Louis XIV. vu Frankräich
Louis XIV. vu Frankräich | |
---|---|
Titelen | |
Kinnek vu Frankräich an Navarra | |
Zäit | Vu 1643 bis 1715 |
Biographie | |
Gebuer |
5. September 1638 Schlass vu Saint-Germain-en-Laye |
Gestuerwen |
1. September 1715 Schlass vu Versailles |
Bestuet mat |
Maria Theresia vun Éisträich, Madame de Maintenon |
Liewenspartner | Louise de La Vallière, Madame de Montespan, Claude de Vin des Œillets, Olympia Mancini |
Papp | Louis XIII. vu Frankräich |
Mamm | Anna vun Éisträich |
Geschwëster | Philippe vun Orléans |
Kanner | Louis vu Frankräich, Marie-Thérèse, Philippe-Charles, Anne-Élisabeth, Marie-Anne, Louis François, Françoise-Marie vu Bourbon, Louise Françoise, Louis-Auguste, Louis vu Bourbon, Louis César, Louise Marie Anne, Marie Anne, Louise, Charles Louis, Louis-Alexandre |
De Louis XIV. de Sonnekinnek, gebuer de 5. September 1638 zu Saint-Germain-en-Laye, a gestuerwen den 1. September 1715 zu Versailles, war zanter 1643 Kinnek vu Frankräich an Navarra.
Mat enger Regentschaft vun 72 Joer war hien deen Herrscher aus der Neizäit deen am längsten um Troun souz. De Louis XIV. gëllt als klassesche Vertrieder vum Absolutismus. Hien huet d'Muecht vun der Kroun duerch en Ausbau vun der Administratioun, d'Bekämpfung vun der Oppositioun am Land an d'Fërderung vun der franséischer Wirtschaft gefestegt. D'Kultur vum Haff gouf ganz un d'Persoun vum Herrscher ugepasst. Säi pompéisen Optrëtt gouf zum Symbol fir seng Plaz. De Sonnekinnek huet sech och fir d'Konscht a fir d'Wëssenschaft intresséiert, an d'franséisch Kultur ass opgebléit. D'Aussepolitik vum Louis XIV. war aggressiv, a Frankräich konnt ënner dem Sonnekinnek seng Hegemonie iwwer Europa ausbauen.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Gebuert
[änneren | Quelltext änneren]D'Gebuert vum Louis XIV. zu Saint-Germain-en-Laye war fir vill Leit e glécklecht Evenement, well 23 Joer laang war d'Bestietnes vu sengen Elteren Louis XIII. an Anna vun Éisträich ouni Nokomme bliwwen. Duerch seng Gebuert gouf de Jean-Baptiste Gaston vun Orléans vun der Trounfolleg ausgeschloss. Aus Dankbarkeet krut de Kinnek dee frësch op d'Welt komm war de Bäinumm Dieudonné. Säi Brudder, de Philippe vun Orléans koum 1640 op d'Welt.
Regentschaft
[änneren | Quelltext änneren]Am Alter vu 4 Joer koum de Louis de 14. Mee 1643 nom Doud vu sengem Papp op den Troun. Bis zu senger Groussjäregkeet (am deemolege Frankräich mat 13 Joer) 1651 huet seng Mamm d'Regence iwwerholl. D'tatsächlech Muecht hat awer de Minister a Kardinol Mazarin. De Mazarin huet de Louis op seng Roll als absolutisteschen Herrscher virbereet; de jonke Kinnek gouf lues a lues un der Muecht bedeelegt an huet sech schliisslech d'Verantwortung mam Mazarin gedeelt. Duerch d'aussepolitesch Succèse vum Richelieu a Mazarin politesch gestäerkt, huet de Louis d'absolutistescht Kinnegtum mat barockem Afloss a Frankräich weider ausgebaut, an dat mat engem Liewen um Haff wat ganz op d'Persoun vum Herrscher zougeschnidde war. Nom Fridde vu Westfalen um Enn vum Drëssegjärege Krich 1648 an dem Traité vun de Pyrenäe mat Spuenien 1659 war Frankräich déi politesch a militäresch Virmuecht an Europa.
Ënnerstëtzt vu Ministere wéi dem Colbert, Louvois, Hugues de Lionne, Vauban a Pomponne huet hien de staatleche Muechtapparat konzentréiert, an d'militäresch, institutionell a materiell Grondlage vun der Muecht vun der franséischer Monarchie erweidert. D'Verfollgung vun den Hugenotten, säi Sträit mam Poopst an de Spueneschen Ierffollegkrich hu sech negativ op seng Herrschaft ausgewierkt. De Spueneschen Ierffollegkrich huet duerch d'Häert vun de Kämpf 1713 bal zu engem Staatsbankrott gefouert, deen nëmmen duerch eng Finanzreform a massiivt Spuere konnt verhënnert ginn.
Doud
[änneren | Quelltext änneren]De Louis huet säi Jong a säin eelsten Enkel iwwerlieft, an ass den 1. September 1715 um véierel op aacht moies gestuerwen. Säin Urenkel koum mat nëmme 5 Joer ënner dem Titel Louis XV. op den Troun.
Begruewe gouf de Louis XIV. an der Krypta vun de Bourbonen an der Basilika Saint-Denis.
No sengem Doud
[änneren | Quelltext änneren]1793 gouf säi Kierper mat dem vun den anere Kinneke "profanéiert" an an e Gruef gehäit. D'abalsaméiert Häerz gouf an d'Jesuittekierch vun der Rue St. Antoine zu Paräis bruecht, an nieft d'Häerz vu sengem Papp gestallt. Wärend der Restauratioun sinn all d'Häerzer vum Kinnekshaus op Saint Denis an d'Krypta bruecht ginn.
Konscht
[änneren | Quelltext änneren]De Louis XIV. gëtt als grousse Fërderer vun der Konscht ugesinn. Besonnesch fir d'Literatur, fir d'Architektur a fir an d'Musek ass d'17. Joerhonnert eng wichteg Zäit fir Frankräich a gëtt dofir dacks als Grand Siècle (Grousst Joerhonnert) ugesinn. Bekannt Perséinlechkeeten aus där Zäit sinn de Molière, de Racine, de Corneille, de Boilleau, de Mansart, de Le Vau, de Lully an de Couperin.
Ënner dem Louis XIV. gëtt d'Schlass vun Versailles och massiv ausgebaut, an gëtt ee vun de gréisste Paläst an Europa.
De Louis XIV a Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]D'Arméi vum Louis XIV. huet d'Stad Lëtzebuerg den 3. Juni 1684 eruewert. De Vauban huet dobäi eng wichteg Roll gespillt. Bis dohinner war Lëtzebuerg ënnert Spuenescher Herrschaft.
De Louis XIV. huet vum 21. bis de 26. Mee 1687 Lëtzebuerg besicht, ënner anerem begleet vun senger Fra Madame de Maintenon, dem Louvois, dem Racine an dem Père Lachaise.
Duerno ass Lëtzebuerg bis zum Traité vu Rijswijk 1697 franséisch bliwwen.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Mémoires pour l'instruction du Dauphin.
- Manière de montrer les jardins de Versailles.
Kanner
[änneren | Quelltext änneren]Mat der Maria Theresia vun Éisträich:
- Louis vu Frankräich (* 1. November 1661; † 1711)
- Anne Elisabeth vu Frankräich (* 18. November 1662; † 1662)
- Marie Anne vu Frankräich (* 16. November 1664; † 1664)
- Marie Thérèse vu Frankräich (* 1667; † 1672)
- Philippe Charles vu Frankräich (* 1668; † 1671), Herzog vun Anjou (1668–1671)
- Louis François vu Frankräich (* 1672; † 1672), Herzog vun Anjou (1672)
Niewelaanscht Kanner
[änneren | Quelltext änneren]Mat der Louise de La Vallière:
- Charles (* 19. November 1663; † 1665)
- Philippe (* 1665; † 7. Januar1666)
- Marie Anne de Bourbon (* 1666; † 2. Oktober1739)
- Louis de Bourbon, Grof vu Vermandois (* 1667; † 1683) 3. Oktober
Mat der Madame de Montespan:
- Louis Auguste de Bourbon, Herzog vu Maine (* 31. Mäerz 1670; † 14. Mai 1736)
- Louis Cesar de Bourbon, Grof vu Vexin (* 1672; † 10. Januar 1683)
- Louise Françoise de Bourbon, mademoiselle de Nantes, (* 1673; † 1. Juni16. Juni 1743)
- Louise Marie Anne de Bourbon (* 12. November 1674; † 15. September 1681)
- Françoise Marie de Bourbon (* 9. Februar1677; † 1. Februar 1749)
- Louis Alexandre de Bourbon, Grof vun Toulouse, (* 1678; † 6. Juni1. Dezember 1737)
Mat der Marie-Angélique de Scoraille:
- Ee Bouf (*† 1679)
Genealogie
[änneren | Quelltext änneren]┌──> Antoine de Bourbon (1518–1562) │ Herzog vu Bourbon, Vendôme a Beaumont │ ┌──> Henri IV. (1553–1610) │ Kinnek vun Navarra a Frankräich │ │ │ └──> Jeanne d'Albret (1529–1572), Jeanne III. │ Kinnigin vun Navarra │ ┌──> Louis XIII. (1601–1643), le Juste │ Kinnek vu Frankräich an Navarra │ │ │ │ ┌──> Francesco I. (1541–1587), │ │ │ Groussherzog vun der Toskana │ │ │ │ └──> Maria vu Medici (1575–1642) │ Regentin vu Frankräich │ │ │ └──> Jeanne (1546–1578) │ Äerzherzogin Éisträich, Prinzessin vun Ungarn a Béimen │ Louis XIV. (1638–1715), le Roi Soleil Kinnek vu Frankräich an Navarra │ │ ┌──> Felipe II. (1527–1598), │ │ Kinnek vu Spuenien a Portugal, Äerzherzog vun Éisträich │ │ │ ┌──> Felipe III. (1578–1621) │ │ Kinnek vu Spuenien a Portugal, Äerzherzog vun Éisträich │ │ │ │ │ └──> Anna (1549–1580), │ │ Äerzherzogin vun Éisträich │ │ └──> Anne (1601–1666), Regentin vu Frankräich, Infantin vu Spuenien a Portugal, Äerzherzogin vun Éisträich │ │ ┌──> Karl II. (1540–1590) │ │ Äerzherzog vun Éisträich, Herzog vun der Steiermark, Prënz vun Ungarn a Béimen │ │ └──> Margarete (1584–1611), Äerzherzogin vun Éisträich │ └──> Maria vu Bayern (1551–1608)
...
Éierung
[änneren | Quelltext änneren]Fir un de Sonnekinnek Louis XIV. z'erënneren, gouf zu Märel an der Stad Lëtzebuerg eng Strooss no him genannt: d'Rue Louis XIV ass eng parallel Strooss tëscht der Avenue du X septembre an der Rue Charles-Quint.
Literatur zum Theema
[änneren | Quelltext änneren]Biographien
[änneren | Quelltext änneren]- Michel Antoine, Louis XIV', Paräis, Fayard, 2001
- Olivier Bernier, Ludwig XIV: die Biographie. Düsseldorf, Albatross, 2003, ISBN 3-491-96085-1
- Francois Bluche, Louis XIV. Paräis, Fayard, 1993
- Philippe Erlanger, Ludwig XIV. Das Leben eines Sonnenkönigs. Frankfurt am Main, 1996
- Pierre Gaxotte, Ludwig XIV. Frankreichs Aufstieg in Europa., München 1951
- Geoffrey R. Treasure, Louis XIV. Harlow, Longman, 2001
- W. H. Lewis, Ludwig XIV. Der Sonnenkönig. Tübingen 1989
- Bernd-Rüdiger Schwesig, Ludwig XIV. mit Selbstzeugnissen und Bilddokumenten. Hamburg 1998
Politik an Zäit vum Louis XIV.
[änneren | Quelltext änneren]- Peter Burke, Ludwig XIV. Die Inszenierung des Sonnenkönig. Frankfurt am Main, 1996, ISBN 3-8031-2412-3
- Joel Cornette, Chronique du Règne de Louis XIV. Paräis 1997
- Pierre Goubert, Ludwig XIV. und zwanzig Millionen Franzosen. Berlin 1973
- Ragnhild Hatton, Europe in the Age of Louis XIV. London 1996
- Andrew Lossky, Louis XIV. and the French Monarchy. London 1992
- Wolfgang Mager, Frankreich vom Ancien Régime zur Moderne 1630–1830, Stuttgart 1980
- Klaus Malettke, Ludwig XIV. von Frankreich, Leben, Politik und Leistung. Göttingen 1998, ISBN 3-7881-0143-1
- Leopold von Ranke, Französische Geschichte vornehmlich im XVI. und XVII. Jahrhundert. Stuttgart 1954
- Voltaire, Le siècle de Louis XIV. Paräis, Union, 1962
Konscht an Architektur
[änneren | Quelltext änneren]- Pierre-André Lablaude, Die Gärten von Versailles. Worms 1995
- Vincent Maroteaux, Marly – L'autre Palais du Soleil, Paräis 2002
- Alain Mérot, La peinture française au XVIIe siècle. Paräis 1994
- Érik Orsenna, Andrè Le Nôtre – Der Gärtner von Versailles, München 2001
- Jean-Marie Pérouse de Montclos, Versailles. Köln 1996
- Jean-Marie Pérouse de Montclos, Vaux-le-Vicomte. London 1997
- Orest Ranum, Paris in the Age of Absolutism. Pennsylvania 2002
- Andrew Trout, City on the Seine – Paris in the Time of Richelieu and Louis XIV., New York 1996
Militär a Kricher
[änneren | Quelltext änneren]- Daniel Dessert, La Royale – Vaisseaux et marins du Roi-Soleil, Paräis 1996
- John A. Lynn, Giant of the Grand Siècle – The French Army 1610–1715, New York 1997
- John A. Lynn, The French Wars 1667–1714, The Sun King at War, Oxford 2002
- John A. Lynn, The Wars of Louis XIV. 1667–1714, London 1999. ISBN 0-582-05629-2
- Paul Sonnino, Louis XIV. and the origins of the Dutch War. Cambridge 1988
Historesch Quellen
[änneren | Quelltext änneren]- Elisabeth Charlotte vun der Pfalz, Herzogin vun Orléans, Madame: Die Briefe der Liselotte, München 1979
- Kardinol vu Retz, Aus den Memoiren. Frankfurt 1964
- Louis Herzog vu Saint-Simon, Der Hof Ludwig XIV. Nach den Denkwürdigkeiten des Herzogs von Saint-Simon. München 1999
- Ézéchiel Spanheim, Relation de la Cour de France. Paräis 1973
- Primi Visconti, Mémoires sur la cour de Louis XIV.. Paräis 1981
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Drëssegjärege Krich
- Fronde
- Absolutismus
- Edikt vu Fontainebleau
- Openthalt vum Louis XIV. vu Frankräich zu Lëtzebuerg
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Louis XIV. – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Virgänger: Louis XIII. |
Kinnek vu Frankräich 1643 - 1715 |
Nofollger: Louis XV. |