Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (U)
Dëst ass eng Lëscht vun de Monumenter, déi zu Lëtzebuerg un den Zweete Weltkrich erënneren.
Bis ewell goufen am Ganze 544 sou Monumenter repertoriéiert.
78 % vun alle Monumenter erënneren u lëtzebuergesch Krichsaffer. Vun 1945 bis an d'1970er goufe praktesch an all Gemeng sou Monumenter, meeschtens no bei der Kierch oder dem Kierfecht, opgeriicht. Et gouf an deene meeschte Fäll keen Ënnerscheed gemaach tëscht Zivilaffer, Zwangsrekrutéiert, déi an däitscher Uniform op der Front gefall sinn, Refractairen, oder Resistenzler.
1994/95, fir de 50. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv, sinn eng Rëtsch Monumenter derbäikomm. Well et där och an der Belsch an eventuell an Däitschland gëtt, a fir se méi séier ze fannen, gëtt et dofir eng Lëscht iwwer Monumenter vun der Ardennenoffensiv. All Monument am Zesummenhank mat der Ardennenoffensiv soll deemno och an där Lëscht agedroe ginn.
Monumenter fir déi alliéiert Zaldote spigelen d'Krichsgeschéien erëm: Sou si Monumenter fir franséisch Zaldoten, dorënner och algeeresch a marokkanesch Spahis, laanscht d'franséisch Grenz ze fannen, wärend déi fir amerikanescher virun allem am Osten an am Norde vum Land, dacks op der Plaz vu Kämpf wärend der Ardennenoffensiv, opgeriicht goufen.
Well eng eenzeg Lëscht ze grouss wier gouf s'alphabetesch den Uertschaften no opgedeelt. D'Navigatiounsläischt hei drënner leet Iech weider op d'Deellëschten.
Numm | Plaz | Uertschaft | Ageweit | Koordinaten | Bild |
---|---|---|---|---|---|
Monument aux morts | Kierfecht, Fréisenger Strooss | Uespelt | 49° 31’ 15.2’’ N 6° 13’ 25.3’’ O |
||
US-Monument: From Sep 1944 to Mar 1945 the valiant soldiers of these U.S. Divs liberated and heroically defended this area: 5th AMD, 28th INF, 83rd INF, 4th INF, 9th AMD, 5th INF, 87th INF TD-FA, 76th INF. Many gave their lives so that we can live in freedom. We the living must ensure that they have not died in vain. |
Rue Principale (CR139) | Uesweller | 1982 | 49° 47’ 06.4’’ N 6° 26’ 19.4’’ O |
|
Monument aux morts: Mort pour la patrie 1940-1945 + Nimm |
an der Kierch | Uesweller | 1951 | 49° 47’ 12.34’’ N 6° 26’ 33.22’’ O |
|
US-Erënnerungsplack | Centre Culturel | Uesweller | 1994 | ||
Monument aux morts: Morts pour la patrie 1940 - 1945 + 12 Nimm |
nieft der Kierch | Ueschdref | 28. Sept. 1980 | 49° 51’ 40.6’’ N 5° 50’ 32.5’’ O |
|
Monument aux morts “Eise Verstuerwene fir d'Hemecht 1940-1945” |
Lieu-dit "Am Sand" | Ueweraanwen | 9. Oktober 1995 | 49° 39’ 12.61’’ N 6° 14’ 41.99’’ O |
|
Morts pour la Patrie 1940-1945 Mat den Nimm vu 17 Affer |
baussen un der Kierfechtsmauer bei der Kierch | Uewerfeelen | 49° 50’ 50.97’’ N 6° 02’ 27.71’’ O |
||
Monument aux morts: Gestuerwen fir d'Hémecht 1940 - 1945 |
widder der Kierch | Uewerkäerjeng | 49° 34’ 33.2’’ N 5° 54’ 38.5’’ O |
||
Erënnerungsplack LRL | 19, rue de Bascharage | Uewerkäerjeng | 1987 | 49° 34’ 25.14’’ N 5° 54’ 31.63’’ O |
|
Monument aux morts | Uewerpallen | 1976 | |||
Monument aux morts: Gestuerwe fir d'Hémecht 1940 - 1945 + 10 Nimm |
widder der Kierch | Uewerwampech | 1948 | 50° 01’ 03.2’’ N 5° 51’ 29.0’’ O |
|
US-Erënnerungsplack: A la mémoire du St./Sgt. de la 90.e div d'inf. U.S. Hassel C. Whitefield qui sacrifia sa vie le 17.1.45 en essayant de sauver celle de l'enfant Marcel Schilling Dédié par CEBA |
widder der Kierch | Uewerwampech | 1980 | 50° 01’ 03.2’’ N 5° 51’ 29.0’’ O |
|
Monument aux morts | nieft der Buerg Useldeng | Useldeng | 1960, 2005 vergréissert | 49° 46’ 03.93’’ N 5° 58’ 47.82’’ O |
Kuckt och
[Quelltext änneren]Um Spaweck
[Quelltext änneren]Commons: WWII-Monumenter zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich. |