Op den Inhalt sprangen

Tréier

Vu Wikipedia
Panorama iwwer Tréier vun der Mariësail aus gesinn
Trier
lb: Tréier
Aussprooch
Land Däitschland
Bundesland Rheinland-Pfalz
Krees Kreesfräi Stad
Awunner 112.195 (31. Dezember 2022)
Fläch 117,14 km²
Héicht 124
Koordinaten 49°46'N, 6°40'O
Telefonszon 651
Postcode 54290
Websäit https://www.trier.de/
Jumelage mat Metz, Pula, Ascoli Piceno, 's-Hertogenbosch, Fort Worth, Weimar, Mbabane


Tréier (de: Trier; fr: Trèves) ass eng däitsch Stad a Rheinland-Pfalz a gëllt mat senger méi wéi zweedausendjäreger Geschicht als déi eelst Stad vun Däitschland. Haut ass Tréier mat sengen ëm déi 100.000 Awunner, Bëschofssëtz an Universitéitsstad. Bis zur Opléisung vun de Regierungsbezierker a Rheinland-Pfalz am Joer 2000 war Tréier d'Bezierkshaaptstad vum Regierungsbezierk Tréier.

Tréier läit an engem flaachen Deel 124 m iwwer NN vum soss sou enke Museldall, tëscht géie roude Sandsteefielsen am Westen an deenen zum Deel mat Wéngerte bedeckten Häng am Osten, nëmmen e puer Kilometer vun der Lëtzebuergescher Grenz ewech. Mam Haaptdeel op der rietser Säit vum Floss grenzt d'Stad am Süd-Osten un den Honsréck an am Nord-Westen un d'Äifel. Tréier gehéiert zu de gréisste Wäibaugemengen u Musel, Saar a Ruwer.

D'Maartplaz zu Tréier mam Tuerm vun der St. Gangolfkierch
Landkaart vun Tréier, Nicolas de Fer (1692)

Am Joer 16 v. Chr. grënnen d'Réimer ënner dem Keeser Augustus an der Géigend vum Stammhellegtum vun de kelteschen Treverer d'Stad mam Numm Augusta Treverorum. Ëm 275 gouf si vun den Alemannen eruewert an zerstéiert. Nom Neesopbau ernennt de Keeser Diokletian d'Stad mam Numm Treviris zur réimescher Keeserresidenz an Haaptstad vum westréimesche Räich. Dat antikt Tréier erlieft seng Héichzäit awer eréischt am fréie 4. Joerhonnert ënner dem Regime vum Keeser Konstantin a gëllt der Fläch no als gréisst réimesch Stad nërdlech vun den Alpen. Ëm déi selwecht Zäit huet d'Chrëschtentum sech hei ausgebreet; eng éischt Kéier geet vun engem Bëschof rieds.

Enn vum 5. Joerhonnert vun de Franken eruewert, huet Tréier spéider zum ostfränkesch-däitsche Räich gehéiert. Nodeem d'Stad vun den Normannen nees eng Kéier zerstéiert ginn ass, ass 958 mat der Opriichtung vum Maartkräiz déi haiteg Maartplaz zum Zentrum vun der mëttelalterlecher Stad ginn. Am 12. Joerhonnert goufen déi Tréierer Äerzbëscheef Kurfürsten an hunn Tréier zur Haaptstad vun hirem Kurstaat gemaach, déi bis zu hirer Opléisung tëscht dem 18. an dem 19. Joerhonnert schéin a béis Zäiten huet misse materliewen. Eng éischt Universitéit gouf am Joer 1473 gestëft an där zäitweis den deemolege Weibëschhof vun Tréier Peter Binsfeld Rekter war. Bis 1797 huet déi al Universitéit funktionéiert.

Wärend dem Drëssegjärege Krich ass Tréier zweemol, vun de Spuenier an duerno vun de Fransousen, eruewert ginn. D'Stad sollt nach e puermol a franséisch Hänn falen, ier se 1815 zu Preisen gehéiert huet. Nodeem si am Zweete Weltkrich zum Deel schwéier beschiedegt gouf, gehéiert Tréier haut zanter der Grënnung vun der Bundesrepublik Däitschland am Joer 1946 zu Rheinland-Pfalz.

Den 23. Mäerz 2007 gouf den neien "Oberbürgermeister" Klaus Jensen vereedegt. Hien ass vum 1. Abrëll un den Nofollger vum Helmut Schröer, deen 18 Joer laang déi Plaz hat. De Jansen war als Onofhängegen an d'Wal gaangen, an där hie vun der SPD an de Gréngen ënnerstëtzt gouf.

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
Um Maart zu Tréier
Historesche Kran op der Musel

Tréier ass een eezege Fräiliichtmusée mat anticken, mëttelalterlechen an neizäitege Gebaier, vun deenen 1986 eng Partie zum Weltierwe vun der UNESCO opgeholl gi sinn. Objeten a Konschtwierker aus der 2000järeger Tréierer Geschicht, déi fonnt goufen, sinn am Landesmusée, am Stadmusée Simeonstëft an am Bëschofsmusée Tréier ze bewonneren.

Bekannt Tréierer

[änneren | Quelltext änneren]
  • Karl Marx (1818–1883), Philosoph, Journalist a Politiker
  • Fritz Quant (1888–1933), Moler, Graveur an Designer.
Commons: Tréier – Biller, Videoen oder Audiodateien