Wikipedia:De Staminee/Archiv 2019/Abrëll-September

Vu Wikipedia

Read-only mode for up to 30 minutes on 11 April[Quelltext änneren]

10:56, 8. Abr. 2019 (UTC)

Wéi Photoen zitéieren?[Quelltext änneren]

Ech sinn mer bewosst dat d'Äntwert op déi heiten fro iergendwou steet, mä ech fannen keng befriddegend a kohärent Äntwert. Wéi soll déi heiten Photo gecopyrighted ginn: https://lb.wikipedia.org/wiki/Lydie_Polfer#/media/File:Lydie_Polfer_(03-2018).jpg (just ee Beispill). Corto lu (Diskussioun) 12:03, 14. Mee 2019 (UTC)[äntweren]

Moien, eventuel sou:
Attributioun: GilPe [CC BY-SA 3.0 (https://creativecommons.org/licenses/by-sa/3.0)]
Dee Code ergëtt sech wann een op Commons Use this file uklickt
--Jwh (Diskussioun) 20:20, 14. Mee 2019 (UTC)[äntweren]
ps an den URL vun der Foto nach dobäi bastelen --Jwh (Diskussioun) 20:22, 14. Mee 2019 (UTC)[äntweren]

Wiki-Treffen[Quelltext änneren]

Moien alleguer,

Et ass nees eng Kéier un der Zäit, fir en Treffe vun de lëtzebuergesche Wikipedianer.

Am klenge Kommitee hu mer ons op de 6. Juli 2019 gëeenegt.

Et ass virgesinn datt mer ons mëttes géint halwer zwielef gesinn an e klenge Maufel iessen an duerno iwwer Wikimedia Lëtzebuerg diskutéieren (Problemer, Neiegkeeten, Iddie fir ze verbesseren, Explicatiounen iwwer Infoboxen an d'Fonctionnement vu Wikidata, Ëmbenenne vu Kategorien).

Als Plaz gouf Leideleng erausgesicht well de lëtzebuergesche Wikimediaveräin zanter kuerzem säi Sëtz do huet.

De Restaurant ass nach net bekannt awer onse Kolleg Sultan Edijingo bekëmmert sech dorëm a seet ons Bescheed, wann en e Bistrot fonnt huet deen ons passt.

Déi Benotzer déi lo scho wëssen ob se kënnen (wëlle) mat derbäi sinn, kënnen einfach hiren Numm heidrënner setzen --Les Meloures (Diskussioun) 10:03, 22. Mee 2019 (UTC)[äntweren]

Et hu sech bis elo gemellt:

Propositioune fir op en Ordre du jour:


Restaurant:[Quelltext änneren]

Ech hunn elo fir 12:15 Auer fir 10 Leit op der Terrasse vum Spackelter (2, Lëtzebuerger Strooss zu Leideleng) reservéiert. Hënn si wëllkomm. A bis elo ass dann nach 1 Stull eidel, da kann nach mol 1 nokommen. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 20:50, 29. Jun. 2019 (UTC)[äntweren]

Merci! --Jwh (Diskussioun) 19:52, 24. Jun. 2019 (UTC)[äntweren]

Virbildlech MNHA ![Quelltext änneren]

Den Nationale Geschichts- a Konschtmusée ass am Gaang, honnerte vu Fotoe vu senge Kollektiounen online ze stellen (am Ament nach an der Beta-Versioun: https://collections.mnha.lu/) D'Ofbildungen (an héijer Opléisung!) vun zwee- an dräidimensionalen Objeten a Konschtwierker, deenen hir Schutzdauer ofgelaf ass, sou wéi och de Beschreiwungstext, stinn ënner CC-0, deemno kënnen se ad lib. virubenotzt ginn.

Wie Loscht an Zäit huet, kéint jo mol op d'mannst dat Wichtegst op Commons setzen, fir et da kënnen an den Artikelen als 'Galerie' ze verlinken.

--Zinneke (Diskussioun) 13:09, 6. Jun. 2019 (UTC)[äntweren]

Ech fannen dat wier souguer e gudden Infosprojet. Mir wësse jo wéi ee masseg opluet op Commons. Wann ee mer kéint erkläre wéi déi geraumt solle ginn op Commons da wier ech intresséiert matzehëllefen. Soued031 (Diskussioun) 15:05, 7. Jun. 2019 (UTC)[äntweren]
Zali, Kuck emol, wéi ech dat hei gemaach hunn:
Als Numm vum Fichier "Numm vum Auteur - Titel (oder Sujet) - Joer". An d'Beschreiwungskëscht den Text aus der Beschreiwung vum MNHA (steet ënner cc0). Inventairesnummer asw.
Joer: Wéi uginn.
Source: Musée National d'histoire et d'art Luxembourg; Link op d'Säit vum Site vum Musée mat der Beschreiwung; Link op d'Säit vum Bild selwer; Fotograf: Numm. Lizenz: cc0.
Kategorien: wat passt, d.h. Category:Paintings by ... (oder just den Numm vum Artist), eppes, wat bei d'Beschreiwung passt, Category:Collections of the Musée national d'histoire et d'art.
Probéier emol e Bild vum Kutter, ech kucken dat no, falls ok kanns de déi aner vun him nom selwechte Modell knäipen. Dono déi réimesch Saachen, asw.
--Zinneke (Diskussioun) 15:29, 7. Jun. 2019 (UTC)[äntweren]
Dat pass sécher ganz gutt an de Kontext vum Projet Commons:Commons:Structured_data Robby (Diskussioun) 09:48, 30. Jun. 2019 (UTC)[äntweren]

"Weeschräiner" zu Lëtzebuerg[Quelltext änneren]

Moien,

Firop, gëtt et "Weeschräin" iwwerhaapt am Lëtzebuergeschen? E "Schräin" ass jo éischter eng Truh. Wat wier dat richtegt Wuert?

't handelt sech em déi, oft nëmmen e puer Zentimeter héich, Haisercher oder Nischen wou eng Hellegefigur dra sëtzt. Wuel kaum ënner Weekapell ze lëschten, oder dach? Weekräizer sinn et och net.

Eng separat Lëscht? Ma ënner wat fir engem Numm? --Jwh (Diskussioun) 09:19, 18. Jun. 2019 (UTC)[äntweren]

Moien och,
Wéi wier et mat "Hellegenhaischen"? Eng separat Lëscht géif ech awer trotzdeem net uleeën. MMFE (Diskussioun) 20:10, 18. Jun. 2019 (UTC)[äntweren]
Moien,
Kanns de eis do e puer Beispiller nennen oder Fotoe weisen? Wou sinn dann esou Nischen? Ass dat eppes wéi d'Heeschbreger Bildchen? Gëtt et där vill am Land. Gëtt et esou Lëschten och an anere Wikien? --Sultan Edijingo (Diskussioun) 21:19, 18. Jun. 2019 (UTC)[äntweren]
"Hellegenhaischen" - e kecken Numm, ma ech hu lo gesinn datt mir "Schräin" beim Shintō-Schräin benotzen, deen awer éischter sielen bei eis an der Natur ze fannen ass...
Jo, d'Heeschbreger Bildchen géing ech do gesinn, ma keng vun de Fotoen dovun gëtt a Weekräizer / Weekapellen hei benotzt, 't passt jo och net dran --> vläit dach eng separat Lëscht
Op Commons gëtt et d'Category:Wayside shrines in Luxembourg (eng Partie dovu géing ech zwar grad sou gutt an der Lëscht vun de Weekräizer gesinn), ma e grossen Deel gëtt guer net bei eis opgelëscht, anerer bei Weekräizer an nees anerer bei Weekapellen, dofir d'separat Lëscht. Wier "Weeschräiner" hei eng schlëmm Häresie?
Schéinen Dag nach --Jwh (Diskussioun) 07:50, 19. Jun. 2019 (UTC)[äntweren]
Op de commons ginn heiansdo ganz speziel Nimm gebraucht fir eng Kategorie ze bastelen.
D'Wuert Wegsschrein daucht beim Googele ganz rar op, an der däitscher Wik kenne s'et guer net, déi englesch Wiki kennt och kee way shrine. (ech hunn op d'mannst néirens ee fonnt)
Deen englesche shrine bezitt sech op eng helleg Plaz (fr:Sanctuaire, de:Heiligtum).
Den LOD huet wéi ëmmer wann et quokeleg ass keng Iwwersetzung bei Hand. Den DFL iwwersetzt mat Sanctuaire oder Hellegtum
Eis Kategorie Weekräizer steet an enger Iwwerkategorie Reliéis Gebaier wat mer och komesch virkënnnt.
D'Wikidata fir d'Weekräizer goufe mol 2013 eenegermoosse korrekt ugeluecht. Duerno gouf sou laang dru geännert o gepiddelt bis [lb]] nach just aleng falsch dra stoung. Dat gouf elo behuewen.
Ech proposéieren eng Iwwerkategorie Reliéis Plazen um Flouer an där alles wat mat mat Relioun baussent den Uertschaftzen ze dinn huet regruppéiert ka ginn, wéi d'Kategorië Weekapellen, Weekräizer, Kräizweeër déi baussent den Uertschafte leien leien, Kappellen déi net an Uertschate leien, asw. An där Kategorie kéint een eng Kategorie Aner relieéis Plazen hunn fir alles dranzesetze wat net an eng vun den aneren Ënnerkategorië passt. --Les Meloures (Diskussioun) 10:10, 19. Jun. 2019 (UTC)[äntweren]
Moien, Du hues Recht, ech hat dat Geschräins just op Commons gekuckt, ouni mat anere Wikien ze vergläichen - op Commons stoussen d'Kulturen openeen, woubäi näischt Gescheites muss erauskommen...
Zréck op Lëtzebuerg, déi Haisercher sinn awer lo net nëmmen dorueter um Flouer, ma e puer fënnt een och an Uertschaften hei, hei, an och hei a sécher nach anerer déi eventuel op Commons bei Weekräizer oder Weekapelle ofgeluecht sinn.
Wat lo d'Lëschten ugeet, kinnt en eventuel d'Lëscht vun de Weekräizer zu Lëtzebuerg iergendwéi ëmbennen fir déi Haisercher an Nischen vum Dësch ze kréien, vläit Lëscht vun de Weekräizer an aner Devotiounsplazen zu Lëtzebuerg? --Jwh (Diskussioun) 12:11, 19. Jun. 2019 (UTC)[äntweren]
Devotioun ass e Begrëff dee mer do not richteg virkënnt. Dat ass jo éischter e spirtuellen op eng Persoun bezunnene Begrëff. Déi Dénger do passen net sou richteg dorop. Ech géif och déi zwee net an enger Lëscht vermëschen, doriwwer eraus hu mer guer keen Zwang fir alles a Lëschten opzezielen--Les Meloures (Diskussioun) 13:12, 19. Jun. 2019 (UTC)[äntweren]
Devotiounsplazen ka mech och net esou richteg iwwerzeegen. Ech proposéieren: Lëscht vun ëffentlechen Devotionalien. De Begrëff Devotionalie(n) schéngt mer nämlech dat ze beschreiwen, wat mer sichen. An dëser Lëscht kënne mer all ëffentlech zougänglech Géigestänn, Plazen, Maarken, asw oplëschten, déi keng Weekräizer a keng Weekapelle sinn, also dat wat bis elo schonn an der Category:Wayside shrines in Luxembourg gesammelt gouf, awer och nach esou Besonnesches wéi d'Heeschbreger Bildchen, dem Schetzel seng Hiel, vläicht och dat wat an der Kategorie:Pilgerplazen zu Lëtzebuerg steet an Hiweiser op de Jakobswee an Änleches. Firwat net och netchrëchtlech, resp. "weltlech" Devotionalien hei dra setzen? --Sultan Edijingo (Diskussioun) 21:00, 19. Jun. 2019 (UTC)[äntweren]
Lëscht vun ëffentlechen Devotionalien zu Lëtzebuerg schéngt mir gutt, do kinnt ee scho mol eng Rëtsch au de Weekräizer a -kapellen eriwwersetzen U wat fir Weltlecher denks Du? --Jwh (Diskussioun) 21:20, 21. Jun. 2019 (UTC)[äntweren]
Moien ech ka mech mat den Devotionnalien net ufrënden, well den Aussdrock u sech fir all Zort vu Géigestänn awer net fir Immobilien (d.h. fir Saachen déi fest mam Terrain oder mat Gebaier verbonne.) gebraucht gëtt. Mir sollte jo eigentlech de Sënn vun de Begrëffer net verdréinen. --Les Meloures (Diskussioun) 06:20, 22. Jun. 2019 (UTC)[äntweren]
Wat sollen déi Leit sech wuel dobäi geduecht hu wa se sou een Ziip gebaut hunn? Wat sote se dem Steemetzer - "Géi laaf dohanne bei d'Eech a riicht mir een / eng ??? op"? Wat huet deen um Priedegtstull duerno gelouft? Bei wat ass d'Famill gepilgert?
Vläit da lo zréck op den Ufank an dem MMFE seng Propose Hellegenhaischen ? --Jwh (Diskussioun) 11:13, 25. Jun. 2019 (UTC)[äntweren]
Zu Heeschbreg a sécher och op aner Plaze wéi z.B. Veianen sinn d'Leit bei d'Bildche getrëppelt. Am Gréngewald sinn de bei de Schetzel getrëppelt zu Biekerech si se bei Job getrëppelt a gemengt war d'Kapell um Kuelebierg. Dat just zu deem wéi l'Leit et dacks gesot hunn. --Les Meloures (Diskussioun) 12:34, 25. Jun. 2019 (UTC)[äntweren]
Déi Däitsch hunn dofir de Begrëff Bildstock wat jo no un eist Bildchen erukënnt. D'Fransouse kennen et och sou fr:Bildstock. An der Belsch sinn et Potalen an d'Italiener maache Votivkapellen drauss. Meng Fro ass: Mécht sou eng Lëscht vill Sënn, a gëtt et Lëschten an anere Wikien derzou. --Les Meloures (Diskussioun) 12:58, 25. Jun. 2019 (UTC)[äntweren]
A wéi wier et mat Lëscht vu reliéisen Installatiounen? --Sultan Edijingo (Diskussioun) 11:51, 28. Jun. 2019 (UTC)[äntweren]

Lëscht vun de reliéisen Objeten zu Lëtzebuerg

WikiCon 2019[Quelltext änneren]

Die WikiCon 2019 findet in Wuppertal statt. Noch bis zum 14. Juli können Vorschläge und Wünsche für das Programm eingereicht werden. Mittlerweile ist auch die offzielle Anmeldung gestartet. Wie jedes Jahr freuen wir uns auch auf Teilnehmerinnen und Teilnehmer aus Luxemburg. --Holder (Diskussioun) 15:36, 20. Jun. 2019 (UTC)[äntweren]

Wikidata Bridge: edit Wikidata’s data from Wikipedia infoboxes[Quelltext änneren]

Élection communautaire au Conseil d'administration de Wikimédia France[Quelltext änneren]

Hëlleft wgl. fir an Är Sprooch z'iwwersetzen

Ce message est déposé ici car Wikimédia France a identifié la langue de votre projet comme étant un des langues de France.
This message is posted here because Wikimedia France has identified the language of your project as being one of the languages ​​of France.

Bonjour à toutes et tous,

Le 23 février dernier l'association Wikimédia France s'est dotée de nouveaux statuts. Dorénavant, un siège du Conseil d'administration de Wikimédia France est réservé à une personne désignée par la communauté des contributeurs aux différents projets Wikimedia[1].

Wikimédia France est une association à but non lucratif, de type loi 1901, qui soutient et promeut les différents projets Wikimedia en France mais n'exerce aucun rôle éditorial ni aucun rôle d'hébergeur de ces projets. Elle est juridiquement indépendante des projets et de la Wikimedia Foundation.

Néanmoins, il est sûr que la notoriété de l'association est entièrement issue de celle des différents projets, ce qui détermine en grande partie sa capacité à rencontrer les acteurs institutionnels et associatifs et à attirer la générosité du public. D'autre part, les marques, les logos et un peu moins de la moitié des ressources de Wikimédia France[2] sont issues d'un accord avec la Wikimedia Foundation, organe central du mouvement wikimédien. En bref, l'essentiel de la capacité d'action de Wikimédia France est rendu possible grâce à votre travail. C'est pourquoi Wikimédia France a pensé qu'il est légitime qu'une personne désignée par la communauté des contributeurs puisse siéger à son Conseil d'administration. Une fois désignée, la personne sera formellement investie en novembre par un vote de l'Assemblée générale de l'association, seule instance souveraine en cette matière. En tant que membre du Conseil d'administration, la personne choisie pourra exercer les rôles de contrôle, de gestion et de conseil stratégique pour l'association[3].

Le dépôt des candidatures sera possible à partir du 1er septembre 2019 et le vote sera ouvert du 20 au 30 septembre 2019.

Toutes les informations utiles (calendrier détaillé, droit de vote, conditions d'éligibilité, etc.) sont à retrouver sur m:Wikimédia France/Gouvernance/Siège_communautaire. Fin août / début septembre, une session « posez toutes les questions que vous voulez » (ask me everything), sera organisée en ligne pour répondre aux diverses interrogations.

Enfin, Wikimédia France souhaite mettre en place une commission électorale recueillant et validant les candidatures et surveillant ce processus électoral. Si la fonction vous intéresse, vous pouvez vous signaler à election@wikimedia.fr

Willie Robert (Diskussioun) 09:06, 15. Jul. 2019 (UTC)[äntweren]

Editing News #1—July 2019[Quelltext änneren]

18:32, 23. Jul. 2019 (UTC)

Update on the consultation about office actions[Quelltext änneren]

Hello all,

Last month, the Wikimedia Foundation's Trust & Safety team announced a future consultation about partial and/or temporary office actions. We want to let you know that the draft version of this consultation has now been posted on Meta.

This is a draft. It is not intended to be the consultation itself, which will be posted on Meta likely in early September. Please do not treat this draft as a consultation. Instead, we ask your assistance in forming the final language for the consultation.

For that end, we would like your input over the next couple of weeks about what questions the consultation should ask about partial and temporary Foundation office action bans and how it should be formatted. Please post it on the draft talk page. Our goal is to provide space for the community to discuss all the aspects of these office actions that need to be discussed, and we want to ensure with your feedback that the consultation is presented in the best way to encourage frank and constructive conversation.

Please visit the consultation draft on Meta-wiki and leave your comments on the draft’s talk page about what the consultation should look like and what questions it should ask.

Thank you for your input! -- The Trust & Safety team 08:03, 16. Aug. 2019 (UTC)

New tools and IP masking[Quelltext änneren]

14:18, 21. Aug. 2019 (UTC)

Journées européennes du patrimoine 2019[Quelltext änneren]

Moien,

als kleng Erënnerung, hei de Programm vun de Journées du patrimoine, vum 21.-29. September 2019.

Wéi ëmmer eng flott Geleeënheet, Fotoë vu Plazen ze maachen, wou ee soss net oder schwéier hikënnt.

--Zinneke (Diskussioun) 08:47, 19. Sep. 2019 (UTC)[äntweren]

The consultation on partial and temporary Foundation bans just started[Quelltext änneren]

-- Kbrown (WMF) 17:14, 30. Sep. 2019 (UTC)[äntweren]

Eis Schreifweis: Nei Sektioun fir Eegennimm[Quelltext änneren]

Gudde Mëtteg,

Hei hat ech proposéiert, verschidde Standarden, déi Usus op der lëtzebuergescher Wikipedia sinn awer néierens geschriwwe stinn, "offiziell" festzehalen. De Les Meloures huet proposéiert, datt mir dat op follgend Säit kéinte setzen: Wikipedia:Eis Schreifweis. Wann dir mat där Iddi averstane sidd, kënnt dir iech mäi Virschlag fir deen Text ukucken, verbesseren an/oder upassen.

Mäi Virschlag ass:


--Bdx (Diskussioun) 12:25, 18. Jul. 2019 (UTC)[äntweren]

Gutt Initiativ. Ech hu kleng Ännerunge proposéiert. --Zinneke (Diskussioun) 12:41, 19. Jul. 2019 (UTC)[äntweren]
Merci fir de Feedback. An der Rei fir mech. --Bdx (Diskussioun) 14:28, 19. Jul. 2019 (UTC)[äntweren]
Ass och fir mech esou an der Rei. --Cayambe (Diskussioun) 19:20, 24. Jul. 2019 (UTC)[äntweren]
Yeaph, dozou sti mär --Jwh (Diskussioun) 19:44, 24. Jul. 2019 (UTC)[äntweren]
OK fir mech. GilPe (Diskussioun) 19:44, 24. Jul. 2019 (UTC)[äntweren]
Eng Fro bléif nach op: "... kritt bei franséischen Nimm nëmmen dat éischt Wuert e groussen Ufanksbuschtaf": Wat ass bei engem Stroossennumm dat 'éischt' Wuert: "rue" oder dat wat se spezifiéiert? Ass et "Rue du fossé" (well "rue" dat éischt Wuert ass) oder "Rue du Fossé" (well 'rue' en Zousaz wier?--Zinneke (Diskussioun) 10:01, 30. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]
Hei meng Iwwerleeungen:

1) Am Franséischen, cf. fr. WP, gëtt geschriwwen:

La rue de l'Échelle - La rue de l'Université - L'avenue Charles-de-Gaulle, etc

2) D'Rue xx oder D'rue xx? Ech weess et net.

Rue ass e franséischt Dingwuert dat mir an d'Lëtzebuergescht iwwerhuelen – a priori duerfir grouss, also d'Rue xx; mee Rue'/rue schreiwe mir ëmmer nëmme mat engem Zousaz – mir soe jo net an der Rue ass e Stau – mee mam Numm vun der Strooss, z.B. d'Rue/rue de l'Université. Rue ass also e Bestanddeel vun engem Gesamtfranséischen nom propre. ?Duerfir éischter kleng?, also D'rue de l'Université... wéi am Franséischen, schéngt mir méi logesch ze sinn. Ech si mir awer bewosst, datt d'Spoochen a besonnesch hir Schreiweisen net ëmmer logesch sinn. :-) --Cayambe (Diskussioun) 11:00, 30. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]
Fir dem Zinneke z'äntweren: Op jiddwer Fall ass et am Lemma Rue du Fossé.
Ech zerbrieche mer léiwer de Kapp net, ob et an de Sätz soll grouss oder kleng geschriwwe ginn. D'Kiischt um Kuch wier da wann ech zu Malmedy an d'rue Chemin-Rue ginn. :-) Dofir halen ech mech bei sou Saachen éischter un d'Groussschrëft. Bei anere franséischen Nimm hu mer ons bis elo de Kapp net zebrach, vläicht well et do keng Iwwersetzung gëtt, z. B. wéi beim Lycée oder beim Musée. Mier kéim et z. B. komesch vir, fir ze schreiwen: Hie geet an de musée de Grenoble. D'Fransouse schreiwen och boulevard an avenue ëmmer kleng an dofir och an Nimm vu Stroossen. Mir schreiwen et ëmmer grouss an ech gesinn net an, firwat datt mer et dann an engem Numm solle kleng schreiwen. --Les Meloures (Diskussioun) 12:02, 30. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]
Ech sinn der Meenung, datt den Odonym als Eegennumm resp. Substantiv gebraucht soll ginn an deemno och grouss geschriwwe gëtt: ech wunnen an der Rue des Hauts-fourneaux a si an der Allée de la Jeunesse sacrifiée. Ech kann awer emol froen wat den CPLL mengt...GilPe (Diskussioun) 14:53, 30. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]


Op der topographescher Kaart benotzt de Kadaster d'Schreifweis korrekt wéinstens sou wäit wéi ech dat bis elo konnt feststellen. Ausser beim Haut-Fourneau wou en e Bindestréch mécht a wou d'Fransousen ni ee maachen well d'Wuert jo keen huet. --Les Meloures (Diskussioun) 15:19, 30. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]
Der Académie française no kritt et e Bindestréch: Haut-fourneau. GilPe (Diskussioun) 19:26, 30. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]
An der franséischer Wiki gi se der Académie française net Recht an zielen eng Hällewull Auteuren op déi et ni sou geschriwwen hunn. D'fr-Wiki schéngt et deemno méi mat der Nomenclature vun de Kartographen ze halen. --Les Meloures (Diskussioun) 20:03, 30. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]

Kulturierfschaft oder Kulturierwen[Quelltext änneren]

Viru kuerzem hunn ech den Artikel Immateriellt Kulturierwen ugeluecht, deen de Les Meloures dunn op Immateriell Kulturierfschaft geréckelt huet. No enger interner Diskussioun hu mer beschloss, d'Entscheedung, wéi den Artikel heesche soll, hei ze diskutéieren. Fir mech ass den Ausdrock (Kultur)ierwen méi zoutreffend aus dëse Grënn:

  • nom LOD ass en Ierwen: DE Erbe [auf die Gegenwart Überkommenes] FR patrimoine [local, national, mondial]
  • nom Duden ass Das Erbe: (...) etwas auf die Gegenwart Überkommenes; nicht materielles [geistiges, kulturelles] Vermächtnis
  • den offizielle Site iki.lu heescht Immateriellt Kulturierwen zu Lëtzebuerg

An deem Sënn misst den Artikel Weltierfschaft op Weltierwen geréckelt ginn. Niewebäi heescht den Artikel op der däitscher Wiki de:UNESCO-Welterbe an net Welterbschaft.

Wéi gesitt dir dat? --Sultan Edijingo (Diskussioun) 20:09, 26. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]