Nationalmusée fir Naturgeschicht
Nationalmusée fir Naturgeschicht | |
---|---|
Vue vun der Corniche op den Naturmusée | |
MNHN | |
Land | Lëtzebuerg |
Leedung | Norbert Stomp |
Adress | 25, Mënstergaass |
Ënnersteet der/dem | Ministère de la Culture |
Gegrënnt | 1850 |
Um Spaweck | http://www.mnhn.lu/ |
Den Nationalmusée fir Naturgeschicht (offiziell: Musée national d'histoire naturelle, gekierzt MNHN), och kuerz Naturmusée genannt[1], ass ee vun de Kulturinstituter vum Lëtzebuerger Staat. En ass 1996 am Gronn opgemaach ginn.
Missioune vum Naturmusée
[änneren | Quelltext änneren]D'Gesetz vum 25. Juni 2004[2] zielt d'Missioune vum Naturmusée op:
- den natierleche Patrimoine studéieren an dokumentéieren, an zu sengem Schutz bäidroen;
- Prospektiounen ënnerhuelen, paleontologesch, mineralogesch a petrologesch Ausgruewungen duerchféiere respektiv sou Fouillen iwwerwaachen, ob se vun ëffentlecher oder privater Säit ënnerholl ginn;
- Sammlungen an Donnéeën iwwer den natierleche Patrimoine sammelen, erhalen a studéieren, a se dem Public zougänglech maachen;
- Ëffentlechkeetsaarbecht duerch Ausstellungen, Publikatiounen, Virträg, Konferenzen a pedagogesch Aktivitéiten;
- Dem Public Wëssen iwwer eisen natierleche Patrimoine nobréngen an e fir d'Erhale vum Ierwe sensibiliséieren;
- zur Fërderung vun der wëssenschaftlecher Kultur bäidroen;
- Gestioun vu wëssenschaftlechen, musealen, pedagogeschen an techneschen Dependenzen;
- Kooperéiere bei der Grënnung vun neien regionale Muséeën an zu hirer Gestioun bäidroen;
- Initiéiere vu wëssenschaftlechen Etüden, Konferenzen a pedagogeschen Aktivitéiten, Zesummenaarbecht mat ëffentlechen a privaten Organismen a mat Privatleit.
Sektiounen an Zerwisser
[änneren | Quelltext änneren]Den Naturmusée ëmfaasst zwee Departementer mat 7 wëssenschaftleche Sektiounen. Doriwwer eraus gëtt et administrativ an technesch Zerwisser.
- Departement vun de Liewenswëssenschaften (fr.: sciences de la vie)
- Sektioun vun der Botanik
- Sektioun vun der Ekologie
- Sektioun vun der Zoologie vun den Invertebraten
- Sektioun vun der Zoologie vun de Wierbeldéieren[3]
- Departement vun den Äerdwëssenschaften (fr.: sciences de la terre)
- Sektioun vun der Paleontologie
- Sektioun vun der Geologie a Mineralogie
- Sektioun vun der Geophysik an Astrophysik
Historique
[änneren | Quelltext änneren]Den Ufank
[änneren | Quelltext änneren]1850 ass, ënner dem Patronage vum Prënz Henri vun Holland, d'Gesellschaft fir Naturwëssenschaften (Société des sciences naturelles du Grand-Duché de Luxembourg) gegrënnt gi mam Zil, zum Fortschrëtt an der Verbreedung vun den Naturwëssenschaften am Land bäizedroen. Fir en adequat Erhale vun de Sammlungen, déi d'Gesellschaft sech zougeluecht huet, ze garantéieren, stellt de Staat e puer Säll am Gebai vum deemolegen Athenäum um Boulevard Roosevelt zur Verfügung. E Cabinet fir Naturgeschicht ass dunn do geschaf gi fir all déi Objeten ze sammelen, déi fir d'Etüd vun den Naturwëssenschaften zu Lëtzebuerg kéinten interessant sinn.
1854 mécht de Musée vun der Gesellschaft fir Naturwëssenschaften d'Diere fir de Public op. Déi ausgestallte Sammlungen ëmfaassen 8 Schief mat Vullen, Mamendéieren, Reptilien an Anatomiegéigestänn, 3 Vitrinne mat Muschelen, souwéi Vitrinne mat Insekten a Päiperleken. 3 ganz Säll si fir Mineraler a Fossilie reservéiert.
Wéi et 1892 awer néideg ginn ass, déi Säll a Klassesäll ëmzewandelen, sinn d'Sammlungen an déi fréier Vaubanskasär am Pafendall (déi 1956 ofgerappt gouf) komm. D'Ënnerbrénge vun de Sammlungen op dëser Plaz setzt de Musée e bëssen an den Aus wëll se fir Visiteuren net sou attraktiv war.
De Musée um Fëschmaart (1922-1996)
[änneren | Quelltext änneren]1922 huet de Staat um Fëschmaart d'Collart-de-Scherf-Haus an déi sougenannten Al Gendarmeriesgebaier kaaft a fir d'Besoine vum Musée transforméiert. Wärend e sëllege Jore féiert de Staat Restauratiounen, Ariichtungs- an Installatiounsaarbechten duerch. De Musée blouf wärend där Zäit fir de grousse Public zou, wat laang Zäit Theema vun der politescher Poleemik war an och fir ëffentlech Opreegung gesuergt huet. Wéi 1940 dunn d'Aarbechte bal fäerdeg waren, hunn d'Sammlungen trotzdeem, wéinst der Invasioun vun den däitschen Truppen, erëm hu missen op méi sécher Plaze geplënnert ginn.
Nom Krich goufen dunn no an no déi eenzel Säll fir d'Allgemengheet opgemaach. Eng éischt temporär Ausstellung ass 1946 organiséiert ginn. Dee leschte Sall vum Naturmusée ass 1956 ageweit ginn.
An den 1960er an 1970er Joren huet den Naturmusée seng Aktivitéiten diversifizéiert. Sou sinn dunn och déi geophysikalesch Wëssenschaften an d'Astrophysik mam Planetarium an de Musée agezunn. 1970 krut de Musée als éischt zu Lëtzebuerg en elektronesche Mikroskop, Material dat fir d'Fuerschung net z'entbieren ass.
Zanter 1980 huet de Musée säin Erzéiungsdéngscht fir d'Schoulklassen entwéckelt an huet Aktivitéiten initiéiert fir d'Kanner fir d'Ëmwelt ze sensibiliséieren (Fräizäitaktivitéite fir Jugendlecher, Panda-Club, Sensibiliséierungskampagnen, Musée-Bus, Galileo Science Mobil, Publikatiounen) an huet d'wëssenschaftlech Fuerschung iwwer de "Patrimoine naturel" relancéiert.
Den neien Naturmusée am Gronn
[änneren | Quelltext änneren]Bis 1996 deele sech den Nationalmusée fir Geschicht a Konscht an den Naturmusée d'Gebaier um Fëschmaart. Mä am Laf vun deene leschte Joerzéngten hu sech hir Sammlunge sou vergréissert an hir Aktivitéite sou diversifizéiert, datt dru geduecht gouf, déi zwéi Muséeën ze trennen, fir de Plazproblem ze léisen.
Zanter den 1970er Joren huet den Naturmusée also nei Gebailechkeete gesicht. De 6. Februar 1986 huet d'Chamber e Gesetzesprojet adoptéiert iwwer d'Restauratioun vum Hospice Saint-Jean an den Ëmbau vun dësem historesche Monument fir den Naturmusée.
Déi administrativ Trennung vun deenen zwee Staatsmuséeën an e Geschichts- a Konschtmusée an en Naturmusée duerch d'Gesetz vum 28. Dezember 1988 spigelt d'parallel Entwécklung vun zwou staatleche kulturellen Institutiounen erëm, déi sech duerch ënnerschiddlech Konzepter ënnerscheeden an allebéid zur Uräicherung vum kulturelle Liewen zu Lëtzebuerg bäidroen.
Vun 1996 un empfänkt den Naturmusée seng Visiteuren an dräi Gebaier déi béidsäiteg vun der Münsterstrooss leien. All Gebai ass fir eng bestëmmt Aktivitéit virgesinn.
Direkteren
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- ...
- Februar 2014 - Mee 2022: Alain Faber (Paleontolog)[4],[5].
- zanter Mee 2022: Patrick Michaely (Biocheemiker)[6]
Gebaier
[änneren | Quelltext änneren]Haaptgebai: den Hospice Saint-Jean
[änneren | Quelltext änneren]Am Hospice Saint-Jean ass den Naturmusée mat senge sëllege permanenten an temporären Ausstellungen ënnerbruecht. Dobäi kommen eng Cafeteria an e Buttek.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Hospice Saint-Jean.
Fuerschungszentrum
[änneren | Quelltext änneren]De Fuerschungszentrum (Centre de recherche scientifique) ëmfaasst sechs Laboratoiresbureauen an zwéin Depote fir d'Sammlungen. Eng Ekipp vu Fuerscher, awer och vu fräiwëllege wëssenschaftleche Mataarbechter ënnersichen do d'Mustere vun de Sammlungen a beméie sech ëm déi wëssenschaftlech Aspekter vum Musée.
Gebai fir pedagogesch Aktivitéiten
[änneren | Quelltext änneren]D'Erzéiungsgebai huet dräi Klassesäll fir seng Sensibiliséierungsaktivitéite fir d'Ëmwelt, déi fir Jugendlecher an haaptsächlech Schoulkanner geduecht sinn.
Depoten
[änneren | Quelltext änneren]Den Naturmusée versuergt dee gréissten Deel vu senge Sammlungen op 4000 m² an engem Depot zu Kielen.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Massard, J. A., 2004. Vom Kuriositätenkabinett zum Naturmuseum: 150 Jahre naturhistorisches Museum in Luxemburg. Lëtzebuerger Journal 2004, Nr. 232 (3. Dez.): 10-12. [1]
- Massard, J. A., 2004. Regards sur l'histoire du Musée national d'histoire naturelle de Luxembourg. Conférence en langue luxembourgeoise faite le 28 octobre 2004 au Mnhn par Jos. A. Massard, collaborateur scientifique du Mnhn. [2] (Texte de la conférence). Diaporama (PowerPoint) [3]
- Massard, J. A. & G. Geimer, 2004. Chronologie: Regards sur l'histoire du Musée national d'histoire naturelle. Überblick über die Geschichte des Nationalmuseums für Naturgeschichte. In: S. Philippo (réd.): 150 Joer Musée national d'histoire naturelle du Luxembourg. Luxembourg, S. 6-89.
- Philippo, S. (réd.), 2004. 150 Joer Musée national d'histoire naturelle du Luxembourg. Luxembourg, 278 S.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Panda-Club Lëtzebuerg
- Science Club Lëtzebuerg
- D'Frënn vum Naturmusée
- Société des naturalistes luxembourgeois
- d'stater muséeën
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Nationalmusée fir Naturgeschicht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Internetsite vum Naturmusée
- Kaarteportal vum Naturmusée
- Programm vun d'stater muséeën
- Loi du 17 août 1960 ayant pour objet l'organisation des Musées de l'Etat am Mémorial N° 52 vum 17. August 1960, S. 1279 - S. 1280
- Loi du 28 décembre 1988 portant réorganisation des instituts culturels de l'Etat am Mémorial A - N°71 vum 28. Dezember 1988, S. 1480 - 1492
- Loi du 25 juin 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l'Etat am Mémorial A - N° 120 vum 15. Juli 2004, S. 1798 - S. 1810
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ vum Musée selwer och an der Schreifweis natur musée gebraucht
- ↑ Cf. Loi du 25 juin 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l'Etat am Mémorial A - N° 120 vum 15. Juli 2004, S. 1798-1810.
- ↑ Fréieren Numm vun der Sektioun: Anthropologie/mënschlech Biologie
- ↑ Instituts culturels de l'Etat - Nomination. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 15.12.2021.
- ↑ Ministère de la Culture - Musée national d'histoire naturelle - Reconduction. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 15.12.2021.
- ↑ De Patrick Michaely gëtt den neien Direkter vum Naturmusée." rtl.lu, 29.04.2022.