Transport intercommunal de personnes dans le canton d'Esch-sur-Alzette

Vu Wikipedia
Versioun vum 10:10, 26. Okt. 2015 vum GilPe (Diskussioun | Kontributiounen) (→‎Buslinnen: Bezeechnung vun de Linnen, sou wéi op www.tice.lu uginn; Uertschaftsnimm op lëtzebuergesch).
En TICE-Bus (MAN) vun der Linn 13 an der Busgare zu Esch-Uelzecht
TICE - Busgarage um Boulevard Charles de Gaulle zu Esch-Uelzecht

Den Transport intercommunal de personnes dans le canton d'Esch-sur-Alzette, ofgekierzt TICE, ass eng lëtzebuergesch Persounentransport-Gesellschaft déi gréisstendeels am Minett operéiert.

Geschicht

Verwaltungsgebai vum TICE um Bvd Charles de Gaulle zu Esch-Uelzecht (2014)
MAN-Bus mat Unhänger (Göppel 10) am Retro-Look fir d'100-Joer Feier 2014

Den TICE-Syndikat gouf duerch d'Gesetz vum 19. Mee 1914 an de groussherzogleche Beschloss vum 2. Juni 1914 gegrënnt an ass ee Syndikat vun den 9 folgende Gemengen: Diddeleng, Déifferdeng, Esch-Uelzecht, Keel, Käerjeng (fréier Nidderkäerjeng), Péiteng, Rëmeleng, Schëffleng a Suessem.

D'Geschicht vum TICE léisst sech an dräi Phasen andeelen:

  • Plangen a Realiséieren (12. Mee 1910 - 29. Mee 1927),
  • Trambetrib (29. Mee 1927 - 22. September 1956); méi Informatioun doriwwer am Artikel Minettstram,
  • Busbetrib (13. September 1949 - haut).

Vun 1949 bis 1956 sinn déi fréier Linne vum Minettstram no an no duerch d'Bussen ersat ginn.

Den 29. Juli 2008 gouf Tramways Intercommunaux du Canton d'Esch-sur-Alzette an Transport intercommunal de personnes dans le canton d'Esch-sur-Alzette ëmbenannt, d'Ofkierzung TICE gouf bäibehalen.[1]

Am Joer 2008 ass d'Gemeng Monnerech dem TICE-Syndikat bäigetrueden.

Am Joer 2012 koumen duerch d'Schafe vun der Gemeng Käerjeng duerch Fusioun zousätzlech Uertschaften dobäi.

Den 2. Juni 2014 gouf den 100. Jubiläum vum TICE an enger akademescher Sëtzung am Escher Theater gefeiert.[2] Den TICE beschäftegt haut (2014) 364 Leit an huet 110 Bussen am Asaz. Aus derselwechter Ursaach war den 19. Juli 2014 eng Porte Ouverte an de Raimlechkeete vum TICE um Boulevard Charles de Gaulle.[3]

Direkter vum TICE ass de Steve Arendt.

Aktuell Daten (Juli 2014):

Tankstell fir d'Busse vum TICE mat Diesel oder Bio-Erdgas opzetanken
  • Zuel vun de Buslinnen: 16
  • Zuel vun de Bussen: 111 (1 dovun accidentéiert)
  • Busse mat Dieselmotor: 72
  • Busse mat Erdgasmotor: 39
  • Standardbussen: 88
  • Gelenkbussen: 23
  • Midi-Bussen: 8
  • Total Personal: 365
  • Personal an der Administratioun: 7
  • Personal am Fuerbetrib: 315, dovun 273 Chaufferen
  • Personal an den Atelieren: 43
  • Gefuere Streck pro Joer: 5,67 Millioune Kilometer
  • Zuel vun de Passagéier pro Joer: 8 Milliounen

Buslinnen

Den TICE bedreift 2015 14 Buslinne fir de Public, 13 Linne fir de Schülertransport. Op den Haaptbuslinnen fueren d'Bussen wiertes am 15 Minutten-Takt, op den Niewelinnen all 30 Minutten, op engem Streckennetz vun 377,5 km (Stand 2011).

D'Zuel vun de Buslinnen ass an de leschten 10 Joer vun 9 op 16 eropgaangen, fir 2015 nees op 14 erofzegoen. Déi Escher Gare huet grad wéi virdru beim Tram d'Funktioun vun engem Terminus.

  • Linn 1: Esch - Bieles - Déifferdeng - Péiteng - Rolleng
  • Linn 2: Esch - Zolwer - Déifferdeng
  • Linn 3: Esch - Bieles - Nidderkäerjeng - Lénger - Rodange
  • Linn 4: Esch Belval - Esch Gare - Schëffleng - Keel - Diddeleng
  • Linn 5: Esch - Rëmeleng - Keel - Diddeleng
  • Linn 6: Déifferdeng - Zowaasch - Nidderkuer
  • Linn 7: Esch - Lalleng - Esch Belval
  • Linn 8: Diddeleng - Greisendall - Gare - Soibelkaul - Gemeng
  • Linn 9: Diddeleng - Boujel - Gare - Italien - P&R - Gemeng
  • Linn 12: Esch - Conservatoire - Hiehl - Pierre-Ponath-Plaz
  • Linn 13: Esch - Éilereng - Nidderkäerjeng - Péiteng - Rodange
  • Linn 14: Déifferdeng - Suessem - Nidderkäerjeng - Péiteng - Rodange
  • Linn 15: Esch - Belval - Bieles - Nidderkäerjeng - Féngeg - Kënzeg
  • Linn 17: Esch - Éilereng - Monnerech - Steebrécken

Bussen

MAN-Bus Nr. 555 mam Göppel-Unhänger Nr. 501 virum Lallenger Lycée.
TICE-Bus Nr. 34 vun 1959 (Mercedes-Benz Typ O 317)
Bus mat agebautem Atelier fir Reparaturen op der Streck ze maachen (Mercedes-Benz Typ O 405)
Bus-Nr. Zuel Produktiounsfirma Typ A Betrib geholl Ausser Betrib geholl
1 - 2 2 Berliet Alcadre 1928 1940
1 - 3 3 Chausson APH48 1948 1960, 1961, 1965
4 - 10 7 MAN-Comes 1949 - 1951 1964, 1965, 1968
11 - 15 5 Henschel-Comes 1951, 1953 1965, 1967, 1968
16 1 Büssing-Conrardy U9 1954 1968
17 - 20 4 Büssing-Comes U9 1953 - 1954 1968, 1969, 1972
21 - 32 12 Büssing-Comes U10 1954 - 1957 1972, 1973, 1974
28 + 33 2 Büssing-Jonckheere U10 1959 1977
3
34 - 61
29 Mercedes-Jonckheere O317 1961
1959 - 1972
1977
1977 - 1986
62 - 74 13 MAN SÜ230 1973 - 1975 1988 - 1989
75 - 99
1 - 4
29 MAN SÜ240 1975 - 1980 1990 - 1996
5 - 8 4 Mercedes O307 1981 1998
9 - 20 12 MAN SÜ240 1984 - 1986 1999 - 2001
21 - 36 16 Mercedes O405 1988 - 1991 2003 - 2012
37 - 41 5 Van Hool A600 1992 2011
42 - 47 6 Mercedes O405 1993 2012
48 - 52 5 Van Hool A370 1995 2012
53 - 64 12 Mercedes NÜG O405 1995 - 1996 2008 - 2009
65 - 69 5 MAN CNG NL233 1998 2013
70 - 73 4 MAN A20 NÜ263 1998 - 1999 2014
74 - 76 3 MAN A21 NL263 1998 - 1999 2014 -
77 - 79 3 Mercedes Citaro O530 2000 2014 -
80 - 82 3 MAN CNG NL313 2002 2013
83 - 86 4 MAN CNG-2T NL313 2003 2013
87 - 89 3 MAN CNG-2T NL313 2005
90 - 91 2 MAN CNG-3T NL313 2005
92 - 94 3 MAN CNG-2T NL313 2005
95 - 98 4 MAN CNG-2T EEV NL313 2006
100 - 110
113
12 Mercedes Citaro-G O530 1999 - 2003
2004
111 - 112
114 - 117
6 MAN A23 NG313 2003
2005
118 - 119 2 MAN A23 Lion`s City NG353 2007
120 - 122 3 Mercedes Citaro-G EEV O530 2009 - 2011
123 1 MAN A23 Lion`s City EEV NG363 2012
200 - 201 2 MAN-Göppel NM223 2002 2013 -
202 - 205 4 Mercedes Cito O520 2003 2013
206 - 208 3 Van Hool-NEW A308 2007
209 1 Van Hool-NEW A308 2011
210 - 212 3 Van Hool-NEW A308 2013
301 - 315 15 MAN CNG-3T EEV NL313 2008 - 2011
316 - 327 12 MAN CNG-3T EURO6 NL313 2013
11 - 32 22 Irisbus Citelis EEV 12 2007 - 2011
33 - 41 9 Van Hool-NEW EEV A330 2012
42 - 47 6 Mercedes Citaro C2 E6 O530 2014

De Mercedes Bus Nr. 34 vun 1959 huet iwwerlieft an ass renovéiert ginn. E gëtt vun der Bus 34 asbl benotzt a gefleegt a ka fir privat Zwecker (mat Chauffer) gelount ginn.

Gebaier

De Busdepot mat de Reparaturatelieren an d'Verwaltung vum TICE ass um Boulevard Charles de Gaulle zu Esch-Uelzecht. An den Ateliere kënnen alleguer d'Reparaturen un der Mechanik, der Karosserie an de Sëtzer vum eegene Personal ausgeféiert ginn. Am Lager sinn iwwer 16.000 Ersatzdeeler permanent disponibel fir d'Reparature sou séier wéi méiglech kënnen ze maachen. Zu den Ateliere gehéiert eng Wäschstrooss an eng modern equipéiert Sprëtzkabinn fir Lackéierungsaarbechte vun eenzelen Deeler, an awer och vu komplette Bussen.

Legal Basis

  • Arrêté grand-ducal du 27 décembre 1951 portant modification de l'article 4 de l'arrêté grand-ducal du 2 juin 1914, concernant la création d'un syndicat de communes pour la construction et l'exploitation de tramways intercommunaux dans le canton d'Esch/Alzette. Mémorial A n° 75 du 29.12.1951. Date de l'acte: 27.12.1951
  • Arrêté grand-ducal du 27 mai 1952, portant modification de l'article 5 de l'arrêté grand-ducal du 2 juin 1914, modifié par l'arrêté grand-ducal du 27 décembre 1951. (Syndicat de communes pour la construction et l'exploitation de tramways intercommunaux). Mémorial A n° 35 du 06.06.1952. Date de l'acte: 27.05.1952

Literatur

  • P. Bohnert, R. Dhur, J. Eck, P. Rauen: De Minettstram: Die Geschichte der interkommunalen Trambahnen im Kanton Esch, 1985, 325 S., Éditpress
  • P. Bohnert, A. Pennartz: De Minettstram: fréier an haut, 2009, 252 S., Impr. Schlimé (Bartreng), ISBN 978-2-87996-645-8

Dokumentatiouns-CD

  • Fir den 100. Gebuertsdag vum TICE ass am Juli 2014 eng Video-CD mat engem kommentéierte Film zur Geschicht vum TICE erauskomm: De Minettstram

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Transport intercommunal de personnes dans le canton d'Esch-sur-Alzette – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Mémorial 2008
  2. Nicolas Anen am Luxemburger Wort vum 4. Juni 2014, S.18: Den TICE, e Stéck Minett
  3. P. Mousel am Luxemburger Wort vum 21. Juli 2014, S. 18: Öffentlicher Transport mal anders

Schabloun:Interkommunal Syndikater