Jean vu Lëtzebuerg
Jean vu Lëtzebuerg | |
---|---|
De Groussherzog Jean (1967) | |
Titelen | |
Lieutenant-Représentant vu Lëtzebuerg | |
Zäit | 1961 bis 1964 |
Groussherzog vu Lëtzebuerg | |
Zäit | 1964 bis 2000 |
Virgänger | Charlotte |
Nofollger | Henri |
Biographie | |
Gebuer |
5. Januar 1921 Schlass Bierg |
Gestuerwen |
23. Abrëll 2019 Lëtzebuerg |
Bestuet mat | Joséphine-Charlotte vun der Belsch |
Papp | Felix vu Bourbon-Parma |
Mamm | Charlotte vu Lëtzebuerg |
Geschwëster | Charles vu Lëtzebuerg, Élisabeth vu Lëtzebuerg, Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg, Marie-Gabrielle vu Lëtzebuerg, Alix vu Lëtzebuerg |
Kanner | Marie-Astrid vu Lëtzebuerg, Henri vu Lëtzebuerg, Jean vu Lëtzebuerg, Margaretha vu Lëtzebuerg, Guillaume vu Lëtzebuerg |
De Jean Benoît Guillaume Robert Antoine Louis Marie Adolphe Marc d'Aviano vu Lëtzebuerg, gebuer de 5. Januar 1921 op Schlass Bierg, a gestuerwen den 23. Abrëll 2019[1],[2], war vun 1964 bis 2000 deen aachte Groussherzog vu Lëtzebuerg.
Liewen
De Prënz Jean koum um Schlass vu Colmer-Bierg als Jong vun der Groussherzogin Charlotte vu Lëtzebuerg an hirem Mann, dem Prënz Felix vu Bourbon-Parma op d'Welt. Säin Dafpätter war de Poopst Benoît XV.
Hien huet säi Lycée zu Lëtzebuerg an zu Ampleforth a Groussbritannien gemaach. De 5. Februar 1939 gouf hien zum Ierfgroussherzog ernannt.
Wéi d'Wehrmacht den 10. Mee 1940 Lëtzebuerg iwwerfall huet, huet e mat senger Famill d'Land verlooss. Hien huet fir d'éischt am Québec gelieft, wou en op d'Universitéit vu Laval goung[3]. Enn 1942 huet hie sech bei den Irish Guards gemellt an eng Militärausbildung zu Aldershot gemaach, no där e Lieutenant (1944) an duerno 1945 Captain gouf. 1947 gouf e vum Déngscht an den Irish Guards fräigestallt. 1984 gouf e vun der Kinnigin vun England zum Colonel ernannt, a konnt an deem Grad bei der traditioneller Truppeparad vum Trooping the Colour nieft der Kinnigin reiden.
Den 11. Juni 1944 ass hien an der Normandie gelant a war bei der Schluecht vu Caen an der Befreiung vu Bréissel dobäi. Den 10. September 1944 war hien, zesumme mat sengem Papp, bei den alliéierten Truppen, wéi déi Lëtzebuerg befreit hunn. Kuerz duerno, bis un d'Enn vum Krich, war de Prënz Jean bei senger Unitéit, déi Arnhem befreit an an der Ardennenoffensiv mat gekämpft huet.
Tëscht dem 24. Abrëll 1951 an dem 28. Abrëll 1961 war de Prënz Jean Member vum Staatsrot[4].
Den 9. Abrëll 1953 huet hie sech mat der Prinzessin Joséphine-Charlotte vun der Belsch bestuet.
Den 28. Abrëll 1961 huet seng Mamm en zum Lieutenant-Représentant ernannt, an den 12. November 1964 koum hien no senger Mamm op den Troun a gouf Groussherzog vu Lëtzebuerg. Dee selwechten Dag krut hien den Titel Generol vun der Lëtzebuerger Arméi.
Iwwer en Drëttel Joerhonnert war hien un der Spëtzt vum Land. De 7. Oktober 2000 huet hien zu Gonschte vu sengem eelste Jong Henri op den Troun verzicht.
De Grand-Duc Jean ass den 23. Abrëll 2019 gestuerwen, nodeems hien déi Woch virdru mat enger Longenentzündung an eng Klinick ageliwwert gi war. De 4. Mee 2019 gouf hien an der Krypta vun der Kathedral bäigesat.
Kanner
- Prinzessin Marie-Astrid, * 17. Februar 1954 ;
- Prënz Henri, * 16. Abrëll 1955 (Groussherzog zanter dem 7. Oktober 2000);
- Prënz Jean, * 15. Mee 1957;
- Prinzessin Margaretha, * 15. Mee 1957;
- Prënz Guillaume, * 1. Mee 1963.
Patronagen an Engagementer
De Groussherzog Jean hat follgend Aufgaben a Chargen iwwerholl:
- Éierepresident vun der Oeuvre des pupilles de la nation;
- Chef-Scout vun der Luxembourg Boy Scouts Association;
- Éierepresident vum Comité olympique et sportif luxembourgeois;
- Member an duerno, vun 1998 un, Éierendoyen vum Comité international olympique;
- Éierepresident vun den Anciens combattants;
- Éierepresident vun der Union des mouvements de la résistance luxembourgeoise;
- Héije Patronage vun der Lëtzebuerger Pompjeesfederatioun.
Militäresch Auszeechnungen
- Médaille Militaire (iwwerreecht am Dezember 2002 an der Kasär um Härebierg);
- Lëtzebuergesch Croix de Guerre mat Palm;
- Lëtzebuergesch Croix de la Résistance;
- Silver Star (USA);
- Franséisch Croix de guerre;
- Belsch Croix de guerre mat Palm;
- Oorlogsherinneringskruis (NL);
- 1939–45 Star (GB);
- France and Germany Star (GB);
- Defence Medal (GB);
- War Medal 1939-1945 (GB).
Aner Gielercher
Nieft de militäreschen Auszeechnungen hat hien eng Abberzuel lëtzebuergesch an auslännesch Auszeechnungen iwwerreecht kritt, dovun ë. a. de Silver Wolf, déi héchst Auszeechnung vun der brittescher Scout Association.
Éierung
Fir de Grand-Duc Jean z'éieren, goufen eng Partie Strukturen zu Lëtzebuerg no him genannt:
- Rue Grand-Duc Jean zu Colmer-Bierg, Ierpeldeng a Rolleng,
- Avenue Grand-Duc Jean op der Cap, um Houwald an zu Ollem,
- Cité Grand-Duc Jean zu Bäreldeng an zu Uewerkäerjeng,
- Caserne Grand-Duc Jean zu Dikrech.
Kuckt och
- Bam vum Prënz Jean am Pescatore-Park an der Stad Lëtzebuerg
- Politesche System vu Lëtzebuerg
Um Spaweck
Commons: Jean vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Son Altesse Royale le Grand-Duc Jean an der Broschür „La famille grand-ducale“, Service Information et Presse, 2001, S. 25-28, ISBN 2-87999-016-5
- De Grand-Duc Jean op der Websäit "monarchie.lu"
- Deklaratioun vum Xavier Bettel nom Doud vum Grand-Duc Jean op gouvernement.lu den 23. Abrëll 2019
- France Clarinval, Stéphane Bern: "Le Grand-Duc Jean était le héros de mon enfance" op 5minutes.rtl.lu den 23. Abrëll 2019
Artikelen op wort.lu:
- Roland Arens, 2019, Einer von uns
- Filmdoku gibt Einblick in das Leben von Großherzog Jean, Documentaire 1989-1990
- Dossier: Großherzog Jean - Symbol und Vorbild, Sammlung vun Artikelen iwwer de Grand-Duc Jean
Artikelen op rtl.lu:
- RIP Grand-Duc Jean - E grousse Staatsmann huet eis fir ëmmer verlooss
- Betraffenheet an Erënnerungen - Reaktiounen op den Doud vum Grand-Duc Jean
- Presserevue - Doud vum Grand-Duc Jean an den nationalen an internationale Medien
- FNEL an LGS an déiwer Trauer - Eng grouss Passioun vum Grand-Duc Jean war déi fir d'Scouten
- Videoen - D'Liewe vum Grand-Duc Jean a beweegte Biller
- Documentaire - Film: Jean, Grand-Duc vu Lëtzebuerg
Virgänger: Charlotte |
Groussherzog vu Lëtzebuerg 1964 - 2000 |
Nofollger: Henri |
Referenzen
- ↑ RIP Grand-Duc Jean - E grousse Staatsmann huet eis fir ëmmer verlooss op rtl.lu den 23. Abrëll 2019, 06:09
- ↑ Message de Son Altesse Royale le Grand-Duc op monrachie.lu den 23. Abrëll 2019
- ↑ (fr)Philippe Bernier Arcand, Les Bourbon-Parme dans les institutions d’enseignement du Québec. Histoire Québec 24–28 (2022). Gekuckt de(n) 26.06.2024.
- ↑ Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
- Groussherzoge vu Lëtzebuerg
- Lëtzebuergesch Genereel
- Haus Lëtzebuerg-Nassau
- Haus Bourbon-Parma
- Membere vum Staatsrot zu Lëtzebuerg
- Ritter vum Nassaueschen Hausuerde vum Gëllene Léiw
- Gebuer 1921
- Gestuerwen 2019
- Groß-Stern des Ehrenzeichens für Verdienste um die Republik Österreich (1952)
- Persounen, déi d'Croix de guerre 1939-1945 kruten
- Lieutenant-Représentantë vu Lëtzebuerg
- Persounen, no deenen eng Struktur zu Lëtzebuerg genannt ass