John Belli

Vu Wikipedia
John Belli
Gebuertsnumm Giovanni Pietro Belli
Gebuer 12. Abrëll 1936
Dikrech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sänger, Dirigent, Synchronspriecher, Theaterschauspiller

Den Giovanni Pietro John Belli, gebuer den 12. Abrëll 1936 zu Dikrech, ass e lëtzebuergesche Sänger a Conferencier.

1937-1952 De John Belli huet seng Kannerzeit zu Ëlwen verbruecht, wou hien an der Musek an am Gesangveräin aktiv war.

1953 war hien zu Dikrech am Gesank an huet Theater gespillt. Hien huet bei villen nationalen an internationale Gesangconcourse matgemaach.

1958 ass hien an de Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg gaangen, an huet bei de Professeren Nic Schuh (Gesang) an Eugène Heinen (Diktioun) studéiert.

1962 ass hie mam Chris Baldo op Tournée op Eupen, Oochen, Köln a Bonn gaangen. 1964 huet hie säin Orchester, de John Belli Sextett, gegrënnt.

An den 1970er Joren huet hie mam Orchester Josy Martin bei der Loterie Nationale gesongen an ass mat ville lëtzebuergeschen Artisten opgetrueden, ënner anerem mat senger Duechter Chantal, mam Angèle Mirkes, Hary Haagen, Fernand Fox, Léon Maier, Colette a Fernand, Greg Denis, Aly a Micky Bintz, Marc Faber, René Pütz, Marcel Jander, Fausti, Fernand a Josiane Gillen, Perol, Arthur Henn a Roger Müller. Do donieft huet hien Hochzäitsmasse mat den Organisten Josy Martin, Albert Leblanc a Mathieu Lamberty gesongen.

1972 huet hien zu Solingen op engem internationale Gesangsconcours "Die Bronzene Note" gewonnen. Hie gouf do vun der Plackefirma HERKA(D) entdeckt an huet fir si vun 1972 bis 1995 gesongen, op CDe, wéi z. B. Wir grüßen alle, Bunter Melodienmix an The Best of Super Trucker Song nieft dem Tom Astor, Johny Hill a Gunter Gabriel.

1973 ass hie mam Marcel Jander,Angèle Mirkes a Josée Wilmes op enger duebeler LP E schéinen Owend mam Greg Denis. 1978 séngt hie mam Camillo, Emile Berna, Emelie Cao-Foubert, Jeannot Linden a.v.a. op enger duebeler LP mat Dicks-Operette mam groussen Orchester vun RTL, dem spéideren OPL.

1987" Eng Rees an d'Ländchen" MC bei Luxembourg-Sound mam Angèle Mirkes,Christiane Raach a J.Belli

1989" Bei ons am Ländchen" MC bei Luxembourg-Sound mam Angèle Mirkes,Christiane Raach a J.Belli

Vun 1989 bis 1997 huet hien d'Animatioun vun der Nationalloterie gemaach, déi hie vum Fernand Wark iwwerholl hat. Zanterhier animéiert a séngt en op Rentner- an Amiperasfeieren, schwätzt Reklammespoten, mécht Synchronisatiounen, wéi z. B. bei den Zeechentrickfilmer De Kleesche mat der Mutz an Tristan an Isolde, a mécht Radiossendunge bei Lokalradioen.

1992 huet de Jang Linster mam John Belli, Fernand Fox, Jang Zeimet, Susy Lentz, a.v.a. fir de 25. Anniversaire vum Wäifescht Schwéidsbeng den CD Erbäi dir Bacchusbréider produzéiert.

2009 Produzeiert de Jang Linster mam John Belli den DVD "LETZKULTI" letzebuergesche KARAOKE"

Den 10.Oktober 2009 krut de John Belli de Kulturpräis vun der Gemeng Nidderkäerjeng iwwerreecht.

CDen (Auswiel)

  • John Belli 65
  • Ech wënschen dir e schéinen Dag

Kuckt och