Bam vum Prënz Charles

Vu Wikipedia
Bam vum Prënz Charles
De Bam vum Prënz Charles am Hierscht 2020
Kategorie Bemierkenswäerte Bam
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Stadpark
Adress Avenue J.-P. Pescatore
Koordinaten 49°36'55,627"N, 6°7'45,797"O
Status Erënnerungsbam

De Bam vum Prënz Charles ass eng Lann déi an der Stad Lëtzebuerg am Pescatore-Park beim Lift fir an de Pafendall steet.

Dëse Bam gouf den 21. September 2020, bei der Geleeënheet vun der Gebuert vum Prënz Charles, den 10. Mee 2020, geplanzt[1],[2].

De Bam steet net wäit ewech vum Bam vum Prënz Jean, deen no der Gebuert vum Prënz Jean, dem spéidere Groussherzog Jean de 5. Januar 1921 geplanzt gi war.

Beim Bam steet eng Plack mat follgendem Text:

En l'honneur de
S.A.R. Le Prince

Charles Jean Philippe
Joseph Marie Guillaume
de Luxembourg

né le 10 mai 2020 à Luxembourg

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Plantation d'un arbre en l'honneur du Prince Charles. monarchie.lu (21.09.2020). Gekuckt de(n) 22.11.2020.
  2. Plantation d'un arbre en l'honneur de la naissance de S.A.R. le prince Charles. gouvernement.lul (21.09.2020). Gekuckt de(n) 22.11.2020.