Meuse-Musel-Kanal

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Ourthe-Kanal)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
De Kanal zu Bernistap an Direktioun Tunnel gekuckt
De Kanal zu Bernistap vun der Bréck aus flossof gekuckt
Zu Soller erënnert nach eng Strooss un de Bau.

De Meuse-Musel-Kanal oder Ourthe-Kanal (fr: Canal de Meuse et Moselle oder Canal de l'Ourthe) war e Projet, deen 1827 drop an dru war, realiséiert ze ginn, an deen dora bestoung, e schëffbare Kanal tëscht der Meuse an der Musel, queesch duerch d'Ardennen, ze bauen. En hätt haaptsächlech sollen iwwer d'Flëss Ourthe, Klierf a Sauer goen. Déi Belsch Revolutioun an d'Opkomme vun der Eisebunn hunn de Projet zum Echec bruecht.

D'Pläng an Tracé[änneren | Quelltext änneren]

De Plang geet op d'Bestriewunge vum Wëllem I. vun Holland zréck, déi ekonomesch benodeelegt Regiounen vu sengem Kinnekräich z'ëntwéckelen. Lëtzebuerg, dat vun Holland aus gekuckt "den Honn hanne" louch, huet dozou gezielt. Eng wichteg Roll hunn dobäi den Ausbau vu Waasserstroosse gespillt.

Den Ingenieur Remy De Puydt, dee grad d'Sambre kanaliséiert hat, huet de Projet vum Meuse-Musel-Kanal dem Kinnek virgestallt. Finanzéiert hätt e solle vun der Société générale ginn.

Déi éischt Reaktiounen op de Projet waren awer negativ: et huet ze vill geckeg geklongen, e Parcours vun 300 km, tëscht Léck a Waasserbëlleg, queesch duerch d'Ardennen, ze bauen. Och wann d'Société générale kal Féiss kritt hat, sou hunn dach 5 vun hire Societairen d'Société du Luxembourg gegrënnt, fir de Projet duerchzezéien. Duerch eng Souscriptioun huet se mat Krämpes déi néideg 10 Millioune Gulden zesummekritt, allerdéngs eréischt, wéi de Kinnek Wëllem déi allermeescht Aktien (500 Stéck) selwer kaaft hat; um Marché ware just eng 120 Aktie verkaaft ginn.

D'Société du Luxembourg huet am Juli 1827 vum Hollännesche Staat fir ëmmer d'Konzessioun kritt, de Kanal z'exploitéieren, allerdéngs ënner der Bedingung, datt en a 5 Joer sollt fäerdeg sinn. Kuerz drop goungen d'Aarbechten un.

De Projet ass awer kuerz duerno duerch d'belsch Revolution gestoppt ginn, an eréischt e puer Joer duerno ass eng Partie vum Kanal bis op Comblain-au Pont gebaut ginn.

17 Schleisen si gebaut ginn, en etlecher bestinn nach haut, anerer sinn zougetippt ginn oder ofgerappt ginn, eng grouss Partie vum Kanal ass och zougetippt ginn nom Zweete Weltkrich an et si Stroossen drop gebaut ginn (z. B. zu Hony an zu Esneux). Eng Schleis fontionnéiert haut nach an zwar d'Schléiss N°1 zu Angleur, do wou de Kanal an d'Meuse leeft.

Den Tracé.

Vun Angleur bei Léck aus sollt de Kanal dem Laf vun der Ourthe no goen, laanscht Durbuy, La Roche an Houffalize. Tëscht Hony an Esneux war eng Ofkierzung durch en Tunnel virgesinn.

Den Tracé huet virgesinn, 684 Meter Héichtenënnerscheed z'iwwerwannen: 379 op der Säit vun der Meuse an 305 op der Säit vun der Musel. 205 Schleise sollten dofir gebaut ginn, dozou Verstäerkunge vun den Uwänner, d'Baue vu Stauwierker (fir e gläichméissegen Debit ze garantéieren) an d'Uleeë vun Halterweeër. D'Pièce-maîtresse sollt en 2,5 km laangen Tunnel sinn, deen ënner deem héchste Punkt ze gruewe war, ënner der Waasserscheed - an der haiteger Grenz tëscht der Belsch a Lëtzebuerg - erduerch, tëscht Bernistap (bei Tavigny) an Houfelt.

Op der Houfelter Säit sollt de Kanal dann duerch e puer Baachen, dorënner d'Emeschbaach an d'Trëtterbaach, bis an d'Wolz, duerno an d'Klierf goen, dann dës erof bis op Kautebaach, a vun do d'Wolz an d'Sauer erof bis duer, wou déi an d'Musel leeft.

Den Tunnel[änneren | Quelltext änneren]

Tunnel bei Bernistap

D'Aarbechten um Tunnel bei Bernistap hunn dann och ugefaangen; fir d'éischt si Schächt gegruewe ginn, fir den Ënnergrond ze sondéieren, dunn ass vun der Westsäit aus den Tunnel an Ugrëff geholl ginn: 3 m breet a 4 m héich. Ongeféier 1 Meter sinn d'Aarbechten am Dag virukomm; vill Kanner aus der Ëmgéigend hunn do um Schantje geschafft, fir d'Gestengs erauszedroen.

Wéi d'Belsch Revolutioun ausgebrach ass, an och an de Méint duerno, sinn d'Aarbechten um Tunnel virugaangen, och, wéi den De Puydt 1830 als Lieutenant-colonel an déi nei gegrënnte belsch Arméi op Mons ofcommandéiert gouf.

Am Mee 1831, wéi d'Situatioun vum Status vu Lëtzebuerg alles anescht wéi kloer war, waren d'Actionnaire vun der Société du Luxembourg dunn net méi bereet, hir Sue fräizeginn; d'Aarbechten hunn, nodeem 1130 Meter Tunnel gebaut gi war, stall gehalen. Wéi 1839 d'Grenz tëscht der Belsch a Lëtzebuerg fir zerguttst festgeluecht war, ass de Projet definitiv fale gelooss ginn.

8 Joer drop sinn d'Kanalisatiounsaarbechten awer nees opgeholl ginn, allerdéngs just am Ënnerlaf vun der Ourthe bis op La Roche. 1847 krut deen Deel dann och den Numm Ourthe-Kanal.

D'Terrainen, déi expropriéiert gi waren, goufen nees verkaaft, d'Société du Luxembourg opgeléist an de Schantjen der Natur iwwerlooss.

Zu Lëtzebuerg ass als Zeie vun deem Projet haut nach den Houfelter Kanal ze gesinn, deen duerch d'Waasser vun de Kalburen gespeist gëtt, an deen do ugeluecht gi war, wou den Tunnel erëm un d'Dagesluucht hätt solle kommen.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Houfelter Kanal

D'Schleisen[änneren | Quelltext änneren]

Schleis Nr 1 zu Angleur, ënnescht Schleisepaart
Schleis Nr 1 mam Schleisewiechterhaischen
Hausbooter um Ourthe-Kanal vun der Marcotty-Bréck aus gesinn

N° 1 Angleur

Dëst ass die éischt Schleis ongeféier 50 Meter vun der Meuse ewech. Hei fänkt de Kanal un a si steet dofir um p.k. 0,00. Si gouf 1847 an Déngscht gestallt, gouf 1944 am Krich zerstéiert an 1945 erëm opgebaut. Et ass déi eenzeg Schleis um Kanal bei där d'Schleisepaarten nach funtionéieren. Um ieweschte Schleisekanal bis op d'Héicht vun der Marcotty-Bréck leien Hausbooter an déi desaffektéiert belsch Vedette Rupel.

Schleis N°2 oder Schleis vu Chênée ënnescht Paart
Schleis N° 2: Siicht an d'Schleis
Schleis N° 2 de Schleisekanal flossopwärts
Schleis N° 2: Iewescht Entrée an de Schleisekanal zu Chênée

N° 2 Chênée

D'Schleis vu Chênéé steet um P.K. 1,53. Se gouf 1847 gebaut an huet nach bis an d'Fofzegerjore funktionéiert.

Schleis N° 3 oder Schleis vu Streupas sou wéi se haut ass
Schleis N° 3 oder Streupas: Siicht an den ieweschte Schleisekanal
D'Wier vun der Schleis N° 3 garantéiert d'Héicht vum Waasser
De Kapp op der Entrée an de Schleisekanal

N° 3 Streupas

D'Schleis vu Streupas steet um P.K. 3,77. D'Schleis gouf ofgerappt an op der Plaz vun der ënneschter Schleisepaart gouf e Wier agebaut fir den Niveau un dee vum Haaptwier op der Ourthe unzepassen, fir datt d'Baach am Summer net soll dréchelafen.

Den Däich bei der Schleis Sauheid
Schleis N° 5 oder och Schleis vu Colonster 2014.

N° 4 Sauheid

Schleis vun der Sauheid steet um p.k. 4,59. D'Schleisekummer ass nach do, d'Paarte feelen an d'Waasser gëtt mat Schëtzbrieder bis op den Niveau vum Haaptwier gestaut.

N° 5 Colonster

D' Schleis vu Colonster war um P.K. 6,03. D'Schleis gouf duerch en automatescht beweeglecht Wier ersat.

N° 6 Sainval

Dat fréiert Wier vum Schleisekanal
Den zougetippte Kanal, riets d'Haus vum Schleisewiechter

Ass um p.k. 7,83; de Schleisekanal no uewen ass zougetippt an et geet eng Strooss driwwer bis bei d'Schwämm vun Tilff. D'Schleisewiechterhaus steet nach do an ass och bewunnt.

N° 7 Tilff Ass um p.k. 8,88; hei ass d'Schleis och zougetippt, d'Haus vum Schleisewiechter steet nach do, an um um Kapp vun der Schleis besteet nach den ënneschten Däich dee schif zum Schleisekanal gebaut war; 500 Meter méi wäit ass e Wier dat am Bett vun der Ourthe gebaut war an och elo nach gutt an der Rei ass.

N° 8 St. Anne Ass um p.k. 11,86.

N° 9 Mery Vu Mery bis op Hony ass de Kanal zougetippt an et geet eng Strooss driwwer.

N°10 Hony Vun Hony u sinn d'Schëffer e klengt Stéck op der Ourthe gefuer bis virun d'Schleis N° 11. Vun hei un ass och erëm alles zougetippt.

Den Halterwee ass och hei op déi riets Säit gewiesselt soudatt d'Päerd déi d'Schëffer gezunn hu mat enger Fär misste vun enger Säit op déi aner gefouert ginn.

Am Haus vum Schleisewiechter ass haut en Zeitungsbuttek

N°11 La Roche au Faucon D'Schleisewiechterhaischen steet nach do an ass och bewunnt, d'Schleiss ass zougetippt, awer et gesäit een nach gutt wou se war.

N°12 Devant Rosières D'selwecht wéi N° 11.

N°13 Esneux Hei ass vum Kapp vum ënneschte Schleisekanal bei Lavaux alles zougetippt bis hanner d'Schleis vun Evieux.

D'Schleis vun Esneux ass eréischt nom Krich ofgerappt an zougetippt ginn. Do wou d'Schleis war ass haut eng Parkplaz an eng Strooss virun der Gare vun Esneux. Am Krich war e Camion mat US-amerikaneschen Zaldoten dragetrollt a si sinn all erdronk.

N°14 Evieux Vun Esneux un huet de Kanal scho vun 1917 un net méi funktionéiert. En ass zougetippt an et geet eng Strooss driwwer.

Et gesäit een nach just den ieweschte Kapp vum Schleisekanal bei La Gombe an d'Haische vum Schleisewiechter steet nach an ass och bewunnt.

N°15 Poulseur

Schleis vu Poulseur

Bis Poulseur sinn d'Schëffer erëm iwwer d'Ourthe gefuer, den ënneschte Schleisekanal vun ongeféier 300 Meter virun der Schleis ass nach do awer versuppt, d'Schleis besteet och nach, awer et si keng Paarten dran an de Waasserniveau gëtt duerch Schëtzbrieder stabil gehalen. Am Schleisenwiechterhaische wunnt elo de Fierschter. Laanscht den ieweschte Schleisekanal hann ee mam Vëlo oder zu Fouss bis bei d'Schleis vu Chanxe kommen.

N°16 Embierir (Chanxe) D'Schleis vu Chanxe ass e Komplex mat zwou Schleisen. Hanner der Schleis huet de Kanal an Direktioun Poulseur säin Uschloss a vun deem gett no enger 20 Meter e Säitekanal deen och eng Schleis hat, fort op d'Ourthe. D'Wier an d'Afart fir an d'Schleis si ronn 600 Meter flossop bei der Bréck fir an d'Rue de Rivage.

N°17 Douxflamme (Comblain) Do steet och nach dem Wiechter säin Haus.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Pol Weber, Un canal de jonction Meuse-Moselle sous le régime hollandais ?; in: Glain et Salm, Haute Ardenne, Nr. 10, Juni 1979, Ss. 56-70 & Nr. 11, Dezember 1979, Ss. 34-61 (ill.).
  • Groupe spéléologique luxembourgeois: Höhlen - Luxemburgs geheimnisvolle Unterwelt; Éditions Schortgen, 2009 (ISBN 978-2-87953-078-9); vgl. Ss. 140-154: Jean-Claude Asselborn, Der geheimnisvolle unterirdische Kanal in den Ardennen - Von der Maas zur Mosel.
  • Marc Bernard, 'Le Canal de Bernistap': Ein Unternehmen ohne Happyend - Der Versuch, die Maas mit der Mosel zu verbinden; in: Tageblatt, Nr. 176 / 2005 (Ausgab vum 1. August 2005), S. 25 (mat 2 Photoen).
  • Robert Wilmes, Un projet pharaonique - Le canal de la Meuse à la Moselle (1827-1831) an der Kulturbäilag Die Warte, in: Luxemburger Wort vum 4. Juni 2015, Ss. 2-4 (ill.).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Meuse-Musel-Kanal – Biller, Videoen oder Audiodateien


Schëffskanäl a kanaliséiert Flëss an der Belsch

ABC-Kanal · Albertkanal · Bergues · Bocholt-Heerentals · Boudewijnkanaal · Bréissel-Charleroi · Briedgen-Neerharen · Centre · Damse Vaart · Escaut · Gent-Ostende · Lanaye · Leie · Louvain-Dijle · Meuse · Monsin-Kanal · Meuse-Musel-Kanal · Nimy-Blaton-Péronnes· Pommerœul-Condé · Pommerœul-Antoing· Rupel · Sambre · Visé · Kanal vu Willebroek