Melusina ass den Numm vun enger weiblecher Seeërchersfigur, déi hallef Mënsch, hallef Fësch ass. Verbreet sinn d'Soe vun der Melusina (och: Mélusine, Melusine) a Frankräich, an Däitschland an och zu Lëtzebuerg, wou s'allkéiers dem lokale Kolorit ugepasst goufen.
D'Melusina gëtt no eeleren Usiichten mat der Artemis oder der Melissa a Verbindung bruecht, vläicht och mat der syrescher Gëttin Derketo, déi de Grof Guy de Lusignan1102 op sengem Besëtz op Zypern kenne geléiert kéint hunn.
Déi eelst Melusine-So ass aus Frankräich bekannt. Tëscht 1392-1394 huet de Jean d'ArrasMélusine ou La Noble Histoire de Lusignan geschriwwen, wouran och de Roman de Melusine virkënnt, déi op nach méi aler mëndlecher Iwwerliwwerung berout... > méi
... "Ketty Maus" den Numm vun enger fiktiver Fra ass, deen op Modeller vu lëtzebuergesche Päss gebraucht gëtt?
... d'Plakeg Maulefsraten (Heterocephalus glaber) a grousse Kolonië liewen, déi vu jee engem Weibchen dirigéiert ginn, dat sech, wéi bei de Beien, exklusiv ëm d'Reproduktioun këmmert? Archiv