Sharpless-Katalog

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Sharpless 2-106

De Sharpless-Katalog ass eng Lëscht vun 312 HII-Regiounen (Emissiounsniwwelen) mat der Absicht vun enger kompletter Lëscht vun dësen Objeten nërdlech vun der Deklinatioun δ = -27° (hien huet allerdéngs och e puer Niwwelen südlech vun dëser Positioun). Déi éischt Editioun aus dem Joer 1953 (Sh1) hat 142 Objeten, déi zweet a lescht Versioun vun 1959 (Sh2) vum Stewart Sharpless dann 312 Objeten. De Katalog huet och e puer Planetareschen Niwwelen a Supernova-Reschter.[1]

Am Joer 1953 gouf de Stewart Sharpless Mataarbechter vun der United States Naval Observatory, wou hien HII-Regiounen vun der Mëllechstrooss op Basis vun der Duerchmusterung vum Palomar Observatory Sky Survey analyséiert a katalogiséiert huet. Aus dëser Aarbecht eraus huet hie seng Kataloge vun HII-Regiounen an zwou Editiounen publizéiert, den éischten nach am selwechte Joer mat 142 Niwwelen.[2] Déi zweet an och lescht Editioun gouf 1959 publizéiert a hat dann 312 Niwwelen.[3]

Sharpless-Koordinate vun der éischter Editioun Sh1 hunn op de Stärekataloge vun der Bonner Duerchmusterung oder der Córdoba-Duerchmusterung baséiert. Déi zweet Editioun huet Koordinate vun der Epoch 1900 benotzt.[1]

Am Sh2 hunn e puer Koordinate vun der südlecher Hemisphär Miessofwäichungen vun iwwer enger Bouminutt.[1] Dat kann en Opfannen vun de gesichten Objeten däitlech erschwéieren. Dofir gouf e revisionéierte Katalog mam Numm BFS (Blitz, Fich and Stark) erausginn.[1] Dësen hat 65 nei Objeten, 20 Objete goufen ewechgeholl.[1] Déi meescht vun den Objeten, déi ewech geholl goufen, waren entweder schonn opgehollen Niwwelen oder Iwwerreschter.[1]

Déi 312 Vermierker am Sharpless-Katalog iwwerlappen sech heiansdo mat den 110 am Messier-Katalog (M), de 7.840 vum New General Catalogue (NGC), dem Caldwell-Katalog (dee selwer nees eng Ënnerauswiel vun anere Katalogen duerstellt) mat 109 Iwwerlappungen wéi och dem RCW-Katalog. Zäitgenëssesch waren d'Kataloge Gum an RCW, obwuel dës haaptsächlech déi südlech Hemisphär ofdeckten.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

Auszuch vu Beispiller vum zweete Sharpless-Katalog aus dem Joer 1958; E Klick op d'Bild liwwert d'Bildbeschreiwung, déi meescht sinn entweder vun ënnerschiddlechen Amateurastronomen, vun Europäesche Südobservatoire, vun der ESA oder der NASA

Sh 2- # Numm Bild Virkommen oder aner Bezeechnungen
6 NGC 6302 NGC 6302HST.jpg Sh2-6, NGC 6302, Bug Nebula,

PK 349+01 1, Butterfly Nebula, RCW 124, Gum 60, Caldwell 69

8 NGC 6334 NGC 6334.jpg ESO 392-EN 009, Sharpless 8, RCW 127, Gum 64, NGC 6334
11 NGC 6357 EmissionNebula NGC6357.jpg Sh2-11, NGC 6357, RCW 131, Gum 66, War and Peace Nebula
25 Lagunenniwwel M8HunterWilson.jpg Sh2 25, RCW 146, Gum 72, Messier 8
30 Trifidniwwel Trifid.nebula.arp.750pix.jpg Sh2 30, M20, NGC 6514, RCW 147, Gum 76
45 Omeganiwwel ESO-The Omega Nebula-phot-25a-09-fullres.jpg Omega Nebula, M17, NGC 6618, Swan Nebula, Sharpless 45, RCW 160, Gum 81
49 Adlerniwwel Eagle Nebula from ESO.jpg Sh2 49, Messier 16, NGC 6611, RCW 165, Gum 83
101 Tulpenniwwel TulipHunterWilson.jpg Sharpless 101
105 NGC 6888 Crescenthunter.jpg Sh2 105, Sharpless 105, Caldwell 27
106 Sh2-106 Sharpless 2-106.jpg Sh2-106, Celestial Snow Angel
117 Nordamerikaniwwel North-America-nebula.jpeg NGC 7000, Caldwell 20
125 Kokon-Niwwel CocoonHunterWilson.jpg IC 5146, Caldwell 19
140 Sh2-140 Ssc2004-07a.jpg Sh2-140
155 Höhlenniwwel Cave Nebula.jpg Sh2-155, Caldwell 9
162 NGC 7635 NGC 7635 (vivid).jpg Sh2-162, NGC 7635, Bubble nebula
184 NGC 281 NGC281HunterWilson.jpg NGC 281, IC 11
191 Maffei 1 Maf1atlas.jpg Sh2-191, Maffei 1, PGC 9892
197 Maffei 2 Maf2atlas.jpg Sh2-197, Maffei 2, UGCA 39
199 Séilenniwwel W5 cropped.jpg Sh2-199, LBN 667, Soul Nebula, IC 1848 (cluster only)
220 Kalifornienniwwel California-nebula.jpeg NGC 1499, Sharpless 220
229 IC 405 FlamingStarHunterWilson.jpg Flaming Star Nebula, Caldwell 31, IC 405, Sh2-229
238 NGC 1555 Ngc1555.jpg NGC 1555, Hind's Nebula, Sharpless 238
244 Krabbniwwel Crab Nebula.jpg Messier 1, NGC 1952,
248 IC 443 Ic443 wide.jpg IC 443, Sh2-248, Jellyfish Nebula
271 Flamenniwwel Ngc2024 med.jpg Sh2-271, NGC 2024
275 Rosettenniwwel Rosette nebula s.jpg Sh2-275, CTB 21
276 Barnards Schläif BarnardLoopHunterWilson.jpg Sh2-276, Barnard's Loop
281 Orionniwwel Orion Nebula - Hubble 2006 mosaic 18000.jpg M42, NGC 1976, LBN 974
290 Abell 31 Abell31s.jpg Sharpless 290, PNG 219.1+31.2, PK 219+31.1, ARO 135
298 NGC 2359 Thors Helmet - NGC 2359.png Helm vum Thor, Gum 4, Sharpless 298, NGC 2359

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 Galaxy Map - The Gum, RCW, Sharpless and BFS catalogs
  2. Stewart Sharpless, A Catalogue of Emission Nebulae Near the Galactic Plane, Astrophysical Journal, vol. 118, p.362, 1953
  3. Stewart Sharpless, A Catalogue of H II Regions, Astrophysical Journal Supplement, vol. 4, p.257, 1959