Bockellinn

Vu Wikipedia
Bockellinn op der Forsterheide bei Horbach
Koordinaten: 50° 49’ 46’’ N 06° 02’ 57’’ O

Eng Bockellinn ass eng militäresch Konstruktioun déi aus Béton-armés Bléck besteet, déi an a puer Reien hannereneen opgestallt sinn. Sou eng Linn sollt Tanksen ophalen, andeems se sech dra verfänken an net méi weiderfuere konnten.

Bockellinne goufen haaptsächlech vun der Wehrmacht tëscht 1938 an 1939 um Westwall gebaut. Well se sou zackeg aus dem Buedem kucke goufe se vun den Alliéierten Zaldoten Dragoon teeth genannt.

Am däitsch-lëtzebuergesche Grenzgebitt gouf et sou eng Bockellinn zu Ruet op der Our.

Dat belscht Géigestéck dat scho virum Zweete Weltkrich entwéckelt gi war, waren d'Cointetsbarrièren vun deenen der net méi vill ze fanne sinn, well se nom Westfeldzuch vum Besatzer ofmontéiert goufen, an an der Normandie, op de Plagen, als Hënnernes fir Debarquatiounsschëffer opgeriicht goufen.

Draachenzänn bei Schmithof 50° 41’ 47’’ N 06° 09’ 18’’ O

Kuckt och[Quelltext änneren]