Foni Tissen
Foni Tissen | |
---|---|
Gebuer |
3. Juni 1909 Rëmeleng |
Gestuerwen |
5. Februar 1975 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler, Enseignant |
Famill | |
Geschwëster | Berthe Tissen |
Den Alphonse "Foni" Tissen, gebuer den 3. Juni 1909 zu Rëmeleng, a gestuerwen de 5. Februar 1975 zu Nanzeg, war e Lëtzebuerger Konschterzéier a Moler.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]No der Primärschoul zu Rëmeleng ass hie vun 1921 bis 1928 an de Lycée Henri Poincaré op Nanzeg säi Secondaire maache gaangen. Duerno huet e véier Joer an der École nationale supérieure des beaux-arts zu Paräis Konscht studéiert. No sechs Joer, an deenen hie sech an der ganzer Welt erëmgedriwwen huet, geet hien 1936 op München an 1938 op Bréissel op d'Akademie.
1939 fänkt hien als Stagiär an der Escher Industrieschoul un, dem spéidere Lycée de garçons. Den 31. August 1942 ass hie mat siwen anere Proffen beim Lëtzebuerger Generalstreik vun den Nazien aus dem Konferenzsall eraus verhaft ginn. Nodeem e fir d'éischt an de Prisong am Grond koum, huet de Foni Tissen eng batter Zäit am SS-Sonderlager Hinzert verbruecht. Do koum en an déi sougenannt "Malstube", wou en deelweis mam Lucien Wercollier zesummegeschafft huet. Ënner senge villen Autoportraiten ass een, dee weist den Tissen an enger Brak zu Hinzert d'V-Zeeche maachen. Hien huet och eng Baussevue vum KZ Hinzert gemoolt, déi zu Esch am Nationale Resistenzmusée hänkt.
1946 krut de Foni Tissen am Escher Jongelycée d'Charge fir Zeecheproff. Bis 1972 sinn Honnerte vu Schüler duerch hie geléiert ginn ze "kucken".
No der Pensioun huet hie sech meeschtens a sengem Haus zu Heeschpelt opgehalen. Hie konnt net laang dovu profitéieren, well hien ass schonn de 5. Februar 1975 zu Nanzeg am Spidol gestuerwen.
De Foni Tissen war de Brudder vun der Schauspillerin Berthe Tissen. Hie war bestuet a Papp vun zwou Duechteren: Baba (Barbara) Tissen a Vouf (Viviane) Tissen.
Vun 1970 bis 1971 war hie President vum Rotary Club vun Esch-Uelzecht.
Centenaire Foni Tissen 2009
[änneren | Quelltext änneren]Am Joer 2009 si fir den honnertste Gebuertsdag vum Foni Tissen eng sëlleg Evenementer organiséiert ginn:
- Februar-Mäerz: Ausstellung « Arts Appliqués Foni Tissen » am Escher Jongelycée
- Mee: d'Post gëtt en Timber eraus op deem de Foni Tissen ze gesinn ass
- 3. bis 14. Juni: Ausstellung « Minettsdäpp a Roud Fielsen » am Kulturzenter zu Rëmeleng
- 6. Oktober 2009 bis 10. Januar 2010: « Foni Tissen 1909-1975 », Ausstellung am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht an der Stad
- Weider am leschten Trimester:
- Publikatioun vum Catalogue « Rétrospective », dee 450 Wierker vum Tissen wäert presentéieren
- Publikatioun vun engem Timbersbichelche mat Wierker vum Foni Tissen
Säi Wierk
[änneren | Quelltext änneren]- Seng vill Biller, besonnesch seng "Männercher";
- De Kräizwee an der Kierch St. Fiacre vu Lëtzebuerg-Millebaach;
- De Foni Tissen huet och 30 lëtzebuergesch Timberen entworf, dovu 24 Caritastimberen;
- Fresk am Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht, am Lycée Hubert-Clément zu Esch, op der Fassad vun der Schoul zu Keel;
- Fënsteren an der Kierch zu Téiteng, an der Gemeng zu Rëmeleng;
- Mosaicker: Krichsmonument am Escher Jongelycée, am Waasserdépot zu Rouspert, an der Spuerkeess zu Rëmeleng, am Escher Spidol;
- Medaillon vum Dr. Emile Franck.
Ausstellungen
[änneren | Quelltext änneren]- Galerie Municipale d'Art zu Esch-Uelzecht (19. Dezember 1959 - 3. Januar 1960)
- Escher Theater (4. - 23. Januar 1977)
- Rëmeleng (1981)
- Kollektivaustellung mat Wierker vun de Rëmelenger Konschtschafenden Félix Corrent (1895-1968), Albert Hames (1910-1989), Émile Kirscht (1913-1994) a Foni Tissen am Kader vum Centenaire vun der Gemeng Rëmeleng (2007)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Foni Tissen 1909-1975, Katalog vun der Ausstellung am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht, 6. 10. 2009 - 10. 1. 2010, Publications du Musée national d'histoire et d'art, Luxembourg, N. 10, ISBN 978-2-87985-420-5
- Foni Tissen 100 Joer. Rétrospective 1909-2009. Erausginn am Oktober 2009 vun der Asbl 100 Joer Fonni Tissen an der Famill vum Kënschtler. 280 S. Koordinatioun a Realisatioun: mediArt. Dréckerei Kremer-Muller a Cie, Esch-Uelzecht. ISBN 978-99959-635-2-1.
- Eischen, Linda, 2009. La Collection Luxembourgeoise du Musée National d'Histoire et d'Art. Foni Tissen. ons stad 92, 68-71.
- Tousch, Paul a Baba Tissen, 1987. Dem Foni Tissen seng Welt. Publications mosellanes (D'Käppercher, déi de Foni Tissen entworf huet, sinn an dësem Band ofgebilt).