Bastioun Beck

Vu Wikipedia
Lag vun der Bastioun Beck ("29, B.B." = "Bastion Beck") 1794, Ausschnëtt vum Plang vum Alfred Lefort.

D'Bastioun Beck (och nach: Bastioun Saint Jean; haut: Place de la Constitution) war e Festungswierk vun der Festung Lëtzebuerg, dat 1644 gebaut gouf. Am fréiere Bastiounshaff ass haut d'Place de la Constitution mam Monument du souvenir, der sougenannter "Gëlle Fra". D'Bastioun war offiziell als "Saint Jean" geplangt, gouf dunn awer nom Stater Bierger, Baron a Gouverneur Jean Beck benannt.

Baugeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Vue op d'Bastioun Beck vun der Neier Bréck aus.

1346-1347 hunn d'Bauaarbechten ugefaangen[1], déi de befestegte Beréng vun der Stad Lëtzebuerg erweidere sollten. Déi nei Quartiere virun der éischter Ëmwallung sollten duerch eng zweet Mauer mat hallefronnen Tierm geschützt ginn. Op der Südsäit gouf déi Mauer op de Fiels iwwer dem Péitrussdall gesat, ongeféier do wou haut de Boulevard Roosevelt leeft. Texter beleeën, datt déi Mauer och e Wiergank an e Gruef hat. Dës Mauer bestoung aus 19 Tierm, déi um Deventer-Plang vu 1581 verzeechent sinn, vun der Porte Saint Jost bis bei d'Helleg-Geescht Bastioun[2]. Op der Héicht vun der Bastioun Beck stoungen 3 Tierm, déi och um Deventer-Plang vu 1560 verzeechent sinn.

No der Prise duerch de Philippe III. vun der Bourgogne (genannt le Bon) 1443 goufen eng Rei Haiser a Gäert laanscht deem Deel vun der Mauer ofgerappt fir weidere Befestegunge Plaz ze maachen. D'Mauer gouf verstäerkt, andeems Buedem hannendrun opgetippt gouf. Vu 1548 un, si sou op der ganzer Front 3 erhéicht Plattforme fir d'Artillerie entstanen. Op der Héicht vun der haiteger Bastioun Back ass sou d'Kaz Conte Mansfelt entstanen. Gläichzäiteg gouf tëscht deenen 3 Kazen, Conte Mansfelt (Bastioun Beck), del Prevosto (Bastioun Louis) an Egmonte (haut de Kanounenhiwwel) eng Verbindungsmauer gebaut. Méi spéit gouf virun déi 3 mëttelalterlech Tierm eng éischt Bastioun gebaut. Ob déi éischt Bastioun d'Form vun der haiteger Struktur hat, oder eventuell souguer identesch war, ass net gewosst. De Plang vum Janssonius aus dem Joer 1657 weist op jiddwer Fall op dëser Plaz eng dräieckeg Struktur, där hir Capitale op där Héicht läit, wou d'Fielswand e Knécks vun e puer Meter no hanne gemaach huet an dunn a Richtung St.-Jost-Paart gelaf ass, an och de François Mersch schwätzt eréischt fir d'Joer 1644 vum Bau vun der Bastioun Beck/Saint Jean.

Dee Moment hunn 3 Bauperioden niefteneen existéiert: déi mëttelalterlech Mauer bestoung, grad sou wéi d'Kazen an déi nei Bastiounen[3].

Am Wanter 16831684 si franséisch Truppe vum Louis XIV déi éischt Kéier virun der Festung opgedaucht. Op Chrëschtdag 1683 hunn d'Fransousen ënner dem Louvois e schreckleche Bombardement op d'Festung lancéiert, deen an der Stad vill Schued gemaach huet. D'Fransousen hu sech doropshin zeréckgezunn, ma am Fréijoer ass d'Festung Lëtzebuerg du belagert ginn. Den 3. Juni 1684 huet d'spuenesch Garnisoun kapituléiert[4].

Dem Vauban seng Festungsaarbechten hunn d'Gesiicht vun der Stad komplett changéiert, an aus hir eng formidabel Festung gemaach. Déi bannenzeg Diddenuewener Front, mat de Bastioune Jost, Beck, Louis an der Helleg-Geescht Bastioun gouf opgewäert. Besonnesch d'Bastioun Louis gouf erneiert. Baulech war domat deen Zoustand vun der Bastioun erreecht, vun deem een haut nach d'Reschter gesäit. Vu datt de Vauban seng Haaptustrengungen op d'Verstäerkung vun der Neipaartsfront an der Befestegung vun den Héichte ronderëm d'Stad konzentréiert huet, gouf d'Bastioun Beck net méi grouss modifizéiert.

Ënner Éisträicher Besatzung gouf 1745 eng Fausse braie tëscht de Bastioune Louis a Beck ugeluecht an tëscht 1746 a 1751 goufe Kasematten iwwer der Fausse braie Louis-Beck gegruewen. 1747 gouf eng weider Kasematt bei der rietser Flank vun der Bastioun gebaut, iwwer der Fausse braie Beck-Jost[5].

Schleefen[änneren | Quelltext änneren]

Beim Schleefe vun der Festung gouf de Parapet ofgedroen an am fréiere Bastiounshaff gouf eng Plaz amenagéiert. Och d'Fausses braië goufe fir de Public no an no amenagéiert an opgemaach; de Parapet vun der Fausse braie Beck-Jost gouf zum Beispill 1875 ofgedroen[6].

Weidere Gebrauch[änneren | Quelltext änneren]

De Park op der Fausse braie Beck-Jost.
D'"Paschtéitchen", offziell Ravelin Beck-Jost, ënner der Fausse braie Beck-Jost.

D'Place de la Constitution[änneren | Quelltext änneren]

Nom Schleefe vum Parapet gouf eng Trap laanscht déi lénks Flank vun der Bastioun op d'Fausse braie Louis-Beck gebaut, duerch déi een zu Fouss konnt an de Péitruss-Dall goen. De Bannenhaff gouf als Park amenagéiert.

Nom Amenagement vun där Plaz huet den deemolege Staatsminister Paul Eyschen säi Wonsch ausgedréckt, d'Méiglechkeet z'analyséieren duerch d'Kasematte vun der Bastioun e Lien tëscht de Fausses Braië Louis-Beck a Beck-Jost hierzestellen. Den deemolegen Ingenieur huet awer en negativen Avis ofginn, well d'Trapen zum groussen Deel futti, an d'Gäng ze verwénkelt wieren. Allerdéngs huet en d'Méiglechkeet gesinn, een Deel vun de Kasematte fir Touristen opzemaachen, an dofir déi lénks Flank vun der Bastioun mat Ëffnungen z'equipéieren, déi nach haut siichtbar sinn[7].

Op der Place de la Constitution ass den 23. Mee 1923 e Monument opgeriicht ginn, déi un déi Lëtzebuerger Zaldoten erënnere sollt déi op franséischer Säit am Éischte Weltkrich gestuerwe sinn. Am Laf vun de Joerzéngte si weider Placken derbäikomm, déi un déi Gefalen am Zweete Weltkrich an am Koreakrich erënnere sollen.
 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gëlle Fra.

D'Plaz ass haut eng Touristenattraktioun wéinst der Gëllener Fra an duerch déi gutt Vue an de Péituss-Dall. Si gëtt och als Parking benotzt.

D'Kasematten[änneren | Quelltext änneren]

D'Kasematte vun der Bastioun Beck sinn haut fir Touristen zougänglech.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Péitruss-Kasematten.

D'Fausse braie Beck-Jost[änneren | Quelltext änneren]

Op dëser Fausse braie hat d'Société des Arquebusiers de la Ville de Luxembourg nom Schleefe vun der Festung hire Sëtz. Vun der Fausse braie ass op Ziler beim fréiere Fort Bourbon, do wou haut de Sëtz vun der Spuerkeess ass, also queesch iwwer den Dall geschoss ginn.

Am Oktober 1892 gouf decidéiert, op Virschlag vum deemolege Chefingenieur vun den Travaux publics, d'Fausse braie fir de Public opzemaachen[8]. Do ass hautdesdaags eng Parkanlag mat Fändelen. Déi gréisst Fändelsstaang ass méi héich wéi d'Courtine Beck-Jost an dréit normalerweis e grousse Lëtzebuerger Fändel; zu besonnesche Geleeënheete kënnen och aner Fändelen opgezu ginn.

Ravelin Beck-Jost[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ravelin Beck-Jost .

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bastioun Beck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (de) P.J. Müller: Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes. An: Jacquemin, Albert. Burgbefestigungen der Stadt Luxemburg. Éditions Saint-Paul (1971). S 70-72.
  2. (fr) Jacob Van Deventer. LVXEMBOVRG // LVTZENBVRGVM, / Ducatus eisudem nominis, vetus / et primaria Vrbs, in superi= / orem & inferiorem situ mira= / bili, vallibus, et praecipitijs / secatur. Castro quondam, et / Benedictorum coenobio Du= / cum oratorio, et sepulturae / nuncupato prestans. Köln: Georg Braun & Franz Hogenberg, 1581. An: Van der Vekene, Emile. Les Plans de la Ville et Forteresse de Luxembourg. Éditions Saint-Paul (1996).
  3. Atlas 149 de Finetti Forteresse de Luxembourg en 1684.
  4. (fr) L'héritage culturel / Vauban à Luxembourg. Éditions Saint-Paul (2005). S 25.
  5. Mersch, François. Luxembourg: Forteresse et Belle époque. Lëtzebuerg (1985). S 13.
  6. Bréif vum Chef vun den Travaux publics Sutter un de Chefingenieur vum 9. Oktober 1875. Archives nationales du Luxembourg. Cote FL-438: Proposition pour faire couvrir les égouts qui passent dans la fausse-braie Jost. Dérasement de la fausse-braie Jost-Beck et comblement du Diamant. Demande du conseil d'administration de la Société des Arquebusiers du 6.7.1875.
  7. cf. Bréifverkéier tëscht dem Generaldirekter vun den Travaux publics an der Justiz Paul Eyschen an dem Chefingenieur vun den Travaux publics. Archives nationales du Luxembourg. Cote FL-353: Casemates en dessous de la place de la Constitution. (1894)
  8. Bréif vum Staatsminister a Generaldirekter vun den Travaux publics, Paul Eyschen, un de Chefingenieur den 31. Oktober 1892. Archives nationales du Luxembourg. Cote FL-388: Transformation en place publique de la fausse-braie Louis Jost, vis-à-vis du Casino.
Wierker vun der Festung Lëtzebuerg
wéi se 1867 bestoungen

Gréngewalder Front
Bannenzeg Wierker: Fort BerlaimontBatterie ChanclosBastioun 3 DauwenGouvernements-BastiounBastioun vum SchlassBatterie Altmünster
Baussenzeg Wierker: Fort NiedergrünewaldFort ObergrünewaldBatterie WeimeschhaffMalakoff-TuermHielepaart
Detachéiert Wierker: Fort OlizyFort ThüngenFort Parkhöhe

Tréierer Front
Bannenzeg Wierker: Bock-BefestegungenBatterie AltmünsterHelleg-Geescht Zitadell
Baussenzeg Wierker: Rumm-BefestegungenRedoute Beaumont
Detachéiert Wierker: Fort ParkhöheFort DumoulinFort RubamprezFort Rumigny

Diddenuewener Front
Bannenzeg Wierker: Helleg-Geescht ZitadellBastioun LouisBastioun BeckBastioun Jost
Baussenzeg Wierker: Fort VerluerekaschtEisebunnsbatterieFort WallisFort BourbonDiddenuewener AvancéeFort ElisabethFort Peter
Detachéiert Wierker: Fort NeippergFort WedellFort Rheinsheim

Neipaartsfront
Bannenzeg Wierker:Bastioun JostBastioun CamusBastioun MarieNeipaart-BefestegungenBastioun Berlaimont
Baussenzeg Wierker: Fort PeterBatterie LambertFort LambertFort LouvignyFort VaubanFort MarieFort RoyalLunetten I - VI
Detachéiert Wierker: Fort RheinsheimFort DaunFort CharlesRedoute Marlborough

Paarten, Schleisen a Brécken
BiisserpaartDënselspaart/Tréierer PaartDiddenuewener PaartDräi TiermEecher PaartJuddepaartMansfeldspaartNei PaartHondshausRichenerpaartSeilerpaartSiichepaartSpuenesch PaartStierchenWeimeschhaffer Paart
Gronn-SchleisBourbon-SchleisBéinchen