Asiatesch Runn mat schwaarzem Thorax

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Asiatesch Gielfouss-Runn)
Asiatesch Runn mat schwaarzem Thorax
Vespa velutina nigrithorax. Dorsal Vue (uewen) a ventral Vue (ënnen).

Vespa velutina nigrithorax.
Dorsal Vue (uewen) a ventral Vue (ënnen).
Vespa velutina nigrithorax.
Dorsal Vue (uewen) a ventral Vue (ënnen).
Aner Sproochen: fr: Frelon à pattes jaunes
en: Asian black hornet
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Klass: Insekten
Uerdnung: Hymenoptera
Famill: Falenharespelen (Vespidae)
Ënnerfamill: Echt Harespelen (Vespinae)
Gattung: Runnen (Vespa)
Aart: Vespa velutina
Wëssenschaftlechen Numm
Vespa velutina nigrithorax
Buyss., 1905

D'Asiatesch Runn mat schwaarzem Thorax (Vespa velutina nigrithorax), déi, wéi hiren Numm et seet, aus Asien staamt, ass e generalistesche Raiber vu mëttelgrousse- bis groussen Insekten an en Aassfrësser vu Wierbeldéieren. D'Aart ass zënter 2004 an Europa invasiv a gouf uganks September 2020 fir d'éischt zu Lëtzebuerg nogewisen.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Asiatesch Runn mat schwaarzem Thorax ass 17–22 mm laang. D'Gesiicht an den hënneschten Deel vum Hannerleif si giel bis orange gefierft, d'Féiss (Tarsen) gielzeg, déi aner Kierperdeeler si gréisstendeels vun däischterer schwaarz-bronger Faarf. D'Nascht ass 60 x 80 cm grouss an hänkt meeschtens an héije Beem (bis 10 m), mat engem klenge Lach op der Säit als Entrée.

Taxonomie[änneren | Quelltext änneren]

D'Asiatesch Runn mat schwaarzem Thorax ass eng Ënneraart vun der Aart Vespa velutina Lepeletier, 1836 aus der Gattung Runn (Vespa) an der Famill vun de Falenharespelen (Vespidae) an der Uerdnung Hymenoptera.

Ënnerdeelung[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Verbreedung vun den ënnerschiddlech gefierften Ënneraarte vu Vespa velutina a Südwestasien

Bannent der Aart Vespa velutina ginn 13 Ënneraarten ënnerscheet, déi duerch hier Faarf differenzéiert ginn. D'Ënneraart V. velutina nigrithorax ass déi eenzeg, déi an Europa virkënnt.

  • Vespa velutina velutina (Java)
  • Vespa velutina variana (Vietnam, Myanmar, Thailand)
  • Vespa velutina karnyi (Sumatra)
  • Vespa velutina ardens (Lombok a Sumbawa)
  • Vespa velutina floresiana (Flores)
  • Vespa velutina celebensis (Sulawesi)
  • Vespa velutina sumbana (Sumba)
  • Vespa velutina timorensis (Timor)
  • Vespa velutina flavitarsis (Taiwan)
  • Vespa velutina nigrithorax (China a Grenzregioun Indien/Myanmar)
  • Vespa velutina divergens (Malayescht Festland)
  • Vespa velutina auraria (Ost-Himalaya: Indien an Nepal, Südchina, Nordvietnam)
  • Vespa velutina pruthii (Nordostindien, Kaschmir an Afghanistan)

Etymologie[änneren | Quelltext änneren]

  • Vespa: aus dem Latäin vespa;
  • velutina: laténgesch velutinus = samettaarteg, dicht bedeckt mat renge kuerze muussegen Hoer;
  • nigrithorax: wiertlich „schwaarze Broschtpanzer“ (laténgesch: niger = schwaarz, Algriichesch θώραξ Broschtpanzer).

Verbreedung a Liewensraum[änneren | Quelltext änneren]

Natierlecht Verbreedungsgebitt[änneren | Quelltext änneren]

D'Vespa velutina ass eenheemesch am Süde vu China, op Taiwan, an Indien an an Indonesien. D'Aart gouf 2003 a Südkorea agefouert an 2014 a Japan. Si lieft haaptsächlech an de Bierger, awer an Indonesien besidelt s'och tropesch Reebëscher am Déifland. Hir Ënneraart Vespa velutina nigrithorax ass a China an an der Grenzregioun Indien/Myanmar eenheemesch.

Introduktioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Asiatesch Runn mat schwaarzem Thorax kann iwwer follgend Weeër agefouert respektiv transportéiert ginn: Gaardebuedem, -miwwelen a -dëppen, Holz, Geméis, Campingsgeschier, asw.[1]

Weltwäit Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

D'Vespa velutina huet sech a rezenter Zäit an Asien verbreet (si ass eng invasiv Aart a Südkorea an a Japan). D'Ënneraart V. velutina nigrithorax gouf onabsichtlech an Europa agefouert, wou si 2004 fir d'éischt a Südfrankräich nogewise gouf [2]. Zënterhier gouf si a follgenden europäesche Länner an Insele fonnt: Spuenien (2010)[3], Portugal (2011)[4], Belsch (2011/2016)[5], Italien (2012)[6], Däitschland (2014)[7], Balearen (2015)[8] Kanalinselen (2016)[9], Groussbritannien (2016)[10], Holland (2017)[11], Schwäiz (2017)[12], a Lëtzebuerg (2020)[13]. Et gëtt erwaart, datt d'Aart sech a weider europäesche Länner wäert ausbreeden.

Status a Verbreedung zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Eng falsch éischt Meldung vun enger angeeblecher Vespa velutina ass de 14. August 2012 am Tageblatt publizéiert ginn, dat awer mat Fotoe vun der Eurasescher Runn.[14]

D'Asiatesch Runn mat schwaarzem Thorax gouf fir d'éischt zu Lëtzebuerg den 2. September 2020 op Riewen an engem Privatgaart zu Jonglënster observéiert. Den 9. September gouf d'Aart bei Angelduerf opgeholl, den 19. September zu Schëffleng. Den 21. September gouf zu Esch-Uelzecht e Nascht héich an engem Bam an engem Privatgaart an der Rue Général G.S. Patton fonnt. De 27. September gouf d'Aart zu Biekerech nogewisen, den 30. September zu Iechternach, an de 7. Oktober zu Colmer-Bierg.

Well d'Näschter, bis d'Beem am Hierscht hier Blieder verléieren, ganz schwéier ze fanne sinn a well zu deem Zäitpunkt déi jonk Kinniginnen d'Näschter scho verlooss hunn, fir an engem Wanterquartéier z'iwwerwanteren, muss dermat gerechent ginn, datt d'Aart sech an Zukunft weider zu Lëtzebuerg verbreet.

Nascht vun der Asiatescher Runn mat schwaarzem Thorax a Frankräich

Ekologie[änneren | Quelltext änneren]

Asiatesch Runn mat schwaarzem Thorax als invasiv gebittsfriem Aart[änneren | Quelltext änneren]

Invasiv gebittsfriem Aart vu Bedeitung fir d'Europäesch Unioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Asiatesch Runn mat schwaarzem Thorax gouf am Joer 2016 op d'Lëscht vun den invasive gebittsfriemen Aarte vu Bedeitung fir d'Europäesch Unioun opgeholl[15], wat implizéiert, datt d'Memberlänner all néideg Schrëtt ënnerhuele musse fir ze verhënneren, datt d'Aart ongewollt agefouert oder verbreet gëtt.

Risikobewäertung[änneren | Quelltext änneren]

Eng Risikobewäertung mat dem ISEIA-Protokoll huet erginn, datt déi Aart e relativ schwaachen Impakt op d'Ëmwelt opweist: C1 (3+1+1+1).[16]

Meldung vun der Aart[änneren | Quelltext änneren]

Jidderee kann déi Aart dem Naturmusée mellen, Experte ginn zäitgläich iwwer E-Mail informéiert.

Impakt[änneren | Quelltext änneren]

Ekologeschen Impakt[änneren | Quelltext änneren]

D'Asiatesch Runn mat schwaarzem Thorax jot a raibert eng Rei vun Insekte wéi Diptera a sozial Hymenoptera wéi Hunnegbeien an aner eenheemesch Bestëbserinsekten.

Wirtschaftlechen Impakt[änneren | Quelltext änneren]

Si kann en negativen Impakt op d'Hunnegproduktioun hunn.

Management, Kontroll[änneren | Quelltext änneren]

Ofgesi vun héije Beem baut d'Asiatesch Runn mat schwaarzem Thorax hir Näschter seelen och a Gaardenhaisercher, Gebaier oder am Buedem. D'Näschter gi vu Spezialiste mam néidegen Ekipement ewechgemaach.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 2016. Commission implementing regulation (EU) 2016/1141 of 13 July 2016 adopting a list of invasive alien species of Union concern pursuant to Regulation (EU) No 1143/2014 of the European Parliament and of the Council. Official Journal of the European Union L 189: 4-5.
  • Back, A., 2012a. Bienenfresser aus Fernost. Wallonien rüstet sich gegen die Asiatische Hornisse, Luxemburg blieb bislang verschont. tageblatt (03.08.2012).
  • Back, A., 2012b. Bienenfresser aus Fernost, Teil II. Asiatische Hornisse auch in Luxemburg angekommen. tageblatt (14.08.2012). [Dësen Artikel iwwert den angeeblechen Noweis vu Vespa velutina zu Lëtzebuerg huet Onrecht, well e Fotoe vun der Eurpäëscher Runn V. crabro enthält.]
  • Barbier Y & JL Renneson (2018). Vespa velutina Lepeletier, 1836. Atlas Hymenoptera. URL: http://www.atlashymenoptera.net/pagetaxon.asp?tx_id=3877 [2018.01.03]
  • Budge G.E., J. Hodgetts, E.P. Jones, J.C. Ostojá-Starzewski, J. Hall, V. Tomkies, et al., 2017. The invasion, provenance and diversity of Vespa velutina Lepeletier (Hymenoptera: Vespidae) in Great Britain. PLoS ONE 12(9): e0185172. https://doi.org/10.1371/journal.pone.0185172
  • CABI, 2019. Vespa velutina [text by Sarah Bunker, UK; CRCNPB Australia]. In: Invasive Species Compendium. Wallingford, UK: CAB International. URL: www.cabi.org/isc [accessed 2020-01-31]
  • Ebener, A., 2017. Arrivée du frelon asiatique en Suisse. Communiqué d'apiservice. URL: https://web.archive.org/web/20201204145656/http://ffa-vfb.ch/2017/04/26/apiservice-arrivee-du-frelon-asiatique-en-suisse/
  • Federazione Apicoltori Italiani, 2013. Vespa velutina: prima segnalazione in Italia. E' allarme!. Rome, Italy: Federazione Apicoltori Italiani.
  • Grosso-Silva J.M. & M. Maia, 2012. Vespa velutina Lepeletier, 1836 (Hymenoptera, Vespidae), new species for Portugal. In: Arquivos Entomolóxicos, 6 53-54.
  • Leza M., M. Á. Miranda & V. Colomar, 2018. First detection of Vespa velutina nigrithorax (Hymenoptera: Vespidae) in the Balearic Islands (Western Mediterranean): a challenging study case. Biological Invasions. 20 (7), 1643-1649. https://link.springer.com/article/10.1007/s10530-017-1658-z DOI:10.1007/s10530-017-1658-z
  • López, S., M. González & A. Goldarazena, 2011. Vespa velutina Lepeletier, 1836 (Hymenoptera: Vespidae): first records in Iberian Peninsula. Bulletin OEPP/EPPO Bulletin. 41 (3), 439-441.
  • MNHNL, iNaturalist & GBIF, 2020. Vespa velutina nigrithorax du Buysson, 1905 in MNHNL-mdata, online portal combining species observation from Recorder-Lux, iNaturalist and GBIF. National Museum of Natural History, Luxembourg. URL: https://mdata.mnhn.lu [Accessed 2020-04-21]
  • Ries, C., A. Arendt, C. Braunert, S. Christian, A. Dohet, A. Frantz, G. Geimer, M. Hellers, J. A. Massard, X. Mestdagh, R. Proess, N. Schneider & M. Pfeiffenschneider, 2017. Environmental impact assessment and black, watch and alert list classification after the ISEIA Protocol of invertebrates in Luxembourg. Bull. Soc. Nat. luxemb. 119: 63-70. [PDF 360 KB]
  • Ries, C. & M. Pfeiffenschneider (Eds.), 2020. Vespa velutina nigrithorax du Buysson, 1905. In: neobiota.lu - Invasive Alien Species in Luxembourg. National Museum of Natural History, Luxembourg. URL: https://neobiota.lu/vespa-velutina/ [Accessed 2020-09-14].
  • Ries, C., N. Schneider, F. Vitali & A. Weigand, 2021. First records and distribution of the invasive alien hornet Vespa velutina nigrithorax du Buysson, 1905 (Hymenoptera: Vespidae) in Luxembourg. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 123: 181-193. PDF 3 MB
  • Smit J, R van de Roer, R Fontein & A de Wilde (2017) Eerste vondst van de aziatische hoornaar Vespa velutina nigrithorax in Nederland (Hymenoptera: Vespidae). Nederlandse Faunistische Mededelingen 49: 1-10.
  • States of Guernsey Government, 2016. Asian hornet identified in Alderney., https://www.gov.gg/article/155332/Asian-Hornet-identified-in-Alderney
  • Villemant, C., J. Haxaire & J.-C. Streito, 2006a. Premier bilan de l'invasion de [taxonitalic taxon_sciname="Vespa velutina Lepeletier"] en France (Hymenoptera, Vespidae). Bulletin de la Société entomologique de France 111 (4): 535-538. [PDF]
  • Villemant, C., J. Haxaire & J.-C. Streito, 2006b. La découverte du frelon asiatique Vespa velutina, en France. In: Insectes, 143 (4) 3-7. [PDF]
  • von Orlow, M., 2014. Asiatische Hornisse hat Deutschland erreicht. Nachweis bei Karlsruhe / Imker befürchten Schäden an Bienenvölkern. URL: https://www.nabu.de/news/2014/09/17045.html

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vespa velutina – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Cf. CABI 2019 an der Literatur.
  2. Cf. Villemant et al. 2006a: 536, 2006b an der Literatur.
  3. Cf. López et al. 2011 an der Literatur.
  4. Cf. Grosso-Silva & Maia 2012 an der Literatur.
  5. Cf. Barbier & Renneson 2018 an der Literatur.
  6. Cf. Federazione Apicoltori Italiani 2013 an der Literatur.
  7. Cf. von Orlow 2014 an der Literatur.
  8. Cf. Leza et al. 2018 an der Literatur.
  9. Cf. States of Guernsey Government 2016 an der Literatur.
  10. Cf. Budge et al. 2017 an der Literatur.
  11. Cf. Smit et al. 2017 an der Literatur.
  12. Cf. Ebener 2017 an der Literatur.
  13. Cf. MNHNL, iNaturalist & GBIF, 2020 an der Literatur.
  14. Cf. Back 2012b an der Literatur. 11 Deeg virdrun hat deeselwechte Journalist Armand Back schonn en Artikel iwwert d'Virkomme vun der Asiatesche Runn mat schwaarzem Thorax an der Belsch geschriwwen (Back 2012a)
  15. Cf. Anonym 2016 an der Literatur.
  16. Cf. Ries et al. 2017: 69 an der Literatur.