Elfebeeküst

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen


République de Côte d'Ivoire
Republik Elfebeeküst

Fändel vun der Elfebeeküst

Wope vun der Elfebeeküst

Detailer

Detailer
National Devise: "Union – Discipline – Travail"
Cote d Ivoire in its region.svg
Offiziell Sprooch: Franséisch
Haaptstad: Yamoussoukro
 • Awunner: 259.373(2010)
Staatsform: Republik
 • President: Alassane Ouattara
Fläch: 322.461 km² (318.003.)
 • Dovu Waasser: 4.460 %
Bevëlkerung: ongeféier 21.000.000
 • Bevëlkerungsdicht: 63.9/km²
Onofhängegkeet: 1960
Nationalfeierdag: 7. August
Nationalhymn: L'Abidjanaise
Währung: CFA-Franc BCEAO
Zäitzon: UTC  
Internet TLD: .ci
Internationalen
Telefonsprefix
:
+225

D'Elfebeeküst (offiziell: République de Côte d'Ivoire, och op Lëtzebuergesch dacks als Côte d'Ivoire, Elfenbeinküst, Elfenbeinküste bezeechent), ass e Staat a Westafrika. D'Awunner nennt een Ivorianer.

Den Nationalfeierdag ass de 7. August, den Dag op deem d'Elfebeeküst 1960 seng Onofhängegkeet vu Frankräich krut. Obwuel Abidjan déi gréisst Stad an och de wirtschaftlechen a kulturellen Zentrum vum Land ass, ass Yamoussoukro déi offiziell Haaptstad.

Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm Elfebeeküst ass d'lëtzebuergesch Iwwersetzung vum portugiseschen Numm Costa do Marfim, deen d'Géigend vun Händler/Entdecker tëscht dem 15. a 16. Joerhonnert krut. Am Oktober 1985 huet déi ivorianesch Regierung d'Requête gemaach, datt all Staaten an Institutiounen nëmmen nach de franséischen Numm benotzen, an datt den Numm net méi iwwersat gëtt wéi dat och schonn bei anere Länner de Fall ass (Costa Rica, Sierra Leone, etc).

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Topographesch Kaart vun der Elfebeeküst

D'Elfebeeküst läit a Westafrika um Atlantik an huet eng Küstelinn vun 515 km. Um Kontinent grenzt d'Lann un de Mali (Grenzlinn vu 532 km), Burkina Faso (584 km), Guinea (610 km), Ghana (668 km) a Liberia (716 km). Laanscht d'Küst ass en tropescht Klima, am héijen Norde gëtt et semiarid. Et ginn dräi Haaptjoreszäiten: mëttelwaarm an dréchen (November bis Mäerz), ganz waarm an dréchen (Mäerz bis Mee), a ganz waarm a fiicht (Juni bis Oktober).

Den Terrain ass éischter platt, vum Mier am Süden aus geet et graduell bis bal op 500 m am Norden erop, just am Nordweste ginn et e puer Bierger. D'Land huet vill natierlech Ressourcen, dorënner Pëtrol, Naturgas, Diamanten, Eisenäerz, Mangan, Kobalt, Bauxit, Koffer, Gold, Néckel an Tantal.

Demographie[änneren | Quelltext änneren]

Wéi och an aneren afrikanesche Länner gëtt et an der Elfebeeküst e rapide Bevëlkerungswuesstum. Sou ass d'Zuel vun den Awunner vu 6,7 Milliounen 1975 bis op iwwer 20 Milliounen haut geklommen. Eng Ursaach heifir ass eng staark Immigratioun haaptsächlech aus den Nopeschlänner. 1998 waren dem Recensement général no 26 % vun de Leit keng Ivorianer, déi gréissen Deels virun de politesche Krise vun der fir afrikanesch Verhältnesser grousser sozialer a politescher Stabilitéit an der gudder Wirtschaftsentwécklung ugezu goufen.

De gréissten Deel vun der Bevëlkerung lieft an der Küsteregioun. Am Banneland, dat haaptsächlech aus Bëscher besteet, wunnen net vill Leit.

Entwécklung vun der ivorianescher Bevëlkerung tëscht 1993 an 2010 (a Milliounen)[1]
1993 1994 1995 1996 1997 1998 1999 2000 2001 2002 2003 2004 2005 2006 2007 2008 2009 2010
13,1 13,7 14,2 14,4 14,9 15,4 15,9 16,4 16,9 17,5 18,0 18,6 19,1 19,7 20,2 20,9 21,5 22,1

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Prekolonial Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer déi fréi Bevëlkerung vun der haiteger Elfebeeküst ass nach net sou vill bekannt. Den Norde vum Land war an de Joerhonnerte virun der Koloniséierung vum Afloss vu verschiddene grousse Räicher am Sahelgebitt geprägt. Zënter dem 11. Joerhonnert ass den Norden islamiséiert (iwwer Handelskontaker a Kricher).

Kolonialzäit[änneren | Quelltext änneren]

Géint Enn des 15. Joerhonnert hunn d'Portugisen ugefaangen, Handel mat de Küstevëlker ze bedreiwen an deen och iwwer honnert Joer laang beherrscht. Géint Mëtt vum 19. Joerhonnert hunn d'Fransousen dunn éischt Protektorater am Gebitt installéiert an 1893 ass d'Elfebeeküst zur franséischer Kolonie erkläert ginn. 1958 krut d'Land de Statut vun enger autonomer Republik an der franséischer Communautéit tëscht Frankräich a sengen afrikanesche Kolonien, an déi komplett Onofhängekeet krut et de 7. August 1960.

No der Kolonialzäit[änneren | Quelltext änneren]

Den éischte President Houphouët-Boigny

Entwécklung vum Land ënner dem Houphouët-Boigny[änneren | Quelltext änneren]

Direkt no der Onofhängegkeet vu Frankräich huet de Staatsgrënner a laangjährege President Félix Houphouët-Boigny d'Basis fir dem Land säi liberale Wirtschaftsmodell a seng Intergratioun un de Weltmaart geluecht. Während sengem autoritäre Regime, deen an den 1970er an och nach an den 1980er als Musterbeispill fir e politesch stabillen an economesch erfollegräichen afrikanesche Staat gegollt huet, huet den antikommunisteschen Houphouët-Boigny enk Bezéihungen zum Westen, haaptsächlech Frankräich, ënnerhalen an dem Land seng Kaffi- a Kakaosindustrie staark entwéckelt.

Während den 1980er ass et wéinst faalende Kaffi- a Kakaospräisser um Weltmaart zu enger Finanzkris an der Elfebeeküst komm, déi zu enger Erhéijung vun der Staatsverscholdung an der Aarmut am Land gefouert huet. Géint Ufank der 1990er Joren ass dem Houphouët-Boigny säi Regierungsstil ëmmer méi a Fro gestallt ginn, wouduerch Streiken a Meutereien ausgeléist goufen.

Vun der éischter politescher Kris bis zum Biergerkrich[änneren | Quelltext änneren]

Nom President sengem Doud am Dezember 1993 huet säi Successeur Henri Konan Bédié 1995 géint eng fragmentéiert Oppositioun d'Presidentschaftswale gewonnen a probéiert, dem Houphouët-Boigny säin autoritäre Stil op eng méi moderéiert Aart a Weis weiderzeféieren. Him hunn awer de Prestige an d'Kënne vu sengem Virgänger gefeelt hunn, a mat sengem nationalistesche Konzept vun der Ivoirité huet hie fir d'éischt déi muslim Populatiounen aus dem Norde vum Land géint sech opbruecht, an duerno och nach wéinst der grousser Korruptioun d'Ënnerstétzung vun der Wirtschaftselite verluer. Dat Ganzt huet 1999 zu engem Putsch gefouert bei deem de Bédié duerch de Generol Robert Guéï ersat ginn ass.

Am Oktober 2000 si Presidentschaftswalen organiséiert ginn, bei där den ierwegt Geriichtshaff vill Kandidaturen eliminéiert huet. De Robert Guéï huet sech selwer zum Gewënner erkläert, huet no der Repressioun vu Manifestatiounen, déi ongeféier 300 Leit d'Liewe kascht hunn, awer musse goen an de laangjähregen Oppositiounspolitiker Laurent Gbagbo ass schliislech President ginn.

E gescheiterte Putschversuch am September 2002 huet dunn zu engem Biergerkrich an der Besetzung vun Deeler vum Land duerch Rebellenarméie gefouert. Och de Marcoussisaccord am Januar 2003 an d'Etabléiere vun enger "Regierung vun der nationaler Reconciliatioun" huet keng politesch Stabilitéit bruecht. Am November 2004 ass d'Friddensofkommes kollabéiert, nodeem d'Rebelle refuséiert hunn hir Waffen ofzeginn. De Gbagbo huet Loftugrëffer géint si uguerdert, bei deenen awer néng franséisch Zaldoten ëmkomm sinn, déi am Kader vun enger UNO-Friddensmissioun an der Elfebeeküst stationéiert waren. Doropshin huet d'franséischt Militär bal déi komplett ivorianesch Loftwaff zerstéiert, wat zu anti-franséische Protester gefouert huet.

Duerno goufe weider Efforte gemaach fir erëm Fridden am Land anzeféieren, déi 2007 zu Ouagadougou mat der Signatur vun engem Friddensaccorde ofgeschloss goufen.

Presidentschaftswalen 2010 an nei politesch Kris[änneren | Quelltext änneren]

Den aktuelle President Ouattara (zënter 2011)

D'Presidentschaftswalen am Oktober 2010 hunn d'Land an eng weider Kris gefouert. Am zweeten Tour gouf den Alassane Ouattara vun der onofhängeger Walkommissioun virum Laurent Gbagbo mat 54,1 % vun de Stëmmen zu Gewënner erkläert. De Verfaassungsrot huet déi Resultater awer ongëlteg jugéiert an d'Victoire vum ale President mat 51,45 % vun de Stëmmen ugekënnegt. Obwuel d'Europäesch Unioun an d'Vereenten Natiounen dem Ouattara seng Victoire unerkannt haten, goufen allenzwee Kanditaten am Dezember zum President vereedegt; den Ouattara virun der internationaler Press an de Gbagbo virum Verfaassungsgeriichtshaff.

Déi Situatioun huet zu weiderer Gewalt, bei där méi wéi 1 400 Leit gestuerwe sinn, an der Interventioun vu franséischen Truppen an UNO-Zaldote gefouert. De Laurent Gbagbo gouf den 11. Abrëll 2011 vun enger dem Alassane Ouattara nostoender ivorianescher Arméi verhaft. Deselwechten Dag ass den Ouattara vum Verfassungsrot zum Staatschef proklaméiert ginn.

Deseskalatioun no 2011[änneren | Quelltext änneren]

De Laurent Gbagbo sëtzt momentan (2013) am Prisong vum Internationale Geriichtshaff zu Den Haag. Obwuel d'Kämpf nach e puer Méint nodeem den Ouattara un d'Muecht komm ass weider gaange sinn a geflüchte Supportere vum Gbagbo an den Nopeschlänner nach ëmmer eng Menace fir de Firdden duerstellen, ass et elo méi roueg an der Elfebeeküst. De President konzentréiert sech drop, dem Land seng Infrastruktur an Arméi erëm opzebauen an huet Reformen ugestouss fir d'Wirtschaft erëm op d'Been ze stellen.

Wirtschaft[änneren | Quelltext änneren]

D'Wirtschaft vun der Elfebeeküst ass nach vill vun der Landwirtschaft, déi iwwer 60 % vun der Bevëlkerung employéiert, an den domat verbonnenen Aktivitéite markéiert. D'Land ass de weltwäit gréisste Produzent an Exportateur vu Kakaosbounen an e wichtege Kaffi- a Palmuelegproduzent an -exportateur. Doduerch ass et staark vun den internationale Präisser fir déi Produkter an, wann och manner, vun de klimatesche Konditiounen ofhängeg. A Prozentsätz vum PIB ausgedréckt representéiert d'Landwirtschaft 26,6 %, d'Industrie 21,8 % an de Secteur Tertiaire 51,5 % vun der Economie. (Schätzung 2012)

Haaptimportpartner waren 2012 Nigeria (18,9 %), Frankräich (14,8 %), China (9,9 %) an Indien (5,2 %), Haaptexportpartner waren d'USA (10,1 %), Holland (9 %), Däitschland (8,7 %), Nigeria (7,4 %), Frankräich (5,8 %) a Kanada (4,4 %). D'Exporten (haaptsächlech Kakao, Kaffi, Holz, Pëtrol, Kotteng, Banannen, Ananas, Palmueleg a Fësch) louche Schätzungen no am selwechte Joer bei 12,25 Milliarden US-Dollar an d'Importen (haaptsächech Dreifstoff, industriell Ausrüstungsgidder a Liewensmëttel) bei 8,589 Milliarden USD.

D'politesch Onrouen an den 2000er haten déi auslännesch Investitiounen zréckgoen an de Wirtschaftswuestum schrumpfe gelooss. Zënter 2011 gëtt et eng Erhuelung an 2012 ass den ivorianesche PIB ëm 9,8 % gewuess.[2] D'Inflatioun ass vun 9 % (2011) op 3,6 % am Februar 2013 gefall.[3]

Am Juni 2012 hunn den Internationale Währungsfong an d'Weltbank ugekënnegt, der Elfebeeküst 4,4 Milliarden USD u Scholden z'erloossen[4]

Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

Eng Gare zu Tafiré

Am Land ginn et 27 Fluchhafen, vun deene der siwe befestegt Pisten hunn (2013). Et ginn 660 km Zuchschinnen, an 6 502 km onbefestegt an 81 996 km befestegt Strooss. Zousätzlech sinn 980 km Waasserwee navigabel. Wichteg Häfe sinn Abidjan a San-Pedro.

De Sëtz vun der Afrikanescher Entwécklungsbank ass zu Abidjan.

Sproochen[änneren | Quelltext änneren]

Déi offiziel Sprooch an der Elfebeeküst ass Franséisch, dat vun ongeféier 70 % vun de Leit verstanen a geschwat gëtt. Eng Enquête vun der Internationaler Organisatioun vun der Frankophonie no kënnen 99 % vun den Awunner vun der gréisster Stad Abidjan Franséisch liesen, schreiwen a schwätzen. Geleefeg Sproochen am Norde vum Land si Senufo (276 000 Leit) an Dioula (1 500 000 Leit) an am Süden Baoulé (3 000 000 Leit) a Bété (2 500 000 Leit). Aner verbreete Sprooche sinn Yacouba (1 183 000 Leit) an Agni (860 000 Leit). Déi sechs Ethnien zu dëse Sproochen representéieren 58,03 % vun den Ivorianer. Dioula gëtt och dacks nach vun net-Mammesproochler als Handelssprooch benotzt.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Elfebeeküst am CIA World Factbook
  • Kleines Afrika-Lexikon, 2004, R. Hofmeier an A. Mehler (Hrsg), C.H. Beck oHG, München
  • Offiziell Säit vun der ivorianescher Regierung iwwer d'Geschicht an d'Geographie vum Land: gouv.ci

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Elfebeeküst – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. cotedivoire.africadata.org: Autre\Population totale (en milliers) (1993 - 2010) ënner dem Sichbegrëff Population (gekuckt den 11. November 2013)
  2. Internationale Währungsfong: IMF Concludes Third ECF Review Mission to Côte d'Ivoire (27. Mäerz 2013; gekuckt den 10. November 2013)
  3. Weltbank: Côte d'Ivoire Overview (läschten Update: September 2013; gekuckt den 11. November 2013)
  4. Internationale Währungsfong: IMF, World Bank Back $4 Billion Côte d'Ivoire Debt Relief (26. Juni 2012; gekuckt den 11. November 2013)