Il est un petit pays

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Il est un petit pays
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 1936-1937[1]
Première 14 Mee 1937
Dauer ongeféier 50 Minutten
Faarf Schwaarz-Wäiss
Format 1,37:1
Filmformat 35 mm
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie René Leclère
Dréibuch René Leclère
Fotografie Marcel Grignon
Musek Raymond Legrand
Produzent Henri-N. Vachon
Schauspiller
Micky Damrémont
Marcel Laporte
Liliane Roger
Claude Didier
Marcel Grignon

Il est un petit pays ass e lëtzebuergesche Kuerzfilm vum René Leclère am 35 mm Format (Ratio 1:1,37). De Film, deen a schwaarz-wäiss gedréint ass, ass den éischte Lëtzebuerger Tounfilm.[2][3]

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Film ass en Documentaire iwwer Lëtzebuerg a weist zwee auslännesch Touristen bei engem Ausfluch mam Auto an déi schéinst Ecken aus dem Land.

An der éischter hallwer Stonn vum Film gi d'Natur- an d'Architekturattraktioune baussent der Haaptstad gewisen: Mariendall, d'Fiels, Iechternach, Dikrech, Buerschent, Woltz, Klierf, Veianen, Mondorf, d'Musel an d'Minett.[4] Déi lescht 10 Minutte sinn der Stad Lëtzebuerg gewidmet, mat ënner anerem der Neier an der Aler Bréck, dem Groussherzogleche Palais, der Groussgaass an den Iwwerreschter vun der Festung Lëtzebuerg. Och d'Schueberfouer gëtt gewisen.[2]

Produktiounsgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

1936 huet de Léon Laval-Tudor, deen als Kommissär fir de Lëtzebuerger Pavillon bei der Weltausstellung zu Paräis verantwortlech war a wäitleefeg Famill mam René Leclère war, dee beoptraagt, en touristesche Film iwwer de Grand-Duché ze dréinen.

Déi zwee Toursite sinn d'Micky Damrémont, déi schonn d'Schauspillerin am Leclère sengem Film Un clown dans la rue war, an de Marcel Gruignon, dee fir d'Kamera vum Film verantwortlech war. De franséischsproochege Film gouf vum deemools ganz bekannte franséische Speaker Marcel Laporte (och als "Radiolo" bekannt) erzielt. D'Filmmusek gouf vum Raymon Legrand komposéiert, an d'"Direction musicale" hat de bekannte franséischen Orchesterchef Ray Ventura. De Journalist Evy Friedrich war als Assistent deen eenzeg anere Lëtzebuerger, deen Deel vun der Filmekipp war.[2][5]

De Film gouf iwwer eng Period vun néng Woche gedréint.[5]

Diffusioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Première war an der Stad Lëtzebuerg am Capitole de 14. Mee 1937. Et war eng Gala déi vum Staatsminister an dem Minister fir Ëffentlech Aarbechten an Tourismus organiséiert gouf. Present waren d'Groussherzogin Charlotte, de Staatsminister Joseph Bech, d'Presidentin vun de CIDALC Hélène Vacaresco, an d'Botschafter vu Frankräich, der Belsch, Italien an Däitschland. Den Orchester vu Radio Lëtzebuerg huet fir d'Musek gesuergt.[4]

E gouf a verschiddene Kinoen gewisen, a souguer an e puer Kinossäll zu Paräis, souwéi op der Weltausstellung zu Paräis.

Fir de Film gouf de René mat der neier "Coupe" vun der franséischer Comité International pour la Diffusion des Arts et des Lettres par le Cinéma (CIDALC) fir Dokumentarfilmer ausgezeechent.[6]

Am Joer 1999 huet de Paul Lesch e Buch iwwert de René Leclère a säi Wierk verëffentlecht. Zesumme mam Buch huet den CNA, als Deel vun der Serie "Films made in Luxembourg", siwe Filmer vum Leclère op VHS-Kassett erausbruecht, dorënner Il est un petit pays.[7][8]

Wat sot d'Press?[änneren | Quelltext änneren]

Luxemburger Wort:[9]

Als Gesamteindruck darf man buchen, daß die Folge dieser Bilder, die auf einer Autoreise durch das Land gesammelt wurden, von einer unleugbar starken Wirkung sind, sogar für die Heimatmenschen, die das Land in allen Einzelheiten kennen und doch nicht so gesehen haben, wie dieser Kameramann es durch die Prismen seines Apparates sieht. In bildtechnischer Hinsicht verdient das Werk eine lobenswerte Anerkennung, da es [...] das lebendbewegte, das sich allmählich entschleiernde bevorzugt und so unaufhörlich das Gefühl einer Aktion hervorruft. [...] Der Schnitt ist, abgesehen von etlichen allzu scharfen Uebergängen, durchwegs gut. [...] Es macht wohl den Hauptreiz dieses Filmes aus, dass die Hersteller es verschmähten, in den ausgetretenen Pfaden zu wandeln[.]

Luxembourg: journal du matin:[4]

Le film réalisé par M. René Leclère [...] obtint un vif succès. Il ne faut pas oublier que ce film est destiné à être projeté à l'étranger comme documentaire intercalé et qu'il fallait par conséquent supprimer toutes les longueurs. Quelques critiques: le numéro de la Schobermesse est à refaire; ce qui manque à Clervaux, c'est l'abbaye; ce qui manque à Luxembourg, c'est la famille grand-ducale et une ovation populaire devant le palais de la Grande- Duchesse. M. René Leclère fut vivement félicité à la sortie par nos autorités.

Escher Tageblatt:[10]

Diese herrliche Fahrt in herrliches Land ist eine bezaubernde Reise, die nicht bloss den Naturfreund fesselt, sondern den einzelnen Menschen an sich. Denn jeder Eindruck, den jedes Bild hinterlässt, wirkt wuchtig und einschmeichelnd-sanft zu gleich auf einen ein, lässt Land und Leute, Vergangenheit und Gegenwart anmutig vermischt, zu uns sprechen. [...] Phototechnisch genommen sehen wir Orte und Gegenden, die wir alle kennen, seit langem schon, die uns aber unter Gesichtswinkeln gezeigt werden, die nur ein echter Natur- und Landschaftsfreund finden, wenn nicht erfinden konnte. [...] Nur ein Luxemburger konnte in dieser heimatverwurzelten Ideen-Konzeption diesen Film schaffen. Mehr als diesen einen Satz wollen wir nicht schreiben über den Realisator von «C'est un petit pays...». Wir sind der Ansicht dass er alles besagt, was zu sagen ist.

Josée Hansen, d'Lëtzebuerg Land (1999):[8]

Le plus étonnant dans la forme de ce film de propagande touristique est le récit-cadre, l'angle d'attaque : Leclère introduit son sujet par un speaker de radio qui vante le mérites du pays dans lequel il va aller se promener avec une jolie femme en voiture. Radio Luxembourg n'émet alors que depuis quatre ans, filmer sa technique, son fonctionnement, est alors réellement avant-gardiste. [...] Visuellement, c'est un chef d'oeuvre.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • René Leclère, pionnier du cinéma luxembourgeois, vum Paul Lesch, 1999[7]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. : Notizen zur Woche, Escher Tagebatt, 29. Januar 1937, S. 6
  2. 2,0 2,1 2,2 Ons Stad Nr 62 (cf. ënner "Um Spaweck")
  3. Hémecht, 1. July 2001, [1] Joergank 53, Nr. 3, S. 30
  4. 4,0 4,1 4,2 Il est un petit pays, Luxembourg, 15. Mee 1937, Säit 3
  5. 5,0 5,1 A-Z: Luxemburger illustrierte Wochenschrift Nr 23 (cf. ënner "Um Spaweck")
  6. Biographie vum René Leclerc op autorenlexikon.lu
  7. 7,0 7,1 Biographie vum Leclère mat Kassett vu senger Filmer um Site vum CNA.
  8. 8,0 8,1 luxemburgensia.lu: Il est un petit pays qui n'a partout que des amis vum Josée Hansen (9. Mäerz 2000)
  9. „Il est un petit pays.. ", Luxemburger Wort, 15. Mee 1937, Säit 7
  10. : Il est un petit pays. (Zur Aufführung im Cinema Capitole), Escher Tagebatt, 18. Mee 1937, S. 6