Allerhellegen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Allerhellgen)
Allerhellegen um polnesche Kierfecht zu Boronów

Allerhellegen ass en Héichfest an der kathoulescher Kierch dat den 1. November gefeiert an wou un all Helleg geduecht gëtt. Zu dësem Ulass versammele sech déi Gleeweg an Net-Gleewege op de Kierfechter fir hire verstuerwene Familljememberen ze gedenken, Blummen néierzeleeën a Käerzen unzefänken. Dës Traditioun gëtt heefeg vun enger reliéiser Zeremonie an enger Seenung vun de Griewer begleet[1].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Schonn am 4. Joerhonnert no Christus, nodeem d'Chrëschteverfollgungen opgehalen hunn, huet déi griichesch Kierch den éischte Sonndeg no Päischten erausgesicht fir de Märtyrer ze gedenken.

Am 7. Joerhonnert ass op den 13. Mäerz op d'Aweiung vum Pantheon hin e kathoulescht Fest geluecht ginn, fir der séileger Jongfra Maria an all de Märtyrer ze gedenken.

839 huet de Poopst Gregor IV fir déi ganz Kierch den 1. November als "Fest vun all den Hellegen" festgeluecht. Op Allerhellege gëtt un all déi Helleg geduecht gëtt, och un déi, déi net kanoniséiert goufen oder vun deenen nëmme Gott weess[1].

Feierdag[änneren | Quelltext änneren]

Allerhellegen ass e gesetzleche Feierdag zu Lëtzebuerg, grad wéi ë. a. an Andorra, an der Belsch, an Éisträich, Frankräich, Italien, Kroatien, Liechtenstein, Litauen, Monaco, Polen, Portugal, Rumänien, der Slowakei, Slowenien, Spuenien, Ungarn an an der Vatikanstad.

An Däitschland an an der Schwäiz ass et just e Feierdag an de kathoulesche Bundeslänner respektiv Kantonen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Allerhellegen – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. 1,0 1,1 Quell: Hausemer, G., & Luxembourg Service Information et Presse. (2013). Apropos... Feste und Traditionen in Luxemburg. Luxembourg: Presse- und Informationsamt, gekuckt op luxembourg.public.lu den 10. Januar 2019