Benotzer:Patt Wäin

Vu Wikipedia

Islam zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg wunne geschätzt tëschent 8'000 an 12'000 Moslemen, also 2% vun der Bevëlkerung. Zu Lëtzebuerg gouf den Islam fir d'éischt offiziell mat der Konventioun vum 26. Januar 2015 tëschent der Shoura an dem lëtzebuergesche Staat unerkannt.

Bedeitung Wuert "islam"[änneren | Quelltext änneren]

An der arabescher Sprooch ginn déi meescht Wierder vun 3 Haaptkonsonanten gebilt. Duerch d'Fügung vu verschiddenen Vokalen oder Silben gi vun enger Wuertwuerzel bis ze 10 verschidde Stämm gebilt. Déi verschidde Stämm hunn ënnerschiddlech Bedeitungen. D'Wuert "Islam" besteet vun der Wuerzel s-l-m. Dëst Verb bedeit un sech "salima", wat iwwersat "wuelerhaale sinn" bedeit. Vun dëser selwechter Wuerzel gi vill aner Wierder ofgeleet: "sallama", wat ënner anerem "gréissen" bedeit oder och "saalama" wat "Fridde schléissen" bedeit.

Geschicht vum Islam[änneren | Quelltext änneren]

Ausgangslag (Bis 18. Joerhonnert)[änneren | Quelltext änneren]

Bis Enn vum 18. Joerhonnert war Lëtzebuerg e reng kathoulescht Gebitt. Mat der franséischer Revolutioun 1789 huet de Lëtzebuerger Staat och erlaabt dass och aner Glawensrichtungen zu Lëtzebuerg Plaz hunn, wat an der Verfassung fest verankert gouf.

Installatioun vum Islam ( 1970er - 90er)[änneren | Quelltext änneren]

Vun den 1970er-Joren un, huet den Islam ugefaange sech zu Lëtzebuerg ze etabléieren. Dëst ass als Suite vum Accord tëscht dem Lëtzebuerger Staat an Ex-Jugoslawien ze verstoen, deen d' Arbeschtermigratioun a Lëtzebuerg promouvéiere sollt. Doduerch, dass Ex-Jugoslawien e Land mat enger Rei majoritär muslimesche Regiounen ass, huet also d'muslimesch Gemeinschaft ugefaangen sech zu Lëtzebuerg ze entwéckelen. An den 90er-Jore koumen du weider Muslimen aus Ex-Jugoslawien, dëst als politesch Flüchtlingen, well d'Land ënner politeschen Turbulenze gelidden huet. Am nämmlechte Joerzéngt sinn och vill Muslimen aus diverse Länner, wei z.B. der Tierkei, dem Pakistan oder de Maghreblänner, a Lëtzebuerg immigréiert. D' Konsequenz vun dësen Zoufloss u Muslimen aus ville verschiddene Länner war, datt d'islamesch Gemeinschaft net eenheetlech war. An dëser Zäit ass d'Zuel vun de Muslime vun 300 op 3000 eropgaangen.

Well et Ufank keng representativ Vertriedung vum Islam zu Lëtzebuerg gouf, krut déi muslimesch Religiounsgesellschaft keng staatlech Ënnerstëtzung. Also missten d'Paie vun den Imamen an d' Versammlungsraim vu Privatleit oder Benevolat bezuelt an ënnerhale ginn. Dowéinst goufen am Ufank oft Privatwunnenge fir Gebieter zu Verfügung gestallt Spéider goufen dunn duerch gegrënnt Veräiner Gebietsraim gebaut an ënnerhalen. D' muslimesch Gesellschaft huet sech also lues an lues zu Lëtzebuerg etabléiert an ass elo zueleméisseg gutt zu Lëtzebuerg representéiert.

Aktuell Lag[änneren | Quelltext änneren]

Déi muslimesch Populatioun vu Lëtzebuerg lieft haaptsächlech an de Stied sou dass a der Stad Lëtzebuerg a 4 anere Stied ronn 70% liewe. 2008 hunn d'Muslime 2% vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung ausgemaach, wat ongeféier 16.000-18.000 Muslimen zu Lëtzebuerg sinn. 2013 huet déi muslimesch Bevëlkerung zu Lëtzebuerg haaptsächlech aus Bosnier, Nordafrikaner, Albaner, Syresch, Westafrikaner an Türke bestanen.

(Fir d'Representatioun vun de Moslemen zu Lëtzebuerg gouf 2003 d'Shoura gegrënnt.)

Moscheeën zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Eng Moschee (arabesch مسجدMasdschid) ass eng rituell Plaz wou Moslemen zesummekommen fir ze bieden, fir islamesch Wäerter ze vermëttelen an awer och e sozialen Treffpunkt. Och wann am Islam prinzipiell iwwerall ka gebiet ginn, soe verschidden Hadithen, datt e Gebiet an der Gemeinschaft 25 mol sou vill wäert ass wéi e Gebiet doheem.

Mat der Arrivée vun den éischte Moslemen zu Lëtzebuerg an de 70er Joren, hu Privatleit bäi sech doheem Raim ugebueden déi dëse Roll iwwerholl hunn.  An der Tëschenzäit hunn sech Associatiounen oder Comité directeur‘en (a Form vun Asbl‘en) gegrënnt, déi Lokalitéiten als Moschee zur Verfügung stellen a sech ëm déi administrativ a materiell Affäre vun der Moschee këmmeren, souwéi och ëm d’Relatioune mat der jeeweileger Gemeng. Si sinn och zoustänneg fir de gudden Oflaf vu Kultur- a Kultaktivitéiten an och fir d’Organisatioun vum muslimeschen Enseignement deen och an de Moscheeë stattfënnt.

D’Daachorganisatioun vun all dësen Associatiounen ass d‘“Assemblée de la Communauté Musulmane du Grand-Duché de Luxembourg“ déi sech och nach Shoura nennt. Si ass den eenzegen institutionellen a legitimmen Uspriechpartner vis-à-vis vum Staat fir déi muslimesch Communautéit zu Lëtzebuerg. Si kann déi eenzel Associatiounen a muslimesch Moscheeën unerkennen an affiliéiere wann déi eng Demande an deem Sënn maachen an déi néideg Critèren erfëllen.

Haut (Stand 2019) ginn et zu Lëtzebuerg 9 Moscheeën déi bäi der Shoura affiliéiert sinn:

*Moscheeën zu Bouneweg

*Moschee zu Dikrech

*Moschee Esch-Uelzecht

*Moschee Mamer

*Moscheeën zu Wolz

*Stater Moschee

*Moschee vun Nidderkuer.

*D'Moschee zu Déifferdeng, offiziel Association islamique et culturel AFNANE a.s.b.l., op der Nummer 41 an der rue J-F Kennedy. Juristesch gesin gët et d'Afnane sait dem 15. Mee 2014. Den Numm vun der Associatioun AFNANE kënnt aus dem Koran (Sur 55, Vers 48). Iwersat huet AFNANE epuer Bedeitungen: "Bestoend aus décken Äscht" ; "Äscht gefëllt mat Friichten" ; "Uebstbeem mat villen Zorten vun Äscht an all Aascht dréit eng aner Fruucht".

*Eng weider Moschee zu Esch-Uelzecht, offiziell Centre Islamique et Culturel Berat Luxembourg a.s.b.l. ass an der Éilerengerstrooss op der Nummer 13.

An Länner, déi gréissten Deels muslimesch sinn, besetze Moschee meeschtens en Minarett, vu wou aus den Muezzin fënnef mol am Dag zum Gebiet oprifft. Hei zu Lëtzebuerg gëtt et awer keng Moschee déi en Minarett besetzt. An denen meeschten Fäll gët einfach en Veräinshaus demno entspriechend emfunktioneiert an genotzt. Dëst bedeit zum Beispill, dass Gebietsteppecher ausgeluecht gin.

De Ramadan zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Am Allgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Vun den 20000 gleewege Moslemen a Lëtzebuerg huelen e puer Dausend un dem traditionellen Faaschten deel, dat virun iwwer 1000 Joer ugefaange soll hunn. Heibäi handelt et sech em eng Traditioun, déi ëmmer wärend dem Ramadan, een hellege Mount am Islam, gefeiert gëtt. Den Ufank vun dem besote Mount variéiert allerdéngs vu Joer zu Joer, woubäi en normalerweis 29 Deeg dauert. Sollt den Himmel un dem leschten Dag bedeckt an domat de Mound net kloer ze erkenne sinn, sou muss nach e weideren Dag un d'Faaschtenzäit ugehaange ginn. Haaptmotivatioun hannendrun ass, dass Gott dëst vun de Mosleme gefrot huet. Nom Brauch gëtt all Dag am Ramadan mat engem Gebiet bei den éischte Sonnestralen ofgehalen, also an den éischte Stonnen vum Dag. Zum Schluss gëtt et och ëmmer zu Mekka e grousst Gebiet fir d'Briechen vum Faaschten ze feieren, woubäi dat a Lëtzebuerg eréischt viru Kuerzem och gemaacht gëtt. Zousätzlech ass et gutt fir de Kierper, deen sech un de Mangel vun Iessen an Drénken am Verlaf vum Dag gewinne muss, an de Mënsch entwéckelt eng Resistenz géint verschidde Verlaangen, an dësem Fall de Wonsch no neier Energie duerch Iessen. Nëmme schwangere Fraen, Kranken a Schwaachen, a kuerz no enger Gebuert ass et engem net erlaabt um Faaschten Deel ze huelen, all aner kenne fräiwëlleg deel huelen.

Alldeeglechen Oflaf[änneren | Quelltext änneren]

Am Verlaf vum Ramadan treffen sech Moslemen heiansdo an de Moscheeën, wou si owes och zesummen iessen. Dat baséiert an deem Fall op géigesäitegem Deelen vun de Saachen, oft Geld, tëschent de Gleewegen, fir den Aarmen d'Liewen ze erliichteren. D'Mënschen hunn a verschidde Moscheeën souguer d'Méiglechkeet, an enger Kichen eppes fir sech ze kachen. Obwuel fir d'Iessen moies an owes fir all déi, déi faaschten, gesuergt ass, sou ass dat awer net emol déi gréisst Schwieregkeet wärend dem Ramadan. Et ass éischter de Schlofmangel, deen duerch d'Opstoen virun dem Sonnenopgank verursaacht gëtt, wat de schwéiersten Deel vum ganze Faaschten ass. Souguer no dem Sonnenënnergang ginn d'Gebieder weider, well no de 5 obligatoresche Gebieder ee läscht gemeinsamt usteet. Wärend dësem liest den Imam aus dem Koran vir. Fir dass des Liewensëmstellung een awer net ze vill dätsch ass raschten di meescht Moslemen wärend dem Mëtten a verleeën vill vun hiren Aufgaben op moies oder owes.

Viruerteeler a Problemer am Alldag[änneren | Quelltext änneren]

Aktuell maachen d'Moslemen knapp 2 Prozent vun der Gesamtbevëlkerung vu Lëtzebuerg aus. Opgrond vun hirer klenger Vertriedung an dem Fakt, dass zum Beispill Moscheeën an normale Wunnengen installéiert sinn a se net sou grouss an opmierksamkeetserregend si wéi zum Beispill an anere Länner. Doduerch treffe Moslemen oft op Onverständnis well d'Bild vu beispillsweis enger Fra mat Kappduch net alldeeglech ass. Reng rechtlech gekuckt, sinn d'Moslemen gläichberechtegt an hier Reliounsfräiheet gëtt respektéiert. Allerdéngs fillt sech di muslimesch Gemeinschaft ausgeschloss wëll di lëtzebuergesch Regierung kee Rechtsofkommes mat de Vertrieder geschloss huet. Doduerch feele finanziell Hëllefen. Fir den Alldag heescht dat, dass et komplizéiert ka gi wann een an eng vun de wéinege Moscheeë goe well oder seng Kanner an eng muslimesch Schoul schécke wëll.

Associatiounen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

  • AIWL: Association Islamique de Wiltz (Wolz)
  • AIC-Al Rahma: Association Islamique et Culturelle Al Rahma (Déifferdeng)
  • AIC-SUD: Association Islamique et Culturelle du Sud (Esch-Uelzecht)
  • AIL: Association Islamique de Luxembourg (Bouneweg)
  • AMAL: Association Musulmane Ahmadiyya Luxembourg (Garer Quartier)
  • AMCO: Association MultiCulturelle de l'Ouest (Esch-Uelzecht)
  • CCIL: Centre Culturel Islamique du Grand-Duché du Luxembourg (Mamer)
  • CCIN: Centre Culturel Islamique du Nord (Wolz)
  • CICD-A: Centre Culturel Islamique de Differdange Afnane (Déifferdeng)
  • CICBL: Centre Islamique et Culturel Berat du Luxembourg (Esch-Uelzecht)
  • CIL: Centre Islamique de Luxembourg (Garer Quartier)
  • LJM: Le Juste Milieu (Bouneweg)

Aner Associatiounen ouni Gebietsplaatz (lieu de culte):

  • CCINS :Centre Culturel Islamique Nordstad (Ettelbréck)
  • Association Fraternelle Musulmane (Miersch)
  • Association CCIF: Centre Culturel Islamique du Foutah


D'Finanzéierung vun de muslimeschen Associatiounen[änneren | Quelltext änneren]

All muslimesch Associatioune finanzéieren sech selwer duerch Donen a Cotisatioune vu Gleewegen a falen ënnert d'Gesetzgebung vun den ASBL. De Bäitrëtt ass fräiwëlleg an d'jäerlech Cotisatioune sinn an de Statute vun der jeeweileger Associatioun festgeluecht a belafen sech op 60 bis 90. Dëst Geld déngt dem Fonctionnement vun der Associatioun a bezilt de Salaire vum Imam. Zousätzlech beruffen sech d'Associatioune vill op Done virun allem wann ausseruerdentlech Ausgabe virun hinne stinn wéi zum Beispill d'Baue vun enger neier Moschee. All Associatioun hält hier eege Comptabilitéit an ass komplett transparent. Keng eenzeg Associatioun gëtt aus dem Ausland finanzéiert. Hëllef ass zwar erlaabt mä auslännesch Organisatiounen dierfe keen Afloss op d'Lëtzebuergesch Organisatiounen hunn.

D'Shoura, eng Assemblée déi d'Lëtzebuergesch muslimesch Communautéit vertrëtt, profitéiert vu Staatshëllefen a verdeelt dës un déi verschidden Associatiounen déi der Shoura ugehéieren.

Am Joer 2015 ass d'Lëtzebuerger Staatshëllef fir d'Shoura vun 2480 Euro op 450 000 Euro geklommen. Den neie Budget erméiglecht et der Shoura nei Büroen um Kierchbierg souwéi e Generalsekretär an e neien Ubiedungsdirekter ze finanzéieren. De Rescht geet un déi eenzel muslimesch Associatiounen, un déi doduerch d'Erwaardunge staark gestige sinn, virun allem wat de Salaire vun Imamen an nei Konstruktiounen ugeet. Fir d'Baute vu Moscheeë beruffen sech déi eenzel Associatiounen op Done vun der muslimescher Communautéit sief et a Form vu Geld oder a Form vun Déngschtleeschtunge wéi zum Beispill d'Plange vum Gebai duerch en fräiwëllegen Architekt.

D'Finanzéierung vun den eenzele Moscheeën[änneren | Quelltext änneren]

D'Moschee zu Mamer vum Centre Culturel Islamique du Grand-Duché de Luxembourg (CCIL) gouf am Ufank vun den 90er Joer vun enger islamescher Bank aus dem Liechtenstein matfinanzéiert. Dëst Bank huet de Kaf vum Haus wou spéider d'Moschee gebaut gouf finanzéiert.

D'Moschee vun der Association Islamique et Culturelle du Sud (AIC-SUD) zu Esch-Uelzecht souwéi déi vum Centre Culturel Islamique du Nord (CCIN) goufen ausschliisslech vun Done finanzéiert.

D'zukünfteg Moschee vum Centre Culturel Islamique Nordstad (CCINS) gëtt och ausschliisslech vun Done finanzéiert an d'CCINS huet dofir souguer Scholden opgeholl.

D'Associatioun vum Juste Milieu huet hir Moschee zu Bouneweg mat der Hëllef vun der wueltäteger Associatioun Qatar Charity finanzéiert.





Shoura[änneren | Quelltext änneren]

Shoura vu Lëtzebuerg ass eng offiziell Assemblée vun Moslemen am Groussherzogtum. D'Shoura gëtt duerch d'Gesetz vum 23. Juli 2016 mat engem festem finanziellem Montant vum Staat Lëtzebuerg ënnerstëtzt. An der Shoura ginn also déi finanziell Mëttel, déi dem Islam zur Verfügung stinn, administréiert. Sou verdeelt se Staatshëllefen un déi eenzel Associatiounen, déi direkt mat der Shoura zesummeschaffen. Besonnesch säit 2015, wou de Budget op 450 000 Euro geklommen ass, ass des eng Haaptroll vun der Shoura. Déi meescht Associatioune sinn net op eng extern Finanzéierung vun der Säit vun der Shoura ugewisen, mee vertrauen nach ëmmer op grousszügeg Done vu loyale Spender.

Den Ursprong vun der Shoura[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff shûrâ (arabesch شورَى /šūrā/ oder [ˈʃuːrɑː]) bedeit op arabesch “Rot” oder “Conseil”. An engem islameschen Staat bezeechent d’Shoura also d’Parlament, de Kapp vun enger Partei oder och vun enger reliéiser Gemeinschaft. Am Kontext vun der Relioun iwwerhëlt d’Shoura och d’Roll vun engem Geriicht, also dem Pouvoir Judiciaire.

D'Shoura gouf 2003 gegrënnt fir sech fir d'Rechter a Fräiheete vu Moslemen, souwéi fir de Respekt viru Moslemen anzesetzen, sou dass se hier Relioun och zu Lëtzebuerg ouni Problemer ausféiere kennen. D'Shoura vertrëtt d'Interesse vun de Moslemen zu Lëtzebuerg an déngt als eenzeg legitim "Kontaktpersoun" tëschent der moslemescher Kultur an dem Staat an de lëtzebuergeschen Zivilisten.  Dozou gehéiert zum Beispill Organisatioun vun Demandes de dispense des cours fir Schüler zu Geleeënheeten a Fester wei d'aïdl al Fitr oder Relatiounen mam Staat oprecht ze erhalen. Och d'Affär vun der Burka a Verschleierung gehéiert zu Themen déi sech d'Shoura unhëlt.

Opbau an der Shoura[änneren | Quelltext änneren]

D'Shoura kontrolléiert net all Associatioun vum Land, mee representéiert d'Moslemen zu Lëtzebuerg. Verschidden Associatioune schléissen sech allerdéngs direkt der Shoura un, sou zum Beispill d'islamesch Associatioun vu Wolz Lëtzebuerg (AIWL) huet sech de 9. Mäerz 2018 un d'Shoura ugeschloss.

E Mandat dauert 4 Joer an e Member kann zu all Moment d'Mandat ofleeën oder vun anere Memberen ofgewielt ginn. De Vizepresident an de President dierfen net zoustänneg fir eng Moschee sinn.

Wichteg Membren vun der Shoura:

  • Faruk Licina (President)
  • Mohsen Makni (Vize-President)
  • Jasmin Jahic (Secretaire)*
  • Papa Saliou Diop (Tresorier)

Evenementer[änneren | Quelltext änneren]

Nosiche Projeten fir den Hajj zu Lëtzebuerg z'organiséieren ass am gaangen. Den Haij ass eng Festperiod fir d'Muslimen di net Méiglechkeet hunn fir ob Mekka ze pilgeren.Den Haij ass nieft dem Ramadan an di Fester ronderëm dem Ramadan, esou en wichtegt Fest wéi Chrëschtdag. D' Shoura organiséiert mat der arabescher Ambassade Méiglechkeeten vir wärend dem Haij ob Mekka ze kommen.

Vun der Shoura organiséiert Evenementer

D'Shoura ënnerstëtzt am Joer 2018 den 70ten Gebuertsdag vun der Deklaratioun vun den Mënscherechter.

"Shoura Autofasten" Vum 21. Februar bis den 31. Mäerz 2018 gëtt d'Communautéit opgefuerdert virun allem den Auto ze evitéieren an ob aner Méiglechkeeten ëmklammen.

Et gëtt virun allem versicht d'Leit ob  aner Méiglechkeeten ze forcéieren an der Hoffnung dass se et no der virgeschriwwener Zäit weiderféieren. All di Aktiounen ginn vum Allah notéiert an um Dag vum Jugement  net ignoréiert.

D'Shoura ass och präsent um Lëtzebuerger Nationalfeierdag um interreliéisen Te Deum an der Kathedral Notre-Dame du Luxembourg. Et ginn islamesch Gebieder fir den Groussherzog Grand-Duc Henri virgelies. An eng Delegatioun vun der Shoura ass do präsent.

Burka-Gesetz[änneren | Quelltext änneren]

D'Reegelung vum Droe vun enger Burka gëtt am Code pénal ënner dem Punkt 10° vum Artikel 563 behandelt.

Den 23. Mee 2018, gouf e Gesetz [1] ënnerschriwwen, dat seet:

Persounen, déi an ëffentlechen Transportmëttelen, a Schoulen, an ëffentleche Gebailechkeeten, wou Jonker vun ënner 16 Joer mat abegraff empfaange ginn, an de Spideeler, a Gebaier, wou eeler Leit betreit ginn, a Fleegeheemer, an de Lifter a Couloiren oder a Justiz- oder ëffentlechen Administratiounsgebaier d'ganzt oder en Deel vum Gesiicht vermummen, soudass se net z'identifizéiere sinn, gi mat enger Geldstrof vu 25 bis 250 Euro bestrooft.

Akzeptéiert ginn awer d'Vermummung vum Gesiicht aus attestéierte gesondheetlechen oder professionelle Grënn oder bei artisteschen oder traditionelle Festivitéiten, wou et üblech ass d'Gesiicht ze vermummen.

32 Deputéiert hunn fir dat Gesetz gestëmmt, während 28 Deputéiert dogéint waren, well se e Verbuet am gesamten ëffentleche Raum am Land wollten. D'Gesetz schwätzt sech net géint d'Droe vun enger Burka am Alldag oder op der Strooss aus, wéi d'Parteie CSV oder ADR, déi fir en generelle Verbuet vun der Burka waren, gäre gehat hätten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Mer si jo hei op der Benotzersäit:

"Den Numm vun der Associatioun AFNANE kënnt aus dem Koran (Sur 55, Vers 48)" liesen ech hei uewen. Well an all Sprooch d'Suren anescht verdeelt sinn, däerf ech mech wonneren. De Vers 48 vun der Sur 55 ass an der Editioun vum Koran op Lëtzebuergesch dat hei: "Mat Äscht, déck an de Blieder" Watfir Seeërcher kréie mer hei zervéiert?