European Broadcasting Union
D'European Broadcasting Union, EBU; (fr: Union Européenne de Radio-Télévision, de: Europäische Rundfunkunion) ass en Zesummeschloss vun zur Zäit 74 Radiossenderen a 56 Staate vun Europa, Nordafrika an am Noen Osten mat Sëtz zu Genf.[1]
Dobäi kommen nach ongeféier hallef sou vill associéiert Senderen aus der ganzer Welt.[2]
President vun der EBU ass den Intendant vum frankophone belsche Sender RTBF, Jean-Paul Philippot. Vizepresident ass de Claudio Cappon vum italieenesche Sender RAI. Haaptamtleche Generaldirektesch vun der EBU ass d'Schwäizerin Ingrid Deltenre, déi fréier Direktesch vum Schwäizer Fernseesender.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'EBU gouf den 12. Februar 1950 op enger Konferenz zu Torquay (Groussbritannien) mam Zil gegrënnt, en Netzwierk fir den Austausch vun Noriichtefilmer opzebauen. Des Weidere soll d'EBU déi technesch Entwécklungen am Radio- a Fernseeberäich virun dreiwen a standardiséieren. Grënnungsmembere waren 23 Radiossender aus Europa an dem Mëttelmierraum.
Am Joer 1953 huet d'EBU d'Kréinung vun der englescher Kinnigin Elisabeth II. als éischt international Livesendung iwwerdroen. Déi éischt „offiziell“ Eurovisiounssendung war d'Iwwerdroung vum Narzissefestival 1954 vu Montreux. 1956 war d'Ausstralung vum éischten Eurovision Song Contest.
1993 huet sech d'EBU mat hirem osteuropäesche Pendant OIRT zesummegeschloss.
Am November 2011 huet Andorra wéinst finanzielle Schwieregkeete seng Memberschaft gekënnegt.[3] Et ass nach net genee bekannt wéini d'Memberschaft vum Land eriwwer ass.
Aktivitéiten
[änneren | Quelltext änneren]Radio
[änneren | Quelltext änneren]1991 gouf op Demande vun der EBU d'Héierspill Das Treffen in Valladolid vum britteschen Auteur Anthony Burgess (A Clockwork Orange) vun all de Memberslänner an hirer jeeweileger Sprooch produzéiert an zäitgläich vun alle Senderen iwwerdroen.[4]
Fernsee
[änneren | Quelltext änneren]Déi bekanntst Produktioun vun der EBU ass den Eurovision Song Contest deen all Joer am Fréijoer iwwerdroe gëtt. Produzéiert gëtt e vum Sender aus deem Land dat am Joer virdru gewonnen huet.
Vun 1965 bis 1999 ass vun der EBU d'Sendung Spiel ohne Grenzen iwwerdroe ginn. Doriwwer eraus produzéiert se an eegener Regie de Concours Eurovision Young Dancers an nach verschidde Kannerprogrammer an Dokumentarfilmen.
D'EBU bedreift och en eegene Satellittekanal, iwwer deen d'Members-Sender sech géigesäiteg eegent (Video-)Material zur Verfügung stellen.
Aktiv Memberen
[änneren | Quelltext änneren]Déi meescht Voll-Membere si Senderen déi dem Staat gehéieren oder et si privat Radiosstatioune mat engem ëffentlechen Informationsoptrag.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Memberslëscht, Mee 2011 (PDF, 759 KiB)
- ↑ D'Informatiounen op der offizieller Websäit schwanken: 35 no der Informatioun op [1], 36 duerch Nozielen dovun, 43 laut [2] (ofgeruff 2. August 2010)
- ↑ http://eurovision.blog.ndr.de/2011/11/14/nachruf-auf-ein-tapferes-land/
- ↑ Deutschlandfunk, Das Hörspiel, 11. Februar 2012. In: dradio.de (12. Februar 2012)