LUGA 2025

Vu Wikipedia

D'Lëtzebuerger Gaardenausstellung 2025, gekierzt LUGA 2025 ((en) Luxembourg Urban Garden[1]), ass déi éischt national Gaardenausstellung déi um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg - haaptsächlech an der Péitruss, am Stater Park, am Pescatore-Park, an de Quartiere Clausen, Gronn a Pafendall grad ewéi um Kierchbierger Plateau - organiséiert gëtt. Si war ursprénglech fir 2023, tëscht dem 23. Abrëll an dem 23. Oktober geplangt, huet awer am Oktober 2021 missen, wéinst de Suittë vun der COVID-Pandemie, an engem Budget, dee vun 10 op 22 Millioune geklommen ass, ëm zwee Joer no hanne verréckelt ginn.[2]

D'LUGA 2025 soll net just eng reng Gaardenausstellung ginn, mä ë. a. sollen den Image vun de grénge Beruffer, de Gaardebau, de Wäibau a déi landwirtschaftlech Produiten aus dem Land an d'Vitrinn gestallt ginn. Et geet och drëm, fir de Bewosstsinn fir méi Ekologie an de Stied an an den Dierfer eropzesetzen a fir de Sujet vun der Ëmwelterzéiung ze thematiséieren.

Am Géigesaz zu änleche Manifestatiounen am Ausland ass d'LUGA, mat Ausnam vu bestëmmte Manifestatiounen, grondsätzlech gratis a fräi zougänglech.

Et gëtt mat enger hallwer Millioun Visiteure gerechent[3].

Konzept a Veranstaltungsplazen[änneren | Quelltext änneren]

Déi véier Haaptsujete sinn:

Natur a Gesellschaft: Stater Park, Pescatore-Park[änneren | Quelltext änneren]

Bedeelegung vun der Bevëlkerung beim Ubau vu Kulturplanzen op fräiwëlleger Basis, Promotioun vu Gemeinschaftsgäert, Manifestatiounen am Beräich Gesondheet a Sport, Schoulgäert, dynamesch Beliichtung.

Natur pur: Péitrussdall[änneren | Quelltext änneren]

Renaturéierung vun der Péitruss, Aartendiversitéit an Ekologie, Verschéinerung ronderëm d'Haaptstroossen, Déiereschutz, Notze vum Waasser; Dekoratioun a Moderniséierung vun der Beliichtung am Aquatunnel.

Natur a Kultur: Clausen, Gronn a Pafendall[änneren | Quelltext änneren]

Verschéinerung vun der Festung, Naturereegnisser an de Kasematten, Manifestatioune ronderëm de Mansfeld an iwwer d'Rousen, Museksinstallatiounen, Beliichtung duerch regenerativ Energiequellen.

Natur a Stadentwécklung: Kierchbierg[änneren | Quelltext änneren]

Arboretummen, Geseems, Urban Greening, Vertical Greening an Zukunftstechnologien, Gréngs op den Diech an an de Bannenhäff.

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Gaardenausstellung gëtt vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung a vun der Stad Lëtzebuerg an enker Zesummenaarbecht mam Ministère fir Tourismus, mam Ministère fir Kultur, der Inspection générale des finances an der Fédération horticole organiséiert.

Fir d'Manifestatioun op Basis vun enger étude de faisabilité vum Büro „Neumann & Gusenburger” vun 2016 ze plangen, ze organiséieren an ze betreien, gouf d'Asbl LUGA 2023 gegrënnt. Hire Verwaltungsrot besteet aus aacht Memberen, wouvun der véier vum Staat a véier vun der Stater Gemeng sinn. Dobäi kënnt nach e Member vun der Fédération horticole, deen awer just eng Beobachterfunktioun huet. D'Presidence vum Verwaltungsrot gëtt ofwiesselend fir ee Joer vun engem Member vum Staat a vun der Stad assuréiert. D'Asbl gëtt Enn 2025 opgeléist[4].

Finanzen[änneren | Quelltext änneren]

De Budget vun der LUGA 2023 Asbl war ufanks op 10 Milliounen Euro ugesat, déi zu gläichen Deeler vun der Stad Lëtzebuerg a vum Landwirtschaftsministère bäigesteiert ginn. Dës Sue géife fir d'Personal-, d'Verwaltungs- a Betribskäschten, fir d'Koordinatioun vun der LUGA, fir Hiwäisschëlter, fir d'Kommunikatiouns- an d'Ëffentlechkeetsaarbecht a fir d'Kofinanzéierung vu verschiddene Projete gebraucht. 2021 gouf däitlech, dass op d'mannst 22 Millioune gebraucht géifen.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Diane Lecorsais, Eine Vitrine für das Grüne - Von Mai bis Oktober 2023 soll die Luxemburger Gartenschau Bürger und Besucher begeistern am Luxemburger Wort vum 19. Juli 2019, S. 19 an ënnert dem Titel Eine Gartenschau für Luxemburg op wortl.lu

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Luxembourg Urban Garden. luga2023.lu. Gekuckt de(n) 25.09.2020.
  2. 2,0 2,1 "Gaardenausstellung LUGA net 2023, ma eréischt 2025." rtl.lu, 11.10.2021.
  3. Erste große nationale Gartenschau im Jahr 2023 in Luxemburg-Stadt! op gouvernement.lu, fir d'lescht gekuckt den 20. Juli 2019
  4. LUGA 2023 A.s.b.l. agedroen de 27. Juni 2019 am Handelsregëster ënnert der Nummer F12354; gekuckt op lbr.lu den 20. Juli 2019