Wikipedia:Eis Schreifweis
Lëtzebuergesch schreiwen
| ||
Grondprinzip: Vokalen … eenzel oder duebel ?Bei a - i - o - u
Dat gëllt och elo fir d'Verbformen alleguer, déi sech nom lëtzebuergesche Stack (Infinitiv) riichten an net nom däitschen:
Mä: opgepasst beim "e"!
De laang geschwaten e (Breedewee, Feierdeeg, deelen) ass ëmmer duebel, och wa just 1 Konsonant hannendru kënnt, an och, wa vir- oder hannendrun en “ë” kënnt (leeën, gëeelzt…). Beispiller fir ze vergläichen
Zesummegesate Wierder
Bei zesummegesate Wierder behält all Deel seng Schreifweis:
Diphthongen a “Rëtschlauter”Den “ei” gëtt wéi am Däitschen ausgeschwat:
D'Méizuel oder Ofleedunge vu verschiddene Wierder op “au” kréien “ai”:
Déi typesch Duebellauter (Diphthongen a “Rëtschlauter”), déi mir ze soen net am Däitschen oder Franséische fannen, dacks awer am Hollänneschen oder Engleschen, gi sou geschriwwen:
Mat eiser Schreifweis kann een och typesch regional Lauter schreiwen:
Eifeler ReegelDen “n” oder “nn” (um Enn vun engem Wuert oder bannent engem zesummegesate Wuert) gëtt net geschriwwen, wann en net ausgeschwat gëtt. Den “n” bleift also just stoe virun i-u-e-o-a / n-d-t-z-h (Mierksaz: "Deng Tirett hält net zou!") oder engem Sazzeechen (dozou zielt och d'Klamer).
Oppassen op d'Ausnamen
Stad - Stater - Staat ...Stad
Deemno gëtt et d'Stad Esch, d'Stad Ettelbréck, d'Stad Berlin asw.
Stater
Déi Escher Leit, déi Diddelenger Schmelz, de Stater Gemengerot, de Lëtzebuerger Béier, d'Eecher Plaz, d'Areler Strooss asw.
Mir kennen den Escher an de Stater Conservatoire. Et gëtt de Stater Theater an den Escher Stadtheater. stättesch
franséische Wäin, lëtzebuergesche Wäin, schmäerzhaft Wierder, stättesch Bussen... Staat
Deemno gëtt et och de Staatsrot, d'Vereenegt Staate vun Amerika, de Staat Alaska... staatlech
|
ë an éë
Den “ë” steet ëmmer amplaz vum kuerz betounten däitschen “ö”. Ausnamen: Artikelen (den, dem), d'Virwuert (Pronomen) vun der 3. Persoun (em, en, es, et), an, wichteg: d'Wiertchen net:
é
Den “é” steet nëmmen a kuerze betounte Silben:
Ausnam: Possessivpronomen (meng, deng, seng). Bei Wierder, déi sech gläichen, markéiert den “é” eng ënnerschiddlech Aussprooch
Kuckt d'Uertschaftsnimm: ass d'Silb betount, kënnt “é”, soss “e”:
Aner diakritesch Zeechen a Sonnerzeechenè
Oppassen: mir hu keen “è” (eleng, reng, Bengel), ausser wann d'Wuert aus dem Franséischen iwwerholl gëtt, da bleift den “è” stoen:
ç, â, ê, ô, î, û
Den “c” mat Cédille (“ç”) gëtt et, grad wéi den Accent circonflexe (“Hittchen” - ^), nëmme bei deene Wierder, déi onverännert aus dem Franséischen iwwerholl goufen:
E puer Ausname gëtt et do, wou et dat selwecht Wuert am Däitsche gëtt, an do keen Hittchen am Gebrauch ass: Diplom, Hotel, Theater,... ß
Den däitsche “schaarfen s” (“ß”) gëtt am Lëtzebuergeschen net gebraucht. Wann däitsch Wierder iwwerholl ginn, gëtt den “ß” duerch “ss” ersat.
Ufank- a Schlusskonsonantend-t-b-p-f-w
De Schlusskonsonant d-t-b-p-f-w riicht sech nom däitsche Schrëftbild, och wann dee Konsonant am Lëtzebuergesche beim Verlängeren net betount ausgeschwat gëtt (e Brot/broden):
Ass keng sou Ofleedung méiglech, da gëtt den haarde Konsonant (t-p-f) geholl. g oder ch um Schluss ?
Banne bleift de “g” nom däitsche Schrëftbild stoen:
De “g” bleift och normalerweis um Enn wéi am Däitschen; just wann d'Silb kuerz a betount ass, schreiwe mir den “ch”:
V oder F um Ufank?
De “v” oder “f” als Ufanksbuschtaf steet nom däitsche Schrëftbild:
J
Et gëtt bei der Schreifweis keen Ënnerscheed (méi) gemaach, ob de “j” als Reiflaut (wéi a “Jicken”) oder mouilléiert (wéi a “jo”) ausgeschwat gëtt. De “jh”, wéi et e fréier gouf, existéiert just nach bei vereenzelten Eegennimm (z. B. beim Jhemp Hoscheit). Wierder, déi aus anere Sproochen iwwerholl sinnDéi Wierder, déi aus dem Däitschen, Franséischen, Engleschen oder Italieeneschen iwwerholl gi sinn, a sou geschwat bleiwen, ginn normalerweis och sou wéi an der Originalsprooch geschriwwen.
Bei Wierder aus dem Griichesche ginn “th”, “ch” oder “rh” am Prinzip bäibehalen
Fir de griichesche “ph” gëtt et dräi Fäll:
Oppassen op d'Schreifweis vun agebiergerte Wierder: Tëlee - Vëlo! Méizuel bei Wierder mat franséischen Originnen
De franséische Pluriel op “s”, “es” an “x” fält ewech, a gëtt duerch d'lëtzebuergesch Méizuelendungen “en” oder “er” ersat.
Net ausgeschwat Schlusskonsonante bleiwen:
Bei zesummegesate Wierder komme Bindestrécher (an oft e “Bindungs-s”) dertëscht:
ApostrophDen Apostroph (') steet wéi an anere Sproochen, fir een oder méi Buschtawen, déi ewechfalen a genee op där Plaz, wou s'ewechgelooss ginn:
Den “'t” gëtt ëmmer klenggeschriwwen, och wann en am Ufank vun engem Saz steet:
Grouss a kleng, getrennt oder zesummen?Grouss a kleng, zesummen oder getrennt riicht sech nom däitsche Gebrauch! Liaisouns-s oder -nHeiansdo gëtt en “s” oder “n” ausgeschwat, deen “am Fong” net zum Wuert gehéiert, mä just déngt, fir d'Wuert besser auszeschwätzen. Dës “Liaisouns-n-en” oder „-s-e“ ginn eenzel geschriwwen an net un d'Wuert virdrun ugehaangen:
|
Zuelen
- 1 eent (mä: eng Kaz huet ee Schwanz)
- 2 zwee (mä: zwou Fläsche fir déi zwéi Jongen)
- 3 dräi
- 4 véier
- 5 fënnef
- 6 sechs
- 7 siwen
- 8 aacht
- 9 néng
- 10 zéng
- 11 eelef
- 12 zwielef
- 13 dräizéng
- 14 véierzéng
- 15 fofzéng
- 16 siechzéng
- 17 siwwenzéng
- 18 uechtzéng
- 19 nonzéng
- 20 zwanzeg
- 21 eenanzwanzeg
- 30 drësseg
- 40 véierzeg (oppassen op d'Eifeler Reegel!) Een"a"véierzech
- 50 fofzeg (oppassen op d'Eifeler Reegel!)
- 60 siechzeg (oppassen op d'Eifeler Reegel!)
- 70 siwwenzeg (oppassen op d'Eifeler Reegel!)
- 80 achtzeg (oder uechtzeg)
- 90 nonzeg
- 100 honnert
Literatur
[Quelltext änneren]- Braun, Josy, 2007. Eis Sprooch richteg schreiwen. 13. Oplo. Rapidpress, Bartreng.
- Schanen, François & Jacqui Zimmer, 2006. 1,2,3 Lëtzebuergesch Grammaire, Band 3: L'orthographe. Schortgen, Esch-sur-Alzette. ISBN 978-2-87953-022-2.
- Schanen, François & Jérôme Lulling, 2003. Introduction à l'orthographe luxembourgeoise. Description systématisée de l'orthographe officielle luxembourgeoise telle qu'exposée en annexe de l'arrêté ministériel du 10/10/1975 et modifiée par les révisions proposées en annexe du règlement grand-ducal du 30/07/1999. 140 S. (PDF 1,1 MB).
- Grammaire de la langue luxembourgeoise, Ministère de l'éducation nationale, de l'enfance et de la jeunesse, Luxembourg 2005, Nouvelle édition entièrement révisée et actualisée, Luxembourg 2020, 2e tirage, Luxembourg 2022 ISBN 978-99959-1-206-2
Kuckt och
[Quelltext änneren]Um Spaweck
[Quelltext änneren]- Règlement grand-ducal du 30 juillet 1999 portant réforme du système officiel d'orthographe luxembourgeoise
- Completéiert Reegelwierk vun der Lëtzebuerger Sprooch vum CPLL (Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch)
- schreiwen.lu, d'Schreifweis vum Lëtzebuergeschen a fofzéng Kapitele erkläert.
- Lëtzebuergesch richteg schreiwen – eng Serie vun 30 kuerze Videoclippen
- D'Lëtzebuerger Orthografie, Redaktioun: Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch (CPLL) an Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), © Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, Lëtzebuerg 2019, Editeur: SCRIPT an ZLS, Dréckerei: EXEPRO, 5. Oplo, Lëtzebuerg 2022, ISBN 978-99959-1-163-8
Lëtzebuergesch op der Wikipedia
E klenge Guide fir Lëtzebuergesch ze schreiwen |
Geschicht vun: ... der Lëtzebuerger Sprooch |
...der Lëtzebuerger Schreifweis |
... der Sproochwëssenschaft zu Lëtzebuerg
Lëscht vun de lëtzebuergesche Riedensaarten |
Spellchecker |
Stilistik vum Lëtzebuergeschen |
Wéi heescht dat...? |
Lëtzebuergesch Dictionnairen