagna, Italien) grad ewéi vun de de Ritter, Päerd a Ranner; géint Been- a Foussproblemer, Giicht, Lämung, Schwieren, Hautausschlag, Pescht, Ouerewéi, Krapp, Fistelen, Pouken a Päerdskränkten.
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]Fir un den Hellege Quirinus z'erënneren, ass am Péitrussdall an der Stad Lëtzebuerg eng Strooss no him genannt: d'Rue Saint-Quirin leeft vun der Tilleschgaass laanscht d'Gräinskapell bis bei d'Al Bréck.
D'Gräinskapell zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]D'Gräinskapell heescht och nach Quirinuskapell. So krut den Numm doduerch, datt gesot gouf, d'Reliquie vum hellege Quirinus wären ëm 1050 um Transport vu Roum op Neuss eng Nuecht an der Stad bliwwen. D'Kapell gouf doropshin zu senger Éier genannt[1].
Um Fouss vun der Kapell ass de Quirinus-Buer, vun deem sengem Waasser fréier gesot gouf, et kéint bei Krankheeten, déi vun Hautausschlag begleet sinn, gebraucht ginn.[2] Als éischt gouf d'Quell beim Alexander Wiltheim 1655 ernimmt. Bei enger cheemescher Analys am Joer 1900 gouf festgestallt, datt näischt Extraes am Waasser ze fanne wier.[2]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Saint-Quirin, eng franséisch Gemeng am Departement Moselle
- Lëscht vun de chrëschtlechen Hellegen
- Kierch Bungeref
- Kierch Hengescht
- Kierch Näertrech
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Hellege Quirinus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 (de)Quirinuskapelle. Geschichtsfrënn St. Quirinus a.s.b.l.. Gekuckt de(n) 13.09.2024.
- ↑ 2,0 2,1 Massard, Jos. A., 1985. Wunder in Luxemburg. Lëtzebuerger Almanach 1986: 127-135 (cf. S. 130-131). PDF