Jean-Joseph Koppes

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Bëschof J-J Koppes
De Grafstee vum Bëschof Koppes an der Glacis Kapell

De Jean-Joseph Koppes gebuer zu Kanech de 16. September 1843 a gestuerwen den 29. November 1918 war 35 Joer laang Bëschof vu Lëtzebuerg.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Jean-Joseph Koppes kënnt als 3. Kand vun den 12 Kanner vum Schoulmeeschter Jean Koppes an Anne-Marie Ernster op d'Welt. Dräi vu senge Schwësteren trieden an den USA an den Uerde vun der Gemeinschaft vum Hellege Kräiz an, ee Brudder gëtt Priister och an Nordamerika an en 2. zu Lëtzebuerg.

De Jean-Joseph Koppes huet säi Lycée am Kolléisch gemaach, goung duerno an de Lëtzebuerger Seminaire. Den 28. August 1868 gouf de Jean-Joseph Koppes zum Priister geweit an direkt Kaploun an der Stater Kierch Notre-Dame, déi zwee Joer méi spéit 1870 zur d'Kathedral vu Lëtzebuerg gouf.

Als Kaploun war hien de spirituelle Begleeder vun der ëmstriddener stigmatisierter Anna Moes (1832-1895), déi sech ouni bëscheeflesch Erlaabnes als Priorin a Grënnerin vun de Lampertsbierger Dominikanerinnen Dienerin Gottes Maria Dominika Klara vom Heiligen Kreuz genannt huet.

Am Joer 1873 gouf hien du Paschtouer zu Esch-Uelzecht an der Jousefskierch, där Par, déi wéinst der neier Kierch staark iwwerverschëlt war. Duerch seng kierzlech an d'USA ausgewandert Famill a Bekannt sammelt hien déi néideg Sue fir de Kierchebau ze bezuelen.

No laangem Hin an Hier gouf de Jean-Joseph Koppes den 28. September 1883 am Alter vu just 40 Joer zum Bëschof vu Lëtzebuerg ernannt. Och a kierchleche Kreesser gouf seng Bëschofsernennung net vun alle begréisst, obschonn de Seminaireprofesser Dominik Hengesch (1844–1899) an den Internuntius fir Lëtzebuerg de Mgr. Francesco Spolverini (1838–1918) wéi och den Nicolas Nilles SJ, deen och als Kandidat gegollt huet, sech fir hien agesat hunn. De 4. November 1883 huet de Kardinol E.H. Howard hien zu Roum zum Bëschof geweit.

No engem Schlag an de leschte Jore vu sengem Liewe war hien op d'Hëllef vum Bëschof vun Tréier ugewisen, well de Vatikan him kee Bëschof-Koadjutor wollt zougestoen.

Wéi de Bëschof Koppes den 29. November 1918 stierft, huet de Staatsrot et net erlaabt, hien an der Kathedral ze begruewen. Dofir gouf hien, wéi säi Virgänger de Bëschof Adames, an der Glacis Kapell begruewen. Op der Grafplack steet geschriwwen: Hei leit an der Erwaardung vun der Operstéiung seng Excellenz, den hochwürdegsten Här Jean Joseph Koppes, zweete Bëschof vu Lëtzebuerg, gestuerwen den 29. November 1918 am Alter vu 75 Joer. Bied fir hien. A Fridde soll hie rouen.[1]

No sengem Doud blouf de Bëschofsstull 15 Méint laang eidel. Mat dëser Sedisvakanz wollt de Vatikan wuel d'Konsequenze vum Éischte Weltkrich ofwaarden a gesinn, wéi engersäits, déi national-politesch Situatioun sech géif entwéckelen, no der Ofdankung vun der Groussherzogin Marie-Adélaïde den 10. Januar 1919 zu Gonschte vun hirer Schwëster Charlotte a wéi anerersäits, déi geopolitesch Bestriewunge vu Frankräich an der Belsch fir dat zanter 1839 neutraalt Lëtzebuerg z'annexéiere géifen ausgoen. Eréischt am Mäerz 1920 gouf de Pierre Nommesch säin Nofolger .

Wierken[änneren | Quelltext änneren]

De Bëschof Koppes huet de Mariekult a besonnesch d'Veréierung vun der Tréischterin ënnerstëtzt. Am Joer 1885 huet hien d'Glacis Kapell der Tréischterin geweit, déi op Wonsch vum Bëschof Nicolas Adames an no de Pläng vum Staatsarchitekt Charles Arendt gebaut gouf.

Seng Hierdebréiwer hu sech all rondrëm déi réimesch-kathoulesch Kierch gedréint, rondrëm d'Onfeelbarkeet vum Poopst, seng weltgeschichtlech Bedeitung, d'Flichte vum Staat, de Bierger an de Gleewege vis-à-vis vum Herrgott a sengem Stellvertrieder dem Poopst.

Op Christi-Himmelfaart 1892 huet de Bëschof Koppes verkënnege gelooss, datt de Poopst Leo XIII. fir déi nächst 7 Joer e vollkommenen Ablass deenen zougesot huet, déi op Päischtdënschden op d'Iechternacher Sprangprëssessioun ginn. Doropshin huet d'Zuel vun de Pilger staark zougeholl. De Bëschof Koppes war och den éischte Bëschof, dee selwer op der sprangprëssessioun dobäi war[2].

An der Aarbechterfro huet de Bëschof Koppes eng streng antimodernistesch Haltung vertrueden. Hien ënnerstëtzt awer d'Grënnung vu kathoulesche Veräiner, wéi de Luxemburger katholischer Volksverein (1903), de Veräin vun de kathouleschen Aarbechter (1906), den Akademikerveräin (1910) an d'Rietspartei (1914).

Bei der Gestaltung vum Gottesdéngscht huet hie sech strikt un de réimesch-kathoulesche Ritus gehalen. De nei formuléierte réimesch-kathoulesche Katchëssem war absolut Referenz an all Glawensfro.

Direkt am Ufank vum 20. Joerhonnert huet hie Pläng fir eng nei Kathedral a Marienhellegtëm um Glacis an Optrag ginn an och déi néideg Suen dofir gesammelt, besonnesch bei senge laange Reesen duerch d'USA an de Joren 1901 a 1910. Dee Projet gouf awer ni realiséiert, ënner anerem well e groussen Deel vun de Suen duerch d'Entwäertung nom Éischte Weltkrich verluer gaange sinn.

Staat a Kierch[änneren | Quelltext änneren]

De Bëschof Koppes konnt dat neit Schoulgesetz vun 1912 net mat sengem Gewëssen iwwerenee bréngen an huet et ofgeleent, wuel och well d'Regierung et net virdru mat de kierchlechen Instanzen ofgeschwat hat. Et entsteet bei der liberal orientéierter Regierung a bei groussen Deeler vun de Lëtzebuerger Bevëlkerung eng antiklerikal Haltung, déi d'Relatiounen tëscht Staat a Kierch staark belaascht hunn.

Seng regelméisseg Presenz bei de Versammlunge vun den däitsche Bëscheef zu Fulda huet d'Regierung provozéiert. Wéi dunn 1913 de Bëschof Koppes bei enger Versammlung vun däitsche Katholiken zu Metz den Däitsche fir hir daper Haltung am Kulturkampf gratuléiert huet a gläichzäiteg Lëtzebuerger Deputéiert beschëllegt huet de kierchefeindleche Kulturkampf an der Politik an an der Schwéierindustrie z'ënnerstëtzen, kënnt et zu engem Prozess géint hien wéinst Verleumdung. De Bëschof verléiert de Prozess a muss eng gréisser Zomm Schuedenersaz bezuelen.

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Wope vum Bëschof Koppes

De Bëschofswopen, deen iwwer der Dir vum ëstleche ronnen Tuerm vun der Klierfer Parkierch ze gesinn ass [3], gëtt sou beschriwwen: D'azur à la fasce d'argent chargée d'une colombe d'azur tenant en son bec un rameau d'olivier de sinople, accompagnée en chef d'une étoile rayonnante vers le bas d'argent, la pointe chargée d'ondes de sable dans lesquelles nage un poisson de sinople.

Als Bëschofsdevise huet de Jean-Joseph Koppes den Ausdrock PAX ET VERITAS (Fridden a Wourecht) gewielt, e Bibelzitat (2Kön 20,19: Et wäert dach Fridden a Sécherheet a menger Zäit ginn), mat deem hien awer och seng ultramontan Haltung, also seng absolut Poopsttrei, ënnerstrach an anengems sech d'Ënnerstëtzung vun alle Kongregatiounen aus der réimesch-kathoulescher Kierch geséchert huet.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Ed Kayser 2003: Jean-Joseph KOPPES 1843-1918. In : 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 299-300. éditions saint paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.
  • Lenertz, M., Muller, J-Cl., 1991, Les Évêques/Archevêques de Luxembourg, Lignes agnatiques, jalons biographiques et armoiries. Annuaire - A.L.G.H.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Op Latäin: HIC IACET | RESURRECTIONEM EXPECTANS | RR.DD. JOANNES JOSEPH KOPPES | EPISCOPUS LUXEMBURGENSIS II. | OBIIT DIE 29. NOVEMBRIS 1918 | AETATIS 75 ANNORUM | ORATE PRO EO | R.I.P.
  2. Seiler Emile, Ein Ablass für Springer und Pilger, Luxemburger Wort, Die Warte, 9. 6. 2011
  3. Latein auf Stein, Klierf
Virgänger BishopCoA PioM.svg Nofolger
Nicolas Adames Lëscht vun de Bëscheef Pierre Nommesch